Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 64


Sektioun 64

Offenbarung, déi duerch de Joseph Smith de Prophet un d’Eelste vun der Kierch zu Kirtland, Ohio, den 11. September 1831 gi gouf. De Prophet huet sech virbereet, op Hiram, Ohio, ze plënneren, fir seng Aarbecht un der Iwwersetzung vun der Bibel ze erneieren, déi wärend senger Zäit zu Missouri op d’Säit geluecht gi war. Eng Grupp vu Bridder, déi den Uerder kruten, op Zion (Missouri) ze reesen, war seriö beschäftegt mat de Virbereedunge fir d’Ofrees am Oktober. Zu dëser beschäftegter Zäit gouf d’Offenbarung kritt.

1–11, D’Helleger kréien den Uerder, sech géigesäiteg ze verzeien, fir datt keng gréisser Sënd an hinne bleift;12–22, Déi, déi net bereien, solle virun d’Kierch bruecht ginn; 23–25, Wien den Zéngte bezilt, gëtt net beim Komme vum Här verbrannt; 26–32, D’Helleger gi viru Scholde gewarnt; 33–36, D’Rebelle ginn aus Zion ausgeschloss; 37–40, D’Kierch wäert d’Natioune riichten; 41–43, Zion wäert bléien.

1 Kuckt, sou seet den Här, äre Gott, zu iech, o dir Eelste vu menger Kierch: Lauschtert an héiert a kritt mäi Wëllen a Bezuch op iech.

2 Well wierklech, ech soen iech: Ech wëll, datt dir d’Welt iwwerwanne sollt; dofir wëll ech mat iech Matleed hunn.

3 Et ginn der ënnert iech, déi gesëndegt hunn; awer wierklech, ech soen: Dës eng Kéier, wéinst menger Herrlechkeet a fir d’Erléisung vu Séilen, verzeien ech iech är Sënden.

4 Ech wëll baarmhäerzeg zu iech sinn, well ech hunn iech d’Räich ginn.

5 An d’Schlëssele vun de Geheimnisser vum Räich Gottes solle mengem Kniecht Joseph Smith Jr. net geholl ginn—duerch d’Mëttel, déi ech bestëmmt hunn, soulaang hie lieft, wann hie meng Veruerdnunge befollegt.

6 Et ginn der, déi ouni Grond eng Ursaach géint hie gesicht hunn;

7 mee huet hie gesëndegt; awer wierklech, ech soen iech: Ech, den Här, verzeien deenen hir Sënden, déi hir Sënde viru mir bekennen an ëm Verzeiung bieden, souwäit si net zum Dout gesëndegt hunn.

8 Meng Jünger an den alen Deeg hunn Ursaach géintenee gesicht an enaner am Häerz net verzien; a wéinst dësem Iwwel sinn si belästegt a schwéier bestrooft ginn.

9 Dofir soen ech iech: Dir sollt enaner verzeien; well wien d’Verfeelunge vu sengem Brudder net verzeit, dee steet schëlleg virum Här; well op him verbleift déi méi grouss Sënd.

10 Ech, den Här, verzeien, wiem ech wëll, awer vun iech gëtt verlaangt, datt dir alle Mënsche verzeit.

11 An dir sollt am Häerz schwätzen: Looss Gott riichten tëschent mir an dir, an hien äntwert dir no dengen Doten.

12 A wie vu senge Sënden net ëmkéiert an se net bekennt, dee sollt dir virun d’Kierch bréngen a mat him verfueren, wéi d’Schrëft et iech seet, sief et duerch Gebot oder duerch Offenbarung.

13 An dat sollt dir maachen, fir datt Gott verherrlecht géif—net, well dir net verzeit, andeems dir kee Matleed hutt, mee fir datt dir virun den Ae vum Gesetz gerechtfäerdegt sidd, fir datt dir deen net beleidegt, deen äre Legislateur ass—

14 wierklech, ech soen: Aus dësem Grond sollt dir dat maachen.

15 Kuckt, ech, den Här, si rosen iwwer den Ezra Booth gewiescht, dee mäi Kniecht war, an och iwwer mäi Kniecht Isaac Morley, well si hu weder d’Gesetz nach d’Gebot gehalen;

16 si hunn am Häerz no Béisem gesicht, an ech, den Här, hu mäi Geescht zeréckgehalen. Si hunn dat, wouranner näischt Béises war, als béis schëlleg gesprach; mee hunn ech mengem Kniecht Isaac Morley verzien.

17 An och mäi Kniecht Edward Partridge, kuckt, hien huet gesëndegt, an de Satan sicht duerno, seng Séil ze vernichten; awer wann hinnen dëst gewise gëtt an si vun deem, wat béis ass, ëmkéieren, wäert hinne verzie ginn.

18 An elo, wierklech, ech soen: Et ass mir wënschenswäert, datt mäi Kniecht Sidney Gilbert no e puer Wochen erëm zu sengem Geschäft an zu senger Agence am Land Zion zeréck kéiert;

19 a wat hie gesinn an héieren huet, géif menge Jünger gewise ginn, fir datt si net ëmkommen. An aus dësem Grond hunn ech dat gesot.

20 A weider, ech soen iech: Fir datt mäi Kniecht Isaac Morley net iwwer d’Mooss vun deem, wat hien erdroe kann, versicht gëtt an iech zu ärem Schued falsch beréit, hunn ech gebueden, datt säi Bauerenhaff verkaaft géif.

21 Ech wëll net, datt mäi Kniecht Frederick G. Williams säi Bauerenhaff verkeeft, well ech, den Här, wëll, datt et am Land Kirtland ee staarke Stëtzpunkt gëtt, an zwar fir déi Dauer vu fënnef Joren; a wärend dëser Zäit wäert ech déi Béis net zu Fall bréngen, well vläicht kann ech doduerch e puer retten.

22 An un deem Dag wäert ech, den Här, kee fir schëlleg ugesinn, dee mat oppenem Häerz an d’Land Zion geet; well ech, den Här, fuerdere vun de Mënschekanner d’Häerz.

23 Kuckt, elo, bis de Jong vum Mënsch kënnt, seet een haut des Daags, also haut; a wierklech, et ass een Dag vum Afferen an een Dag, datt mäi Vollek den Zéngte gëtt; well wien den Zéngte ginn huet, wäert bei sengem Kommen net brenne mussen.

24 Well nom Haut kënnt d’Brennen—wann een no der Weis vum Här schwätzt—well wierklech, ech soen: Muer wäerten all déi, déi stolz sinn an alleguerten, déi Schlechtes maachen, wéi Stoppele sinn; an ech wäert si verbrennen, well ech sinn den Här vun den Arméien, an ech wäert kee schounen, deen a Babylon bleift.

25 Dofir, wann dir mir gleeft, wäert dir schaffen, soulaang et nach haut heescht.

26 An et ass net gutt, wa meng Kniechten Newel K. Whitney a Sidney Gilbert hire Buttek an hire Besëtz hei verkafen; well dat ass keng Weisheet, bis de Rescht vun der Kierch, déi op dëser Plaz bleift, an d’Land Zion eropgeet.

27 Kuckt, a menge Gesetzer heescht et, oder villméi, ass et verbueden, datt s du bei denge Feinde Scholde méchs.

28 Awer kuckt, et heescht néirens, datt den Här net huele kann, wann et him gefält, a bezuele kann, wéi et him gutt schéngt.

29 Dofir sidd dir, déi dir Vertrieder sidd, am Déngscht vum Här; a wat och ëmmer dir nom Wëlle vum Här maacht, dat ass d’Ugeleeënheet vum Här.

30 An hien huet iech agesat, fir datt dir an dëse leschten Deeg fir seng Helleger suergt, fir datt si am Land Zion eng Ierfschaft kréien.

31 A kuckt, ech, den Här, verkënnegen iech—a meng Wierder si sécher a wäerten net vergoen, datt si et kréie wäerten.

32 Awer alles muss zu senger Zäit geschéien.

33 Dofir gitt net midd, dat Richtegt ze maachen, well dir leet de Grond fir ee grousst Wierk. An aus eppes Klengem geet dat Grousst ervir.

34 Kuckt, den Här fuerdert d’Häerz an ee wëllege Sënn; an déi Wëlleg an déi, déi follegen, wäerten an dëse leschten Deeg dat Gutt aus dem Land Zion iessen.

35 An d’Géigner wäerten aus dem Land Zion ofgeschnidden an ewech geschéckt ginn, a si wäerten dat Land net ierwen.

36 Well wierklech, ech soen: D’Géigner sinn net vum Blutt vum Efraim, dofir sollen si ausgerass ginn.

37 Kuckt, ech, den Här, hu meng Kierch an dëse leschten Deeg gläich engem Riichter gemaach, deen op engem Hiwwel sëtzt, un engem héijen Uert, fir d’Natiounen ze riichten.

38 Well et wäert sech erginn: D’Awunner vun Zion sollen an allem, wat Zion betrëfft, Riichter sinn.

39 An d’Ligener an d’Hypokritte solle virun hinnen als souer higestallt ginn, an déijéineg, déi keng Apostelen a Prophete sinn, sollen offensichtlech ginn.

40 An och de Bëschof, deen ee Riichter ass, a seng Conseilleren—wann si an hirer Responsabilitéit net trei sinn, wäerten si schëlleg gesprach ginn, an anerer wäerten an hir Plaz gesat ginn.

41 Well kuckt, ech soen: Zion wäert bléien, an d’Herrlechkeet vum Här wäert dorobber rouen;

42 ee Banner wäert et dem Vollek sinn, an aus jiddwer Natioun ënnert dem Himmel wäerten der bei hie kommen.

43 An den Dag wäert kommen, wou d’Natioune vun der Äerd virun him ziddere wäerten, a viru sengem Schreckleche wäerten si fäerten. Den Här huet et gesprach. Amen.