Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 121


Sektioun 121

Gebieder a Prophezeiungen, Auszich aus zwee Epistelen un d’Kierch, déi vum Joseph Smith, dem Prophet, diktéiert goufen, wéi hien e Prisonéier am Prisong zu Liberty, Missouri, war, den éischten datéiert den 20. Mäerz 1839, an den zweeten ëm den 22. Mäerz geschriwwen. De Prophet a verschidde Begleeder ware Méint am Prisong. Hir Petitiounen an Appeller, déi u verschidde Regierungsbeamte geriicht waren, haten hinne keng Erliichterung bruecht.

1–6, De Prophet biet den Här fir d’Helleger, déi leiden; 7–10, Den Här schwätzt Fridden zu him; 11–17, Verflucht sinn all déi, déi falscht Jäize vun Iwwertriedung géint d’Vollek vum Här erhiewen; 18–25, Si wäerte kee Recht op d’Priisteramt hunn a wäerte verdaamt ginn; 26–32, Herrlech Offenbarunge gëtt deene versprach, déi couragéis duerchhalen; 33–40, Firwat vill beruff sinn a wéineg gewielt sinn; 41–46, D’Priistertum soll nëmmen a Gerechtegkeet benotzt ginn.

1 O Gott, wou bass du? A wou ass dat Zelt, dat deng Verstopp bedeckt?

2 Wéi laang nach wäert deng Hand sech zeréckhalen an däin A, jo, däi rengt A vum éiwegen Himmel dat Onrecht erblécken, dat dengem Vollek an denge Kniechte geschitt, an däin Ouer vun hirem Jäizen duerchdréngt ginn?

3 Jo, o Här, wéi laang nach sollen si dëst Onrecht an dës illegal Ënnerdréckung leiden, bevir däin Häerz sech erweechen an däi Banneschtes vu Matleed mat hinne beweegt wäert sinn?

4 O Här, Allmächtege Gott, deen s du den Himmel, d’Äerd an d’Mieren an alles, war doranner ass, gemaach hues, deen s du den Däiwel am Gitt häls an ënnerwërfs, hien an déi däischter a verdonkelt Herrschaft vum Sheol—Streck deng Hand aus, looss däin A duerchdréngen, looss däin Zelt sech hiewen, looss däi Verstopp net méi laang bedeckt sinn, looss däin Ouer sech näipen, looss däin Häerz sech erweechen an däi Banneschtes vu Matleed mat eis beweegt sinn.

5 Looss deng Roserei sech géint eis Feinden entzünden, an am Kaméidi vun dengem Häerz räch dat Onrecht, wat un eis gemaach ginn ass, mat dengem Schwäert.

6 Gedenk dengen Helleger, déi leiden, o eise Gott; da wäerten deng Kniechte fir ëmmer un dengem Numm Freed hunn.

7 Mäi Jong, Fridden denger Séil; Deng Schwieregkeeten an deng Nout sollen nëmmen ee klenge Moment daueren,

8 an dann, wann s du se gutt bestees, wäert Gott dech héich erhéijen; du wäerts iwwert all deng Feinden triumphéieren.

9 Deng Frënn stinn dach zu dir, a si wäerten dech erëm wëllkommen heeschen, mat waarmem Häerz a frëndlecher Hand.

10 Nach bass du net wéi den Job, deng Frënn streiden net géint dech a beschëllegen dech net der Iwwertriedung, wéi si et mam Job gemaach hunn.

11 An déi dech der Iwwertriedung beschëllegen, deenen hir Hoffnung wäert futti gemaach ginn, an hir Erwaardunge wäerte verschwannen, wéi de Frascht virun de brennende Strale vun der Sonn, déi opgeet, schmëlzt;

12 an och datt Gott seng Hand a säi Sigel gesat huet, fir d’Zäiten an d’Joreszäiten ze änneren, an hinnen de Verstand ze blenden, sou datt si seng wonnerbar Wierker net verstinn, sou datt hien si och préiwen an an hirer Schlauheet faasse kann;

13 a well hiert Häerz verduerwen ass, soll dat, wat si iwwer aner Leit bréngen an anerer gäre leide loosse wëllen, bis zum leschten iwwert si selwer kommen;

14 datt och si enttäuscht géife ginn an hir Hoffnungen ofgeschnidden;

15 an net vill Joren dofir, bis si an hir Posteritéit ënnert dem Himmel ewechgerappt ginn, seet Gott, datt net ee vun hinne bei der Mauer stoe bleift.

16 Verflucht sinn alleguerten, déi d’Feescht géint meng Gesalleften hiewen, sprécht den Här, a jäizen, si hätte gesëndegt, wann si viru mir awer net gesënnegt hunn, sprécht den Här, mee dat gemaach hunn, wat a mengen Ae richteg war a wat ech hinne gebueden hat.

17 Awer déijéineg, déi Iwwertriedung jäizen, maachen et, well si selwer Kniechte vun der Sënd a Kanner vun Ongehorsamkeet sinn.

18 An déijéineg, déi géint meng Kniechten ee Mäineed schwieren, fir si a Gefaangenschaft an zu Dout ze bréngen—

19 Wéi hinnen; well si meng Kleng geiergert hunn, wäerten si vun de Veruerdnunge vu mengem Haus ofgeschnidde ginn.

20 Hire Kuerf wäert net voll sinn, an hir Haiser a Scheiere wäerte verfalen, an si selwer wäerte vun deene veruecht ginn, déi hinne geschmeechelt hunn.

21 Si solle keen Urecht op d’Priistertum hunn, och net hir Posteritéit no hinnen, vu Generatioun zu Generatioun.

22 Et wär besser fir si gewiescht, et hätt een hinnen ee Millesteen ëm den Hals gehaangen a si wären an der Déift vum Mier erdronk.

23 Wéi all deenen, déi mäi Vollek quälen an et verjoen an ermorden a géint et aussoen, speet den Här vun den Arméien; eng Generatioun vu Schlaange wäert der Verdaamt vun der Hell net entkommen.

24 Kuckt, meng Ae gesinn a kennen all hir Wierker, an ech hu fir si ee schnellt Strofgeriicht prett, wann et un der Zäit ass;

25 well fir all Mënsch ass eng Zäit bestëmmt, jee nodeem, wéi seng Wierker wäerte sinn.

26 Gott wäert iech duerch säin Hellege Geescht, jo, duerch déi onerklärbar Gab vum Hellege Geescht, Erkenntnis ginn, déi vum Ufank vun der Welt bis haut net offenbaart ginn ass,

27 wouvunner eis Virfuere begiereg a voll Erwaardung gehofft hunn, se géif an de leschten Deeg reveléiert ginn, an op déi hinnen d’Engelen de Sënn gelenkt hunn, wou se fir d’Fëllt vun hirer Herrlechkeet zeréckbehale gi war—

28 fir eng Zäit, déi kënnt, wou näischt virenthale géif ginn, sief et, datt et ee Gott gëtt oder vill Gëtter—se wäerte manifestéiert ginn.

29 All Tréin an Herrschaften, Muechten a Gewalte wäerte reveléiert ginn an deenen heem gi ginn, déi wéinst dem Evangelium vum Jesus Christus couragéis ausgehalen hunn.

30 An och, wéi ee Beräich och ëmmer den Himmelen oder de Mieren oder dem dréchene Land oder der Sonn, dem Mound oder de Stäre gesat ass,

31 all hir Ëmlafzäiten, all bestëmmten Deeg, Méint a Joren an all Deeg vun hiren Deeg, Méint a Jore souwéi all hir Herrlechkeeten, Gesetzer a festgesaten Zäiten—dat wäert an den Deeg vun der Dispensatioun an der Fëllt vun den Zäite reveléiert ginn—

32 no deem, wat matzen dem Rot vum éiwege Gott—dem Gott vun alle Gëtter—veruerdent gouf, bevir dës Welt war, datt et bis zur Vollendung an zu hirem Enn zeréckbehale gëtt, wann dann all Mënsch a seng éiweg Géigewaart an a seng onstierflech Rou agoe wäert.

33 Wéi laang kann dann ee fléissend Waasser onreng bleiwen? Wat fir eng Muecht soll den Himmele Stopp soen? Genausou gutt kéint ee Mënsch säi schwaachen Aarm ausstrecke wëllen, fir de Floss Missouri a sengem virgezeechente Laf unzehalen oder en de Stroum erop lafen ze loossen, wéi den Allmächtegen dorunner ze hënneren, vum Himmel erof iwwer d’Helleger vun de Leschten Deeg Erkenntnis auszeschëdden.

34 Kuckt, vill ginn et der, déi beruff sinn, awer wéineg ginn der gewielt. A firwat ginn si net gewielt?

35 Well si hiert Häerz sou staark op d’Saache vun dëser Welt gesat hunn an no der Éier vu Mënsche striewen, datt si dës eng Léier net léiere wëllen, nämlech:

36 D’Rechter vum Priistertum si mat de Kräfte vum Himmel ontrennbar verbonnen, an d’Kräfte vum Himmel kënnen nëmmen no de Grondsätz vun der Gerechtegkeet beherrscht a gebraucht ginn.

37 Se kënnen eis zwar iwwerdroe ginn, mee wa mir versichen, eis Sënden ze verdecken oder eise Stolz an egoisteschen Éiergäiz ze befriddegen, oder wa mir och nëmme mat dem gréngste Mooss vun Ongerechtegkeet vun iergendwellecher Gewalt, Herrschaft oder Zwang op d’Séil vun de Mënschekanner ausübe wëllen—kuckt, dann zéien sech d’Himmelen zeréck, de Geescht vum Här ass traureg, a wann en ewechgeholl gëtt, dann ass et mam Priistertum oder der Autoritéit vum Betraffenen eriwwer.

38 Kuckt, bevir hien et mierkt, ass hien sech selwer iwwerlooss, géint de Stachel auszeschloen, d’Helleger ze verfollegen a géint Gott ze streiden.

39 Traureg Erfarung huet eis geléiert: Bal jiddwereen tendéiert vun Natur aus dozou, direkt mam Ausübe vun ongerechter Herrschaft unzefänken, soubal hie mengt, e wéineg Autoritéit kritt ze hunn.

40 Dohier sinn der zwar vill beruff, ginn der awer wéineg gewielt.

41 Kraaft dem Priistertum kann a soll keng Muecht a keen Afloss aneschters geltend gemaach gi wéi nëmme mat iwwerzeegender Ried, mat Ausdauer am Leiden, mat Mëllt an Duussheet a mat éierlecher Léift,

42 mat Wuelwëllen a mat rengem Wëssen, wouduerch sech d’Séil ganz vill erweidert—ouni Hypokrisie an ouni Falschheet—

43 Direkt mat aller Däitlechkeet bestrofen, wann dech den Hellege Geescht dozou beweegt, wäert du duerno awer deemjéinegen, dee s du bestrooft hues, vill méi Léift weisen, fir datt hien net mengt, du wäers säi Feind,

44 fir datt hie weess, datt deng Loyalitéit méi staark ass wéi d’Fessele vum Dout.

45 Looss däi Banneschtes och erfëllt si vun Nächsteléift zu all Mënschen an zum Stot vum Glawen, a looss Dugend ëmmer deng Gedanke verschéineren; da wäert däi Vertraue staark ginn an der Géigewaart Gottes, an d’Doktrinn vum Priistertum wäert dir op d’Séil drëpse wéi Tau vum Himmel.

46 Den Hellege Geescht wäert dir ee stännege Begleeder sinn an däin Zepter een onverännerlecht Zepter vu Gerechtegkeet a Wourecht, an deng Herrschaft wäert eng éiweg Herrschaft sinn, an ouni Zwang wäert se dir zoufléisse fir ëmmer an ëmmer.