Sektioun 29
Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith a Géigewaart vu sechs Eelsten zu Fayette am Staat New York, am September 1830. Dës Offenbarung koum e puer Deeg virun der Konferenz, déi vum 26ten September 1830 un ofgehale gouf.
1–8, De Christus versammelt Seng Auserwielten; 9–11, Säi Komme féiert de Millennium an; 12–13, Déi Zwielef wäerte ganz Israel riichten; 14–21, Zeeche, Ploen an Zerstéierunge wäerten dem Zweete Komme virausgoen; 22–28, Déi lescht Operstéiung an dat endgültegt Urteel kommen nom Millennium; 29–35, All Saache si geeschtlech fir den Här; 36–39, Den Däiwel a seng Arméie goufen aus dem Himmel gehäit fir de Mënsch ze versichen; 40–45, De Fall an d’Versönung bréngen d’Erléisung; 46–50, Kleng Kanner ginn duerch d’Versönung erléist.
1 Lauschtert der Stëmm vum Jesus Christus no, ärem Erléiser, dem groussen ECH SINN, deem säin Aarm vun der Baarmhäerzegkeet fir är Sënde gesühnt huet,
2 dee säi Vollek sammele wäert, wéi een Hong hir Jippelcher ënnert hir Flilleke sammelt, jo, alleguerten, déi op meng Stëmm lauschteren a sech viru mir humiliéiere wëllen a mech a mächtegem Gebiet ubieden.
3 Kuckt, wierklech, wierklech, ech soen iech: Zu dëser Zäit sinn iech är Sënde verzien, dofir empfänkt dir dëst; mee denkt dorunner, datt dir net méi sëndegt, fir datt net Geforen iwwert iech kommen.
4 Wierklech, ech soen iech: Dir sidd aus der Welt gewielt, fir mäin Evangelium mam Toun vun der Freed ze verkënnege wéi mat der Stëmm vun enger Trompett.
5 Hieft d’Häerz héich a sidd frou, well ech si matzen ënnert iech a sinn ären Affekot beim Papp; an et ass säi gudde Wëllen, iech d’Räich ze ginn.
6 A wéi et geschriwwe steet: Wat och ëmmer dir biet, voller Glawen an no mengem Gebot eeneg am Gebiet, dat wäert dir empfänken.
7 An dir sidd beruff, d’Sammlung vu mengen Ausgewielten op de Wee ze bréngen; well meng Ausgewielten héiere meng Stëmm a verhäerten net hiert Häerz.
8 Dofir ass vum Papp den Dekreet erausgaangen, datt si un engem Uert an dësem Land gesammelt solle ginn, fir sech am Häerze virzebereeden an an allem fir deen Dag bereet ze sinn, wou Tribulatioun a Verwüüstung iwwer déi Béis geschéckt wäert ginn.
9 Well d’Stonn ass no, an den Dag steet bal bevir, wou d’Äerd reif ass, an all déi Stolz an déi Schlechtes maache wäerte wéi Stoppele sinn, an ech wäert si verbrennen, sprécht den Här vun den Arméien, fir datt et op Äerden keng Béist gëtt.
10 Well d’Stonn ass no, a wat vu mengen Apostele geschwat ginn ass, muss sech erfëllen; well sou wéi si geschwat hunn, sou wäert et sech erginn.
11 Well ech wëll mech vum Himmel hier mat all senge Scharë mat Muecht a grousser Herrlechkeet offenbaren a bei de Mënschen a Gerechtegkeet dausend Joren op Äerde wunnen, an déi Béis wäerten net bestoen.
12 A weider, wierklech, wierklech, ech soen iech: Et ass als festen Dekreet erausgaangen, duerch de Wëlle vum Papp, datt meng Apostelen, déi Zwielef, déi a mengem geeschtleche Wierken a Jerusalem bei mir waren, zu menger Rietse stoe sollen un deem Dag, wou ech komme wäert—an enger Feiersail; ugedoe mat de Kleeder vun der Gerechtegkeet, mat der Kroun um Kapp, an Herrlechkeet esou wéi ech, fir dat ganzt Haus vum Israel ze riichten, nämlech alleguerten, déi mech gären hunn a meng Geboter halen, a soss keen.
13 Well eng Trompett soll souwuel laang wéi och haart schalen, jo, wéi um Bierg Sinai, an d’ganz Äerd wäert biewen, a si wäerten ervirkommen, jo, nämlech déi Doudeg, déi a mir gestuerwe sinn, datt si eng Kroun vun der Gerechtegkeet empfänken a bekleet ginn ewéi ech, datt si bei mir wieren, datt mir ee kënne sinn.
14 Mee kuckt, ech soen iech: Bevir de groussen Dag kënnt, wäert sech d’Sonn verdäischteren, an de Mound wäert sech a Blutt verwandelen, an d’Stäre wäerte vum Himmel falen, an et wäerten nach méi grouss Zeeche ginn, uewen am Himmel an ënnen op der Äerd;
15 an ënnert de ville Leit wäert et Kräischen a Jéimere ginn,
16 an ee grousse Stuerm mat Knëppelsteng wäert geschéckt ginn, d’Recolte vun der Äerd ze zerschloen.
17 An et wäert sech erginn: Wéinst der Béist vun der Welt wäert ech Vergeltung un de Béisen üben, well si wëllen net ëmkéieren; well de Becher vu menger Entrëschtung ass voll; well kuckt, mäi Blutt wäert si net propper maachen, wann si mech net héieren.
18 Dofir wäert ech, den Här Gott, op der Uewerfläch vun der Äerd Mécken erausschécken, datt si iwwer hir Bewunner hierfalen an hiert Fleesch friessen a Mueden iwwert si komme loossen.
19 An hir Zong wäert gestoppt ginn, fir datt si net méi géint mech schwätze kënnen; an d’Fleesch wäert hinne vun de Schanke falen an d’Aen aus den Hölen.
20 An et wäert sech erginn: D’Déiere vum Bësch an d’Villercher vun der Loft wäerten si friessen.
21 An déi grouss an abscheilech Kierch, d’Houer vun der ganzer Äerd, wäert duerch ee verfroossent Feier nidder gehäit ginn, no deem, wat vum Prophet Ezechiel gesprach ginn ass, well hien huet dovunner gesprach, an et huet sech nach net erginn, muss awer gewëss geschéien, sou wouer ech liewen, well Grujelen däerfen net regéieren.
22 A weider, wierklech, wierklech, ech soen iech: Wann déi dausend Joren op en Enn sinn an d’Mënschen erëm ufänken, hire Gott ze leegnen, da wäert ech d’Äerd nëmme fir eng kuerz Zäit verschounen,
23 da wäert d’Enn kommen, an den Himmel an d’Äerd wäerte verbraucht ginn a vergoen, an et wäert een neien Himmel an eng nei Äerd ginn.
24 Well all Aalt wäert vergoen, an alles wäert nei ginn, jo, den Himmel an d’Äerd mat hirer ganzer Fëllt, souwuel Mënsch wéi Déier, d’Villercher vun der Loft an d’Fësch vum Mier;
25 an och net een Hoer nach Stëbskär wäert verluer goen, well et ass d’Wierk vu menger Hand.
26 Mee kuckt, wierklech, ech soen iech: Bevir d’Äerd vergeet, wäert de Michael, mäin Äerzengel, seng Trompett héiere loossen, an da wäerten all déi Doudeg erwächen, well hir Griewer wäerten sech opmaachen, a si wäerten ervirkommen, jo, si alleguerten.
27 An déi Gerecht wäerten zu menger Rietsen zu éiwegem Liewe gesammelt ginn; an déi Béis zu menger Lénken—ech wäert mech virum Papp schummen, si als Mäint unzëerkennen,
28 dofir wäert ech zu hinne soen: Ewech vu mir, dir Verflucht, an d’éiwegt Feier, dat dem Däiwel a sengen Engele prett gemaach ass.
29 An elo kuckt, ech soen iech: Nimools hunn ech mat eegenem Mond verkënnegt, datt si erëmkomme sollen, well dohinner, wou ech sinn, kënnen si net kommen, well si hu keng Muecht.
30 Mee denkt dorunner, datt net all meng Riichterspréch de Mënsche gi ginn; an esou, wéi d’Wierder aus mengem Mond erausgaange sinn, wäerten se sech erfëllen, nämlech datt déi Éischt déi Lescht an déi Lescht déi Éischt wäerte sinn an allem, wat ech duerch d’Wuert vu menger Muecht, nämlech d’Muecht vu mengem Geescht, erschafen hunn.
31 Well duerch d’Muecht vu mengem Geescht hunn ech et erschaf; jo, alles Geeschtegt an alles Zäitlecht—
32 als éischt geeschteg, duerno zäitlech: dat ass den Ufank vu mengem Wierk; an dann erëm als éischt zäitlech an duerno geeschteg: dat ass dat Lescht vu mengem Wierk.
33 Ech schwätzen esou zu iech, fir datt dir et op natierlech Weis verstoe kënnt; fir mech awer hu meng Wierker weder Enn nach Ufank; mee iech gëtt et ginn, fir datt dir et verstoe kënnt; well dir hutt mech dowéinst gefrot, an dir sidd vereenegt.
34 Dofir wierklech, ech soen iech: Fir mech ass alles geeschteg, an nimools hunn ech iech ee Gesetz ginn, dat zäitlech ass, weder engem Mënsch nach de Mënschekanner, och net dem Adam, ärem Papp, deen ech erschaf hunn.
35 Kuckt, ech hunn him erlaabt, selbststänneg ze handelen, an ech hunn him Geboter ginn, mee een zäitlecht Gebot hunn ech him keent ginn, well meng Geboter si geeschteg; an se sinn net natierlech nach zäitlech, weder fleeschlech nach sënnlech.
36 An et huet sech erginn: Den Adam, vum Däiwel verfouert—well kuckt, den Däiwel war virum Adam, well hien huet sech mir opposéiert an huet gesprach: Gëff mir deng Éier, nämlech als meng Muecht; an och den drëtten Deel vun de Leit am Himmel huet hie vu mir ofgewannt, wou si jo Entscheedungsfräiheet haten;
37 a si goufen erof geworf, an esou sinn den Däiwel a seng Engelen entstanen,
38 a kuckt, et gëtt een Uert fir si, prett gemaach vun Ufank un, an dësen Uert ass d’Hell.
39 An et muss noutwennegerweis esou sinn, datt den Däiwel d’Mënschekanner verféiert, soss kéinten si net fräi entscheeden; well wann si net dat Battert hätten, kéinten si dat Séisst net kennen—
40 dofir huet et sech erginn: Den Däiwel huet den Adam verfouert, an dësen huet vun der verbuedener Fruucht giess an huet d’Gebot gebrach, wouduerch hien dem Wëlle vum Däiwel ënnerleeë ginn ass, well hien der Versuchung noginn huet.
41 Dofir hunn ech, den Här Gott, hie wéinst senger Transgressioun aus dem Gaart vun Eden, aus menger Géigewaart, ausstousse gelooss, an doduerch ass hie geeschteg dout ginn, an dat ass den éischten Dout, nämlech deselwechten Dout, deen och de leschten Dout ass, dee geeschteg ass, deen iwwert déi Béis ausgesprach wäert ginn, wann ech soe wäert: Ewech, dir Verfluchter.
42 Mee kuckt, ech soen iech: Ech, den Här Gott, erlaben dem Adam a sengen Nokommen, net éischter ze stierwen, wat den zäitlechen Dout betrëfft, bis ech, den Här Gott, Engele rausschécke géif, déi hinnen Ëmkéiert an Erléisung duerch de Glawen un den Numm vu mengem Eenzeg Gebuerene Jong verkënnege sollen.
43 An esou hunn ech, den Här Gott, bestëmmt, dem Mënsch d’Deeg vu senger Bewärung—datt hien duerch säin natierlechen Dout erwächt kéint ginn an Onstierflechkeet zu éiwegem Liewen, jo alleguerten, déi gleewe wëllen;
44 an déi net gleewen, zu éiweger Verdaamt; well si kënne vun hirem geeschtege Fall net erléist ginn, wann si net ëmkéieren;
45 well si hunn d’Däischtert méi gär ewéi d’Luucht, an hir Doten si béis, a si empfänken hire Loun vun deem, deem si Loscht hunn ze follegen.
46 Mee kuckt, ech soen iech: Kleng Kanner si vun der Grënnung vun der Welt un duerch mäin Eenzeg Gebuerene Jong erléist;
47 dofir kënnen si net sëndegen, well dem Satan ass net d’Muecht ginn, kleng Kanner ze verféieren, bevir si ufänken, viru mir verantwortlech ze ginn.
48 Well et gëtt hinne ginn, jo, wéi ech et wëll, no mengem Wuelgefalen, fir datt vun hire Pappe Grousses gefuerdert ka ginn.
49 A weider, ech soen iech: Hunn ech net jiddwerengem, dee Wëssen huet, kommandéiert ëmzekéieren?
50 A wiem et u Verständnis feelt—et bleift mir iwwerlooss ze maachen, wéi et geschriwwe steet. An elo verkënnegen ech iech zu dëser Zäit näischt méi. Amen.