Sektioun 136
D’Wuert an de Wëlle vum Här, ginn duerch de President Brigham Young zu Winter Quarters, dem Lager vun Israel, Omaha Natioun, um westlechen Ufer vum Floss Missouri, bei der Grofschaft Bluffs, Iowa.
1–16, Wéi d’Lager vun Israel fir d’Rees no Westen organiséiert soll ginn, gëtt erkläert; 17–27, Den Hellege gëtt gebueden, no villen Evangeliums-Normen ze liewen; 28–33, D’Helleger solle sangen, danzen, bieden a Weisheet léieren; 34–42, Prophete ginn ëmbruecht, fir datt si geéiert an déi Béis verurteelt kënne ginn.
1 D’Wuert an de Wëlle vum Här a Bezuch op d’Lager vun Israel op senger Rees nom Westen:
2 Alles Vollek vun der Kierch vum Jesus Christus vun den Hellege vun de Leschten Deeg an déijéineg, déi mat hinne reesen, sollen sech an Departementer organiséieren—mat der Allianz a mam Verspriechen, all Geboter a Statute vum Här, eisem Gott, ze befollegen.
3 Déi Departementer solle mat Haaptleit iwwer honnert an Haaptleit iwwer fofzeg an Haaptleit iwwer zéng organiséiert ginn, mat engem President a sengen zwee Conseilleren un der Spëtzt, an zwar ënnert der Leedung vun den Zwielef Apostelen.
4 An eis Allianz soll dëst sinn: Mir wëllen no alle Veruerdnunge vum Här liewen.
5 All Departement soll sech, sou gutt et kann, mat Gespannen, Ween, Iessen, Kleedung an allem aneren, wat fir d’Rees noutwendeg ass, versinn.
6 Soubal d’Departementer organiséiert sinn, sollen si mat aller Muecht un d’Wierk goen, fir fir déijéineg, déi bleiwe mussen, Virbereedungen ze treffen.
7 All Departement mat hiren Haaptleit an hirem President soll feststellen, wéi vill den nächste Fréijoer opbrieche kënnen; da sollen si genuch kräfteg an erfuere Männer auswielen, déi d’Gespannen, de Som an déi landwirtschaftlech Ausrëschtung mathuelen an als Pionéier virausgoen an den Ubau vu fréie Getreider virbereeden.
8 All Departement soll nom verdeelbare Betrag vun hirem Eegentum een am Verhältnis selwechten Undeel opbréngen, fir déi Aarm, d’Wittfraen an déi ouni Papp an d’Famill vun deenen, déi am Déngscht vun der Arméi stinn, matzehuelen, fir datt net d’Gejäiz vun de Wittfraen an deenen ouni Papp zu den Ouere vum Här héich kommen—géint dëst Vollek.
9 All Departement soll fir déijéineg, déi dëst Joer zeréckbleiwe mussen, Haiser souwéi Felder fir den Ubau vu Getreider hierriichten; an dat ass de Wëlle vum Här a Bezuch op säi Vollek.
10 All eenzele soll säi ganzen Afloss a säi ganzt Verméigen opbidden, fir dëst Vollek un deen Uert ze verleeën, wou den Här ee Poul fir Zion opriichte wäert.
11 A wann dir dëst mat rengem Häerz maacht, a voller Glawenstrei, da wäert dir geséint ginn; dir wäert un äre Schof a Kéi geséint sinn, un äre Felder an un ären Haiser an un äre Familljen.
12 Loosst meng Dénger Ezra T. Benson an Erastus Snow eng Gesellschaft organiséieren.
13 A loosst meng Kniechten Orson Pratt a Wilford Woodruff eng Gesellschaft organiséieren.
14 Loosst och meng Kniechten Amasa Lyman a George A. Smith eng Gesellschaft organiséieren.
15 A bestëmmt Presidenten, och Haaptleit iwwer honnert an iwwer fofzeg an iwwer zéng.
16 A loosst meng Kniechten, déi bestëmmt gi sinn, higoen an den Hellegen dëse mäi Wëllen enseignéieren, fir datt si prett wieren, an ee Land vu Fridden ze zéien.
17 Gitt äre Wee a maacht, wat ech iech gesot hunn, a fäert är Feinden net; well si wäerten net déi Muecht hunn, mäi Wierk opzehalen.
18 Zion wäert zu där vu mir bestëmmten Zäit erléist ginn.
19 A wann een duerno sicht, sech wichteg ze maachen, awer net no mengem Rotschlag sicht, dee wäert keng Muecht hunn, a seng Topegkeet wäert jiddweree gesinn.
20 Sicht also duerno; an datt jiddwereen seng Verflichtunge géigeniwwer dem aneren anhält; wënsch dir näischt, wat dengem Brudder gehéiert.
21 Haalt iech ewech vu Béist, den Numm vum Här onnëtz ze gebrauchen, well ech sinn den Här, äre Gott, jo, de Gott vun äre Pappen, de Gott vum Abraham a vum Isaak a vum Jakob.
22 Ech sinn et, deen d’Kanner vun Israel aus dem Land Ägypte gefouert huet, a mäin Aarm ass an de leschten Deeg ausgestreckt, fir mäi Vollek Israel ze retten.
23 Haalt op, mateneen ze streiden; haalt op, vunenee Béises ze schwätzen.
24 Haalt op mat drénken, a loosst är Wierder dorobber geriicht sinn, een den aneren opzebauen.
25 Wann s du vun dengem Nächsten eppes léins, solls du dat Geléinten zeréckginn; a wann s du net bezuele kanns, sou géi direkt bei hien a so et him, fir datt hien dech net schëlleg schwätzt.
26 Wann s du eppes fënns, wat däin Nächste verluer huet, sou solls du äifreg nofuerschen, bis du et him zeréckgi kanns.
27 Du solls äifreg bestrieft sinn, dat ze versuergen, wat s du hues, op datt s du ee weisen Verwalter wiers; well et ass de fräie Kaddo vum Här, dengem Gott, an du bass säi Verwalter.
28 Wann s du lëschteg bass, sou luef den Här mat Gesang, mat Musek, mat Danzen a mat engem Gebiet vum Luef a fir Merci ze soen.
29 Wann s du traureg bass, ruff den Här, däi Gott, mat Bescheidenheet un, fir datt deng Séil frou ka sinn.
30 Fäert deng Feinden net, well si sinn a menger Hand, an ech wäert mat hinne maachen, wéi et mir gefält.
31 Mäi Vollek muss an allem gepréift ginn, fir datt et virbereet gëtt, d’Herrlechkeet ze empfänken, déi ech fir et hunn, nämlech d’Herrlechkeet vun Zion; a wien d’Bestrofung net erdroe wëll, deen ass mäi Räich net Wäert.
32 Wien onwëssend ass, soll Weisheet léieren, andeems hien sech humiliéiert an den Här, säi Gott, urifft, fir datt him d’Aen opginn an hien erkenne kann a fir datt him d’Oueren opginn an hien héiere kann;
33 well mäi Geescht ass an d’Welt geschéckt, fir déi Bescheiden an déi. Déi bedaueren, ze erliichten an déi, déi ouni Gott sinn, schëlleg ze schwätzen.
34 Är Bridder hunn iech an ären Temoignage verworf, jo, och déi Natioun, déi iech verjot huet,
35 an elo kënnt den Dag vun hirem Ongléck, jo, d’Deeg vun de Suergen a Péng, gläich enger Fra, déi hir Wéie grad kritt; an hir Suerg wäert grouss sinn, wann si net schnell Ëmkéiert üben, jo, ganz schnell.
36 Well si hunn d’Propheten ëmbruecht, genausou déijéineg, déi bei si geschéckt gi sinn; a si hunn onschëllegt Blutt vergoss, dat elo vun der Äerd hier géint si jäizt.
37 Dofir wonnert iech net doriwwer, well dir sidd nach net reng, dir kënnt meng Herrlechkeet nach net erdroen; awer dir wäert se kucken, wann dir am Hale vun all menge Wierder trei sidd, déi ech iech ginn hunn, vun den Deeg vum Adam bis bei den Abraham, vum Abraham bis bei de Moses, vum Moses bis bei de Jesus a seng Apostelen a vum Jesus a seng Apostele bis bei de Joseph Smith, deen ech duerch meng Engelen, meng Kniechten, déi mir déngen, a mat menger eegener Stëmm aus dem Himmel ugeruff hunn, datt hie mäi Wierk ervirbréngt;
38 an hien huet dës Grondlag geluecht a war trei; an ech hunn hie bei mech geholl.
39 Vill hunn sech iwwert säin Dout gewonnert; awer et war néideg, datt hien säin Temoignage mat sengem Blutt huet misse besigelen, fir datt hie geéiert konnt ginn an déi Béis schëlleg gesprach konnte ginn.
40 Hunn ech iech net vun äre Feinde befreit, eleng doduerch, datt ech een Temoignage vu mengem Numm hannerlooss hunn?
41 Dofir lauschter elo, o du Vollek vu menger Kierch; dir Eelsten, lauschtert alleguerten; dir hutt mäi Räich empfaangen.
42 Sidd äifreg am Hale vun all menge Geboter, fir datt net d’Strofgeriicht iwwert iech kënnt an äre Glawe scheitert an är Feinden iwwert iech triumphéieren. Sou, fir dës Kéier näischt méi. Amen an Amen.