Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 55


Sektioun 55

Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith un de William W. Phelps zu Kirtland, Ohio, de 14. Juni 1831. De William W. Phelps, en Drécker, a seng Famill ware grad zu Kirtland ukomm, an de Prophet huet den Här ëm Informatiounen iwwert hie gefrot.

1–3, De William W. Phelps gëtt beruff a gewielt fir gedeeft ze ginn, zum Eelste geweit ze ginn an d’Evangelium ze priedegen; 4, Hie soll och Bicher fir Kanner a Kiercheschoule schreiwen; 5–6,Hie soll op Missouri reesen, wat d’Gebitt vu senger Aarbecht wäert sinn.

1 Kuck, sou seet den Här zu dir, mäi Kniecht William, jo, den Här vun der ganzer Äerd: Du bass beruff a gewielt; a wann s du mat Waasser gedeeft wäerts sinn—an dës méchs, d’A nëmmen op meng Herrlechkeet geriicht, wäerten dir d’Sënde verzie ginn, an du wäerts den Hellege Geescht duerch Hännopleeën empfänken;

2 da solls du vu mengem Kniecht Joseph Smith Jr. zu engem Eelsten an der Kierch ordinéiert ginn, fir datt s du Ëmkéiert a Verzeie vu Sënde mëttels der Daf am Numm vum Jesus Christus, dem Jong vum liewege Gott, priedege kanns.

3 A wann s du engem d’Hänn oplees a wann hie viru mir bedauert, sou wäerts du d’Muecht hunn, him den Hellege Geescht ze spenden.

4 A weider, du solls ordinéiert ginn, mengem Kniecht Oliver Cowdery beim Impriméieren a bei der Auswiel a beim Schreiwe vu Bicher fir d’Schoulen an der Kierch behëlleflech ze sinn, fir datt och déi kleng Kanner Uweisung viru mir kréien, wéi et mir agreabel ass.

5 A weider, wierklech, ech soen dir: Wéinst dëser Saach solls du dech mat menge Kniechte Joseph Smith Jr. an Oliver Cowdery op de Wee maachen, fir datt s du dech am Land vun denger Ierfschaft nidderloosse kanns, fir dës Aarbecht maachen ze kënnen.

6 A weider: Mäi Kniecht Joseph Coe soll sech mat hinnen op de Wee maachen. Dat iwwregt wäert spéider nach gewise ginn, jo, wéi ech et wëll. Amen.