Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 49


Sektioun 49

Offenbarung, déi duerch de Prophet Joseph Smith dem Sidney Rigdon, Parley P. Pratt an dem Leman Copley zu Kirtland, Ohio, de 7. Mee 1831, gi gouf. De Leman Copley hat d’Evangelium ugeholl, awer ëmmer nach un e puer vun de Léiere vun de Shakers (United Society of Believers in Christ’s Second Appearing) gehalen, zu deenen hie fréier gehéiert huet. E puer vun de Glawe vun de Shakers waren, datt dem Christus Säin Zweet Komme scho geschitt wier an datt Hien a Form vun enger Fra, der Ann Lee, erschéngt wier. Si hunn d’Daf duerch Waasser net als essentiel ugesinn. Si hunn d’Bestietnes ofgeleent an un e Liewen am totalen Zölibat gegleeft. E puer Shakers hunn och d’Iesse vu Fleesch verbueden. An der Viraussetzung vun dëser Offenbarung seet d’Geschicht vum Joseph Smith: „Fir [e] méi perfekt Verständnis iwwert dëst Thema ze hunn, hunn ech den Här gefrot an dat Follgend kritt.“ D’Offenbarung widderleet e puer vun de Grondkonzepter vun der Shaker-Grupp. Déi uewe genannte Bridder hunn eng Kopie vun der Offenbarung un d’Shaker-Gemeinschaft (bei Cleveland, Ohio) matgeholl an se ganz virgelies, awer se gouf refuséiert.

1–7, Den Dag an d’Stonn vum Komme vum Christus bleiwen onbekannt, bis Hie kënnt; 8–14, D’Mënsche mussen ëmkéieren, dem Evangelium gleewen an d’Ordinatioune respektéieren, fir d’Erléisung ze kréien; 15–16, D’Bestietnes ass vu Gott veruerdent; 17–21, D’Iesse vu Fleesch ass guttgeheescht; 22–28, Zion wäert bléien an d’Lamanite wäerte bléie wéi d’Rous virum Zweete Kommen.

1 Lauschtert op mäi Wuert, meng Kniechte Sidney, Parley a Leman; well kuckt, wierklech, ech soen iech: Ech ginn iech d’Gebot, hinzegoen a mäin Evangelium, dat dir empfaangen hutt, de Shakeren ze priedegen, an zwar esou, wéi dir et empfaangen hutt.

2 Kuckt, ech soen iech: Si hunn de Wonsch, deelweis d’Wourecht ze wëssen, mee net ganz, well si hu viru mir net Recht a mussen noutwennegerweis Ëmkéiert üben.

3 Dofir schécken ech iech, meng Kniechte Sidney a Parley, datt dir hinnen d’Evangelium priedegt.

4 A mäi Kniecht Leman soll zu dëser Aarbecht ordinéiert ginn, fir datt hie grëndlech mat hinne schwätze kann—net no deem, wat hie vun hinnen empfaangen huet, mee no deem, wat hie vun iech, menge Kniechten, enseignéiert kritt; a wann hien dat mécht, wäert ech hie séinen, soss awer wäert hien net opbléien.

5 Sou seet den Här; well ech si Gott an hu mäin Eenzeg Gebuerene Jong an d’Welt geschéckt, datt hien d’Welt erléist, an hunn arrangéiert, datt, wien hien empfänkt, gerett, wien hien awer net empfänkt, verdaamt sollt ginn.

6 A si hu mam Jong vum Mënsch gemaach, wat si wollten; an hien huet seng Muecht zur rietsen Hand vu senger Herrlechkeet ageholl a regéiert elo an den Himmelen, an hie wäert regéieren, bis hien zur Äerd erofkënnt, fir sech all Feinden ënnert d’Féiss ze maachen, an déi Zäit ass no.

7 Ech, den Här Gott, hunn et gesot; awer d’Stonn an den Dag weess kee Mënsch, och net d’Engelen am Himmel, a si wäerten et och net wëssen, bis hie kënnt.

8 Dofir wëll ech, datt all Mënschen ëmkéieren, well alleguerten ënnerleien der Sënd ausser deenen, déi ech mir versuergt hunn—helleg Männer, vun deenen dir net wësst.

9 Dofir soen ech iech: Ech hunn iech meng éiweg Allianz geschéckt, nämlech déi, déi vun Ufank u gewiescht ass.

10 A wat ech versprach hunn, dat hunn ech erfëllt, an d’Natioune vun der Äerd wäerte virdrun op d’Knéie goen; a wann si et net vu sech aus maachen, da wäerten si awer ofstierzen, well wat elo vu sech aus erhéicht ass, wäert a senger Muecht erniddregt ginn.

11 Dofir ginn iech iech d’Gebot, ënner dës Leit ze goen a mat hinnen ze schwätze wéi mäin Apostel an aler Zäit, deem säin Numm Péitruss war:

12 Gleeft un den Numm vum Här Jesus, deen op der Äerd gewiescht ass a komme wäert, den Ufank an d’Enn;

13 Kéiert ëm, a loosst iech deefen am Numm vum Jesus Christus, nom hellege Gebot, zur Verzeiung vun de Sënden;

14 A wien dat mécht, dee wäert d’Gab vum Hellege Geescht empfänken, andeems him d’Eelste vun der Kierch d’Hänn opleeën.

15 A weider, wierklech, ech soen iech: Wie verbitt ze bestueden, deen ass net vu Gott verschriwwen, well d’Hochzäit ass dem Mënsch vu Gott verschriwwen.

16 Dofir ass et legal, datt hien eng Fra huet, an déi zwee sollen ee Fleesch sinn, an dëst alles, fir datt d’Äerd dem Zweck vun hirer Kreatioun gerecht géif

17 a fir datt se sech mat hirem Mooss u Mënsche fëlle kéint—no der Kreatioun vum Mënsch, bevir d’Welt erschaf gouf.

18 A wie verbitt, Fleesch ze iessen—datt de Mënsch sech deem virenthale soll, deen ass net vu Gott verschriwwen;

19 well kuckt, d’Déiere vum Feld an d’Villercher an der Loft an dat, wat vum Buedem kënnt, sinn zum Gebrauch vum Mënsch verschriwwen—als Iessen an als Kleedung an datt en am Iwwerfloss huet.

20 Awer ass et net ginn, datt deen ee Mënsch iwwert deen aneren eraus Besëtz soll hunn, an dofir läit d’Welt a Sënd.

21 A Wéi dem Mënsch, dee Blutt vergéisst oder Fleesch verschwent, wa keng Noutwennegkeet besteet.

22 A weider, wierklech, ech soen iech: De Jong vum Mënsch kënnt net a Gestalt vun enger Fra, och net an där vun engem Mann, deen op der Äerd wandert.

23 Dofir loosst iech net täuschen, mee bleift stänneg; kuckt duerno aus, datt d’Himmele gerëselt ginn an d’Äerd zidderen an hin an hir schwiewe wäert wéi een Dronkegen, datt d’Däller sech hiewen an datt d’Bierger niddreg gemaach ginn, an déi rau Plaze glat ginn—dëst alles, wann den Engel seng Trompett ertéine loosse wäert.

24 Awer bevir de groussen Dag vum Här kënnt, wäert de Jakob an der Wüüst erbléien, an d’Lamanite wäerte bléie wéi eng Rous.

25 Zion wäert op den Hiwwelen erbléien a sech op de Bierger freeën a wäert sech un deem Uert sammelen, deen ech bestëmmt hunn.

26 Kuckt, ech soen iech: Gitt hin, wéi ech iech gebueden hunn; kéiert vun all äre Sënden ëm; biet, an dir wäert empfänken; klappt un, an et wäert iech opgemaach ginn.

27 Kuckt, ech wëll virun iech hiergoen an och hannendru sinn; an ech wëll matzen ënnert iech sinn, an dir sollt net zu Schued kommen.

28 Kuckt, ech sinn de Jesus Christus, an ech komme schnell. Jo. Amen.