Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 98


Sektioun 98

Offenbarung, ginn duerch de Joseph Smith, de Prophet, zu Kirtland, Ohio, de 6. August 1833. Dës Offenbarung koum als Konsequenz vun der Verfollgung vun den Hellegen a Missouri. Déi erhéicht Siidlung vu Kierchememberen a Missouri huet aner Siidler gestéiert, déi sech duerch d’Zuel vun den Hellegen, hire politeschen an ekonomeschen Afloss, a kulturellen a reliéisen Ënnerscheeder bedrot gefillt hunn. Den 20. Juli 1833 huet e Mobb Besëtz vun der Kierch zerstéiert, zwee Kierchemembere godronéiert a mat Fiedere beschmiert, a gefuerdert, datt d’Helleger d’Jackson Grofschaft verloossen. Dräi Deeg méi spéit hunn d’Kiercheleit en Accord ënnerschriwwen, fir dëst ze maachen. Obwuel e puer Neiegkeeten iwwer d’Problemer a Missouri ouni Zweiwel de Prophet zu Kirtland (nénghonnert Meilen ewech) erreecht haten, hätt hien den Eescht vun der Situatioun zu dësem Zäitpunkt nëmmen duerch Offenbarung kënne kennen.

1–3, D’Leed vun den Hellege wäert fir hiert Guddes sinn; 4–8, D’Helleger sollen sech mam Verfassungsrecht vum Land befrënnen; 9–10, Éierlech, weis a gutt Männer solle fir eng weltlech Regierung ënnerstëtzt ginn; 11–15, Déi, déi hiert Liewe fir d’Saach vum Här opginn, kréien dat éiwegt Liewen; 16–18, Verzicht op de Krich a verkënnegt de Fridden; 19–22, D’Helleger zu Kirtland gi reprimandéiert a beoptraagt, fir ëmzekéieren; 23–32, Den Här weist Seng Gesetzer iwwer d’Verfollgungen an d’Leed, déi Sengem Vollek imposéiert ginn; 33–38, De Krich ass nëmme gerechtfäerdegt, wann den Här et befielt; 39–48, D’Helleger sollen hire Feinde verzeien, déi, wann si ëmkéieren, och der Vergeltung vum Här entkommen.

1 Wierklech, ech soen iech, meng Frënn: Fäert net; äert Häerz sief getréischt; jo, freet iech fir ëmmer, a sidd an allem dankbar;

2 Waart gedëlleg op den Här, well är Gebieder an d’Ouere vum Här Zebaot erakomm sinn a mat dësem Sigel an dësem Testament festgehale sinn—den Här huet geschwuer a festgeluecht, datt se erhéiert ginn.

3 Dofir gëtt hien iech dëst Versprieche mat der onverännerlecher Allianz, datt se sech erfëlle wäerten; an alles, woumat dir belästegt sidd, wäert sech fir iech zum Gudden an zur Verherrlechung vu mengem Numm auswierken, schwätzt den Här.

4 An elo, wierklech, ech soen iech a Bezuch op d’Gesetzer vum Land: Et ass mäi Wëllen, datt mäi Vollek dorobber beduecht ass, alles ze maachen, wat ech him kommandéiert hunn.

5 An ee Landesgesetz, dat konstitutionell ass an de Prinzip vun der Fräiheet oprecht erhält, dat Rechter a Privileegien stëtzt, gehéiert der ganze Mënschheet an ass viru mir gerechtfäerdegt.

6 Dofir rechtfäerdegen ech, den Här, iech an är Bridder a menger Kierch, wann dir dat Gesetz ënnerstëtzt, dat d’konstitutionellt Gesetz vum Land ass.

7 A wat—souwäit et mënschlecht Gesetz betrëfft—méi oder manner ass wéi dat, kënnt vum Béisen.

8 Ech, den Här Gott, maachen iech fräi, dofir sidd dir wierklech fräi; an d’Gesetz mécht iech och fräi.

9 Mee wann déi Béis herrschen, trauert mäi Vollek.

10 Dofir soll een äifreg no éierleche Männer a weis Männer sichen, an dir sollt dorobber beduecht sinn, gutt Männer a weis Männer ze ënnerstëtzen; anerefalls, wat manner ass wéi dat, kënnt vum Béisen.

11 An ech ginn iech d’Gebot, vun allem Béisen ze loossen an un allem Gudde festzehalen, fir datt dir vun all Wuert liewe géift, dat aus dem Mond Gottes kënnt.

12 Well hie gëtt den Treien Zeil op Zeil, Gebot op Gebot, an ech wëll iech heimat préiwen an ausprobéieren.

13 A wien d’Liewe léisst a menger Saach, wéinst mengem Numm, dee wäert et erëm fannen, nämlech éiwegt Liewen.

14 Dofir fäert net virun äre Feinden; well ech hunn a mengem Häerz beschloss, schwätzt den Här, iech an allem auszeprobéieren, ob dir a menger Allianz aushale wëllt, jo, bis zum Dout, fir datt dir als wierdeg fonnt kënnt ginn.

15 Well wann dir net a menger Allianz aushaalt, sidd dir menger net wierdeg.

16 Dofir sollt dir dem Krich ofsoen a Fridde verkënnegen an äifreg duerno sichen, d’Häerz vun de Kanner hire Pappen zouzewennen an d’Häerz vun de Pappen de Kanner,

17 a weider, d’Häerz vun de Judden de Propheten an d’Propheten de Judden, fir datt ech net kommen an déi ganz Äerd mat engem Fluch schloen an all Fleesch konsuméiert gëtt viru mir.

18 Äert Häerz beonrouegt sech net; well a mengem Papp sengem Haus si vill Wunnengen, an ech hunn eng Plaz fir iech prett gemaach; a wou mäi Papp an ech sinn, do wäert och dir sinn.

19 Kuckt, ech, den Här, hu kee Wuelgefalen u villen, déi an der Kierch zu Kirtland sinn.

20 Well si loossen net vun hire Sënden, vun hire béise Weeër, hirem Häerzensstolz an hirer Gier an allem, wat un hinne veruechtend ass, a si befollegen net d’Wierder vun der Weisheet a vum éiwege Liewen, déi ech hinne ginn hunn.

21 Wierklech, ech soen iech: Ech, den Här, wäert si bestrofen a maachen, wat ech wëll, wann si net ëmkéieren an alles befollegen, wat ech hinne gesot hunn.

22 A weider soen ech zu iech: Wann dir dorobber beduecht sidd ze maachen, wat ech iech kommandéieren, sou wäert ech, den Här, all Roserei an Entrëschtung vun iech of wennen, an d’Paarte vun der Hell wäerten net géint iech gewannen.

23 Elo schwätzen ech zu iech a Bezuch op är Famill: Wann d’Mënschen iech oder är Famill eng Kéier schloen an dir et gedëlleg drot an si net beschummt, och net no Revanche sicht, sou wäert dir belount ginn;

24 drot dir et awer net gedëlleg, da wäert et iech esou ugerechent ginn, wéi wann et iech mat engem gerechte Mooss zoukomm wär.

25 A weider: Wann äre Feind iech fir d’zweet schléit an dir äre Feind net veruecht an et gedëlleg drot, sou wäert äre Loun honnertfach sinn.

26 A weider: Wann hien iech fir d’drëtt schléit an dir et gedëlleg drot, sou wäert äre Loun véierfach verduebelt ginn.

27 An dës dräi Temoignage wäerte géint äre Feind stoen, wann hien net ëmkéiert a se wäerten net geläscht ginn.

28 An elo, wierklech, ech soen iech: Wann dëse Feind menger Vergeltung entgoe soll, sou datt hien net viru mech zum Geriicht bruecht gëtt, sou musst dir kucken, datt dir hien a mengem Numm dovunner warnt, jeemools nach eng Kéier iwwert iech ze kommen, och net iwwert är Famill, jo, och net iwwert är Kanner vun de Kanner bis zur drëtten a véierte Generatioun.

29 Soll hien dann iwwert iech oder är Kanner oder Kanner vun de Kanner bis zur drëtten oder véierte Generatioun kommen, da ginn ech däi Feind an deng Hänn,

30 a wann s du hien dann nach verschoune wëlls, sou solls du fir deng Gerechtegkeet belount ginn, genausou deng Kanner a Kanner vun de Kanner bis zur drëtten a véierte Generatioun.

31 Mee ass däi Feind an dengen Hänn, a wann s du him no senge Wierker zeréck gëss, bass du gerechtfäerdegt; wann hien dir nom Liewe gesicht huet an däi Liewen duerch hien a Gefor ass, sou ass däi Feind an dengen Hänn, an du bass gerechtfäerdegt.

32 Kuckt, dëst ass d’Gesetz, dat ech mengem Kniecht Nephi an denge Pappe Joseph a Jakob an Isaak an Abraham souwéi all menge Propheten an Apostelen an anticker Zäit ginn hunn.

33 A weider: Dëst ass d’Gesetz, dat ech Mengen an aler Zäit ginn hunn, nämlech, datt si géint keng Natioun, kee Geschlecht, keng Sprooch a kee Vollek zum Kampf zéie sollten, ausser ech, den Här, géif et hinne kommandéieren.

34 A wann iergendeng Natioun oder Sprooch oder iergendee Vollek hinnen de Krich erkläre géif, sollten si dësem Vollek, dëser Natioun oder Sprooch als éischt ee Friddensbanner héich hiewen.

35 A wann dat Vollek dat Friddensangebot net unhuele géif, och net bei der zweeten oder drëtte Kéier, da sollen si dës Temoignage virun den Här bréngen;

36 da géif ech, den Här, hinnen ee Gebot ginn an si rechtfäerdegen, wann si dann zum Kampf géint dës Natioun oder Sprooch oder dëst Vollek zéie géifen.

37 An ech, den Här, géif hir Schluechte schloen an d’Schluechte vun hire Kanner an déi vun de Kanner vun de Kanner, bis si sech un all hire Feinde gerächt hätte bis zur drëtten a véierte Generatioun.

38 Kuckt, dëst ass ee Beispill fir all Vëlker, schwätzt den Här, äre Gott, zur Rechtfäerdegung viru mir.

39 A weider, wierklech, ech soen iech: Wann däi Feind, nodeems hien déi éischte Kéier iwwer dech komm ass, Ëmkéiert üübt a bei dech kënnt an ëm Verzeiung biet, solls du him verzeien, an du solls et net weider als Temoignage géint däi Feind bäibehalen—

40 an sou weider bis déi zweet an drëtt Kéier; an sou dacks däi Feind vun deem Vergoen, woumat hien sech géint dech vergaangen huet, ëmkéiert, solls du him verzeien, bis zu siwwenzeg Mol siwemol.

41 A wann hien sech géint dech vergeet a bei der éischte Kéier net Ëmkéiert üübt, solls du him awer verzeien.

42 A wann hien sech déi zweete Kéier géint dech vergeet an net Ëmkéiert üübt, solls du him awer verzeien.

43 A wann hien sech déi drëtte Kéier un dech vergeet an net Ëmkéiert üübt, solls du him och verzeien.

44 Awer wann hien sech déi véierte Kéier géint dech vergeet, solls du him net verzeien, mee dës Temoignage virun den Här bréngen; a se wäerten net geläscht ginn, bis hien ëmkéiert an dech fir alles, wouranner hien sech géint dech vergaangen huet, véierfach entschiedegt.

45 A wann hien dat mécht, solls du him vu ganzem Häerz verzeien; a wann hien dat net mécht, wäert ech, den Här, dech un dengem Feind honnertfach rächen,

46 och u senge Kanner an un de Kanner vu senge Kanner, an un alleguerten, déi mech haassen, bis zur drëtten a véierte Generatioun.

47 Awer wann d’Kanner oder d’Kanner vun de Kanner ëmkéieren a sech mat ganzem Häerz, aller Muecht, ganzem Sënn an aller Kraaft zum Här, hirem Gott, wennen an all hir Vergoen, woumat si sech vergaangen hunn oder woumat hir Pappen oder Pappe vun de Pappen sech vergaangen hunn, véierfach guttmaachen, da soll sech deng Entrëschtung of wennen,

48 A Vergeltung soll net méi iwwert si kommen, seet den Här, däi Gott, an hir Vergoe sollen ni méi als Temoignage géint si virun den Här bruecht ginn. Amen.