Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 91


Sektioun 91

Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith, zu Kirtland, Ohio, den 9. Mäerz 1833. De Prophet war zu där Zäit mat der Iwwersetzung vum Alen Testament beschäftegt. Nodeems hien op deen Deel vun den anticke Schrëften ukomm ass, deen d’Apokryphe genannt gëtt, huet hien den Här gefrot an dës Instruktioun kritt.

1–3, D’Apokryphen si gréisstendeels korrekt iwwersat, awer enthale vill Interpolatioune vun den Hänn vu Mënschen, déi net wouer sinn; 4–6, Et hëlleft deenen, déi vum Geescht erliicht sinn.

1 Wierklech, sou seet den Här zu iech a Bezuch op d’Apokryphen: Villes ass doranner enthalen, wat wouer ass; a se sinn am wesentleche richteg iwwersat;

2 villes ass awer doranner enthalen, wat net wouer ass, an zwar sinn dat Asetze vu Mënschenhand.

3 Wierklech, ech soen iech: Et ass net néideg, d’Apokryphen ze iwwersetzen.

4 Dofir, wien se liest, géif wuel verstoen; well de Geescht weist d’Wourecht;

5 a wien duerch de Geescht erliicht ass, dee wäert Notzen doraus zéien;

6 a wien net duerch de Geescht empfänkt, ka keen Notzen doraus zéien. Dofir ass et net néideg, se ze iwwersetzen. Amen.