Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 45


Sektioun 45

Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith un d’Kierch zu Kirtland, Ohio, den 7. Mäerz 1831. Als Aféierung zum Opzeechne vun dëser Offenbarung huet d’Geschicht vum Joseph Smith gesot: „An dëser Zäit vun der Kierch… goufe vill falsch Rapporten … an domm Geschichte publizéiert … an zirkuléiert, … fir d’Leit dovun ofzehalen, d’Aarbecht ze ënnersichen oder de Glawen unzehuelen. … Mee zu der Freed vun den Hellege, … hunn ech follgendes empfaangen.“

1–5, Christus ass eisen Affekot beim Papp; 6–10, D’Evangelium ass e Botschafter, deen de Wee virum Här virbereet; 11–15, Den Henoch an seng Bridder goufe vum Här bei Hie Selwer geholl; 16–23, De Christus huet Zeeche vu Sengem Kommen opgedeckt, wéi se um Bierg vun den Olive gi sinn; 24–38, D’Evangelium gëtt restauréiert, d’Zäite vun den Heide ginn erfëllt, an eng zerstéierend Krankheet wäert d’Land bedecken; 39–47, Zeechen, Wonner an d’Operstéiung sollen dat Zweete Komme begleeden; 48–53, De Christus wäert um Bierg vun den Olive stoen, an d’Judde wäerten d’Wonnen a Sengen Hänn a Féiss gesinn; 54–59, Den Här wäert wärend dem Millennium regéieren; 60–62, De Prophet gëtt ugewisen, mat der Iwwersetzung vum Neien Testament unzefänken, duerch dat wichteg Informatioune bekannt gemaach ginn; 63–75, Den Hellege gëtt ugewisen, sech ze versammelen an dat Neit Jerusalem ze bauen, wouhinner d’Leit aus allen Natioune kommen.

1 Lauschtert, o dir Vollek vu menger Kierch, deenen d’Räich gi ginn ass; lauschtert a schenkt deem Gehéier, deen der Äerd Grond geluecht huet, deen d’Himmelen an hir Vill erschafen huet a vun deem alles erschafen ass, wat lieft a wibbelt an een Dosinn huet.

2 A weider, ech soen iech: Lauschtert op meng Stëmm, fir datt iech net den Dout kënnt; zu enger Stonn, wou dir et net denkt, wäert de Summer eriwwer sinn an d’Recolten op en Enn, an är Séil ass net gerett.

3 Lauschtert him no, deen den Affekot beim Papp ass, dee sech virun him fir är Saach asetzt,

4 nämlech: Papp, kuck dat Leiden an den Dout vun deem, deen net gesëndegt huet an un deem s du Wuelgefalen has; kuck d’Blutt vun dengem Jong, dat vergoss gouf, d’Blutt vun deem, dee s du higinn hues, fir datt s du selwer verherrlecht géifs;

5 dofir, Papp, verschoun dës meng Bridder, déi u mäin Numm gleewen, op datt si bei mech kéimen an éiwegt Liewen hätten.

6 Lauschtert, o dir mäi Vollek vu menger Kierch, an dir Eelster, lauschtert alleguerten no an héiert meng Stëmm, soulaang et nach haut ass, a verhäert net äert Häerz;

7 well wierklech, ech soen iech: Ech sinn den Alpha an den Omega, den Ufank an d’Enn, d’Luucht an d’Liewe vun der Welt—eng Luucht, dat an der Däischtert liicht, an d’Däischtert erfaasst et net.

8 Ech sinn an dat Mäint komm, a Meng hu mech net empfaangen; mee allen, déi mech empfaangen hunn, hunn ech d’Muecht ginn, vill Wonner ze maachen a Kanner Gottes ze ginn; an deenen, déi u mäin Numm gegleeft hunn, hunn ech d’Muecht ginn, éiwegt Liewen ze kréien.

9 An esou hunn ech meng éiweg Allianz an d’Welt geschéckt, datt se der Welt ee Liicht wier, ee Banner fir mäi Vollek, a fir datt déi Aner duerno sichen an datt se viru mengem Gesiicht ee Message wier, deen de Wee viru mir prett mécht.

10 Dofir kommt heibäi, a mat deenen, déi kommen, wëll ech grëndlech schwätze wéi mat Männer an den alen Deeg, an ech wäert iech meng staark Grënn weisen.

11 Dofir lauschtert alleguerten, a loosst mech iech meng Weisheet weisen—d’Weisheet vun deem, vun deem dir sot, hie wier de Gott vum Henoch a senge Bridder,

12 déi vun der Äerd getrennt a vu mir empfaange gi sinn—eng Stad, déi bis zum Dag vun der Gerechtegkeet opgehuewe wäert sinn, an no dësem Dag hunn all helleg Männer gesicht, hien awer net kritt, an zwar wéinst Béist a Grujelen;

13 si hu bekannt, datt si op der Äerd Gäscht a Pilger wieren,

14 mee d’Versprieche kritt hätten, datt si hie fannen an am Fleesch gesi géifen.

15 Dofir lauschtert, an ech wëll mat iech grëndlech schwätzen, an ech wëll zu iech schwätzen a prophezeie wéi zu de Männer an den alen Deeg.

16 An ech wëll et kloer duerleeën, wéi ech et menge Jünger duergeluecht hunn, wéi ech am Fleesch virun hinne stoung an zu hinne geschwat hunn, nämlech: Dir hutt mech gefrot a Bezuch op d’Zeeche vu mengem Kommen un deem Dag, wou ech a menger Herrlechkeet komme wäert aus de Wolleke vum Himmel, fir d’Verspriechungen ze erfëllen, déi ech äre Pappe gemaach hunn,

17 a well dir déi laang Trennung vun ärem Geescht vun ärem Leif als Gefaangenschaft ugesitt, sou wëll ech iech duerleeën, wéi den Dag vun der Erléisung an och vun der Restauratioun vum zerstreeten Israel komme wäert.

18 An elo gesitt dir dësen Tempel, deen a Jerusalem ass, deen dir d’Haus vu Gott nennt; an är Feinde soen, dëst Haus wäert ni astierzen.

19 Awer wierklech, ech soen iech: Verwüüstung wäert iwwert dës Generatioun komme wéi een Déif an der Nuecht, an dëst Vollek wäert zerschloen an ënnert all Natiounen zerstreet ginn.

20 An dësen Tempel, deen dir elo gesitt, wäert nidder gerass ginn, datt och net ee Steen op deem anere bleift.

21 An et wäert sech erginn: Dës Generatioun vu Judde wäert net vergoen, bis jiddwer Verwüüstung, déi ech iech a Bezuch op si gesot hunn, geschitt wäert sinn.

22 Dir schwätzt, dir wéisst, datt d’Enn vun der Welt kënnt; dir schwätzt och, dir wéisst, datt den Himmel an d’Äerd vergoe wäerten;

23 an an dësem schwätzt dir d’Wourecht, well sou ass et; awer dat, wat ech iech gesot hunn, wäert net vergoen, bis alles erfëllt ass.

24 An ech hunn iech dëst a Bezuch op Jerusalem gesot; a wann den Dag kënnt, wäert een Iwwerrescht ënnert allen Natiounen zerstreet ginn;

25 awer si wäerten erëm gesammelt ginn; mee sollen si verbleiwen, bis d’Zäit vun den Aneren sech erfëllt huet.

26 An un deem Dag wäert ee vu Kricher a Rumeuren iwwer Kricher héieren, an d’ganz Äerd wäert a Revolt sinn, an de Mënsche wäert d’Häerz aussetzen, a si wäerte soen, de Christus kéim eréischt zum Enn vun der Äerd.

27 An d’Mënscheléift wäert erkalen, an d’Ongerechtegkeete wäerten Iwwerhand huelen.

28 A wann d’Zäit vun den Anere komm ass, wäert ënnert deenen, déi an der Däischtert sëtzen, eng Luucht ervir briechen, an dat wäert d’Fëllt vu mengem Evangelium sinn.

29 Mee si huelen et net un; well si bemierken d’Luucht net, a wéinst den Uweisunge vu Mënsche wennen si d’Häerz vu mir of.

30 An an där Generatioun wäert sech d’Zäit vun den Aneren erfëllen.

31 An et wäerten an där Generatioun Mënsche liewen, déi net vergoe wäerten, bis si eng iwwerlafent Plo gesinn; well eng zerstéierend Krankheet wäert d’Äerd iwwerzéien.

32 Awer meng Jünger wäerten un hellege Site stoen, a si wäerte fest bleiwen; mee ënnert de Béise wäerte Mënschen d’Stëmm erhiewen, Gott fluchen a stierwen.

33 An op ganz ville Plaze wäerten et och Äerdbiewe ginn a vill Zerstéierung; an awer wäerten d’Mënschen hiert Häerz géint mech verhäerten, a si wäerten d’Schwäert ergräifen, ee géint den aneren, a si wäerte jiddereen ëmbréngen.

34 Elo awer, wéi ech, den Här, dës Wierder zu menge Jünger gesot hat, waren si beonrouegt.

35 An ech hunn zu hinne gesot: Beonrouegt iech net; well wann dëst alles geschéie wäert, kënnt dir wëssen, datt déi Verspriechen, déi iech gemaach gi sinn, an Erfëllung goe wäerten.

36 A wann d’Luucht ufänke wäert ervir ze briechen, wäert et mat hinnen si wéi an deem Gläichnes, dat ech iech duerleeë wëll:

37 Dir kuckt a gesitt d’Figebeem, an dir gesitt se mat ären Aen, a wann se ufänken ze dreiwen an d’Blieder nach zaart sinn, sou sot dir, de Summer wier no.

38 Sou wäert et och un deem Dag sinn: Wann si dëst alles gesinn, da wäerten si wëssen, datt d’Stonn no ass.

39 An et wäert sech erginn: Wien mech fäert, kuckt aus nom kommende groussen Dag vum Här, nämlech no den Zeechen, déi uweise sollen, datt de Jong vum Mënsch kënnt.

40 A si wäerten Zeechen a Wonner gesinn, well dës wäerten am Himmel uewen an op der Äerd ënne gewise ginn.

41 A si wäerte Blutt a Feier an Damp gesinn.

42 A bevir den Dag vum Här kënnt, wäert sech d’Sonn verdäischteren, an de Mound wäert sech a Blutt verwandelen, an d’Stäre wäerte vum Himmel falen.

43 An den Iwwerrescht wäert un dësem Uert gesammelt ginn;

44 an da wäerten si no mir auskucken, a kuckt, ech wäert kommen; a si wäerte mech gesinn an de Wolleke vum Himmel, gemaach mat Muecht a grousser Herrlechkeet, mat allen hellegen Engelen; a wie mech net erwaart, wäert ofgeschnidde ginn.

45 Awer bevir den Aarm vum Här nidder fält, wäert een Engel seng Trompett ertéine loossen, an déi Helleg, déi schlofen, wäerten ervirkommen, mir entgéint an de Wolleken.

46 Dofir, wann dir a Fridde geschlof hutt, sidd dir geséint; well sou wouer dir mech elo gesitt a wësst, datt ech sinn, sou wäert dir bei mech kommen, an är Séil wäert liewen, an är Erléisung wäert komplett ginn; an déi Helleg wäerte vun de véier Enne vun der Äerd ervirkommen.

47 Da wäert den Aarm vum Här op d’Natiounen nidder falen.

48 An da wäert den Här säi Fouss op dëse Bierg setzen, an dëse wäert sech splécken, an d’Äerd wäert zidderen an hin an hier wackelen, an och d’Himmele wäerte biewen.

49 An den Här wäert seng Stëmm schale loossen, an all Enne vun der Welt wäerten se héieren; an d’Natioune vun der Äerd wäerten traueren, an déi gelaacht hunn, wäerten hir Dommheet agesinn.

50 An Onheel wäert iwwert deen, dee verspott, kommen, an deen, déi veruecht, wäert verbraucht ginn, a wien op Ongerechtegkeete gelauert huet, wäert ëmgehaen an an d’Feier geworf ginn.

51 An da wäerten d’Judde mech erblécken a schwätzen: Wat sinn dat fir Wonnen un dengen Hänn an un denge Féiss?

52 Da wäerten si wëssen, datt ech den Här sinn; well ech wäert zu hinne schwätzen: Dës Wonne sinn d’Wonnen, mat deenen ech am Haus vu menge Frënn verwonnt gi sinn. Ech sinn et, deen héich gehuewe ginn ass. Ech sinn de Jesus, dee gekräizegt ginn ass. Ech sinn de Jong vu Gott.

53 An da wäerten si wéinst hire béisen Dote kräischen, da wäerten si bedaueren, well si hire Kinnek verfollegt hunn.

54 An da wäerten déi heednesch Natiounen erléist ginn, an déijéineg, déi kee Gesetz kannt hunn, wäerten un der éischten Opersteeung Deel hunn; an et wäert tolerabel fir si sinn.

55 An de Satan wäert gebonne ginn, sou datt hien am Häerz vun de Mënschekanner keng Plaz méi wäert hunn.

56 An un deem Dag, wou ech a menger Herrlechkeet komme wäert, wäert dat Gläichnes, dat ech vun den zéng Jongfraen erzielt hunn, an Erfëllung goen.

57 Well déijéineg, déi weis sinn an d’Wourecht empfaangen hunn an déi sech den Hellege Geescht als Führer geholl hunn a sech net hunn täusche loossen—wierklech, ech soen iech: Si wäerten net ëmgehaen an an d’Feier geworf ginn, mee den Dag aushalen.

58 An d’Äerd wäert hinnen als Ierfschaft iwwergi ginn; a si wäerten sech multiplizéieren a staark wuessen, an hir Kanner wäerten ouni Sënd opwuessen zu hirer Erléisung.

59 Well den Här wäert matzen ënnert hinne sinn, a seng Herrlechkeet wäert op hinne rouen, an hie wäert hire Kinnek a Legislateur sinn.

60 An elo kuckt, ech soen iech: Et ass iech net ginn, nach Weideres iwwert dës Kapitel ze wëssen, bis dat Neit Testament iwwersat ass; an doranner wäert dëst alles ugekënnegt ginn;

61 dofir accordéieren ech iech, et elo ze iwwersetzen, fir datt dir iech op dat Kommend prett maache kënnt.

62 Well wierklech, ech soen iech: Grousses erwaart iech;

63 dir héiert vu Kricher a frieme Länner; mee kuckt, ech soen iech: Se sinn no, jo, virun ärer Dir, an an e puer Jore wäert dir vu Kricher an ärem eegene Land héieren.

64 Dofir hunn ech, den Här, gesot: Sammelt iech aus den Oststaaten, versammelt iech, dir Eelste vu menger Kierch; gitt an d’Länner am Westen, rufft d’Bewunner zur Ëmkéiert, a wann si ëmkéieren, da baut mir Gemeinschaften op.

65 An dir sollt—an engem Häerz an engem Geescht—är Räichtemer zesummendroen, fir iech eng Ierfschaft kafen ze kënnen, dat iech spéider nach bestëmmt wäert ginn.

66 An et soll dat Neit Jerusalem genannt ginn, ee Land vu Fridden, eng Stad fir Refugiéen, een Uert mat Sécherheet fir déi Helleg Gottes, dem Allerhéchsten,

67 an d’Herrlechkeet vum Här wäert do sinn, an de Schrecke vum Här wäert och do sinn, sou vill, datt déi Béis net hikomme wäerten, an et wäert een et Zion nennen.

68 An ënnert de Béise wäert et sech erginn: Jiddwereen, deen net géint säin Nächsten zum Schwäert gräife wëll, muss senger Sécherheet wëllen noutwennegerweis no Zion flüchten.

69 An aus jiddwer Natioun ënnert dem Himmel wäerten sech der e puer dohinner sammelen, an et wäert dëst dat eenzegt Vollek sinn, dat sech net ënnert sech bekricht.

70 An ënnert de Béise wäert ee schwätzen: Loosst eis net géint Zion eropgoen a kämpfen, well d’Awunner vun Zion si schrecklech, a dofir kënne mir net bestoen.

71 An et wäert sech erginn: Déi Gerecht wäerten aus allen Natioune gesammelt ginn an no Zion kommen—sange wäerten si d’Lidder vun éiweger Freed.

72 An elo soen ech iech: Behaalt dat bei iech, datt et net an d’Welt erausgeet, bis et mir wënschenswäert ass, fir datt dir dëst Wierk virun den Ae vum Vollek a virun den Ae vun äre Feinde verriichte kënnt, fir datt si näischt vun ärem Wierk gewuer ginn, bis dir dat, wat ech iech gebueden hunn, vollbruecht hutt,

73 fir datt si, wann si et gewuer ginn, doriwwer nodenken.

74 Well wann den Här erschéngt, wäert et fir si schrecklech sinn, sou datt si vun Angscht ergraff ginn, a si wäerte wäit stoen an zidderen.

75 An all Natioune wäerte fäerte wéinst dem Schrecke vum Här a wéinst der Gewalt vu senger Muecht. Jo. Amen.