Sektioun 17
Offenbarung, déi duerch de Prophet Joseph Smith dem Oliver Cowdery, dem David Whitmer an dem Martin Harris zu Fayette, New York, am Juni 1829 gi gouf, ier si déi gravéiert Placken, déi d’Opzeechnung vum Buch vum Mormon enthalen huet, gesinn hunn. De Joseph a säi Schreiwer, den Oliver Cowdery, haten aus der Iwwersetzung vun de Placken aus dem Buch vum Mormon geléiert, datt dräi speziell Zeien designéiert géife ginn (kuckt Ether 5:2–4; 2 Nephi 11:3; 27:12). Den Oliver Cowdery, den David Whitmer an de Martin Harris goufe vun engem inspiréierte Wonsch beweegt, déi dräi speziell Zeien ze sinn. De Prophet huet den Här gefrot, an dës Offenbarung gouf als Äntwert duerch den Urim an den Thummim ginn.
1–4, Duerch de Glawe wäerten déi Dräi Zeien d’Placken an aner helleg Géigestänn gesinn; 5–9, De Christus ass Zeie vun der Gëttlechkeet vum Buch vum Mormon.
1 Kuckt, ech soen iech: Dir musst iech op mäi Wuert verloossen, well wann dir dat mat ganzem Häerz maacht, wäert dir d’Placken ze gesi kréien, an och d’Broschtplack, d’Schwäert vum Laban, den Urim an Thummim, deen dem Jared sengem Brudder um Bierg gi gouf, wéi hie vu Gesicht zu Gesiicht mam Här gesprach huet, souwéi de wonnerbare Guide, deen dem Lehi an der Wüüst gi gouf, un der Küst vum Roude Mier.
2 An et ass duerch äre Glawen, datt dir se ze gesi kréie wäert, dee Glawen nämlech, deen déi al Propheten haten.
3 An nodeems dir Glawe kritt an se mat eegenen Ae gesinn hutt, sollt dir dovunner Temoignage ginn, duerch d’Muecht Gottes.
4 An dat sollt dir maachen, fir datt mäi Kniecht Joseph Smith Jr. net vernicht gëtt, fir datt ech meng rechtschafen Absichte fir d’Mënschekanner an dësem Wierk op de Wee brénge kann.
5 An dir sollt temoignéieren, datt dir se gesinn hutt, genausou wéi mäi Kniecht Joseph Smith Jr. se gesinn huet; well duerch meng Muecht—a well hie Glawen hat—huet hien se gesinn.
6 An hien huet d’Buch iwwersat, nämlech deen Deel, deen ech him gesot hunn, an esou wouer ären Här, jo, äre Gott lieft, ass et wouer.
7 Elo awer, dir hutt déi selwecht Muecht kritt, deselwechte Glawen, déi selwecht Gab ewéi hien.
8 A wann dir dës meng lescht Geboter haalt, déi ech iech ginn hunn, sou wäerten d’Paarte vun der Hell net gewanne géint iech; well meng Gnod geet duer fir iech, an dir wäert um leschten Dag héich gehuewe ginn.
9 An ech, Jesus Christus, ären Här an äre Gott, hunn dëst zu iech gesprach, fir datt ech meng rechtschafen Absichte fir d’Mënschekanner op de Wee brénge kann. Amen.