Sektioun 23
Eng Serie vu fënnef Offenbarungen, déi duerch de Prophet Joseph Smith zu Manchester, New York, am Abrëll 1830, un den Oliver Cowdery, den Hyrum Smith, de Samuel H. Smith, de Joseph Smith Sr. an de Joseph Knight Sr. gi goufen. Als Resultat vum eeschte Wonsch vun de fënnef genannte Persounen, hir jeeweileg Aufgaben ze kennen, huet de Prophet den Här gefrot a fir all Persoun eng Offenbarung kritt.
1–7, Dës fréi Jünger sinn opgeruff, ze priedegen, ze ermanen an d’Kierch ze stäerken.
1 Kuck, ech schwätzen e puer Wierder zu dir, Oliver. Kuck, du bass geséint a stees ënner kenger Verurteelung. Mee pass op virum Stolz, fir datt s du net a Versuchung geréits.
2 Gëff der Kierch deng Beruffung bekannt, an och der Welt, da wäert dir d’Häerz opgemaach ginn, fir vun elo un a fir ëmmer d’Wourecht ze priedegen. Amen.
3 Kuck, ech schwätze mat dir, Hyrum, e puer Wierder; well och du bass ënner kenger Verurteelung, an däin Häerz ass opgemaach, an deng Zong lass; an deng Beruffung ass ze ermanen, an d’Kierch stänneg ze stäerken. An deng Vocatioun ass d’Ermanen an datt s du fir ëmmer d’Kierch stäerks. Amen.
4 Kuck, ech schwätzen e puer Wierder zu dir, Samuel; well och du stees ënner kenger Verurteelung, an deng Beruffung ass d’Ermanen an datt s du d’Kierch stäerks; an du bass nach net beruff, virun der Welt ze priedegen. Amen.
5 Kuck, ech schwätzen e puer Wierder zu dir, Joseph; well och du stees ënner kenger Verurteelung, an deng Beruffung ass och d’Ermanen an datt s du d’Kierch stäerks; an dat ass deng Flicht vun elo un a fir ëmmer. Amen.
6 Kuck, Joseph Knight, ech manifestéieren dir mat dëse Wierder, datt s du däi Kräiz op dech huele muss, an dobäi muss du bieden—souwuel haart virun der Welt wéi och heemlech an an denger Famill a bei denge Frënn an un allen Uerten.
7 A kuck, et ass deng Flicht, dech mat der wierkleche Kierch ze vereenegen an däi Schwätze bestänneg dem Ermane widmest, fir datt s du de Loun vum Aarbechter empfänke kanns. Amen.