Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 52


Sektioun 52

Offenbarung, déi duerch de Prophet Joseph Smith un d’Eelste vun der Kierch zu Kirtland, Ohio, de 6. Juni 1831 gi gouf. Eng Konferenz gouf zu Kirtland ofgehalen, déi den 3ten ugefaangen an de 6ten Juni opgehalen huet. Op dëser Konferenz goufen déi éischt vollstänneg Ordinatiounen zum Amt vum Hohepriister gemaach, a verschidde Manifestatioune vu falsche Geeschter a Geeschter, déi bedréien, goufen erkannt an zeréckgewisen.

1–2, Déi nächst Konferenz ass fir zu Missouri festgeluecht; 3–8, Et gi bestëmmt Eelsten ernannt, déi zesumme reesen; 9–11,D’Eelste sollen dat enseignéieren, wat d’Apostelen an d’Prophete geschriwwen hunn; 12–21, Déi, déi vum Geescht erliicht sinn, brénge Friichte vu Luef a Weisheet; 22–44, Verschidden Eelste ginn ernannt, fir d’Evangelium ze priedegen, wärend si fir d’Konferenz op Missouri reesen.

1 Kuckt, sou seet den Här zu den Eelsten, déi hien an de leschten Deeg beruff a gewielt huet, duerch d’Stëmm vu sengem Geescht—

2 nämlech: Ech, den Här, wëll iech weisen, wat dir no mengem Wëlle vun elo un bis zur nächste Konferenz maache sollt, déi zu Missouri stattfanne soll, engem Land, dat ech mengem Vollek—dem Iwwerrescht vum Jakob—an deenen, déi Ierwen no der Allianz sinn, konsekrréiere wëll.

3 Dofir, wierklech, ech soen iech: Loosst meng Kniechte Joseph Smith Jr. a Sidney Rigdon sech op de Wee maachen, soubal d’Virbereedunge fir hiren Depart vun doheem getraff kënne ginn, an an d’Land Missouri goen.

4 A wann si mir trei sinn, wäert hinne gewise ginn, wat si maache sollen,

5 an et wäert hinnen, wann si trei sinn, och d’Land vun ärer Ierfschaft gewise ginn.

6 A wann si net trei sinn, wäerten si ofgeschnidde ginn, jo, wéi ech et wëll, wéi et mir gutt schéngt.

7 A weider, wierklech, ech soen iech: Loosst mäi Kniecht Lyman Wight a mäi Kniecht John Corrill sech schnell op de Wee maachen,

8 an och mäi Kniecht John Murdock a mäi Kniecht Hyrum Smith sollen sech nom selwechten Uert op de Wee maachen, an zwar iwwer Detroit.

9 A vu do sollen si ausgoen an ënnerwee d’Wuert priedegen; si sollen näischt aneschtes soen, wéi wat d’Propheten an d’Apostele geschriwwen hunn a wat hinne vum Tréischter duerch d’Gebiet vum Glawen enseignéiert gëtt.

10 Loosst si zu zwee goen, an esou sollen si ënnerwee bei all Treffe priedegen; si sollen am Waasser deefen an um Rand vum Waasser d’Hänn opleeën.

11 Well sou seet den Här: Ech wëll mäi Wierk a Gerechtegkeet ofkierzen, well d’Deeg kommen, wou ech Riichterspréch rausschécke wäert, fir ze gewannen.

12 A mäi Kniecht Lyman Wight soll oppassen, well de Satan wëll hien aussënnere wéi Spree.

13 A kuckt, wien trei ass, dee wäert zum Herrscher iwwer villes gemaach ginn.

14 A weider: Ech wëll iech an allem ee Muster ginn, fir datt dir net getäuscht gitt, well de Satan geet am Land ëmhier an täuscht d’Natiounen.

15 Dofir: Wien do biet a säi Geescht asszerknirscht, dee gëtt vu mir ugeholl, wann hie meng Veruerdnunge befollegt.

16 Wien do schwätzt—a säi Geescht ass zerknirscht, a seng Sprooch ass duuss a baut op, deen ass vu Gott, wann hie meng Veruerdnunge befollegt.

17 A weider, Wien ënnert menger Muecht ziddert, dee wäert staark gemaach ginn, an hie wäert Fruucht vu Luef a vun der Weisheet ervirbréngen, no de Offenbarungen a Wourechten, déi ech iech ginn hunn.

18 A weider: Wien iwwerwonne gëtt a keng Fruucht ervirbréngt, net eemol no dësem Muster, deen ass net vu mir.

19 Dofir sollt dir no dësem Muster an alle Fäll ënnert dem ganzen Himmel d’Geeschter erkennen.

20 An d’Deeg si komm: de Mënsche wäert no hirem Glawe geschéien.

21 Kuckt, dëst Gebot ass allen Eelste ginn, déi ech gewielt hunn.

22 A weider, wierklech, ech soen iech: Loosst och mäi Kniecht Thomas B. Marsh a mäi Kniecht Ezra Thayre sech op de Wee maachen, a si sollen ënnerwee zu dësem selwechte Land d’Wuert priedegen.

23 A weider, loosst mäi Kniecht Isaac Morley a mäi Kniecht Ezra Booth sech op de Wee maachen, a si sollen och ënnerwee zu dësem selwechte Land d’Wuert priedegen.

24 A weider, loosst meng Kniechten Edward Partridge a Martin Harris sech mat menge Kniechte Sidney Rigdon a Joseph Smith Jr. op de Wee maachen.

25 Loosst och meng Kniechten David Whitmer an Harvey Whitlock sech op de Wee maachen an ënnerwee zu dësem selwechte Land priedegen.

26 A loosst meng Kniechte Parley P. Pratt an Orson Pratt sech op de Wee maachen an ënnerwee zu eben dësem selwechte Land priedegen.

27 A loosst meng Kniechte Solomon Hancock a Simeon Carter sech och op de Wee zu dësem selwechte Land maachen an ënnerwee priedegen.

28 Loosst meng Kniechten Edson Fuller a Jacob Scott sech op de Wee maachen.

29 Loosst meng Kniechte Levi W. Hancock an Zebedee Coltrin sech och op de Wee maachen.

30 Loosst meng Kniechte Reynolds Cahoon a Samuel H. Smith sech och op de Wee maachen.

31 Loosst meng Kniechte Wheeler Baldwin a William Carter sech och op de Wee maachen.

32 A loosst meng Kniechten Newel Knight a Selah J. Griffin ordinéiert ginn an sech och op de Wee maachen.

33 Jo, wierklech, ech soen: Loosst all dës sech zu deem engen Uert op de Wee maachen, dobäi hir eege Bunn goen, a kee soll op der Grondlag vum anere bauen an och net der Spuer vun engem aneren nogoen.

34 Wien trei as, dee wäert erhale ginn a mat vill Fruucht geséint sinn.

35 A weider, ech soen iech: Loosst meng Kniechte Joseph Wakefield a Solomon Humphrey sech zu den Oststaaten op de Wee maachen;

36 si sollen sech bei hirer Famill beméien an näischt aneschtes verkënnege wéi d’Propheten an d’Apostelen, nämlech dat, wat si gesinn an héieren hunn a mat vëlleger Gewëssheet gleewen, fir datt sech d’Prophezeiungen erfëllen.

37 Als Resultat vun Transgressioun soll dat, wat dem Heman Basset ausgezeechent ginn ass, vun him geholl an op de Simonds Ryder iwwerdroe ginn.

38 A wierklech, ech soen iech: De Jared Carter soll zum Priister ordinéiert ginn, an och de George James soll zum Priister ordinéiert ginn.

39 Loosst déi iwwreg Eelsten iwwert d’Gemeinschaft waachen an d’Wuert an der Géigend ronderëm verkënnegen; a si solle mat hiren eegenen Hänn schaffen, fir datt et weder zu Gëtzen-Déngscht nach zu Béist kënnt.

40 A gedenkt an allem den Aarmen a Bedierftegen, de Kranken an den Ënnerdréckten, well wien dat net mécht, deen ass net mäi Jünger.

41 A weider: Meng Kniechte Joseph Smith Jr. a Sidney Rigdon an Edward Partiridge sollen een Empfehlungsbréif vun der Kierch mathuelen. Och fir mäi Kniecht Oliver Cowdery soll een ausgestallt ginn.

42 An esou, wéi ech scho gesot hunn: Wann dir trei sidd, wäert dir iech zesummefannen, fir iech am Land Missouri ze freeën, well et ass d’Land vun ärer Ierfschaft, dat elo d’Land vun äre Feinden ass.

43 Mee kuckt, ech, den Här, wäert d’Stad, jo, hir Zäit, beschleunegen a wäert déi, déi trei sinn, mat Freed a Fest kréinen.

44 Kuckt, ech sinn de Jesus Christus, de Jong vu Gott, an ech wäert si um leschten Dag héich hiewen. Jo. Amen.