Sektioun 16
Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith un de Peter Whitmer jun. am Juni 1829 zu Fayette am Staat New York (kuckt d’Iwwerschrëft vun der Sektioun 14). De Peter Whitmer Jr. gouf spéider ee vun den Aacht Zeie vum Buch vum Mormon.
1–2, Den Aarm vum Här ass iwwert der ganzer Äerd; 3–6, D’Evangelium ze priedegen a Séilen ze retten ass dat Wichtegst.
1 Lauschter, mäi Kniecht Peter, a lauschter de Wierder vum Jesus Christus no, dengem Här an dengem Erléiser.
2 Well kuck, ech schwätzen zu dir mat Däitlechkeet a mat Muecht, well mäin Aarm ass iwwert der ganzen Äerd.
3 An ech wëll dir dat soen, wat ausser mir an dir eleng kee Mënsch weess—
4 well dacks hues du vu mir ze wësse gewënscht, wat fir dech vu gréisstem Wäert géif sinn.
5 Kuck, geséint bass du dowéinst an datt s du meng Wierder geschwat hues, déi ech dir no menge Geboter ginn hunn.
6 An elo kuck, ech soen dir: Wat fir dech vu gréisstem Wäert wäert sinn, dat ass, dësem Vollek Ëmkéiert ze verkënnegen, fir datt s du Séilen zu mir bréngs, fir datt s du mat hinnen am Räich vu mengem Papp Rou fënns. Amen.