Amtlech Erklärung Nr. 2
D’Buch vum Mormon enseignéiert, datt „all gläich viru Gott sinn“, dorënner „Schwaarz a Wäiss, Kniecht a Fräi, männlech a weiblech“ (2 Nephi 26:33). Am Laf vun der Geschicht vun der Kierch goufen a ville Länner Leit vun all Rass an Ethnie gedeeft a si hunn als trei Membere vun der Kierch gelieft. Wärend dem Liewe vum Joseph Smith goufen e puer schwaarz männlech Membere vun der Kierch zum Priistertum geweit. Fréi an hirer Geschicht hunn d’Kiercheleit opgehalen, schwaarze Männer vun afrikanescher Ofstamung d’Priistertum ze verginn. D’Dokumenter vun der Kierch bidde kee kloren Abléck an d’Originne vun dëser Praxis. D’Kiercheleit hu gegleeft, datt eng Offenbarung vu Gott néideg wier, fir dës Praxis ze änneren, a si hunn am Gebiet no Rot gesicht. D’Offenbarung koum un de President vun der Kierch Spencer W. Kimball a gouf den 1. Juni 1978 un aner Kiercheleit am Tempel zu Salt Lake bestätegt. D’Offenbarung huet all Restriktiounen a Bezuch op d’Rass ewechgeholl, déi fréier fir d’Priistertum gegollt hunn.
U Wien Et Betrëfft:
Den 30. September 1978, op der 148ter hallef-järlecher Generalkonferenz vun der Kierch vum Jesus Christus vun den Hellege vun de leschten Deeg, gouf Follgendes vum President N. Eldon Tanner, Éischte Conseiller an der Éischter Presidentschaft vun der Kierch, presentéiert:
Ufank Juni vun dësem Joer huet déi Éischt Presidentschaft bekannt ginn, de President Spencer W. Kimball hätt eng Offenbarung empfaangen, datt d’Priistertum an d’Tempelseenungen alle wierdege männleche Membere vun der Kierch accordéiert géifen. De President Kimball huet mech gefrot, der Konferenz zur Kenntnis ze bréngen, datt hien, nodeems hien dës Offenbarung kritt huet—déi him no laangem Iwwerleeën a Bieden an den hellege Raim vum Tempel accordéiert gouf—se senge Conseillere virgeluecht huet, déi se ugeholl a guttgeheescht hunn. Duerno gouf se dem Quorum vun den Zwielef Apostele virgeluecht, dat se eestëmmeg guttgeheescht huet, a schliisslech gouf se allen iwwrege Generalautoritéite virgeluecht, an dës hunn se och eestëmmeg guttgeheescht.
De President Kimball huet mech gefrot, elo dëse Bréif virzeliesen:
8. Juni 1978
Un allgemeng a lokal Priistertumsbeamte vun der Kierch vum Jesus Christus vun den Hellege vun de Leschten Deeg weltwäit:
Léif Bridder:
Mir erliewe mat, wéi sech d’Wierk vum Här iwwer d’Äerd ausstreckt, a si ganz dankbar dofir, datt Mënschen a ville Länner fir de Message vum restauréierten Evangelium ufälleg gewiescht sinn a sech a stänneg wuessender Zuel der Kierch uschléissen. Den anere Wee huet dëst an eis de Wonsch erwächt, all Rechter a Seenungen, déi d’Evangelium offréiert, jiddwer wierdegem Member vun der Kierch zoukommen ze loossen.
Déi Versprieche berécksiichtegt, déi vun de Propheten a Presidente vun der Kierch virdru gemaach gi sinn, nämlech datt zu enger bestëmmten Zäit am Gottes éiwegem Plang all eis Bridder, déi dozou wierdeg sinn, d’Priistertum empfänke kënnen, an am Hibléck vun der Glawenstrei vun deenen, deenen de Priistertum virenthale war, hu mir eis laang a seriö fir dës eis trei Bridder agesat a vill Stonnen am Ieweschte Raum vum Tempel verbruecht, wou mir den Här ëm seng gëttlech Féierung gefrot hunn.
Hien huet eis Gebieder héieren an duerch Offenbarung bestätegt, datt de laang versprachenen Dag komm ass, wou jiddwer glawenstreien, wierdege Mann an der Kierch dat hellegt Priistertum—zesumme mat der Kraaft, dem Priistertum seng gëttlech Autoritéit auszeüben—empfänken a sech mat senger Famill all de Seenungen erfreeën däerf, déi sech dorausser erginn, och de Seenunge vum Tempel. Deemno kënnen all wierdeg männlech Membere vun der Kierch ouni Iwwerleeung op Rass oder Hautfaarf zum Priistertum veruerdent ginn. D’Führer vum Priistertum sinn ugewisen, sech un d’Bestëmmungen ze halen, no deene mat alle Kandidaten op d’Veruerdnung zum Aaroneschen oder Melchisedekesche Priistertum een déifgrënnegt Gespréich ze féieren ass, fir ze garantéieren, datt si de festgesaten Ufuerderunge vun der Wierdegt entspriechen.
Mir erkläre mat Eescht, datt den Här elo méi kloer säi Wëlle bekannt gemaach huet—zum Seege vun all senge Kanner iwwerall op der Äerd, souwäit si op d’Stëmm vu senge vollberechtegten Dénger lauschteren a sech prett maachen, all Seenung vum Evangelium ze empfänken.
An aller Éierlechkeet
Spencer W. Kimball
N. Eldon Tanner
Marion G. Romney
Déi Éischt Presidentschaft
Mir erkennen de Spencer W. Kimball als de Prophet, Seher an Offenbarer souwéi President vun der Kierch vum Jesus Christus vun den Hellege vun de Leschten Deeg un; dofir gëtt virgeschloen, datt mir als déi konstituéierend Versammlung dës Offenbarung als d’Wuert an de Wëlle vum Här unhuelen. All déi, déi dofir sinn, hiewe w.e.g. déi riets Hand, All déi, déi dogéint sinn, mat demselwechten Handzeeche.
D’Ofstëmmung fir déi virdru genannte Motioun ze ënnerstëtzen, war eenheetlech affirmativ.
Salt Lake City, Utah, September 30, 1978.