Sektioun 41
Offenbarung, déi duerch de Prophet Joseph Smith un d’Kierch zu Kirtland, Ohio, de 4. Februar 1831 ginn ass. Dës Offenbarung instruéiert de Prophet an d’Eelste vun der Kierch, ze bieden, fir Gottes „Gesetz“ ze kréien (kuckt Sektioun 42). De Joseph Smith war just aus New York zu Kirtland ukomm, an de Leman Copley, e Kierchemember no bei Thompson, Ohio, „huet de Brudder Joseph a Sidney [Rigdon] gefrot … bei him ze wunnen an hie géif hinnen Haiser a Versuergung ubidden.“ Déi follgend Offenbarung erkläert, wou de Joseph an de Sidney wunne sollen, a berifft den Edward Partridge och zum éischte Bëschof vun der Kierch.
1–3, D’Eelste wäerten d’Kierch mam Geescht vun der Offenbarung regéieren; 4–6, Déi richteg Jünger wäerten d’Gesetz vum Här kréien an halen; 7–12, Den Edward Partridge gëtt als Bëschof vun der Kierch ernannt.
1 Lauschter an héier, o du mäi Vollek, schwätzt den Här an äre Gott, dir, déi ech mat grousser Freed mat der gréisste vun alle Seenunge séinen, iech, déi dir mech héiert; an iech, déi dir mech net héiert, wëll ech verfluchen—iech, déi dir mäin Numm virginn hutt—mat dem schwéierste vun alle Fluchen.
2 Lauschtert, o dir Eelste vu menger Kierch, déi ech beruff hunn; kuckt, ech ginn iech d’Gebot, iech ze versammelen, fir datt dir iech iwwert mäi Wuert eenege kënnt;
3 an duerch d’Gebiet vun ärem Glawe wäert dir mäi Gesetz empfänken, fir datt dir wësst, wéi dir meng Kierch an alles viru mir richteg op de Wee brénge sollt.
4 An ech wäert ären Herrscher sinn, wann ech kommen; a kuckt, ech komme schnell, an dir sollt dorobber kucken, datt mäi Gesetz agehale gëtt.
5 Wie mäi Gesetz empfänkt an et mécht, deen ass mäi Jünger; a wie seet, hien empfänkt et, a mécht et net, deen ass net mäi Jünger a soll aus ärer Mëtt ausgestouss ginn.
6 Well et ass net gutt, wann dat, wat de Kanner vum Räich gehéiert, deene gi gëtt, déi net wierdeg sinn—oder den Hënn, oder datt d’Pärele virun d’Sai geworf ginn.
7 A weider: Et ass gutt, wa mäi Kniecht Joseph Smith Jr. een Haus baue léisst, wouranner hie wunnen an iwwersetze kann.
8 A weider: Et ass gutt, wa mäi Kniecht Sidney Rigdon sou lieft, wéi et him gutt schéngt, souwäit hie meng Geboter hält.
9 A weider: Ech hu mäi Kniecht Edward Partridge beruff, an ech ginn him d’Gebot: Hie soll, duerch d’Stëmm vun der Kierch bestëmmt, zum Bëschof fir d’Kierch ordinéiert ginn, säin Handelgeschäft opginn a seng ganz Zäit op d’Aarbecht vun der Kierch verwennen—
10 datt hien alles erleedegt, wéi et him a menge Gesetzer bestëmmt gëtt un deem Dag, wou ech se wäert ginn.
11 Dëst geschitt, well säin Häerz viru mir reng ass, well hien ass ouni Falschheet wéi a fréieren Zäiten den Nathanael.
12 Dës Wierder sinn iech ginn, an se si reng viru mir; dofir passt op, wéi dir domadder ëmgitt, well um Dag vum Geriicht wäert är Séil dofir d’Responsabilitéit droe mussen. Jo. Amen.