Sektioun 99
Offenbarung, déi duerch de Prophet Joseph Smith dem John Murdock, den 29. August 1832, zu Hiram, Ohio, gi gouf. Iwwert ee Joer laang hat de John Murdock d’Evangelium gepriedegt, wärend seng Kanner—ouni Mamm nom Doud vu senger Fra, der Julia Clapp, am Abrëll 1831—bei anere Familljen an Ohio gewunnt hunn.
1–8, De John Murdock gëtt beruff, d’Evangelium ze verkënnegen, an déi, déi hien empfänken, empfänken den Här a kréie Barmhäerzegkeet.
1 Kuckt, sou seet den Här zu mengem Kniecht John Murdock: Du gëss beruff, an d’Oststaaten ze goen, vun Haus zu Haus, vun Duerf zu Duerf a vu Stad zu Stad, fir den Awunner mäin éiwegt Evangelium ze verkënnegen, an der Mëtt vu Verfollgung a Béist.
2 A wien dech empfänkt, deen empfänkt mech, an du wäerts d’Muecht hunn, an der Proklamatioun vu mengem Hellege Geescht mäi Wuert ze verkënnegen.
3 A wien dech empfänkt, wéi wann hien ee klengt Kand wier, deen empfänkt mäi Räich; a geséint ass hien, well hie wäert Baarmhäerzegkeet kréien.
4 A wien dech verwërft, dee wäert vu mengem Papp a sengem Haus verworf ginn; an du solls als Temoignage géint hien un enger verstopptener Plaz um Wee dir d’Féiss propper maachen.
5 A kuck, ech komme schnell zum Geriicht, fir alleguerte vun hire gottlosen Doten ze iwwerzeegen, déi si géint mech begaangen hunn, wéi et an der Buchroll vu mir geschriwwe steet.
6 An elo, wierklech, ech soen dir: Et ass net wënschenswäert, datt s du gees, bevir fir d’Kanner gesuergt ass an si guttwëlleg un de Bëschof an Zion geschéckt gi sinn.
7 An no e puer Joren, wann s du dat vu mir wënschs, géifs du och an dat gutt Land eropgoen an dengIerfschaft a Besëtz huelen;
8 anerefalls solls du weiderhi mäin Evangelium verkënnegen, bis du ewechgeholl gëss. Amen.