Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 74


Sektioun 74

Offenbarung, déi dem Joseph Smith, dem Prophet, am Wayne Grofschaft, New York, am Joer 1830 ginn ass. Scho virun der Organisatioun vun der Kierch ware Froen iwwert déi richteg Aart a Weis vun der Daf opgetrueden, wat de Prophet dozou bruecht huet, Äntwerten zu dësem Thema ze sichen. D’Geschicht vum Joseph Smith seet, datt dës Offenbarung eng Erklärung vun 1. Korinther 7:14ass, enger Schrëft, déi dacks benotzt gouf, fir d’Kanddafen ze rechtfäerdegen.

1–5, De Paulus réit der Kierch vu senger Zäit, d’Gesetz vum Moses net ze halen; 6–7, Kleng Kanner sinn helleg a gi sanktifiéiert duerch d’Versönung.

1 Well den ongleewege Mann ass gehellegt duerch d’Fra, an déi ongleeweg Fra ass gehellegt duerch de Mann. Soss wären hir Kanner onreng; elo awer sinn si helleg.

2 Elo, an den Deeg vun den Apostele war valabel ënnert alle Judden, déi net un d’Evangelium vum Jesus Christus gegleeft hunn, d’Gesetz vun der Beschneidung.

3 Elo huet et sech erginn: Et huet sech ënnert dem Vollek ee grousse Sträit erhuewen iwwer d’Gesetz vun der Beschneidung, well den ongleewege Mann hat de Wonsch, seng Kanner géife beschnidden an dem Gesetz vum Moses ënnerstallt ginn, mee dëst Gesetz war schonn erfëllt.

4 An et huet sech erginn: Déi Kanner, déi an Ofhängegkeet vum Gesetz vum Moses erzu goufen, hunn den Iwwerliwwerunge vun hire Pappe Beuechtung geschenkt an hunn net un d’Evangelium vum Christus gegleeft; doduerch goufen si onhelleg.

5 Aus dësem Grond also huet den Apostel un d’Kierch geschriwwen an huet hir d’Gebot ginn—net vum Här, mee vu sech aus—, datt déi Gleeweg sech net mat den Ongleewege vereenege sollten, ausser d’Gesetz vum Moses géif ënnert hinnen ofgeschaaft,

6 sou datt hir Kanner ouni d’Beschneidung bleiwe géifen an domat d’Iwwerliwwerung ofgeschaaft géif, déi do seet, kleng Kanner wieren onhelleg; well dat war valabel bei de Judden.

7 Kleng Kanner awer sinn helleg, well si sinn duerch d’Versönung Jesu Christi helleg gemaach; an dat beseet dës Schrëft.