Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 66


Sektioun 66

Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith, zu Hiram, Ohio, den 29. Oktober 1831. De William E. McLellin hat den Här am Geheime gefrot, duerch de Prophet d’Äntwert op fënnef Froe bekannt ze maachen, déi dem Joseph Smith onbekannt waren. Op dem McLellin senger Ufro huet de Prophet den Här gefrot an dës Offenbarung kritt.

1–4, D’éiweg Allianz ass d’Fëllt vum Evangelium; 5–8, D’Eelste solle priedegen, temoignéieren a mat de Leit diskutéieren; 9–13, Treie Ministère-Déngscht garantéiert eng Ierfschaft vum éiwege Liewen.

1 Kuckt, sou seet den Här zu mengem Dénger William E. McLellin—Geséint bass du, souwäit s du dech vun dengen Ongerechtegkeeten ewech gedréint hues a meng Wourechten ugeholl hues, seet den Här, däin Erléiser, de Retter vun der Welt, souguer vun all deenen, déi u mäin Numm gleewen.

2 Wierklech, ech soen dir: Geséint bass du, wou s du meng éiweg Allianz ugeholl hues, jo, d’Fëllt vu mengem Evangelium, dat ënnert d’Mënschekanner rausgeschéckt ginn ass, fir datt si d’Liewen hunn an un den Herrlechkeeten deelhuele kënnen, déi an de leschten Deeg reveléiert solle ginn, wéi et d’Propheten an d’Apostelen an den alen Deeg geschriwwen hunn.

3 Wierklech, ech soen dir, mäi Kniecht William: Du bass reng, awer net ganz; dofir kéier ëm vun deem, wat a mengen Aen net agreabel ass, sprécht den Här, well den Här wäert et dir weisen.

4 An elo, wierklech, ech, den Här, wäert dir weisen, wat ech a Bezuch op dech wëll oder wat mäi Wëllen a Bezuch op dech ass.

5 Kuck, wierklech ech soen dir: Et ass mäi Wëllen, datt s du mäin Evangelium vu Land zu Land a vu Stad zu Stad verkënnege solls, jo, an de Gebitter ronderëm, wou et nach net verkënnegt ginn ass.

6 Bleif net vill Deeg un dësem Uert; géi nach net an d’Land Zion, mee wann s du eppes schécke kanns, sou schéck et; soss awer maach dir wéinst dengem Eegentum keng Gedanken.

7 Géi an d’Oststaaten, gëff un allen Uerten Temoignage—alle Mënschen—an an hire Synagogen, a schwätz mat de Mënschen doriwwer.

8 Looss mäi Kniecht Samuel H. Smith mat dir goen, a verlooss hien net, a gëff him deng Uweisungen; an hien, deen trei ass, wäert un allen Uerte staark gemaach ginn; an ech, den Här wäert mat iech goen.

9 De Kranke lee d’Hänn op, an et wäert mat hinne besser goen. Kéier net zeréck, bis ech, den Här, dech schécken. Sief gedëlleg an der Nout. Fro, an du wäerts empfänken; klapp un, an et wäert dir opgemaach ginn.

10 Sich duerno, datt dech näischt belaascht. Looss of vun all Ongerechtegkeet. Begéi keen Adultère—eng Versuchung, déi dech beonrouegt huet.

11 Behal dës Wierder, well se si wouer an trei; da wäerts du däin Amt grouss maachen a vill Mënschen op de Wee no Zion bréngen, mat Lidder vun éiweger Freed op hirem Kapp.

12 Hal aus doranner bis un d’Enn, da wäerts du eng Kroun vun éiwegem Liewe kréien zur Rietse vu mengem Papp, dee voller Gnod a Wourecht ass.

13 Wierklech, sou seet den Här, däi Gott, däin Erléiser, jo, de Jesus Christus. Amen.