Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 90


Sektioun 90

Offenbarung un de Prophet Joseph Smith, ginn zu Kirtland, Ohio, den 8. Mäerz 1833. Dës Offenbarung ass e weidere Schrëtt an der Grënnung vun der Éischter Presidentschaft (kuckt d’Iwwerschrëft vun der Sektioun 81); als Konsequenz dovu goufen déi ernimmte Conseilleren den 18. Mäerz 1833 veruerdent.

1–5, D’Schlëssel vum Kinnekräich sinn dem Joseph Smith iwwerginn an duerch hien der Kierch; 6–7, De Sidney Rigdon an de Frederick G. Williams sollen an der Éischter Presidentschaft déngen; 8–11, D’Evangelium soll den Natioune vun Israel, den Heiden an de Judde gepriedegt ginn, jidderee soll et a senger eegener Sprooch héieren; 12–18, De Joseph Smith a seng Conseilleren sollen d’Kierch an Uerdnung bréngen; 19–37, Verschidde Persoune gi vum Här geroden, éierbar ze goen an a Sengem Kinnekräich ze déngen.

1 Sou seet den Här: Wierklech, wierklech, ech soen dir, mäi Jong: Deng Sënde sinn dir verzien no denger Ufro, well deng Gebieder an d’Gebieder vun denge Bridder si mir zu Ouere komm.

2 Dofir bass du vun elo un geséint, dee s du d’Schlëssele vum Räich dréis, déi dir gi gi sinn; an dëst Räich kënnt fir d’leschte Kéier ervir.

3 Wierklech, ech soen dir: D’Schlëssele vun dësem Räich sollen dir ni geholl ginn, soulaang s du op der Welt bass, och net an der zukünftege Welt;

4 awer sollen déi richteg Wierder duerch dech weidergi ginn, jo, nämlech un d’Kierch.

5 An alleguerten, déi déi richteg Wierder Gottes empfänken—si sollen oppassen, datt si se entspriechend halen, fir datt se net als eppes Liichtes geuecht ginn an doduerch schëlleg gesprach ginn; datt si net struewelen a falen, wann d’Stierm erofkommen an de Wand bléist an de Ree fält an an hiert Haus schléit.

6 An nach eng Kéier, wierklech, ech soen denge Bridder Sidney Rigdon a Frederick G. Williams: Och hinne sinn hir Sënde verzien, a si ginn als dir gläich geuecht, d’Schlëssele vun dësem leschte Räich ze halen,

7 wéi och duerch deng Verwaltung d’Schlëssele vun der Schoul vun de Propheten, déi ech kommandéiert hunn ze organiséieren;

8 fir datt si doduerch perfekt ginn an hirem geeschtlechen Déngscht fir d’Erléisung vun Zion an den Natioune vun Israel an den Aneren—fir alleguerten, déi gleewe wëllen;

9 fir datt si duerch däi Wierken d’Wuert empfänken, an duerch hiert Wierken d’Wuert erausgeet bis un d’Enne vun der Äerd, zu den Aneren als éischt, an dann, kuckt, da wäerten si sech de Judden zouwennen.

10 An da kënnt den Dag, wou sech den Aarm vum Här a senger Muecht reveléiere wäert, fir d’Natiounen, déi heednesch Natiounen, d’Haus Joseph, vum Evangelium hirer Erléisung ze iwwerzeegen.

11 Well un deem Dag wäert et sech erginn: Jiddweree wäert d’Fëllt vum Evangelium a senger eegener Zong an a senger eegener Sprooch héieren—duerch déijéineg, déi zu dëser Muecht veruerdent sinn, an zwar duerch d’Wierke vum Tréischter, deen iwwert si ausgeschott gëtt, fir de Jesus Christus ze offenbaren.

12 An elo, wierklech, ech soen dir: Ech ginn dir d’Gebot, am geeschtlechen Déngscht an an der Presidentschaft ze verbleiwen.

13 A wann s du d’Iwwersetzung vun de Prophete fäerdeg hues, solls du vun elo un iwwert Ugeleeënheete vun der Kierch a vun der Schoul presidéieren

14 a vun Zäit zu Zäit, wéi et duerch den Tréischter gewise wäert ginn, Offenbarungen empfänken, fir d’Geheimnisser vum Räich ze reveléieren,

15 an d’Gemeinschaften an Uerdnung bréngen a studéieren a léieren a mat alle gudde Bicher a mat Sproochen an Zongen a Vëlker bekannt ginn.

16 An dat soll d’ganzt Liewe laang är Aarbecht an är Missioun sinn: am Rot ze presidéieren an d’Ugeleeënheete vun dëser Kierch a vun dësem Räich an Uerdnung ze bréngen.

17 Schummt iech net, loosst iech net ze schued sinn; loosst iech awer wéinst ärem Héichmutt a Stolz reprimandéieren, well dëse leet iech eng Schléng fir är Séil.

18 Bréngt äert Haus an Uerdnung; haalt Lidderegkeet an Onrengheet vun iech ewech.

19 Elo, wierklech, ech soen dir: Looss soubal wéi méiglech eng Plaz besuerge fir d’Famill vun dengem Conseiller a Schreiwer, nämlech vum Frederick G. Williams.

20 A looss mäi méi eelere Kniecht Joseph Smith Sr. mat senger Famill op där Plaz verbleiwen, wou hien elo lieft; looss ee Verkaf net zou, bis de Mond vum Här et seet.

21 A looss mäi Conseiller, nämlech de Sidney Rigdon, do bleiwen, wou hien sech elo ophält, bis de Mond vum Här et seet.

22 A looss de Bëschof äifreg no engem Mann sichen, dee beoptraagt ka ginn; an dat soll ee Mann sinn, deen iwwer groussem Räichtum verfüügt—ee Mann Gottes, dee staarke Glawen huet—

23 fir datt hien heiduerch amstand ass, all Scholden ze begläichen; fir datt d’Lagerhaus vum Här virun den Ae vum Vollek net a Verruff geréit.

24 Fuerscht äifreg, biet ëmmer, a sidd gleeweg, da wäert sech alles fir iech zum Gudden auswierken, wann dir éierbar gitt an iech un d’Allianz erënnert, deen dir ee mat deem anere geschloss hutt.

25 Loosst är Famill kleng sinn, virun allem déi vu mengem eelere Kniecht Joseph Smith Sr., wat nämlech déijéineg betrëfft, déi net zur Famill gehéieren,

26 fir datt dat, woumat iech zur Verfügung gestallt ass, fir mäi Wierk ze erfëllen, net vun iech geholl an deene gi wäert ginn, déi net wierdeg sinn—

27 an dir doduerch gehënnert sidd, dat ze vollbréngen, wat ech iech gebueden hunn.

28 An nach eng Kéier, wierklech, ech soen dir: Et ass mäi Wëllen, datt mäin Déngschtmeedche Vienna Jaques Suen empfänkt, fir hir Käschten ze begläichen, an sech an d’Land Zion begëtt;

29 an de Rescht vun de Sue géif mir geweit ginn, an hatt wäert zu där vu mir bestëmmten Zäit hire Loun kréien.

30 Wierklech, ech soen dir: A mengen Aen ass et richteg, datt hatt sech erop an d’Land Zion begëtt a vum Bëschof eng Ierfschaft empfänkt;

31 fir datt hatt sech a Fridden nidderloosse kann, souwäit hatt trei ass an an hiren Deeg vun elo un net liddereg ass.

32 A kuck, wierklech, ech soen dir: Du solls dëst Gebot nidderschreiwen an denge Bridder an Zion soen, andeems du si a Léift begréiss, datt ech dech beruff hunn, zu där vu mir bestëmmten Zäit och iwwer Zion ze presidéieren.

33 Dofir sollen si ophalen, mech wéinst dëser Saach midd ze maachen.

34 Kuck, ech soen dir: Deng Bridder an Zion fänken un ëmzekéieren, an d’Engele freeën sech iwwert si.

35 Awer hunn ech a Villem kee Wuelgefalen; an ech hunn u mengem Kniecht William E. McLellin kee Wuelgefalen, och net u mengem Kniecht Sidney Gilbert; an och de Bëschof an anerer hu villes, wouvunner si ëmkéiere mussen.

36 Awer wierklech, ech soen dir: Ech, den Här, wëll mat Zion streiden a mat senge Staarke Recht halen an et bestrofen, bis et iwwerwënnt a viru mir reng ass.

37 Well et soll net vu senger Plaz ewech geholl ginn. Ech, den Här, hunn et gesprach. Amen.