Sektioun 72
Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith zu Kirtland, Ohio, de 4. Dezember 1831. Verschidden Eelsten a Memberen haten sech versammelt fir hir Flicht ze léieren a weider an de Léiere vun der Kierch opgebaut ze ginn. Dës Sektioun ass eng Zesummestellung vun dräi Offenbarungen, déi um selwechten Dag kritt goufen. D’Versen 1 bis 8 maachen d’Beruffung vum Newel K. Whitney als Bëschof bekannt. Hie gouf da beruff an veruerdent, duerno goufen d’Versen 9 bis 23 kritt, déi zousätzlech Informatiounen iwwer d’Flichte vun engem Bëschof ginn hunn. Duerno goufen d’Verse 24 bis 26 ginn, déi Instruktiounen iwwer d’Versammlung zu Zion ginn.
1–8, D’Eelste sollen dem Bëschof Rechenschaft iwwer hir Verwaltung ofleeën; 9–15, De Bëschof hält d’Lagerhaus a këmmert sech ëm déi Aarm an déi Bedürfteger; 16–26, D’Bëscheef sollen d’Wierdt vun den Eelste bestätegen.
1 Lauschtert an héiert op d’Stëmm vum Här, dir, déi dir iech versammelt hutt, déi dir déi Héich Priister vu menger Kierch sidd, deenen d’Räich an d’Muecht gi ginn ass.
2 Well wierklech, sou seet den Här: Et ass mir wënschenswäert, datt fir iech—oder villméi vun iech—ee Bëschof bestëmmt géif, an zwar fir d’Kierch an dësem Deel vum Wéngert vum Här.
3 A wierklech, doranner hutt dir weis gehandelt, well den Här verlaangt vu jiddwer Verwalter, datt hie Rechenschaft iwwer seng Verwaltung ofleet, souwuel an der Zäit wéi och an der Éiwegkeet.
4 Well wien an der Zäit trei a weis ass, dee gëtt als wierdeg geuecht, d’Wunnengen ze ierwen, déi mäi Papp fir hie prett gemaach huet.
5 Wierklech, ech soen iech: D’Eelste vun der Kierch an dësem Deel vu mengem Wéngert sollen dem Bëschof, deen ech fir dësen Deel vu mengem Wéngert bestëmme wäert, Rechenschaft iwwer hir Verwaltung ofleeën.
6 Doriwwer soll ee Bericht gefouert ginn, an dësen ass dem Bëschof zu Zion ze iwwerginn.
7 An d’Obligatioune vum Bëschof sollen duerch d’Geboter, déi gi gi sinn, souwéi duerch d’Stëmm vun der Konferenz annoncéiert ginn.
8 An elo, wierklech, ech soen iech: Mäi Kniecht Newel K. Whitney ass dee Mann, dee bestëmmt an zu dëser Muecht veruerdent soll ginn. Dat ass de Wëlle vum Här, ärem Gott, ärem Erléiser. Jo. Amen.
9 D’Wuert vum Här, zousätzlech zum Gesetz, dat gi ginn ass, nämlech fir d’Obligatioune vum Bëschof ze annoncéieren, dee fir d’Kierch an dësem Deel vum Wéngert veruerdent ass—wierklech, et heescht:
10 d’Lagerhaus vum Här ze féieren; d’Fonge vun der Kierch an dësem Deel vum Wéngert ze empfänken;
11 fir d’Rechenschaft vun den Eelsten ofzehuelen, wéi et virdru gebuede ginn ass, an hir Besoinen ze decken, sou datt déi, déi eppes kréien, och dofir bezuelen, esou wäit wéi si d’Mëttel hunn, fir ze bezuelen;
12 fir datt dëst och dem Notze vun der Kierch, den Aarmen a Bedierftegen, geweit géif ginn.
13 A fir deen, deen näischt huet, duerch dat hie bezuele kann, soll ee Bericht ugefäerdegt an dem Bëschof zu Zion iwwergi ginn, deen d’Schold aus de Mëttele bezuele soll, deen den Här him an d’Hänn leet.
14 An duerch hir Aarbecht sollen déi Gleeweg, déi trei sinn—déi a geeschtege Saachen täteg sinn, andeems si der Kierch an der Welt d’Evangelium an dat, wat zum Gottesräich gehéiert, nobréngen—dem Bëschof zu Zion begläichen.
15 Sou kënnt et aus der Kierch, well nom Gesetz muss jiddwereen, deen op Zion kënnt, alles virun de Bëschof zu Zion leeën.
16 An elo, wierklech, ech soen iech: Wou jiddwer Eelsten an dësem Deel vum Wéngert dem Bëschof an dësem Deel vum Wéngert Rechenschaft iwwer seng Verwaltung muss ginn,
17 soll een Zertifikat vum Riichter oder vum Bëschof an dësem Deel vum Wéngert un de Bëschof zu Zion jiddwerengem seng Opnam sécheren an als Dokument an allem fir engIerfschaft déngen, fir datt hien als weise Verwalter an treien Aarbechter empfaange géif;
18 soss soll hie vum Bëschof vun Zion net opgeholl ginn.
19 An elo, wierklech, ech soen iech: All Eelsten, deen dem Bëschof an dësem Deel vum Wéngert Rechenschaft ofleeë muss, soll vun der Kierch oder de Kierchen, wou hie schafft, recommandéiert ginn, fir datt hien sech a seng Rapporten als absolut an der Rei beweise kann.
20 A weider: Meng Kniechten, déi als Verwalter vun de literaresche Preoccupatioune vu menger Kierch bestëmmt gi sinn, sollen an allem een Usproch op de Bäistand vum Bëschof oder de Bëscheef hunn,
21 fir datt d’Offenbarunge verëffentlecht ginn an un d’Enne vun der Äerd erausgoe kënnen, fir datt si och Fonge kréie kënnen, déi der Kierch an allem notze sollen;
22 fir datt och si sech als absolut an der Rei beweise kënnen an als weis Treihänder geuecht kënne ginn.
23 An elo, kuckt, dëst soll ee Beispill si fir all extensiv Branche vu menger Kierch, a wellechem Land se och ëmmer ageriicht wäerte géifen. An elo kommen ech mat menge Wierder op en Enn. Amen.
24 Nach e puer Wierder zu de Gesetzer vum Gottesräich, déi d’Membere vun der Kierch betreffen—déijéineg nämlech, déi vum Hellege Geescht bestëmmt sinn, op Zion ze goen, an déijéineg, déi de Virdeel genéissen, op Zion goen ze kënnen:
25 Si sollen dem Bëschof eng Bescheinegung vun dräi Eelste vun der Kierch oder eng Bescheinegung vum Bëschof bréngen;
26 soss soll deejéinegen, deen an d’Land Zion geet, net als weise Verwalter geuecht ginn. Dëst ass och ee Beispill. Amen.