Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 48


Sektioun 48

Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith den 10te Mäerz 1831 zu Kirtland an Ohio. De Prophet hat de Här gefrot, op wéi eng Manéier d’Helleger Land fir hir Siidlung beschafe sollen. Dëst war eng wichteg Saach am Hibléck op d’Migratioun vu Membere vun der Kierch aus dem Oste vun de Vereenegte Staaten, nom Gebot vum Här, datt si sech an Ohio versammele sollten (kuckt Sektioune 37:1–3; 45:64).

1–3, D’Helleger an Ohio sollen hiert Land mat hire Bridder deelen; 4–6, D’Helleger solle Land kafen, eng Stad bauen an dem Rot vun hire presidéierende Beamte follegen.

1 Et ass noutwenneg, datt dir virleefeg do bleift, wou dir wunnt, wéi et ären Ëmstänn passend ass.

2 A wann dir Land besëtzt, sou sollt dir et mat de Bridder aus dem Osten deelen;

3 a wann dir kee Land besëtzt, sou sollen si sech virleefeg an der Géigend ronderëm akafen, wéi et hinne gutt schéngt, well et ass jo wuel noutwenneg, datt si een Uert hunn, wou si virleefeg wunne kënnen.

4 Et ass jo wuel noutwenneg, datt dir esou vill Sue spuert, wéi dir nëmme kënnt, an datt dir esou vill Gerechtegkeet kritt, wéi dir nëmme kënnt, fir datt dir mat der Zäit amstand sidd, iech Land fir eng Ierfschaft ze kafen, nämlech d’Stad.

5 Den Uert gëtt elo nach net reveléiert; mee no der Arrivée vun äre Bridder aus dem Oste sollen e puer Männer bestëmmt ginn, an hinne wäert et gi sinn, den Uert ze wëssen, jo, hinne soll e reveléiert ginn.

6 A si solle bestëmmt ginn, d’Lännereien ze kafen an domadder unzefänken, datt de Grond fir d’Stad geluecht gëtt. An da sollt dir ufänken, iech mat äre Familljen ze sammelen, jiddwereen no senger Famill, no sengen Ëmstänn a wéi et him vun der Presidentschaft an dem Bëschof vun der Kierch bestëmmt gëtt—no de Gesetzer an de Geboter, déi dir empfaangen hutt a spéider nach empfaange wäert. Jo. Amen.