Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 30


Sektioun 30

Offenbarung, déi duerch de Prophet Joseph Smith dem David Whitmer, dem Peter Whitmer Jr. an dem John Whitmer zu Fayette, New York, am September 1830 gi gouf, no der Dräi-Deeg-Konferenz zu Fayette, awer ier d’Eelste vun der Kierch sech getrennt haten. Ursprénglech gouf dëst Material als dräi Offenbarunge publizéiert; et gouf vum Prophet fir d’Editioun vun der Doktrinn an den Allianze vun 1835 an eng Sektioun zesummegefaasst.

1–4, Den David Whitmer gëtt bestrooft, well hien net fläisseg gedéngt huet; 5–8, De Peter Whitmer Jr. soll den Oliver Cowdery op enger Missioun bei d’Lamanite begleeden; 9–11, De John Whitmer gëtt beruff, d’Evangelium ze priedegen.

1 Kuck, ech soen dir, David: Du hues d’Mënsche gefaart an dech net, wat Kraaft betrëfft, op mech verlooss, wéis du häss sollen.

2 Mee däi Sënn war méi op d’Saache vun der Äerd geriicht wéi op dat, wat vu mir, dengem Schëpfer, ass, an op de geeschtlechen Déngscht, zu deem s du beruff gi bass; an du hues mengem Geescht an deenen, déi iwwer dech gesat sinn, keng Beuechtung geschenkt, mee bass du vun deenen iwwerriet ginn, deenen ech kee Gebot dozou ginn hunn.

3 Dofir bleift dir näischt iwwreg, wéi selwer bei mir unzefroen an iwwer dat nozedenken, wat s du empfaangen hues.

4 An däin Heem soll am Haus vun dengem Papp sinn, bis ech dir weidert Gebot ginn. An du solls dech dem geeschtlechen Déngscht unhuelen—an der Kierch, virun der Welt an an de Gebidder ronderëm. Amen.

5 Kuck, ech soen dir, Peter: Du solls mat dengem Bridder Oliver d’Rees untrieden; well d’Zäit ass komm, wou et mir wënschenswäert ass, datt s du de Mond opméchs, fir mäin Evangelium ze verkënnegen; dofir fäert net, mee schenk de Wierder an de Rotschléi, déi däi Brudder dir wäert ginn, Beuechtung.

6 A sief an all senge Problemer och bedréckt, an hief d’Häerz zu mir héich—am Gebiet an am Glawen, fir datt hien an du befreit gitt; well ech hunn him d’Muecht ginn, meng Kierch ënnert de Lamaniten opzebauen.

7 An ech hu keen dozou bestëmmt, iwwert him ze sinn an him Rot ze ginn, nämlech a Bezuch op Ugeleeënheete vun der Kierch, ausser säi Brudder Joseph Smith Jr.

8 Dofir schenk all dësem Beuechtung, a sief äifreg am Hale vu menge Geboter, da wäerts du zu éiwegem Liewe geséint ginn. Amen.

9 Kuck, ech soen dir, mäi Kniecht John: Du solls vun dëser Zäit un ufänken, mäin Evangelium wéi mat Trompett-Stëmm ze verkënnegen.

10 An deng Aarbecht soll bei dengem Brudder Philip Burroughs an am Gebitt ronderëm geschéien, jo, wou och ëmmer du gehéiert kanns ginn, bis ech dir kommandéieren, vun de fortzegoen.

11 A vun elo un soll deng ganz Aarbecht an Zion gemaach ginn, mat denger ganzer Séil; jo, du solls zu all Moment de Mond opmaachen a menger Saach a solls net fäerten, wat Mënsche maache kënnen; well ech si mat dir. Amen.