Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 93


Sektioun 93

Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith, zu Kirtland, Ohio, de 6. Mee 1833.

1–5, All déi, déi trei sinn, wäerten den Här gesinn; 6–18, De Johannes huet Temoignage ginn, datt de Jong vu Gott vu Gnod zu Gnod gaangen ass, bis Hien eng Fëllt vun der Herrlechkeet vum Papp kritt huet; 19–20, Trei Männer, déi vu Gnod zu Gnod ginn, kréien och Senger Fëllt; 21–22, Déi, déi duerch Christus gebuer sinn, sinn d’Kierch vum Éischtgebuerenen; 23–28, De Christus huet eng Fëllt vun all Wourecht kritt, an de Mënsch kann duerch d’Follegen dat selwecht maachen; 29–32, De Mënsch war am Ufank bei Gott; 33–35, D’Elementer sinn éiweg, an de Mënsch kann eng Fëllt vu Freed an der Operstéiung kréien; 36–37, D’Herrlechkeet vu Gott ass Intelligenz; 38–40, Kanner sinn onschëlleg viru Gott wéinst der Erléisung vum Christus; 41–53, Déi féierend Bridder kréien den Uerder, hir Familljen an Uerdnung ze bréngen.

1 Wierklech, sou seet den Här: Et wäert sech erginn: Jiddwer Séil, déi vun hire Sënde léisst a bei mech kënnt a mäin Numm urifft a menger Stëmm follegt a meng Geboter hält, wäert mäi Gesiicht gesinn a wëssen, datt ech sinn

2 an datt ech dat richtegt Liicht sinn, dat jiddwer Mënsch liicht, deen op d’Welt kënnt,

3 an datt ech am Papp sinn an de Papp a mir ass an datt de Papp an ech ee sinn—

4 de Papp, well hie mir vu senger Fëllt ginn huet, an de Jong, well ech op der Welt gewiescht sinn a Fleesch zu mengem Tabernakel gemaach an ënnert de Jonge vun de Mënsche gewunnt hunn.

5 Ech war op der Welt an hu vu mengem Papp empfaangen, a seng Wierker ware kloer an offensichtlech.

6 An de Johannes huet d’Fëllt vu menger Herrlechkeet gesinn an huet dovunner Temoignage ginn, an de vollstännege Bericht vum Johannes wäert spéider nach reveléiert ginn.

7 An hien huet temoignéiert, nämlech: Ech hunn seng Herrlechkeet gesinn, datt hien um Ufank war, nach bevir d’Welt war;

8 dofir war um Ufank d’Wuert, well hie war d’Wuert, nämlech de Messager vun der Erléisung,

9 d’Liicht an den Erléiser vun der Welt, de Geescht vun der Wourecht, deen op d’Welt koum, well d’Welt vun him erschaf gouf, an an him war d’Liewe vun de Mënschen an d’Liicht vun de Mënschen.

10 D’Welte goufe vun him erschaf; d’Mënsche goufe vun him erschaf; alles gouf vun him an duerch hien an aus him erschaf.

11 An ech, de Johannes, ginn Temoignage, datt ech seng Herrlechkeet gesinn hunn, déi d’Herrlechkeet vum Eenzege Gebuerene vum Papp, voller Gnod a Wourecht, jo, de Geescht vun der Wourecht, dee komm ass an am Fleesch gewunnt huet, deen ënnert eis gewunnt huet.

12 An ech, de Johannes, hu gesinn, datt hien als éischt net d’Fëllt empfaangen huet, mee hien huet Gnod ëm Gnod empfaangen;

13 an hien huet als éischt net d’Fëllt empfaangen, mee hien huet vu Gnod zu Gnod ausgehalen, bis hien d’Fëllt empfaangen huet;

14 an sou ass hien de Jong vu Gott ginn, well hien net als éischt d’Fëllt empfaangen huet.

15 An ech, de Johannes, ginn Temoignage: A kuck, d’Himmelen hunn sech opgemaach, an den Hellege Geescht ass op hien erof komm a Gestalt vun enger Dauf an huet sech op him niddergelooss, an aus dem Himmel ass eng Stëmm komm, nämlech: Dësen ass mäi Jong, deen ech gären hunn.

16 An ech, de Johannes, ginn Temoignage, datt hien eng Fëllt vun Herrlechkeet vum Papp empfaangen huet,

17 an hien huet all Muecht empfaangen, am Himmel wéi och op der Äerd, an d’Herrlechkeet war mat him, well hie wunnt an him.

18 An et wäert sech erginn: Wann dir trei sidd, wäert dir de vollstännege Bericht vum Johannes empfänken.

19 Ech ginn iech dës Wierder, fir datt dir verstitt a wësst, wéi dir Gott veréiere sollt, a wësst, wat dir veréiert, fir datt dir a mengem Numm bei de Papp kommt an zur bestëmmten Zäit vu senger Fëllt empfänkt.

20 Well wann dir meng Geboter haalt, wäert dir vu senger Fëllt empfänken an a mir verherrlecht gi wéi ech am Papp; dofir soen ech iech: dir wäert Gnod ëm Gnod empfänken.

21 An elo, wierklech, ech soen iech: Ech war um Ufank beim Papp a sinn den Éischtgebuerenen;

22 an alleguerten, déi duerch mech prokreéiert sinn, hunn Deel un der Herrlechkeet vun demselwechten a bilden d’Kierch vum Éischtgebuerenen.

23 Och dir waart um Ufank beim Papp, an zwar dat, wat Geescht ass, nämlech de Geescht vun der Wourecht;

24 a Wourecht ass Erkenntnis vun eppes, wéi et ass a wéi et war a wéi et zukünfteg wäert sinn;

25 a wat och ëmmer méi oder manner ass wéi dëst, ass de Geescht vun dem Béisen, deen ee Ligener ass vun Ufank un.

26 De Geescht vun der Wourecht ass vu Gott. Ech sinn de Geescht vun der Wourecht, an de Johannes huet vu mir temoignéiert, nämlech: Hien huet eng Fëllt vun der Wourecht empfaangen, jo, vun all Wourecht;

27 a kee Mënsch empfänkt eng Fëllt, wann hien net seng Geboter hält.

28 Wien seng Geboter hält, empfänkt Wourecht a Liicht, bis hien an der Wourecht verherrlecht ass an alles weess.

29 De Mënsch war och um Ufank bei Gott. Intelligenz oder d’Liicht vun der Wourecht gouf net erschaf oder gemaach a kann tatsächlech och guer net erschaf oder gemaach ginn.

30 All Wourecht ass onofhängeg an deem Beräich, wouranner Gott se gestallt huet, a ka selbststänneg handelen; sou ass et och mat all Intelligenz. Aneschters gëtt et keen Dosinn.

31 Kuckt, hei ass d’Entscheedungsfräiheet vum Mënsch an hei ass d’Verurteelung vum Mënsch, well dat, wat vun Ufank u war, fir hie kloer an offensichtlech ass an hien d’Liicht net unhëlt.

32 A jiddwer Mënsch, deem säi Geescht d’Liicht net unhëlt, steet ënner Verurteelung.

33 Well de Mënsch ass Geescht. D’Urstoffer sinn éiweg, a wa Geescht an Urstoff ontrennbar matenee verbonne sinn, sou empfänken si eng Fëllt vu Freed;

34 sinn se awer getrennt, sou kann de Mënsch eng Fëllt vu Freed net empfänken.

35 D’Urstoffe sinn d’Tabernakele Gottes; jo, de Mënsch ass den Tabernakel Gottes, nämlech een Tempel; a wann een Tempel entweit gëtt, sou wäert Gott den Tempel zerstéieren.

36 D’Herrlechkeet Gottes ass Intelligenz—oder, mat anere Wierder, Liicht a Wourecht.

37 Liicht a Wourecht entzéien sech deem Béisen.

38 Jiddwer Mënschegeescht war um Ufank ouni Schold; an nodeems Gott de Mënsch vum Fall erléist hat, goufen d’Mënschen an hirem Kannerzoustand erëm ouni Schold viru Gott.

39 An dee Béise kënnt an hëlt Liicht a Wourecht ewech vun de Mënschekanner, als Resultat vun hirem Net-Follegen a wéinst der Traditioun vun hire Pappen.

40 Ech awer hunn iech gebueden, är Kanner a Liicht a Wourecht grouss ze zéien.

41 Awer wierklech, ech soen dir, mäi Kniecht Frederick G. Williams: Du verbleifs ënner dëser Verurteelung;

42 du hues deng Kanner net Liicht a Wourecht geléiert, wéi et no de Geboter hätt solle sinn; an dee Béisen huet nach ëmmer Muecht iwwer dech, an dat ass d’Ursaach vun dengem Leed.

43 An elo ginn ech dir ee Gebot: Wann s du dovu befreit wëlls sinn, musst du selwer däin Haus an Uerdnung bréngen; well et gëtt nach villes, wat an dengem Haus net richteg ass.

44 Wierklech, ech soe mengem Kniecht Sidney Rigdon, datt hien d’Geboter a Bezuch op seng Kanner net an allem gehalen huet; dofir: Bréng als éischt däin Haus an Uerdnung.

45 Wierklech, ech soe mengem Kniecht Joseph Smith Jr.—oder mat anere Wierder, ech wëll iech Frënn nennen, well dir sidd meng Frënn, an dir sollt eng Ierfschaft mat mir hunn;

46 ech hunn iech wéinst der Welt Kniechte genannt, a wéinst menger sidd dir hir Kniechten—

47 an elo, wierklech, ech soen zum Joseph Smith jun.: Du hues d’Geboter net gehalen a muss noutwendegerweis vum Här reprimandéiert ginn.

48 Deng Famill muss noutwendegerweis ëmkéieren a vun e puer Saache loossen an denge Wierder méi seriö Beuechtung schenken, soss wäert se vun hirer Plaz ewech geholl ginn.

49 Wat ech zu engem soen, dat soen ech zu allen; biet ëmmer, fir datt dee Béisen net Gewalt iwwert iech huet an iech vun ärer Plaz ewech hëlt.

50 Och mäi Kniecht Newel K. Whitney, ee Bëschof vu menger Kierch, huet et néideg, sech reprimandéieren ze loossen a seng Famill an Uerdnung ze bréngen; an hie soll kucken, datt se sech doheem méi äifreg a méi besuergt weist an ëmmer biet, soss wäert se vun hirer Plaz ewech geholl ginn.

51 Elo awer soen ech iech, menge Frënn: Loosst mäi Kniecht Sidney Rigdon sech op de Wee maachen a sech begannen; hie soll och dat angeneemt Joer vum Här an d’Evangelium vun der Erléisung verkënnegen, wéi ech him agi wäert ze schwätzen; an duerch äert eestëmmegt Gebiet vum Glawe wäert ech hien oprechterhalen.

52 A loosst och meng Kniechte Joseph Smith Jr. a Frederick G. Williams sech begannen, an et wäert hinnen nom Gebiet vum Glawen agi ginn; a wann dir meng Wierder befollegt, wäert dir weder an dëser Welt nach an der zukünftege Welt zu Schued kommen.

53 A wierklech, ech soen iech: Et ass mäi Wëllen, datt dir iech mat der Iwwersetzung vu menge Schrëfte begannt a Wësse vun der Geschicht a vu Länner a Räicher a vun de Gesetzer Gottes a deene vun de Mënsche kritt, an dat alles fir d’Erléisung vun Zion. Amen.