Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 101


Sektioun 101

Offenbarung, déi dem Joseph Smith, dem Prophet zu Kirtland, Ohio, de 16. a 17. Dezember 1833 ginn ass. Zu dëser Zäit hunn d’Helleger, déi sech a Missouri versammelt haten, grouss Verfollgung gelidden. Mobben haten si aus hiren Haiser an der Jackson Grofschaft verdriwwen; an e puer vun den Hellegen hate probéiert sech an de Grofschafte Van Buren, Lafayette a Ray ze etabléieren, awer si goufe verfollegt. Déi grouss Majoritéit vun den Hellege war zu där Zäit an der Grofschaft Clay, Missouri. Et goufe vill Doudesdroungen géint d’Membere vun der Kierch. D’Helleger an der Jackson Grofschaft haten Hausmiwwelen, Kleeder, Véi an anere perséinleche Besëtz verluer; a vill vun hire Kulture waren zerstéiert ginn.

1–8, D’Helleger gi wéinst hiren Iwwertriedunge bestrooft a geplot; 9–15, Dem Här Seng Entrëschtung wäert op d’Natioune falen, awer Säi Vollek wäert versammelt a getréischt ginn; 16–21, Zion a seng Péil ginn etabléiert; 22–31, D’Natur vum Liewen am Millennium gëtt festgeluecht; 32–42, D’Helleger ginn da geséint a belount; 43–62, D’Gläichnes vum Adelegen an den Olivebeem symboliséiert d’Problemer an déi schlussendlech Erléisung vun Zion; 63–75, D’Helleger sollen sech weider zesummefannen; 76–80, Den Här huet d’Konstitutioun vun de Vereenegte Staaten etabléiert; 81–101, D’Helleger sollen nohalteg fuerderen, datt d’Ongerechtegkeete korrigéiert ginn, laut dem Gläichnes vun der Fra an dem ongerechte Riichter.

1 Wierklech, ech soen dir, an zwar a Bezuch op deng Bridder, déi genéidegt a verfollegt an aus dem Land vun hirer Ierfschaft ausgestouss gi sinn:

2 Ech, den Här, hunn d’Nout, woumat si genéidegt gi sinn, iwwer si komme gelooss, an zwar wéinst hire Verfeelungen;

3 an awer wëll ech si unerkennen, a si solle mäin sinn un deem Dag, wou ech kommen, mäi Bijou hierzeriichten.

4 Dofir mussen si noutwendegerweis reprimandéiert a gepréift ginn, sou wéi den Abraham, deem kommandéiert war, säin eenzege Jong duerzebréngen.

5 Well all déijéineg, déi eng Reprimandatioun net erdroen, mee mech verleegnen, kënnen net gehellegt ginn.

6 Kuck, ech soen dir: Et huet Mësstéin a Streidereien, Näid a Konflikter a glëschtereg, giereg Wënsch ënnert hinne ginn; an domadder hunn si hir Ierfdeeler veronrengegt.

7 Si ware lues, op d’Stëmm vum Här, hirem Gott, ze héieren; dofir ass den Här, hire Gott, lues, op hiert Bieden ze lauschteren an hinnen um Dag vun hirer Beonrouegung dorop Äntwert ze ginn.

8 Um Dag vun hirem Fridden hunn si mäi Rotschlag fir geréng geschat; awer um Dag vun hirer Beonrouegung, do sichen si noutgedrongen no mir.

9 Wierklech, ech soen dir: Onbeuecht hirer Sënden ass mäi Banneschtes awer vu Matleed mat hinnen erfëllt. Ech wëll si net vëlleg verstoussen, an um Dag vun der Roserei wëll ech der Baarmhäerzegkeet gedenken.

10 Ech hunn et geschwuer, an de Beschloss ass duerch ee Gebot, dat ech dir fréier ginn hunn, erausgaangen, nämlech datt ech d’Schwäert vu menger Entrëschtung nidder fale loosse wäert, jo, wéinst mengem Vollek; an sou, wéi ech et gesot hunn, wäert et sech erginn.

11 Meng Entrëschtung wäert sech gläich ouni Mooss iwwer all Natioune schëdden; an dat wäert ech maachen, wann de Becher vun hirer Ongerechtegkeet voll ass.

12 An un deem Dag wäerten alleguerten, déi sech um Wuechttuerm befannen, oder, mat anere Wierder, mäi ganzt Israel, gerett ginn.

13 An déijéineg, déi zerstreet gi sinn, wäerte gesammelt ginn.

14 An all déijéineg, déi getrauert hunn, wäerte getréischt ginn.

15 An all déijéineg, déi hiert Liewe fir mäin Numm hierginn hunn, wäerte gekréint ginn.

16 Dofir géif sech äert Häerz a Bezuch op Zion tréischten, well alles Fleesch ass a menger Hand; sidd roueg a wësst, datt ech Gott sinn.

17 Zion wäert net vu senger Plaz ewech geholl ginn, och wann seng Kanner zerstreet gi sinn.

18 Déi, déi iwwreg bleiwen, an am Häerz reng sinn, wäerten zeréck kéieren an zu hiren Ierfdeeler hikommen, si an hir Kanner, mat Lidder vun éiweger Freed, fir déi verwüüste Plaze vun Zion opzebauen—

19 an dëst alles, fir datt d’Propheten sech erfëllen.

20 A kuck, et ass keng aner Plaz bestëmmt wéi déi, déi ech bestëmmt hunn; an et wäert och keng aner Plaz bestëmmt gi wéi déi, déi ech bestëmmt hunn, nämlech fir d’Wierk vun der Sammlung vu mengen Hellegen,

21 bis den Dag kënnt, wou sech fir si kee Raum méi fënnt; an dann hunn ech aner Plazen, déi ech hinne bestëmme wëll, a se wäerte Péil genannt ginn—fir d’Zelter oder d’Stäerkt vun Zion.

22 Kuck, et ass mäi Wëllen, datt alleguerten, déi mäin Numm uruffen a mech no mengem éiwegen Evangelium veréieren, sech sammelen an un helleger Plaz stinn

23 a sech fir déi zukünfteg Offenbarung prett maachen, wann nämlech de Schleier vun der Bedeckung vu mengem Tempel—a mengem Tabernakel, deen d’Äerd zoudeckt, ewechgeholl gëtt an all Fleesch matenee mech wäert gesinn.

24 An all Verwieslecht—sief et um Mënsch oder un den Déiere vum Feld oder de Villercher vum Himmel oder de Fësch vum Mier, dat op der Äerd wunnt, wäert konsuméiert ginn;

25 a wat aus Urstoff ass, wäert viru gliddeger Hëtz schmëlzen; an alles wäert nei ginn, fir datt meng Erkenntnis an Herrlechkeet op der ganzer Äerd wunne kann.

26 An un deem Dag wäert d’Feindschaft vum Mënsch an d’Feindschaft vun den Déieren, jo, d’Feindschaft vun all Fleesch ophale viru mengem Gesiicht.

27 An un deem Dag wäert, wat och ëmmer ee freet, him gi ginn.

28 An un deem Dag wäert de Satan net d’Muecht hunn, een ze versichen.

29 An et wäert kee Leed ginn, well et keen Dout gëtt.

30 An un deem Dag wäert keen als Kand stierwen, mee eréischt, wann hien al ass; a säi Liewe wäert wéi den Alter vun engem Bam sinn;

31 a wann hie stierft, wäert hien net schlofen, dat heescht an der Äerd, mee an engem Moment verwandelt ginn, an hie wäert opgehuewe ginn, a seng Rou wäert herrlech sinn.

32 Jo, wierklech, ech soen dir: Un deem Dag, wou den Här kënnt, wäert hien alles offenbaren:

33 dat, wat vergaangen ass, a verstoppt ass, wat kee gewosst huet, dat, wat d’Äerd betrëfft, wouduerch se erschaf ginn ass, an hiren Zweck an hiert Enn,

34 héich Wäertvolles—dat, wat uewen ass, an dat, wat ënnen drënner ass, dat, wat an der Äerd an op der Äerd an am Himmel ass.

35 An alleguerten, déi wéinst mengem Numm Verfollgung leiden an déi am Glawen aushalen, wäerten, och wa vun hinne gefuerdert gëtt, wéinst menger d’Liewen hin ze ginn, un all dëser Herrlechkeet Deel hunn.

36 Dofir fäert net, och net virum Dout; well an dëser Welt ass är Freed net voll, awer a mir ass är Freed voll.

37 Dofir suergt iech net ëm de Leif, och net ëm d’leiflecht Liewen; mee suergt iech ëm d’Séil an ëm d’Liewe vun der Séil.

38 A sicht ëmmer nom Gesiicht vum Här, fir datt dir iech mat Gedold är Séil zu eege maacht; da wäert dir éiwegt Liewen hunn.

39 Wa Männer zu mengem éiwegen Evangelium beruff ginn a sech duerch eng éiweg Allianz verflichten, sou sinn si als d’Salz vun der Äerd ze betruechten, als d’Gewierzkraaft vun de Mënschen.

40 Si si beruff, de Mënsche Gewierzkraaft ze sinn; dofir, wann dëst Salz vun der Äerd seng Gewierzkraaft verléiert, kuck, dann ass et fir näischt méi ze gebrauchen, wéi erausgeworf a vun de Mënschen zertrëppelt ze ginn.

41 Kuck, hei ass Weisheet a Bezuch op d’Kanner vun Zion, an zwar vill, awer net all: Si sinn als Iwwertrieder befonnt ginn, an dofir mussen si noutwendegerweis reprimandéiert ginn.

42 Wien sech selwer erhéicht, dee wäert erniddregt ginn, a wien sech selwer erniddregt, dee wäert erhéicht ginn.

43 An elo wëll ech dir ee Gläichnes weisen, fir datt s du mäi Wëllen a Bezuch op d’Befreiung vun Zion kenns.

44 Een Adelsmann hat een auserwieltent Stéck Land, an hien huet zu senge Kniechte gesprach: Gitt a mäi Wéngert, jo, zu dësem auserwieltenem Stéck Land a planzt zwielef Olivebeem.

45 A stellt ronderëm Wiechter op, a baut een Tuerm, fir datt een, deen de Wiechter um Tuerm soll sinn, d’Land ronderëm iwwerbléckt, fir datt net meng Olivebeem nidder gebrach ginn, wann de Feind kënnt an zerstéieren an d’Fruucht vu mengem Wéngert u sech huele wëll.

46 D’Kniechte vum Adelsmann awer sinn higaangen an hu gemaach, wéi hiren Här hinne kommandéiert hat, an hunn d’Olivebeem geplanzt an hunn ronderëm eng Heck gesat an hu Wiechter opgestallt an hunn ugefaangen, een Tuerm ze bauen.

47 A wärend si nach amgaange waren, de Grond fir den Tuerm ze leeën, hunn si ugefaangen, bei sech ze schwätzen: Firwat brauch da mäin Här dësen Tuerm?

48 An si hunn sech eng laang Zäit beroden an hu bei sech geschwat: Firwat brauch da mäin Här dësen Tuerm, wou mir jo elo Fridden hunn?

49 Kéint een dann net dës Suen zu de Wiessler ginn? Dëst hei ass jo net néideg.

50 A wéi si esou ënnereneen oneens waren, sinn si ganz liddereg ginn an hunn net op d’Geboter vun hirem Här héieren.

51 An de Feind koum bei Nuecht an huet d’Heck nidder gebrach; an d’Kniechte vum Adelsmann hunn sech erhuewen, waren erféiert a si fortgelaf; an de Feind huet hir Aarbecht zerstéiert an d’Olivebeem nidder gebrach.

52 Elo kuck, den Adelsmann, den Här vum Wéngert, huet seng Kniechten zesumme geruff an zu hinne geschwat: Wéi ass et dann zu dësem groussen Iwwel komm?

53 Hätt dir net maache sollen, wéi ech iech kommandéiert hunn, an—nodeems dir de Wéngert beplanzt an d’Heck ronderëm gesat a Wiechter op d’Mauere gestallt hat—och den Tuerm bauen an op den Tuerm ee Wiechter setzen an, amplaz anzeschlofen, mäi Wéngert bewaache sollen, fir datt net de Feind iwwert iech kéim?

54 A kuckt, de Wiechter um Tuerm hätt de Feind gesinn, soulaang hien nach wäit ewech war; an dann hätt dir iech prett maachen an de Feind dorunner hënnere kënnen, d’Heck nidder ze briechen, an hätt mäi Wéngert aus den Hänn vum Zerstéierer befreit.

55 An den Här vum Wéngert huet zu engem vu senge Kniechte geschwat: Géi hin an huel meng iwwreg Kniechten zesummen, an huel déi ganz Stäerkt vu mengem Haus, nämlech meng Krieger, meng jonk Männer an och déi vu mëttlerem Alter ënnert alleguerte vu menge Kniechten, déi d’Stäerkt vu mengem Haus sinn, ausser nëmmen déi, déi ech bestëmmt hunn dozebleiwen,

56 a gitt riichtaus zum Land vu mengem Wéngert, a befreit mäi Wéngert; well en ass mäin, ech hunn e mat Sue kaaft.

57 Dofir gitt riichtaus a mäi Land; briecht d’Mauere vu menge Feinden nidder, stierzt hiren Tuerm ëm, an zerstreet hir Wiechter.

58 A wann si sech géint iech sammelen, da rächt mech u menge Feinden, sou datt ech gläich mat mengem iwwregen Haus kommen an d’Land a Besëtz huele kann.

59 An de Kniecht huet zu sengem Här gesprach: Wéini wäert dat sinn?

60 An hien huet zu sengem Kniecht gesprach: Wann ech wëll; géi du riichtaus a maach alles, wat ech dir kommandéiert hunn;

61 an dëst soll mäi Sigel a Seegen op dir sinn: Een treien a weise Verwalter matzen a mengem Haus, een Herrscher a mengem Räich.

62 A säi Kniecht ass riichtaus gaangen an huet alles gemaach, wat säin Här him kommandéiert hat; an no villen Deeg huet sech alles erfëllt.

63 Weider, wierklech, ech soen dir: Ech wäert dir a Bezuch op all Gemeinschafte weisen, wat no menger Weisheet ass, souwäit si Wëllens sinn, sech op déi richteg a passend Manéier zu hirer Rettung féieren ze loossen,

64 fir datt d’Wierk vun der Sammlung vu mengen Helleger weidergeet, fir datt ech si un helleger Plaz zu mengem Numm opbauen; well d’Zäit vun der Recolten ass do, a mäi Wuert muss sech noutwendegerweis erfëllen.

65 Dofir muss ech mäi Vollek sammelen, nom Gläichnes vum Onkraut ënnert dem Weess, fir datt de Weess an d’Späicher abruecht gëtt, fir éiwegt Liewen ze besëtzen a mat celestialer Herrlechkeet gekréint ze ginn, wann ech—am Räich vu mengem Papp—komme wäert, fir jiddwereen esou ze belounen, wéi seng Wierker wäerte sinn;

66 d’Onkraut awer gëtt a Bëndele gebonnen, a seng Bänner wäerte staark sinn, op datt et an onläschbarem Feier verbrannt gëtt.

67 Dofir ginn ech alle Gemeinschaften d’Gebot, sech weiderhin un deen Uerten ze sammelen, déi ech bestëmmt hunn.

68 Awer soll, wéi ech schonn an engem fréiere Gebot gesot hunn, är Sammlung net schnell virun sech goen, och net als Flucht; mee loosst alles virun iech prett maachen.

69 A fir datt alles virun iech prett wier, sollt dir d’Gebot beuechten, dat ech iech an dëser Hisiicht ginn hunn:

70 Et beseet—oder léiert iech, all Lännereien am Gebitt ronderëm dat Land, dat ech bestëmmt hunn, d’Land Zion ze sinn, souwäit se mat Suen ze kafe sinn, mat Suen ze kafen, fir datt d’Sammlung vu mengen Helleger hiren Ufank hëlt,

71 all Land, dat an der Jackson Grofschaft an an de Grofschafte ronderëm kaaft ka ginn; a loosst dat iwwregt a menger Hand.

72 Elo wierklech, ech soen iech: All Gemeinschafte sollen all hir Fongen zesummendroen; dat soll awer zu senger Zäit geschéien, an net schnell; a passt op, datt alles virun iech prett ass.

73 An éierlech Männer solle bestëmmt ginn, jo, weis Männer, a schéckt si hin, datt si dës Lännereie kafen.

74 An d’Gemeinschaften an den Oststaaten kënnen, soubal si opgebaut sinn a wann si op dëse Rotschlag lauschtere wëllen, Lännereie kafen an sech do sammelen an op dës Weis Zion opriichten.

75 Schonn elo ass genuch do, jo, souguer méi wéi genuch, fir Zion ze befreien a seng desolat Plazen opzebauen, sou datt et ni méi nidder geworf ka ginn, wann nëmmen d’Kierchen, déi sech no mengem Numm nennen, op meng Stëmm lauschtere wéilten.

76 An ech soen iech nach eng Kéier, déi, déi vun hire Feinde verstreet goufen, et ass mäi Wëllen, datt si weiderhin ëm Recours a Befreiung vun den Hänn vun deenen, déi als Herrscher gesat sinn an Autoritéit iwwert iech hunn, fuerderen—

77 an zwar no de Gesetzer an der Verfassung vum Vollek, déi ech aféiere gelooss hunn an déi fir d’Rechter an zum Schutz vun all Fleesch opgrond vu gerechten an hellege Grondsätz oprechterhale solle ginn,

78 datt jiddwer Mënsch no der Doktrinn an de Prinzippien handele kann, déi d’Zukunft betreffen, no der moralescher Handlungsfäegkeet, déi ech him ginn hunn, fir datt jiddwer Mënsch um Dag vum Urteel fir seng eege Sënde verantwortlech gemaach ka ginn.

79 Dofir ass et net richteg, datt ee Mënsch an der Sklaverei vun engem anere wier.

80 An zu dësem Zweck hunn ech d’Verfassung vun dësem Land ageriicht, an zwar duerch weis Männer, déi ech just zu dësem Zweck erwächt hunn, an ech hunn d’Land duerch Bluttvergéisse befreit.

81 Elo, woumat soll ech d’Kanner vun Zion vergläichen? Ech wëll op si d’Gläichnes vun der Wittfra an dem ongerechte Riichter uwennen—well d’Mënsche sollen zu jiddwer Zäit bieden an net midd ginn, an do heescht et—

82 Et war ee Riichter an enger Stad, deen huet sech net viru Gott gefaart an hat Angscht viru kengem Mënsch.

83 Et war awer eng Wittfra an derselwechter Stad, déi koum bei hien an huet gesprach: Verschaf mir Recht géigeniwwer mengem Géigner.

84 An hien huet laang net gewollt. Duerno huet hien awer bei sech selwer geduecht: Obschonn ech Gott net fäerten a keng Angscht virun de Mënschen hunn, sou wëll ech awer dëser Wittfra, well si mech sou behellegt, hiert Recht verschafen, fir datt si net déi ganzen Zäit kënnt a mir lästeg fält.

85 Heimat wëll ech d’Kanner vun Zion vergläichen.

86 Si sollen sech zu de Féiss vum Riichter dorobber behaapten;

87 a wann hien si net beuecht, sollen si sech zu de Féiss vum Gouverneur dorobber behaapten;

88 a wann de Gouverneur si net beuecht, sollen si sech zu de Féiss vum President dorobber behaapten;

89 a wann de President si net beuecht, da wäert den Här sech hiewen an aus sengem Verstopp ervirkommen an a sengem Elan d’Natioun ploen;

90 an a senger heftegen Onrou, a senger grimmeger Roserei wäert hien zu Zäit dës Béis, ontrei an ongerecht Verwalter ofschneiden an hinnen hiren Deel bei den Hypokritten an Ongleewege bestëmmen,

91 jo, an der baussen Däischtert, wou et Kräischen a Lamentatiounen an Zänn-Knirsche gëtt.

92 Dofir biet, datt hir Ouere fir äert Jäizen op sinn, fir datt ech zu hinne baarmhäerzeg ka sinn, fir datt dëst net iwwert si kënnt.

93 Wat ech iech gesot hunn, muss noutwendegerweis geschéien, fir datt all Mënschen ouni Entschëllegung wieren;

94 fir datt weis Männer an Herrscher dat héieren an erkenne géifen, wat si ni beduecht hunn;

95 fir datt ech dorunner goe kann, meng Dot, meng komesch Dot, ze maachen a mäi Wierk, mäi komescht Wierk, ze vollbréngen, fir datt d’Mënschen ënnerscheede géifen tëschent de Gerechten an de Béisen, schwätzt äre Gott.

96 A weider, ech soen dir: Et ass géint mäi Gebot a mäi Wëllen, datt mäi Kniecht Sidney Gilbert mäi Lagerhaus, dat ech fir mäi Vollek bestëmmt hunn, an d’Hänn vu menge Feinde verkeeft.

97 Looss dat, wat ech bestëmmt hunn, net duerch meng Feinde veronrengegen, nach dozou mat Zoustëmmung vun deenen, déi sech no mengem Numm nennen;

98 well dat ass eng ganz schwéier a schmäerzlech Sënd géint mech a géint mäi Vollek, an zwar deem entspriechend, wat ech beschloss hunn a wat gläich iwwer d’Natiounen era brieche wäert.

99 Dofir ass et mäi Wëllen, datt mäi Vollek dat, wat ech him bestëmmt hunn, beusprocht an den Usproch oprecht erhält, och wann et him net erlaabt sollt sinn, dorobber ze wunnen.

100 Awer soen ech net, datt si net dorobber wunne wäerten; well wann si Fruucht a Wierker ervirbréngen, déi mengem Räich entspriechen, wäerten si dorobber wunnen.

101 Si wäerte bauen, a keen anere soll et ierwen; si wäerte Wéngerte planzen, a si sollen d’Fruucht dovunner iessen. Jo. Amen.