Sektioun 88
Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith zu Kirtland, Ohio, de 27. an 28. Dezember 1832, an den 3. Januar 1833. De Prophet huet et bezeechent als d’„‚Oliveblat‘ … vum Bam vum Paradäis gepléckt, d’Botschaft vum Här vum Fridden un eis.“ D’Offenbarung gouf ginn, nodeems d’Héich Priister op enger Konferenz „separat a mëndlech zum Här gebiet hunn, fir eis säi Wëlle betreffend dem Opbau vun Zion ze offenbaren.“
1–5, Trei Helleger kréien deen Tréischter, deen d’Versprieche vum éiwege Liewen ass; 6–13, All Saache gi vum Liicht vu Christus kontrolléiert a regéiert; 14–16, D’Operstéiung kënnt duerch d’Erléisung; 17–31, Follege géintiwwer dem celestialen, terrestialen oder telestiale Gesetz bereet d’Mënsche fir déi jeeweileg Kinnekräicher an Herrlechkeete vir; 32–35, Déi, déi an der Sënd bleiwe wëllen, bleiwen nach ëmmer dreckeg; 36–41, All Kinnekräicher gi vum Gesetz regéiert; 42–45, Gott huet fir all Saachen e Gesetz ginn; 46–50, De Mënsch wäert souguer Gott verstoen; 51–61, D’Gläichnes vum Mann, deen seng Dénger op d’Feld schéckt an si da besicht; 62–73, Kommt dem Här no, an dir wäert Säi Gesiicht gesinn; 74–80, Hellegt iech an enseignéiert een den aneren d’Doktrinn vum Kinnekräich; 81–85, Jiddwer Mann, dee gewarnt gouf, soll säin Noper warnen; 86–94, Zeechen, Ëmstéiss vun den Elementer an Engele bereeden de Wee fir d’Komme vum Här vir; 95–102, Engel-Trompette ruffen déi Doudeg an hirer Reiefolleg op; 103–116, Engel-Trompette verkënnegen d’Restauratioun vum Evangelium, de Fall vu Babylon an d’Schluecht vum grousse Gott; 117–126, Sicht Léieren, grënnt en Haus vu Gott (en Tempel) a bekleet iech mam Band vun der Nächsteléift; 127–141, D’Uerdnung vun der Schoul vun de Prophete gëtt festgeluecht, dorënner d’Veruerdnung vun der Féisswäschung.
1 Wierklech, sou seet den Här zu iech, déi dir iech versammelt hutt, fir säi Wëllen a Bezuch op iech ze empfänken:
2 Kuckt, dat gefält ärem Här wuel, an d’Engele freeën sech iwwert iech; d’Almose vun äre Gebieder sinn an d’Ouere vum Här Zebaot komm a ginn an d’Buch vun den Nimm vun de Gehellegten agedroen, nämlech deene vun der celestiale Welt.
3 Dofir schécken ech iech, jo, meng Frënn, elo een aneren Tréischter, datt en iech am Häerz bleift, nämlech den Hellege Geescht vum Verspriechen; an dësen aneren Tréischter ass deselwechten, deen ech menge Jünger verheescht hunn, wéi et am Temoignage vum Johannes bericht ass.
4 Dësen Tréischter ass d’Verspriechen, déi ech iech vun éiwegem Liewe ginn, jo, vun der Herrlechkeet vum celestiale Räich;
5 an dës Herrlechkeet ass déi vun der Kierch vum Éischtgebuerenen, jo, Gottes, dem Hellegste vun alleguerten, duerch de Jesus Christus, sengem Jong,
6 hien, deen an d’Héicht opgefuer ass, wéi hien och erofgefuer ass ënnert alles, andeems hien alles erfaasst huet, op datt hien an allem a jiddwerengem wier an alles duerchdréngt—d’Liicht vun der Wourecht.
7 An dës Wourecht liicht. Dëst ass d’Liicht vum Christus. Sou ass hien och an der Sonn an ass d’Liicht vun der Sonn an d’Muecht, wouduerch se erschaf ginn ass.
8 Sou ass hien och am Mound, an hien ass d’Liicht vum Mound an d’Muecht, wouduerch dësen erschaf ginn ass,
9 wéi och d’Liicht vun de Stären an d’Muecht, wouduerch se erschaf gi sinn,
10 an och d’Äerd an d’Muecht, nämlech déi Äerd, wouropper dir stitt.
11 An dat Liicht, dat licht an iech Liicht gëtt, kënnt duerch hien, deen iech d’Aen erliicht, an dat ass dat selwecht Liicht, dat iech d’Verständnis belieft.
12 Dëst Liicht geet vun der Géigewaart Gottes aus an erfëllt d’Immensitéit vum Raum—
13 dat Liicht, dat an allem ass, dat allem d’Liewe gëtt, dat d’Gesetz ass, wouduerch alles regéiert gëtt, jo, d’Muecht vu Gott, deen op sengem Troun sëtzt, deen am Schouss vun der Éiwegkeet ass, dee matze vun allem ass.
14 Awer wierklech, ech soen iech: Duerch d’Erléisung, déi fir iech bewierkt ginn ass, wäert d’Opersteeung vun den Doudege gemaach ginn.
15 An de Geescht an de Kierper zesumme sinn d’Séil vum Mënsch.
16 An d’Opersteeung vun den Doudegen ass d’Erléisung fir d’Séil.
17 An d’Erléisung fir d’Séil geschitt duerch hien, deen alles belieft, an deem sengem Häerz et beschloss ass, datt déi Aarm an déi Duuss vun der Äerd se ierwe sollen.
18 Dofir muss se noutwendegerweis vun aller Ongerechtegkeet gehellegt ginn, fir datt se fir d’celestial Herrlechkeet gehellegt gëtt;
19 well nodeems se d’Mooss vun hirer Kreatioun erfëllt huet, wäert se mat Herrlechkeet gekréint ginn, nämlech mat der Géigewaart Gottes, dem Papp,
20 fir datt alleguerten, déi vum celestiale Räich sinn, se fir ëmmer an ëmmer besëtze kënnen; well zu dësem Zweck ass se gemaach an erschaf ginn, an zu dësem Zweck ginn si gehellegt.
21 An déijéineg, déi net duerch duerch d’Gesetz gehellegt sinn, dat ech iech ginn hunn, nämlech duerch d’Gesetz vum Christus, mussen een anert Räich ierwen, nämlech dat vun engem terrestiale Räich oder dat vun engem telestiale Räich.
22 Well wien net amstand ass, nom Gesetz vun engem celestiale Räich ze liewen, dee kann och net a celestial Herrlechkeet liewen.
23 A wien net nom Gesetz vun engem terrestiale Räich liewe kann, kann och net an terrestial Herrlechkeet liewen.
24 A wien net nom Gesetz vun engem telestiale Räich liewe kann, dee kann och net an telestial Herrlechkeet liewen; dofir ass hie fir ee Räich vun Herrlechkeet net gëeegent. Dofir muss hien an engem Räich liewen, dat kee Räich vun Herrlechkeet ass.
25 A weider, wierklech, ech soen iech: D’Äerd lieft nom Gesetz vun engem celestiale Räich, well se erfëllt d’Mooss vun hirer Kreatioun an iwwertrëtt d’Gesetz net.
26 Dofir wäert se gehellegt ginn; jo, wann se och stierwe muss, sou wäert se dach erëm belieft ginn, an an där Muecht liewen, woumat se belieft gëtt, an déi Gerecht wäerten se ierwen.
27 Well wann si och stierwen, sou wäerten si dach erëm operstoen—ee geeschtege Kierper.
28 Déijéineg, déi vun engem celestiale Geescht sinn, wäerten deselwechte Kierper empfänken, deen een natierleche Kierper war; jo, dir wäert äre Kierper empfänken, an är Herrlechkeet wäert déi Herrlechkeet sinn, woumat äre Kierper belieft ass.
29 Dir, déi dir duerch een Deel vun der celestialen Herrlechkeet belieft sidd, wäert dann dovunner empfänken, an zwar eng Fëllt.
30 An déijéineg, déi duerch een Deel vun der terrestialen Herrlechkeet belieft sinn, wäerten dann dovunner empfänken, an zwar eng Fëllt.
31 An och déijéineg, déi duerch een Deel vun der telestialen Herrlechkeet belieft sinn, wäerten dann dovunner empfänken, an zwar eng Fëllt.
32 An déijéineg, déi iwwreg bleiwen, wäerten och belieft ginn; awer wäerten si erëm op hir eege Plaz zeréckkommen, fir sech dorunner ze freeën, wat si bereet sinn ze empfänken, well si jo net bereet waren, sech un deem ze freeën, wat si hätten empfänke kënnen.
33 Well, wat bréngt et engem Mënsch, wann him e Kaddo geschenkt gëtt, an hien et net hëlt? Kuckt, hie freet sech net iwwer dat, wat him gi gëtt, nach freet sech deen iwwert hien, deen de Kaddo gëtt.
34 A weider, wierklech, ech soen iech: Wat duerch Gesetz regéiert gëtt, dat gëtt och duerch Gesetz beschützt, an et gëtt duerch dat selwecht vollkomme gemaach a gehellegt.
35 Wat awer d’Gesetz brécht an net nom Gesetz lieft, mee duerno sicht, fir sech selwer ee Gesetz ze ginn, an a Sënd liewe wëll a komplett a Sënd lieft, ka weder duerch Gesetz nach duerch Baarmhäerzegkeet, Gerechtegkeet, nach Riichtersproch gehellegt ginn. Dofir muss et weider knaschteg bleiwen.
36 De Räicher alleguerten ass Gesetz ginn;
37 an et gi vill Räicher; well et gëtt kee Raum, wouranner et net ee Räich gëtt; an et gëtt kee Räich, wouranner et kee Raum gëtt, sief et ee méi grousst oder méi klengt Räich.
38 A jiddwer Räich ass ee Gesetz ginn; an zu jiddwer Gesetz ginn et och gewësse Grenzen a Bedingungen.
39 All Wiesen, déi net no dëse Bedingunge liewen, ginn net gerechtfäerdegt.
40 Well Intelligenz hält fest un Intelligenz; Weisheet empfänkt Weisheet; Wourecht hëlt Wourecht un; Dugend huet Dugend gär; Liicht hält fest u Liicht; Baarmhäerzegkeet huet Matleed mat Baarmhäerzegkeet a fuerdert dat Hiert; Gerechtegkeet hëlt weider hire Laf a fuerdert dat Hiert; Riichtersproch geet virum Gesiicht vun deem hir, deen um Troun sëtzt an alles regéiert an alles vollbréngt.
41 Hien erfaasst alles, an alles ass virun him, an alles ass ronderëm him; an hien ass iwwer allem an an allem an duerch alles a ronderëm alles; an alles ass duerch hien a vun him, nämlech Gott, fir ëmmer an ëmmer.
42 A weider, wierklech, ech soen iech: Hien huet alle Saachen ee Gesetz ginn, duerch dat si sech an hiren Zäiten an hire Joreszäite beweegen;
43 an hir Bunnen si festgeluecht, nämlech d’Bunne vun den Himmelen an der Äerd, wouduerch d’Äerd an all Planéiten erfaasst sinn.
44 An si ginn sech Luucht an hiren Zäiten an hire Joreszäiten, an hire Minutten, hire Stonnen, hiren Deeg, hire Wochen, hire Méint, hire Joren—an alleguerte sinn se een an dat selwecht Joer fir Gott, net awer fir de Mënsch.
45 D’Äerd rullt op hire Flilleken, an d’Sonn gëtt hiert Liicht bei Dag, an de Mound gëtt säi Liicht bei Nuecht, an d’Stäre ginn och hiert Liicht, wann si an hirer Herrlechkeet matzen an der Muecht Gottes op hire Flilleke rullen.
46 Woumat soll ech dës Räicher vergläichen, fir datt dir et verstitt?
47 Kuckt, dës all si Räicher, a wann ee Mënsch eent dovunner, a sief et dat klengst, gesinn huet, sou huet hie Gott gesinn, wéi hien sech a senger Majestéit a Muecht beweegt.
48 Ech soen iech: Hien huet e gesinn; an awer hunn si hien, deen an dat Säint komm ass, net erfaasst.
49 D’Luucht liicht an der Däischtert, an d’Däischtert erfaasst et net; mee den Dag wäert kommen, wou dir selwer Gott erfaasse wäert, well dir wäert an him an duerch hie belieft sinn.
50 Da wäert dir wëssen, datt dir mech gesinn hutt, datt ech sinn an datt ech dat richtegt Liicht sinn, dat an iech ass, an datt dir a mir sidd; soss kéint dir net opbléien.
51 Kuckt, ech wëll dës Räicher mat engem Mann vergläichen, deen ee Feld hat; an hien huet seng Kniechten op d’Feld geschéckt, en ëmzegruewen.
52 An hien huet zum éischte gesprach: Géi hin a schaff um Feld, an zur éischte Stonn wëll ech bei dech kommen, an du solls d’Freed vu mengem Gesiichtsausdrock kucken.
53 An hien huet zum zweete gesprach: Géi och hin op d’Feld, an zur zweete Stonn wëll ech dech mat der Freed vu mengem Gesiichtsausdrock besichen.
54 An och zum drëtten: nämlech: Ech wëll dech besichen;
55 an zum véierten, an sou weider bis zum zwieleften.
56 An den Här vum Feld ass an der éischter Stonn zum éischte gaangen an ass déi ganz Stonn bei him bliwwen, an hie gouf duerch d’Liicht vum Gesiichtsausdrock vum Här begeeschtert.
57 An dunn huet hien sech vum zweeten zeréckgezunn, fir och den zweeten ze besichen, an den drëtten an de véierten, an sou weider bis zum zwieleften.
58 An sou hunn si alleguerten d’Liicht vum Gesiichtsausdrock vum Här empfaangen, jiddwereen zu senger Stonn, zu senger Zäit, zu senger bestëmmten Zäit—
59 ugefaange beim éischten, an du weider bis zum leschten, a vum leschten zum éischten, a vum éischten zum leschten;
60 jiddwereen a senger Uerdnung, bis seng Stonn eriwwer war, jo, sou wéi him säin Här gebueden hat, fir datt säin Här an him verherrlecht géif an hien a sengem Här, fir datt si alleguerte verherrlecht géifen.
61 Dofir wëll ech all dës Räicher an hir Bewunner mat dësem Gläichnes vergläichen, jiddwer Räich zu senger Stonn, zu senger Zäit, zu senger bestëmmten Zäit, jo, no dem Dekreet, dat Gott gemaach huet.
62 A weider, wierklech, ech soen iech, meng Frënn: Dës Wierder loossen ech bei iech, fir datt dir am Häerz doriwwer nodenkt, an dozou ginn ech iech ee Gebot, nämlech: Rufft mech un, soulaang ech no sinn.
63 Kommt mir no, an ech wäert iech och méi no kommen; sicht mech äifreg, da wäert dir mech fannen; biet, an dir wäert empfänken, klappt un, an et wäert iech opgemaach ginn.
64 Wat och ëmmer dir de Papp a mengem Numm frot, dat wäert iech gi ginn, souwäit et fir iech wënschenswäert ass;
65 a wann dir fir eppes frot, wat fir iech net wënschenswäert ass, sou wäert iech dat schëlleg gesprach ginn.
66 Kuckt, dat wat dir héiert, ass wéi d’Stëmm vun engem, deen an der Wüüst rifft—an der Wüüst, well dir en net kënnt gesinn—meng Stëmm, well meng Stëmm Geescht ass; mäi Geescht ass Wourecht; d’Wourecht bleift an huet keen Enn, a wann se an iech ass, sou wäert se vill do sinn.
67 A wann äert A nëmmen op meng Herrlechkeet geriicht ass, sou wäert äre ganze Kierper mat Liicht erfëllt ginn, an et wäert an iech keng Däischtert sinn; a wien ganz mat Liicht erfëllt ass, erfaasst alles.
68 Dofir hellegt iech, fir datt äre Sënn nëmmen op Gott geriicht wier, da wäerten d’Deeg kommen, wou dir hie gesi wäert; well hie wäert fir iech de Schleier vu sengem Gesiicht huelen, an et wäert zu der vun him bestëmmten Zäit sinn, op seng Weis an no sengem eegene Wëllen.
69 Denkt un dat grousst a lescht Verspriechen, dat ech iech ginn hunn; geheit är onnëtz Gedanken an äert exzessiivt Laache wäit ewech vun iech.
70 Bleift, bleift un dësem Uert, a berufft eng feierlech Versammlung an, nämlech deenen, déi déi éischt Aarbechter an dësem leschte Räich sinn.
71 A loosst déijéineg, déi vun hinne wärend hire Reese gewarnt gi sinn, den Här uruffen an eng kuerz Zäit laang iwwer déi Warnung nodenken, déi si empfaangen hunn.
72 Kuckt, ech wëll mech ären Häerden unhuelen a wäert Eelsten erwächen a bei se schécken.
73 Kuckt, ech wäert mäi Wierk a senger Zäit beschleunegen.
74 An ech ginn iech, déi dir déi éischt Aarbechter an dësem leschte Räich sidd, ee Gebot: Versammelt iech, an organiséiert iech, maacht iech prett, an hellegt iech; jo, maacht äert Häerz reng, a maacht är Hänn a Féiss propper viru mir, fir datt ech iech rengege kann;
75 fir datt ech ärem Papp an ärem Gott a mengem Gott temoignéiere kann, datt dir reng sidd vum Blutt vun dëser béise Generatioun; fir datt ech dëst Verspriechen erfëlle kann, soubal ech et wëll—dëst grousst a lescht Verspriechen, déi ech iech ginn hunn.
76 Och ginn ech iech d’Gebot, vun dëser Zäit un am Bieden a Faaschte bestänneg ze sinn.
77 An ech ginn iech d’Gebot, een dem aneren an der Doktrinn vum Räich ze beléieren.
78 Léiert äifreg—a meng Gnod wäert mat iech sinn, fir datt dir nach méi vollkommen instruéiert sidd an Theorie, am Prinzip, an der Doktrinn, am Gesetz vum Evangelium, an allem, wat d’Räich Gottes betrëfft a wat wënschenswäert ass, datt dir et verstitt;
79 dat, wat am Himmel an op der Äerd an och ënnert der Äerd ass; dat, wat gewiescht ass, dat, wat ass, an dat, wat sech gläich muss beginn; dat, wat doheem ass, an dat, wat an der Friemt ass; Kricher an den Duerchernee vun den Natiounen an d’Gottesstrofen, déi um Land laaschten; an och Wësse vu Länner a Räicher—
80 fir datt dir an allem prett sidd, wann ech iech erëm erausschécken, fir d’Beruffung, zu där ech iech beruff hunn, an d’Missioun, déi ech iech uvertraut hunn, grouss ze maachen.
81 Kuckt, ech hunn iech erausgeschéckt, Temoignage ze ginn an d’Mënschen ze warnen; a wie gewarnt ginn ass, deem kënnt et zou, säin Nächsten ze warnen.
82 Dofir hunn si da keng Entschëllegung méi, an hir Sënde sinn dann op hirem eegene Kapp.
83 Wie mech fréi sicht, dee wäert mech fannen a wäert net verlooss sinn.
84 Dofir bleift a beméit iech äifreg, datt dir méi vollkomme gitt an ärem geeschtlechen Déngscht, nämlech fir d’lescht zu den Aneren hinzegoen, dir alleguerten, déi de Mond vum Här nenne wäert, fir datt dir d’Gesetz verschléissen an den Temoignage versigelen an déi Helleg fir d’Stonn vum Geriicht, déi kënnt, prett maache géift,
85 fir datt hir Séil der Roserei Gottes entwutsche géif, der abscheilecher Verwüüstung, déi déi Béis erwaart—an dëser Welt genausou wéi an der zukünftege Welt. Wierklech, ech soen iech: Loosst déijéineg, déi net déi éischt Eelste sinn, am Wéngert weider schaffen, bis de Mond vum Här si ruffe wäert, well hir Zäit ass nach net komm; hir Kleed ass net reng vum Blutt vun dëser Generatioun.
86 Sidd bestänneg an der Fräiheet, woumat dir fräi gemaach sidd; verstréckt iech net a Sënd, mee loosst är Hänn reng sinn, bis den Här kënnt.
87 Well nëmmen nach e puer Deeg, an d’Äerd wäert zidderen an hin an hier schwanke wéi een, dee gedronk huet; an d’Sonn wäert hiert Gesiicht verstoppen a sech weigeren, Liicht ze ginn; an de Mound wäert a Blutt gebuet sinn; an d’Stäre wäerten immens rose ginn a sech erof stierze wéi Figen, déi vum Bam falen.
88 An no ärem Temoignage kommen dann d’Roserei an d’Entrëschtung iwwer d’Vollek.
89 Well no ärem Temoignage kënnt den Temoignage vum Äerdbiewen, dat d’Äerd an hirem Banneschte kräische loosse wäert, an d’Mënsche wäerten zu Buedem stierzen an net amstand sinn ze stoen.
90 An et kënnt och den Temoignage duerch d’Stëmm vun Donnerschléi an d’Stëmm vu Blëtzer an d’Stëmm vu Stierm an d’Stëmm vu Mierwellen, déi sech iwwer hir Grenzen eraus fale loosse wäerten.
91 An alles wäert an Opreegung sinn; a gewëss wäert dem Mënsch d’Häerz aussetzen, well Angscht wäert iwwer all Vollek kommen.
92 An Engele wäerte matzen duerch den Himmel fléien an, andeems si d’Trompett ertéine loossen, mat haarder Stëmm ruffen, nämlech: Maacht iech prett, maacht iech prett, o dir Bewunner vun der Äerd; well d’Geriicht vun eisem Gott ass do. Kuckt, de Bräitchemann kënnt; gitt eraus, him entgéint.
93 A direkt wäert ee grousst Zeechen an Himmel erschéngen, an all Vëlker wäerten et zesumme gesinn.
94 An nach een Engel wäert seng Trompett ertéine loossen, nämlech: Déi grouss Kierch, d’Mamm vun de Grujelen, déi all Natioune vum Roserei-Wäin vun hirer Unzuucht huet drénke loossen, déi déi Helleg verfollegt an hiert Blutt vergéisst—si, déi u vill Waasser sëtzt an op den Insele vum Mier—kuckt, si ass d’Onkraut vun der Äerd; a Bëndele gëtt se gebonnen, hir Bänner gi staark gemaach, a kee Mënsch kann se léisen; dofir ass se zum Verbrenne prett. An hie wäert seng Trompett laang an haart ertéine loossen, an all Natioune wäerten et héieren.
95 An et wäert eng Stëllt sinn am Himmel, eng hallef Stonn laang; an direkt duerno wäert de Rideau vum Himmel entfaalt gi wéi eng Schrëftrull, déi entfaalt gëtt a vum Gesiicht vum Här wäert de Schleier ewech geholl ginn;
96 an déi Helleg, déi op der Äerd sinn, déi um Liewe sinn, wäerte belieft a begeeschtert ginn, him ze begéinen.
97 An déi an de Griewer geschlof hunn, wäerten ervirkommen, well hiert Graf wäert sech opmaachen; an och si wäerte begeeschtert ginn, fir him an der Mëtt vun der Himmelssail ze begéinen—
98 Si gehéieren dem Christus: déi Éischt, déi als éischt mat him erofklamme wäerten, an déijéineg, déi op der Äerd an am Graf sinn, déi als éischt begeeschtert ginn, fir him ze begéinen; an dat alles geschitt, wann den Engel Gottes d’Stëmm vun der Trompett ertéine loosse wäert.
99 An duerno wäert nach een Engel ertéine loossen, nämlech déi zweet Trompett; an da kënnt d’Erléisung vun deenen, déi dem Christus bei sengem Komme gehéieren, déi hiren Deel an deem Prisong empfaangen hunn, dat fir si prett gemaach ass, fir datt si d’Evangelium empfänken a genausou wéi d’Mënschen am Fleesch geriicht kënne ginn.
100 A weider, nach eng Trompett wäert ertéinen, an dat ass déi drëtt Trompett; an da kommen d’Geeschter vun de Mënschen, déi geriicht solle ginn an ënner Verurteelung befonnt ginn;
101 an dës sinn déi iwwreg Doudeg, a si wäerten eréischt erëm liewen, wann déi dausend Joren eriwwer sinn, eréischt erëm, wann d’Enn vun der Äerd do ass.
102 An nach eng Trompett wäert ertéinen, an dat ass déi véiert Trompett, nämlech: Ënnert deenen, déi bis zum groussen a leschten Dag, jo, bis zum Enn bleiwe mussen, befannen sech der e puer, déi nach ëmmer knaschteg bleiwe wäerten.
103 An nach eng Trompett wäert ertéinen, an dat ass déi fënneft Trompett, an dat ass de fënneften Engel, deen, deen dat éiwegt Evangelium iwwerliwwert—hie flitt matzen duerch den Himmel, zu allen Natiounen, Geschlechter, Sproochen a Vëlker,
104 an dëst wäert den Toun vu senger Trompett sinn, nämlech fir all Vëlker, souwuel am Himmel wéi och op der Äerd an déi ënnert der Äerd sinn; well jiddwer Ouer wäert héieren a jiddwer Knéi sech béien a jiddwer Zong bekennen, wann si den Toun vun der Trompett héieren, nämlech: Fäert Gott, a gitt Herrlechkeet him, deen um Troun sëtzt, fir ëmmer an ëmmer; well d’Stonn vu sengem Geriicht ass do.
105 A weider, nach een Engel wäert seng Trompett ertéine loossen, an dat ass de sechsten Engel, nämlech: Si ass gefall, déi all Natioune vum Roserei-Wäin hirer Unzuucht huet drénke gelooss, si ass gefall, ass gefall!
106 A weider, nach een Engel wäert seng Trompett ertéine loossen, an dat ass de siwenten Engel, nämlech: Et ass vollbruecht, et ass vollbruecht! D’Lämmche Gottes huet iwwerwonnen an d’Wäipress eleng getrëppelt, jo, d’Wäipress vun der onrouege Roserei Gottes, dem Allmächtegen.
107 An da wäerten d’Engele mat der Herrlechkeet vu senger Muecht gekréint ginn, an déi Helleg wäerte vu senger Herrlechkeet erfëllt ginn, hir Ierfschaft empfänken an him gläich gemaach ginn.
108 an da wäert den éischten Engel nach eng Kéier seng Trompett alle Liewegen an d’Oueren téine loossen an déi geheim Akte vun de Mënsche souwéi déi mächteg Wierker Gottes an den éischten dausend Joren offenbaren.
109 An da wäert den zweeten Engel seng Trompett ertéine loossen an déi geheim Akte vun de Mënschen an d’Gedanken an d’Absichte vun hirem Häerz souwéi déi mächteg Wierker Gottes an den zweeten dausend Joren offenbaren—
110 an sou weider, bis de siwenten Engel seng Trompett ertéine loosse wäert; an hie wäert trëppelen op d’Land an op d’Mier an am Numm vun deem, deen um Troun sëtzt, schwieren, datt et Zäit net méi wäert ginn; an de Satan wäert gebonne ginn, déi al Schlaang, déi den Däiwel genannt gëtt, an hie wäert dausend Jore laang net méi lassgebonne ginn.
111 An da gëtt hien eng kuerz Zäit laang lassgebonnen, fir datt hien seng Arméie sammele kann.
112 An de Michael, de siwenten Engel, jo, den Äerzengel, wäert seng Arméie sammelen, nämlech d’Arméie vum Himmel.
113 An den Däiwel wäert seng Arméie sammelen, nämlech, d’Arméie vun der Hell, an zum Kampf géint de Michael a seng Arméien eru réckelen.
114 An da kënnt d’Schluecht vum grousse Gott; an den Däiwel a seng Arméie wäerten un hiren Uert geworf ginn, sou datt si iwwer déi Helleg guer keng Muecht méi wäerten hunn.
115 Well de Michael wäert d’Schluechte fir si schloen a wäert deen iwwerwannen, deen nom Troun vun deem sicht, deen um Troun sëtzt, nämlech vum Lämmchen.
116 Dëst ass d’Herrlechkeet Gottes a vun de Gehellegten; a si wäerten den Dout ni méi kucken.
117 Dofir, wierklech, ech soen iech, meng Frënn: Berufft eng feierlech Versammlung an, wéi ech et iech gebueden hunn.
118 A well net alleguerte Glawen hunn, sou sicht äifreg a léiert een den anere Wierder vun der Weisheet; jo, sicht Wierder vun der Weisheet aus de beschte Bicher; sicht no Wëssen, jo, duerch Loscht ze léieren an och duerch Glawen.
119 Organiséiert iech; maacht alles prett, wat néideg ass; a riicht een Haus op, nämlech een Haus vum Gebiet, een Haus vum Faaschten, een Haus vum Glawen, een Haus vum Léieren, een Haus vun Herrlechkeet, een Haus vun Uerdnung, een Haus vu Gott;
120 datt äert Antrieden am Numm vum Här geschitt; datt äert Fortgoen am Numm vum Här geschitt; datt all är Begréissungen am Numm vum Här geschéien, d’Hänn zum Allerhéchste gehuewen.
121 Dofir loosst of vun all ärem liichte Geschwätz, vun allem Geläschter, vun all äre loschtvolle Wënsch, vun all ärem Stolz an all ärer Frivolitéit a vun all ärem béise Maachen.
122 Bestëmmt ënnert iech een zum Instructeur, a loosst net alleguerte matenee Spriecher sinn; mee loosst ëmmer nëmmen ee schwätzen an all déi aner senge Wierder lauschteren, sou datt, wa jiddweree geschwat huet, alleguerten duerch alleguerten opgebaut gi sinn a jiddwereen dat selwecht Recht huet.
123 Kuckt, datt dir een den anere gären hutt; haalt op, giereg ze sinn; léiert, mateneen ze deelen, wéi et d’Evangelium verlaangt.
124 Haalt op, liddereg ze sinn; haalt op, onreng ze sinn; haalt op, unenee Feeler ze sichen; haalt op, méi laang wéi néideg ze schlofen. Gitt fréi an d’Bett, fir datt dir net midd sidd; stitt fréi op, fir datt dir u Kierper a Verstand gestäerkt sidd.
125 A virun allem: Bekleet iech mat der verbindleche Kraaft vun der Nächsteléift wéi mat engem Mantel, well et ass dës déi verbindlech Kraaft vun der Vollkommenheet a vum Fridden.
126 Biet ëmmer, fir datt dir net midd gitt, bis ech kommen. Kuckt, ech wäert schnell kommen an iech bei mech huelen. Amen.
127 A weider: D’Uerdnung vum Haus, dat fir d’Presidentschaft vun der Schoul vun de Prophete prett ass—ageriicht, fir datt si an allem, wat fir si wënschenswäert ass, enseignéiert kënne ginn, nämlech all Beamte vu menger Kierch oder, mat anere Wierder, déijéineg, déi zum geeschtlechen Déngscht an der Kierch beruff sinn, ugefaange bei den Héije Priister bis erof zu den Diakonen—
128 an dëst soll d’Reiefolleg vum Haus vun der Presidentschaft vun der Schoul sinn: Deejéinegen, deen zum President oder Instructeur ernannt gëtt, soll op senger Plaz am Haus stoen, dat fir hie virbereet gëtt.
129 Dofir soll hien als éischten am Haus vu Gott sinn, un enger Plaz, wou déi am Haus Versammelten seng Wierder kloer an däitlech héiere kënnen, ouni datt haart geschwat muss ginn.
130 A wann hien an d’Haus vu Gott kënnt—well hie soll als éischten am Haus sinn, a kuckt, dat ass schéin, op datt hien ee Virbild wier—
131 soll hien sech op de Knéie viru Gott am Gebiet offréieren, als Zeeche vun der éiwegen Allianz oder als Erënnerung dorunner.
132 A wann der e puer no him era kommen, soll den Instructeur opstoen an, d’Hänn riicht zum Himmel gehuewen, säi Brudder oder seng Bridder mat de folgende Wierder begréissen:
133 Bass du ee Brudder, sidd dir Bridder? Ech begréissen iech am Numm vum Här Jesus Christus, als Zeeche vun der éiwegen Allianz oder als Erënnerung dorunner, an an dëser Allianz empfänken ech iech an der Gemeinschaft mat der festen, onbeweeglechen an onverännerbaren Entscheedung, duerch d’Gnod vu Gott an de Bänner vun der Léift äre Frënd a Brudder ze sinn, an alle Geboter Gottes onschëlleg ze wandelen, an Dankbarkeet, fir ëmmer an ëmmer. Amen.
134 A wann een dëser Begréissung fir net wierdeg befonnt gëtt, soll hie keng Plaz ënnert iech hunn; well dir sollt net toleréieren, datt mäin Haus duerch hien veronrengegt gëtt.
135 An deen, deen erakënnt a viru mir trei ass, an e Brudder ass, oder wann si Bridder sinn, soll de President oder Instructeur mat erhuewenen Hänn an den Himmel begréissen, mat dësem selwechte Gebiet an der selwechten Allianz, oder andeems hien Amen seet, als Zeeche vun demselwechten.
136 Kuckt, wierklech, ech soen iech: Dëst ass fir iech d’Beispill fir déi géigesäiteg Begréissung am Haus vu Gott, an der Schoul vun de Propheten.
137 An dir sidd opgeruff, dëst mat Gebiet an Dankbarkeet ze maachen, wéi de Geescht iech bei allem, wat dir am Haus vum Här, an der Schoul vun de Prophete maacht, ze schwätzen agi wäert, fir datt et e Sanctuaire wier, en Tabernakel vum Hellege Geescht zu ärem Opbau.
138 An dir sollt kee vun iech an dës Schoul ophuelen, ausser hien ass reng vum Blutt vun dëser Generatioun;
139 an hie soll duerch déi helleg Handlung vun de Féiss wäschen opgeholl ginn, well zu dësem Zweck ass d’Veruerdnung vun de Féiss wäschen agesat ginn.
140 A weider, d’Veruerdnung vun de Féiss wäsche soll vum President oder den Eelste vun der Kierch, déi presidéieren, vollzu ginn.
141 Se soll mat Gebiet ufänken, an nodeems hie vum Brout a Wäi geholl huet, soll hien sech de Rimm undoen, nom Muster, dat am 13te Kapitel am Temoignage vum Johannes iwwer mech uginn ass. Amen.