Sektioun 24
Offenbarung, ginn dem Joseph Smith, dem Prophet, an dem Oliver Cowdery zu Harmonie, Pennsylvanien, am Juli 1830. Obwuel nach keng véier Méint zënter der Grënnung vun der Kierch vergaange waren, hat sech schonn hefteg Verfollgung erhuewen, an d’Führer hu missen ëm hirer Sécherheet wëllen deelweis ofgeschloss liewen. Déi follgend dräi Offenbarunge goufen zu dëser Zäit ginn, fir si ze stäerken, ze encouragéieren an ze instruéieren.
1–9, De Joseph Smith gëtt beruff, fir d’Schrëften ze iwwersetzen, ze priedegen an ze erklären; 10–12, Den Oliver Cowdery gëtt beruff, fir d’Evangelium ze priedegen; 13–19, D’Gesetz gëtt opgedeckt a Bezuch op d’Wonner, d’Flich, d’Ofwerfe vum Stëbs vun de Féiss an d’Higoen ouni Täsch oder Portmonnie.
1 Kuck, du goufs beruff a gewielt, d’Buch vum Mormon ze schreiwen a mäi geeschtlechen Déngscht ze maachen; an ech hunn dech aus denger Nout eropgehuewen an dir Rotschléi ginn, sou datt s du aus der Hand vun all denge Feinde befreit gi bass, an du bass aus der Gewalt vum Satan an aus der Däischtert befreit ginn!
2 Mee gëtt et fir dech an dengen Transgressioune keng Entschëllegung; mee géi denges Wee a sëndeg net méi.
3 Maach däin Amt grouss; a wann s du deng Felder bebaut a geséchert hues, géi schnell zu de Gemeinschaften a Colesville, Fayette a Manchester, a si solle fir dech suergen; da wëll ech si souwuel geeschteg wéi och zäitlech séinen.
4 Wann si dech awer net empfänken, wëll ech hinnen ee Fluch amplaz vun engem Seege schécken.
5 An du solls och weiderhi Gott a mengem Numm uruffen an dat nidderschreiwen, wat dir vum Tréischter gi gëtt, an der Kierch all helleg Schrëft erklären.
6 An et wäert dir um selwechte Moment gi ginn, wat s du schwätzen a schreiwe solls, a si sollen et héieren, soss schécken ech hinnen ee Fluch amplaz vun engem Seegen.
7 Well du solls däi ganzen Déngscht Zion widmen, an doranner wäerts du Kraaft fannen.
8 Sief gedëlleg an denger Nout, well du wäerts der vill hunn; mee erdro se, well kuck, ech si mat dir, jo, bis un d’Enn vun dengen Deeg.
9 An un zäitlechen Aarbechte wäerts du keng Kraaft hunn, well dat ass net deng Beruffung. Widmen dech denger Beruffung, an da wäerts du hunn, woumat s du däin Amt grouss maachen an all helleg Schrëft erkläre kanns, a fuer weider, d’Hänn opzeleeën an d’Gemeinschaften ze stäerken.
10 An däi Brudder Oliver soll weiderfueren, mäin Numm virun der Welt an och virun der Kierch ze temoignéieren. An hie soll net mengen, hie kéint a menger Saach genuch soen; a kuck, ech si mat him bis un d’Enn.
11 A mir soll hien Herrlechkeet hunn an net virun sech selwer, ob a Schwächt oder Stäerkt, ob versklaavt oder fräi.
12 An zu allen Zäiten an un allen Uerte soll hien de Mond opmaachen a mäin Evangelium wéi mat Trompett-Stëmm verkënnegen, Dag an Nuecht. An ech wëll him Kraaft ginn, wéi se ënner Mënschen onbekannt ass.
13 Verlaangt keng Wonner, ausser ech kommandéieren et iech, ausser wann dir Däiwelen ausdreift, Kranker heelt souwéi géint gëfteg Schlaangen an déidlech Gëfter;
14 an dëst sollt dir nëmmen da maachen, wann déijéineg, déi de Wonsch duerno hunn, et vun iech verlaangen, fir datt sech d’helleg Schrëft erfëllt; well dir sollt maachen no deem, wat geschriwwe steet.
15 A wou och ëmmer dir era gitt, an et empfänkt een iech net a mengem Numm, da sollt dir ee Fluch amplaz ee Seegen zeréckloossen, andeems dir iech de Stëbs vun de Féiss schëddelt—als Temoignage géint si—an är Féiss um Wee propper maacht.
16 An et wäert sech erginn: Wann ee mat Gewalt Hand un iech leet, da kommandéiert a mengem Numm, hie soll geschloe ginn; a kuckt, ech wäert hien no äre Wierder zu där vu mir bestëmmten Zäit schloen.
17 A wien géint dech viru Geriicht geet, dee soll vum Geriicht verflucht ginn.
18 An du solls weder Beidel nach Täsch mathuelen, och kee Bengel a keng zwee Räck, well d’Kierch wäert dir zur selwechte Stonn ginn, wat s du un Iessen an u Kleedung an u Schong an u Suen an un Täsch brauchs.
19 Well du bass beruff, mäi Wéngert mat mächtegem Beschneiden ze beschneiden, jo, nämlech fir déi leschte Kéier; jo, an och all déijéineg, déi s du ordinéiert hues, a si sollen no dësem Muster maachen. Amen.