Sektioun 89
Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith, zu Kirtland, Ohio, de 27. Februar 1833. Als Konsequenz dovun, datt déi fréi Bridder Tubak an hire Versammlunge konsuméiert hunn, an datt dat seng Fra, d’Emma Smith, betrëfft, huet de Prophet den Här doriwwer gefrot. Dës Offenbarung, bekannt als d’Wuert vun der Weisheet, war d’Resultat.
1–9, De Konsum vu Wäin, staarkem Gedrénks, Tubak a waarmem Gedrénks ass verbueden; 10–17, Kraider, Friichten, Fleesch a Kären si fir de Gebrauch vum Mënsch a vun den Déiere virgeschriwwen; 18–21, D’Follege géintiwwer dem Gesetz vum Evangelium, dorënner d’Wuert vun der Weisheet, bréngt zäitlech a geeschteg Seegen.
1 Ee Wuert vun der Weisheet zum Notze vum Rot vun den Héije Priister, déi zu Kirtland versammelt sinn, an der Kierch an och den Hellegen zu Zion—
2 erauszeschécken als Begréissung, net als Gebot oder Zwang, mee als Offenbarung an als Wuert vun der Weisheet, weist et awer d’Uerdnung an de Wëlle Gottes a Bezuch op déi zäitlech Erléisung vun allen Hellegen an de leschten Deeg—
3 ginn als Prinzip mat engem Verspriechen, der Fäegkeet vun de Schwaachen a Schwächsten ënnert allen Hellegen, déi Helleger sinn oder sou genannt kënne ginn, ugepasst.
4 Kuckt, wierklech, sou seet den Här zu iech: Als Resultat vun Ongerechtegkeeten a béisen Absichten, déi an de leschten Deeg am Häerz vu béiswëllege Mënsche verfügbar sinn oder nach wäerte ginn, hunn ech iech gewarnt a warnen iech am viraus, andeems ech iech duerch Offenbarung dëst Wuert vun der Weisheet ginn:
5 Wann een ënnert iech Wäin oder staarkt Gedrénks drénkt, kuckt, dat ass net gutt an och net richteg an den Ae vun ärem Papp, ausser wann dir iech zesumme fannt, fir virun him är helleg Handlungen ze offréieren.
6 A kuckt, dat soll da Wäi sinn, jo, renge Wäin aus Drauwe vum Wéngert, vun iech selwer gemaach.
7 A weider: Staarkt Gedrénks ass net fir de Bauch, mee datt dir iech domadder de Kierper wäscht.
8 A weider: Tubak ass net fir de Kierper, och net fir de Bauch, an ass net gutt fir de Mënsch, mee et ass ee Kraut fir Quëtschungen a fir all krank Véi, wou e mat Verstand a Geschéck gebraucht soll ginn.
9 A weider: Waarmt Gedrénks ass weder fir de Kierper nach fir de Bauch.
10 A weider, wierklech, ech soen iech: All bekëmmlech Kraider huet Gott fir déi leiflech Verfassung, d’Natur an de Gebrauch vum Mënsch veruerdent—
11 jiddwer Kraut zu senger Joreszäit a jiddwer Fruucht zu hirer Joreszäit; an se sinn all mat Vernonft an Dankbarkeet ze gebrauchen.
12 Jo, och d’Fleesch vun den Déieren a vun de Villercher an der Loft hunn ech, den Här, veruerdent, datt de Mënsch et mat Dankbarkeet gebraucht; awer soll et spuersam gebraucht ginn.
13 An et ass mir angeneem, datt et nëmmen am Wanter oder bei Keelt oder an Zäite vun Hongersnout gebraucht gëtt.
14 All Käre-Fruucht ass fir de Gebrauch vum Mënsch an den Déiere veruerdent, datt se d’Iesse fir ze liewe wier—net nëmme fir de Mënsch, mee och fir d’Déiere vum Feld an d’Villercher um Himmel an all wëll Déieren, déi op der Äerd lafen oder krauchen;
15 an dës huet Gott erschaf, fir datt de Mënsch se gebraucht, mee nëmmen an Zäite vun Hongersnout an dem iwwerméissegem Honger.
16 All Käre-Fruucht ass gutt als Iesse fir de Mënsch, wéi och d’Fruucht vum Wéngert an dat, wat Fruucht bréngt, sief et um Buedem oder iwwert dem Buedem—
17 mee Weess fir de Mënsch a Mais fir d’Kou an Hafer fir d’Päerd a Rogge fir d’Gefligel an d’Schwäin a fir all Déiere vum Feld a Gerste fir all nëtzlech Déieren an och fir liicht Gedrénks, wéi och aner Käre-Fruucht.
18 An all Helleger, déi dorobber beduecht sinn, dës Wierder ze befollegen an ze maachen an déi an hirem Wandel de Geboter follegen—Gesondheet wäerten si empfänken an hirem Nuebel a Mark fir hir Schanken,
19 Weisheet a grouss Schätz vun Erkenntnis wäerten si fannen, jo, verstoppte Schätz,
20 lafe wäerten si an net midd sinn, goe wäerten si an net midd ginn.
21 An ech, den Här, ginn hinnen d’Verspriechen, datt den zerstéierenden Engel un hinne laanscht goe wäert wéi un de Kanner Israel an si net ëmbrénge wäert. Amen.