Sektioun 123
D’Flicht vun den Helleger a Bezuch op hir Verfollger, wéi se vum Joseph Smith, dem Prophet, geschriwwe gouf, wéi hien e Prisonéier am Prisong zu Liberty, Missouri, war. Dës Sektioun ass en Auszuch aus engem Epistel un d’Kierch, deen ëm den 22. Mäerz 1839 geschriwwe gouf (kuckt d’Iwwerschrëft vun der Sektioun 122).
1–6, D’Helleger sollten e Bericht iwwer hiert Leed an hir Verfollgunge sammelen a publizéieren; 7–10, Dee selwechte Geescht, deen déi falsch Glawensbekenntnisser etabléiert huet, féiert och zur Verfollgung vun den Helleger; 11–17, Vill vun ënnert alle Sekte wäerten d’Wourecht nach ëmmer akzeptéieren.
1 A weider wëlle mir iech ze bedenke ginn, datt et gutt wär, wann d’Helleger d’Berichter iwwer all Fakte souwéi d’Leiden a Mësshandlunge sammele géifen, déi vum Vollek vun dësem Staat iwwert si bruecht gi sinn,
2 genausou vun der Aart an Héicht vum Schued, deen si gelidden hunn, souwuel an hirem Ruff wéi och u perséinlecher Ongerechtegkeet an och um gräifbarem Eegentum,
3 och d’Nimm vun all Persounen, déi bei der Ënnerdréckung hir Hand am Spill haten, souwäit si se feststellen an erausfanne kënnen.
4 Vläicht kann ee Kommitee bestëmmt ginn, dat dat alles erausfanne kann, dat Aussoen an Erklärungen ënner Eed ophëlt an och déi diffaméierend Verëffentlechunge sammelt, déi am Ëmlaf sinn,
5 dozou alles, wat dovunner an Zäitschrëften a Referenzbicher ze fannen ass, souwéi all diffaméierend Geschichten, déi verëffentlecht sinn oder grad geschriwwe ginn, a vu wiem, an dat déi ganz Verkettung vum diaboleschem Béisen a verbriechereschem a mäerdereschem Fuddelen, déi un dësem Vollek bewierkt gi sinn, sou duerleet,
6 datt mir se net nëmmen der ganzer Welt verëffentlechen, mee presentéieren se de Regierungscheffen an all hiren donkele Faarftéin an hire Faarftéin vun der Hell—als déi lescht Ustrengung, déi eis vun eisem Himmlesche Papp opgefuerdert gëtt, ier mir vollstänneg dat Versprieche behaapte kënnen, dat hien aus sengem Verstoppt rifft; an och, datt déi ganz Natioun ouni Excuse bleift, ier hien d’Kraaft vu sengem mächtegen Aarm erausschécke kann.
7 Et ass dëst eng zwéngend Responsabilitéit, déi mir Gott, den Engelen, bei deene mir eng Kéier stoe sollen, an eis selwer souwéi eise Fraen a Kanner géigeniwwer hunn, well dës hunn sech voll Trauer, Suerg an Onrou ënnert déi déidlech Hand vu Mord, Tyrannei an Ënnerdréckung misse béien, déi hirersäits vum Afloss vum selwechte Geescht gehalen, agitéiert a gestëtzt gëtt, deen d’Glawensusiichte vun de Pappen, déi Lige geierft hunn, sou staark am Häerz vun de Kanner huet wuerzele gelooss an deen d’Welt mat Duercherneen erfëllt huet an ëmmer méi staark ginn ass an elo d’Haaptfieder vun all Verdierfnes ass, an déi ganz Äerd kräischt ënnert der Laascht vu senger Ongerechtegkeet.
8 Et ass dat een eisent Joch, ee staarkt Band, jo, dat sinn d’Handschellen a Ketten a Fousseisen a Fessele vun der Hell.
9 Dofir ass dëst eng zwéngend Responsabilitéit, déi mir hunn, net nëmme géigeniwwer eise Fraen a Kanner, mee och géigeniwwer de Wittfraen an deenen ouni Papp, deenen hir Männer a Pappen ënnert senger eisenen Hand ermort gi sinn,
10 an dës däischter an iwwel Dote ginn duer, fir souguer d’Hell zidderen ze loossen, sou datt se entsat a bleech do steet an d’Hänn selwer vum Däiwel zidderen a gi midd.
11 Genausou ass dëst eng zwéngend Responsabilitéit, déi mir der kommende Generatioun an allen, déi am Häerz reng sinn, géigeniwwer hunn—
12 well et ginn der ënnert alle Glawensgemeinschaften, Parteien a Konfessiounen nach ëmmer vill op der Äerd, duerch déi subtil Schlauheet vun de Mënschen, déi op der Lauer leien, fir ze täuschen, verblent sinn an deenen d’Wourecht nëmmen dowéinst virenthalen ass, well si net wëssen, wou se ze fannen ass—
13 dofir musse mir eist Liewen domadder opbrauchen an ofnotzen, datt mir alles, wat an der Däischtert verstoppt ass, erliichten, wou mir sou eppes erkennen, an et ass eis wierklech vum Himmel hier manifestéiert ginn.
14 Deem also musse mir eis mat groussem Eescht widmen.
15 Kee soll dat fir eng Klengegkeet halen; well et gëtt villes, wat an der Zukunft läit, wat d’Helleger betrëfft a wat vun deem alles ofhänkt.
16 Dir wësst, Bridder, datt ee ganz klengt Steierrad engem ganz grousse Schëff am Fall vun engem Stuerm vill notze kann, wann et dem Wand an de Wellen zum Trotz op Kurs gehale gëtt.
17 Dofir, léif Bridder, loosst eis lëschteg alles maachen, wat an eiser Muecht läit, an da géife mir mat gréisster Zouversiicht roueg stoen, fir d’Erléisung ze gesinn, déi vu Gott kënnt, an datt säin Aarm reveléiert gëtt.