Sektioun 80
Offenbarung, déi duerch de Prophet Joseph Smith dem Stephen Burnett zu Hiram, Ohio, de 7. Mäerz 1832 ginn ass.
1–5, De Stephen Burnett an den Eden Smith gi beruff, op all Plaz ze priedegen, déi si wielen.
1 Wierklech, sou seet den Här zu dir, mäi Kniecht Stephen Burnett: Gitt hin, gitt hin an d’Welt a priedegt d’Evangelium jiddwer Kreatur, dat vum Toun vun ärer Stëmm erreecht gëtt.
2 A wou s du dir ee Begleeder gewënscht hues, ginn ech dir mäi Kniecht Eden Smith.
3 Dofir gitt hin a priedegt mäin Evangelium, sief et am Norden oder am Süden, am Osten oder am Westen, dorobber kënnt et net un, well dir kënnt net feelgoen.
4 Dofir verkënnegt, wat dir héieren hutt a wierklech gleeft a wouvunner dir wësst, datt et wouer ass.
5 Kuckt, dat ass de Wëlle vun deem, deen iech beruff huet, ären Erléiser, jo, de Jesus Christus. Amen.