Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 102


Sektioun 102

Protokoll vun der Organisatioun vum éischten Héije Conseil vun der Kierch, zu Kirtland, Ohio, de 17. Februar 1834. Déi originell Protokoller goufe vun den Eelsten Oliver Cowdery an Orson Hyde opgeholl. De Prophet huet d’Protokoller den Dag drop iwwerschafft, an den Dag drop goufen déi korrigéiert Protokoller eestëmmeg vum Héije Conseil als „eng Form a Konstitutioun vum Héije Conseil“ vun der Kierch ugeholl. D’Versen 30 bis 32, déi mam Conseil vun den Zwielef Apostelen ze dinn hunn, goufen 1835 ënnert der Leedung vum Joseph Smith bäigefüügt, wéi dës Sektioun fir d’Publikatioun an der D’Doktrinn an d’Allianzen virbereet gouf.

1–8, En Héije Conseil gëtt ernannt fir wichteg Schwieregkeeten ze léisen, déi an der Kierch entstinn; 9–18, Prozedure gi fir d’Verhandlung vu Fäll festgeluecht; 19–23, De President vum Conseil trëfft d’Entscheedung; 24–34, D’Appellsprozedur gëtt festgeluecht.

1 Haut huet sech een allgemenge Conseil vu véieranzwanzeg Hohepriister am Haus vum Joseph Smith Jr. versammelt, an zwar op Offenbarung hin, an ass dorunner gaangen, den Héije Conseil vun der Kierch vum Christus ze organiséieren; dëse soll aus zwielef Hohepriister bestoen an een oder dräi Presidenten hunn, jee nodeem, wéi de Fall et verlaangt.

2 Den Héije Conseil gouf duerch Offenbarung zu deem Zweck bestallt, fir gréisser Schwieregkeeten ze berengegen, zu deenen et an der Kierch komme kann, déi awer weder vun der Kierch nach vum Bëschofs-Conseil zur Zefriddenheet vun de Bedeelegte geléist kënne ginn.

3 De Joseph Smith Jun., de Sidney Rigdon an de Frederick G. Williams goufe mat de Stëmme vum Conseil als Presidenten unerkannt; an de Joseph Smith Sr., de John Smith, de Joseph Coe, de John Johnson, de Martin Harris, de John S. Carter, de Jared Carter, den Oliver Cowderey, de Samuel H. Smith, den Orson Hyde, de Sylvester Smith an de Luke Johnson, alles Héich Priister, goufe vum Conseil eestëmmeg als stännege Conseil vun der Kierch ausgewielt.

4 Déi uewe genannte Membere vum Rot goufen dunn gefrot, ob si hir Beruffung unhuelen an ob si an dësem Amt nom Gesetz vum Himmel handele wéilten, wouropper alleguerte geäntwert hunn, si géifen hir Beruffung unhuelen a géifen hiert Amt no der Gnod, déi Gott hinnen erwisen huet, ausüben.

5 D’Unzuel vun deenen, déi de Conseil gebilt hunn, déi bei der Beruffung vun den uewe genannte Membere vum Conseil am Numm an a Vertriedung vun der Kierch ofgestëmmt huet, war dräiavéierzeg: néng Hohepriister, siwwenzéng Eelster, véier Priister an dräizéng Memberen.

6 Beschloss: Den Héije Rot ass nëmmen dann handlungsfäeg, wa siwe vun den uewe genannte Membere vum Rot oder deenen hir uerdentlech bestallten Nofollger present sinn.

7 Dës siwe sollen ermächtegt sinn, aner Héich Priister ze bestëmmen, déi si fir wierdeg a fäeg halen, amplaz vun de Membere vum Rot, déi net present sinn, ze handelen.

8 Beschloss: All Kéiers, wann duerch Dout, Enthiewung vum Amt als Resultat vun Transgressiounen oder well ee vun den uewe genannte Membere vum Conseil aus dësem Administrativ Beräich vun der Kierch plënnert, ee Sëtz fräi gëtt, soll en op Nominéierung vun der Säit vum President oder vun de Presidenten hin erëm besat ginn; dës ënnerläit der Bestätegung duerch een allgemenge Conseil vun Hohepriister, deen zu dësem Zweck aberuff gëtt an am Numm vun der Kierch handelt.

9 De President vun der Kierch, deen och de President vun dësem Conseil ass, gëtt duerch Offenbarung bestëmmt an duerch d’Stëmm vun der Kierch a sengem Amt bestätegt.

10 An no der Dignitéit vu sengem Amt presidéiert hien iwwert de Conseil vun der Kierch; an hien huet d’Recht, sech vun zwee weider Presidenten ënnerstëtzen ze loossen, déi op déi selwecht Weis bestëmmt gi wéi hien.

11 Wann een oder béid vun den zwee, déi zu senger Ënnerstëtzung bestallt goufen, net do sinn, kann hien de Conseil ouni Assistent presidéieren; wann hie selwer net do ass, sinn déi aner Presidenten autoriséiert, a senger Plaz ze presidéieren, entweder zesummen oder eenzel.

12 Ass een Héije Conseil vun der Kierch vum Christus uerdentlech organiséiert, an zwar no deem uewe genannte Muster, sou läit et un den zwielef Membere vum Conseil, nummeréiert Lousen ze zéien an sou d’Reiefolge festzeleeën, wie vun den zwielef als éischt schwätze soll: ugefaange mat Nummer eent an sou weider bis Nummer zwielef.

13 Wann de Rot zesumme kënnt, fir ee Fall ze behandelen, sollen déi zwielef Membere vum Rot préiwen, ob et ee schwierege Fall ass oder net; wann net, sou sollen nëmmen zwee Membere vum Rot zur Saach schwätzen, an zwar no der Form, déi uewen uginn ass.

14 Gëtt de Fall awer als schwiereg betruecht, sou solle véier bestëmmt ginn; wa besonnesch schwiereg, sechs; a kengem Fall awer solle méi wéi sechs bestëmmt ginn ze schwätzen.

15 An alle Fäll huet den Ugekloten d’Recht, d’Hallschent vum Rot fir sech ze hunn, fir datt Beleidegung an Ongerechtegkeet verhënnert gëtt.

16 An déi Membere vum Rot, déi bestëmmt gi sinn, virum Rot ze schwätzen, sollen, nodeems d’Beweiser virum Rot a sengem richtege Liicht gepréift gi sinn, de Fall virdroen; a jiddweree soll onparteiesch a gerecht schwätzen.

17 Déi Membere vum Rot, déi déi gerued Nummere gezunn hunn, nämlech 2, 4, 6, 8, 10 an 12, sollen sech fir den Ugekloten asetzen a Beleidegung souwéi Ongerechtegkeet verhënneren.

18 An alle Fäll hunn deen, deen uklot, an den Ugekloten d’Recht, virum Rot fir sech selwer ze schwätzen, nodeems d’Beweiser gehéiert gi sinn an déi Membere vum Rot, déi bestëmmt waren, zur Saach ze schwätzen, hir Ausféierungen ofgeschloss hunn.

19 Nodeems d’Beweiser gehéiert gi sinn, d’Conseilleren, den Ukloer an den Ugeklote geschwat hunn, soll de President eng Entscheedung treffen, nom Verständnis, dat hie vum Fall huet, a soll déi zwielef Conseilleren opfuerderen, dës mat hirer Stëmm ze bestätegen.

20 Sollten awer déi iwwreg Membere vum Rot, déi net geschwat hunn, oder iergendee vun hinnen—nodeems si de Beweiser an de Plädoyer onparteiesch nogelauschtert hunn, an der Entscheedung vum President een Iertum entdecken, sou kënnen si dat manifestéieren, an de Fall soll nei verhandelt ginn.

21 A wann no enger virsiichtegen neie Verhandlung weidert Liicht an de Fall bruecht ginn ass, soll d’Entscheedung deemno geännert ginn.

22 Wann sech awer keen neit Liicht erginn huet, soll déi éischt Entscheedung gülteg bleiwen, wou jo d’Majoritéit vum Rot ermächtegt ass, se festzeleeën.

23 Am Fall vu Schwieregkeete mat der Doktrinn oder dem Prinzip, wann et net genuch schrëftlech Informatioun gëtt, fir de Fall dem Conseil kloer ze maachen, kann de President nofroen an dem Här seng Meenung duerch Offenbarung kréien.

24 D’Héich Priister, wann si am Ausland sinn, hunn d’Muecht, e Conseil no der uewe genannten Aart a Weis zesummenzeruffen an ze organiséieren fir Schwieregkeeten ze berengegen, souwäit eng oder béid bedeelegt Säiten dat froen.

25 An de genannte Rot vun Héich Priister ass ermächtegt, een aus senger eegener Rei ze bestëmmen, dee fir déi betreffend Zäit iwwer dëse Rot presidéiert.

26 Et ass d’Flicht vum genannte Conseil, direkt eng Kopie vu senge Verhandlungen, mat enger kompletter Erklärung vun den Aussoen, déi seng Entscheedung begleet, un den Héije Conseil vum Sëtz vun der Éischter Presidentschaft vun der Kierch ze schécken.

27 Sollten déi bedeelegt Säiten oder eng dovunner mat der Entscheedung vum genannte Conseil net zefridde sinn, kënnen si beim Héije Conseil am Sëtz vun der Éischte Presidentschaft vun der Kierch Beruffung aleeën an eng nei Verhandlung verlaangen. De Fall wäert dann do verhandelt ginn, an zwar no dem fréier beschriwwene Muster, wéi wann nach keng Entscheedung gefält gi wier.

28 Dësen auswäertege Conseil vun Hohepriister ass nëmmen an de schwieregste Fäll vun Ugeleeënheete vun der Kierch aberuff; a kee gewéinlechen, alldeegleche Fall rechtfäerdegt d’Aberuffung vun esou engem Conseil.

29 Déi reesend oder lokal Hohepriister am Ausland hunn d’Muecht ze entscheeden, ob et néideg ass, sou e Conseil zesummenzeruffen oder net.

30 Hisiichtlech hirer Entscheedunge besteet een Ënnerscheed tëschent dem auswäertegen Héije Rot oder den auswäertege reesenden Héich Priister an dem reesenden Héije Rot, deen aus den zwielef Apostele besteet.

31 Géint d’Entscheedung vum éischte ka Beruffung ageluecht ginn, géint déi vum leschten net.

32 Déi vum leschte kann nëmme vun den Allgemengen Autoritéite vun der Kierch a Fro gestallt ginn, wann et sech ëm Iwwertriedung handelt.

33 Beschloss: De President oder d’Presidenten am Sëtz vun der Éischte Presidentschaft vun der Kierch sinn ermächtegt, nom Préiwe vun der Ufro op Beruffung an de relevante Beweiser an den Aussoen ze entscheeden, ob de betreffende Fall nach eng Opnam rechtfäerdegt.

34 Déi zwielef Membere vum Rot hunn ugefaangen, duerch d’Lous festzestellen, wien als éischte schwätze sollt, an d’Resultat war wéi follegt: 1. Oliver Cowdery, 2. Joseph Coe, 3. Samuel H. Smith, 4. Luke Johnson, 5. John S. Carter, 6. Sylvester Smith, 7. John Johnson, 8. Orson Hyde, 9. Jared Carter, 10. Joseph Smith Sr., 11. John Smith, 12. Martin Harris.Nom Gebiet gouf d’Konferenz ënnerbrach.

Oliver Cowdery,

Orson Hyde,

Sekretären