Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 70


Sektioun 70

Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith, zu Hiram, Ohio, den 12. November 1831. D’Geschicht vum Prophet seet, datt véier speziell Konferenze vum 1te bis den 12ten November ofgehale goufen. An der leschter vun dësen Assembléeë gouf déi grouss Bedeitung vun den Offenbarungen, déi spéider als d’Book of Commandments an duerno d’Doktrinn an d’Allianze publizéiert goufen, berécksiichtegt. Dës Offenbarung gouf ginn, nodeems d’Konferenz gestëmmt huet, datt d’Offenbarungen „fir d’Kierch de Räichtum vun der ganzer Äerd wäert sinn“. D’Geschicht vum Joseph Smith bezitt sech op d’Offenbarungen als „d’Grondlag vun der Kierch an dëse leschten Deeg, an ee Benefice fir d’Welt, déi weisen, datt d’Schlëssele vun de Geheimnisser vum Räich vun eisem Retter erëm dem Mënsch uvertraut sinn“.

1–5, Verwalter ginn ernannt fir d’Offenbarungen ze publizéieren; 6–13, Déi, déi a geeschtleche Saache schaffen, sinn hire Loun Wäert; 14–18, D’Helleger sollen a zäitleche Saache gläich sinn.

1 Kuckt, lauschtert, o dir Awunner vun Zion an all dir Vollek vu menger Kierch, déi dir wäit ewech sidd, an héiert d’Wuert vum Här, dat ech mengem Kniecht Joseph Smith Jr. an och mengem Kniecht Martin Harris an och mengem Kniecht Oliver Cowdery an och mengem Kniecht John Whitmer an och mengem Kniecht Sidney Rigdon an och mengem Kniecht William W. Phelps ginn, an zwar als Gebot fir si.

2 Well ech ginn hinnen ee Gebot: dofir lauschtert an héiert, well sou seet den Här zu hinnen:

3 Ech, den Här, hunn si bestëmmt an zu Treihänder vu Offenbarungen a Geboter veruerdent, déi ech hinne scho ginn hunn a spéider nach wäert ginn;

4 an ech wäert vun hinnen um Dag vum Urteel eng Rechenschaft iwwer dës Verwaltung verlaangen.

5 Dofir hunn ech et hinne bestëmmt, an dëst ass hiert Geschäft an der Kierch Gottes: Si sollen dës Ugeleeënheeten an alles, wat domadder zesummenhänkt, jo, den Akommes dovunner, an d’Hand huelen.

6 Dofir ginn ech hinnen d’Gebot, dëst weder der Kierch nach der Welt ze ginn;

7 mee wann si méi empfänken, wéi fir hir Bedierfnisser an Noutwendegkeete vum Liewen néideg ass, sollen si et mengem Lagerhaus iwwerginn,

8 an de Gewënn soll den Awunner vun Zion an hire Generatioune geweit ginn, wou si jo no de Gesetzer vum Gottesräich Ierwe ginn.

9 Kuckt, dat verlaangt den Här vu jiddwerengem a senger Verwaltung, jo, wéi ech, den Här, et jiddwerengem bestëmmt hunn oder spéider nach bestëmme wäert.

10 A kuckt, keen, deen der Kierch vum liewege Gott ugehéiert, ass vun dësem Gesetz befreit,

11 jo, weder de Bëschof nach de Vertrieder, deen d’Lagerhaus vum Här féiert, nach deejéinegen, deen zu enger Verwaltung an zäitleche Saache bestëmmt ass.

12 Wie bestëmmt ass, a geeschtleche Saachen ze wierken, deen ass säi Loun wäert, an zwar genausou wéi déijéineg, déi zu enger Verwaltung an zäitleche Saache bestëmmt gi sinn,

13 jo, souguer nach méi, an dës vill Quantitéit wäert hinnen duerch d’Manifestatioune vum Geescht multiplizéiert.

14 Mee an ären zäitleche Saache sollt dir gläich sinn, an zwar ouni ze widderstoen, soss wäert iech déi vill Quantitéit vu Manifestatioune vum Geescht virenthale ginn.

15 Dëst Gebot ginn ech menge Kniechten zu hirem Notzen, soulaang si verbleiwen, als Manifestatioun vu menge Seenunge fir si an als Loun fir hiren Äifer an zu hirer Sécherheet,

16 fir Iessen a Kleedung, fir eng Ierfschaft, fir Haus a Land, a wat fir Ëmstänn och ëmmer ech, den Här, si schécke wäert.

17 Well si sinn iwwer villem trei gewiescht an hu richteg gemaach, wou si jo net gesëndegt hunn.

18 Kuckt, ech, den Här, si baarmhäerzeg a wäert si séinen, a si sollen an d’Freed vun all deem agoen. Jo. Amen.