Sektioun 38
Offenbarung ginn duerch de Prophet Joseph Smith, zu Fayette, New York, den 2. Januar 1831. D’Geleeënheet war eng Konferenz vun der Kierch.
1–6, De Christus huet alles erschaf; 7–8, Hien ass an der Mëtt vu Sengen Hellegen, déi Hie geschwë wäerte gesinn; 9–12, All Fleesch ass virun Him verduerwe; 13–22, Hien huet e Land vum Versprieche fir Seng Helleger an der Zäit an an der Éiwegkeet reservéiert; 23–27, Den Hellege gëtt gebueden, een ze sinn an sech géigesäiteg als Bridder ze schätzen; 28–29,Kricher gi virausgesot; 30–33, D’Helleger solle Muecht vun uewe kréien a sollen ënnert all Natiounen erausgoen; 34–42, Der Kierch gëtt gebueden, sech ëm déi Aarm a Bedierfteger ze këmmeren an de Räichtum vun der Éiwegkeet ze sichen.
1 Sou seet den Här, äre Gott, nämlech de Jesus Christus, de groussen ECH SINN, den Alpha an den Omega, den Ufank an d’Enn, hien, deen op d’Gréisst vun der Éiwegkeet an d’Engele vum Himmel alleguerte gebléckt huet, bevir d’Welt erschaf gouf,
2 hien, deen alles weess; well alles ass viru mengen Aen aktuell.
3 Ech sinn et, dee gesprach huet, an d’Welt ass erschaf ginn, an alles ass duerch mech ginn.
4 Ech sinn et, deen dat Zion vum Henoch a sengem Schouss opgeholl huet, jo, wierklech, ech soen, nämlech alleguerten, déi u mäin Numm gegleeft hunn, well ech si Christus; an a mengem eegenen Numm a mat der Dugend vu mengem Blutt, dat ech vergoss hunn, hunn ech mech beim Papp fir si agesat.
5 Mee kuckt, déi Béis, déi iwwreg sinn, hunn ech an de Kette vun der Däischtert gelooss bis zum Geriicht vum groussen Dag, deen um Enn vun der Äerd komme wäert;
6 genausou wëll ech déi Béis hale loossen, déi meng Stëmm net héiere wëllen, mee hiert Häerz verhäerten; a Wéi, Wéi, Wéi ass hiert Lous.
7 Mee kuckt, wierklech, wierklech, ech soen iech: Meng Ae rouen op iech. Ech si matzen ënnert iech, an dir kënnt mech net gesinn;
8 mee den Dag kënnt gläich, wou dir mech wäert gesinn an da wäert dir wëssen, datt ech sinn; well de Schleier vun der Däischtert wäert gläich zerräissen, a wien net reng gemaach ginn ass, wäert deen Dag net aushale kënnen.
9 Dofir maacht iech prett a sidd prett. Kuckt, d’Räich ass äert, an de Feind wäert net d’Victoire dovunner kréien.
10 Wierklech, ech soen iech: Dir sidd reng, mee net alleguerten; an et gëtt soss keen, un deem ech Wuelgefalen hunn;
11 well all Fleesch ass verduerwe viru mir, an op der Äerd hunn d’Muechte vun der Däischtert iwwerhand geholl, ënnert de ville Mënschekanner, a Géigewaart vun all deene Villen am Himmel—
12 an dat ass de Grond, firwat Stëllt herrscht an déi ganz Éiwegkeet Péng huet an d’Engelen op de grousse Befeel waarden, d’Äerd of ze recoltéieren, d’Onkraut anzesammelen, fir datt et verbrannt gëtt; a kuckt, de Feind huet sech zesumme geschloss.
13 An elo weisen ech iech ee Geheimnis, eppes, wat verstoppt ass a wat am Laf vun der Zäit souguer är Vernichtung op de Wee brénge soll, an dir hutt et net gewosst.
14 Mee elo soen ech et iech, an dir sidd geséint, net wéinst ären Ongerechtegkeeten, och net wéinst ärem ongleewegen Häerz—well wierklech, e puer vun iech si viru mir schëlleg, mee ech wëll ärer Schwaachheet baarmhäerzeg sinn.
15 Dofir sidd vun elo un staark; fäert net, well d’Räich ass äert.
16 An zu ärer Erléisung ginn ech iech ee Gebot, well ech hunn är Gebieder héieren, an déi Aarm hu viru mir geklot, an déi Räich hunn ech erschaf, an alles Fleesch ass mäin, an ech kenne keen Ënnerscheed.
17 An ech hunn d’Äerd räich gemaach, a kuckt, se ass mäi Fousshocker, an dofir wäert ech erëm op hir stoen.
18 An ech bidden iech nach méi Räichtemer a loosse mech erof, iech se ze ginn, jo, ee Land vum Verspriechen, ee Land, dat vu Mëllech an Hunneg fléisst, a kee Fluch wäert dorobber rouen, wann den Här kënnt.
19 An ech wëll et iech als d’Land vun ärer Ierfschaft ginn, wann dir mat ganzem Häerz duerno truecht.
20 A meng Allianz mat iech ass dëst: Dir sollt et als d’Land vun ärer Ierfschaft hunn an als Ierfschaft vun äre Kanner fir ëmmer, soulaang d’Äerd steet, an dir wäert et an der Éiwegkeet weider besëtzen, an et soll iech net méi vergoen.
21 Mee wierklech, ech soen iech: An der Zäit vun der Äerd sollt dir kee Kinnek nach Herrscher hunn, well ech wëll äre Kinnek sinn an iwwert iech waachen.
22 Dofir lauschtert meng Stëmm a kommt mir no, da wäert dir ee fräit Vollek sinn, an dir wäert, wann ech kommen, keng aner Gesetzer hunn wéi meng Gesetzer, well ech sinn äre Gesetzgeber, a wat kéint menger Hand Halt maachen?
23 Mee wierklech, ech soen iech: Beléiert een den aneren nom Amt, wouzou ech iech bestëmmt hunn,
24 A loosst jiddweree säi Brudder uechte wéi sech selwer, an Dugend an Hellegkeet übe viru mir.
25 An nach eng Kéier soen ech iech: Loosst jiddweree säi Brudder uechte wéi sech selwer.
26 Well wéi ee Mann ënnert iech, deen zwielef Jongen huet an tëschent hinne keen Ënnerscheed kennt—a si déngen him voll Gehorsam, géif zu deem enge soen: Kleed dech festlech a sëtz dech heihinner, an zu deem aneren: Kleed dech an ale Lompen a sëtz dech dohinner, a kéint dann op seng Jonge blécken a soen: Ech si gerecht?
27 Kuckt, ech hunn iech dëst als Gläichnes ginn, an et ass esou, wéi ech sinn. Ech soen iech: Sidd eens, a wann dir net eens sidd, da sidd dir net mäin.
28 A weider, ech soen iech: de Feind, dee verstoppt haust, sicht iech nom Liewen.
29 Dir héiert vu Kricher a Länner, déi wäit ewech sinn, an dir sot: et wäerte gläich grouss Kricher a Länner, déi wäit ewech sinn, ginn; mee dir kennt net d’Häerzer vun de Mënschen an ärem eegene Land.
30 Ech soen iech dat, well dir gebiet hutt; dofir sammelt iech am Häerz Weisheet wéi ee Schatz, fir datt net d’Béist vun de Mënschen iech dëst duerch hir Béist offenbaart, an zwar op eng Weis, datt et iech an den Ouere jäizt wéi eng Stëmm, déi méi haart ass wéi eng, déi d’Äerd ziddere mécht; mee wann dir prett sidd, wäert dir net fäerten.
31 A fir datt dir vun der Muecht vum Feind flüchte géift an iech als mäi gerecht Vollek ouni Flecken a Schold zu mir hi sammelt,
32 dofir hunn ech iech d’Gebot ginn, un den Ohio ze goen; a do wëll ech iech mäi Gesetz ginn; an do sollt dir mat Muecht aus der Héicht—mat enger Dotatioun—ausgerëscht ginn.
33 A vun do sollen déijéineg, vun deenen ech et wëll, higoen ënner all Natiounen, an et wäert hinne gesot ginn, wat si maache sollen; well ech hunn ee grousst Wierk bereet leien, well Israel soll gerett ginn, an ech wäert si féieren, wouhinner och ëmmer ech wëll, a keng Muecht soll meng Hand ophale kënnen.
34 An elo ginn ech der Kierch an dëser Géigend d’Gebot, datt e puer Männer vun iech bestëmmt solle ginn, a si sollen duerch d’Stëmm vun der Kierch bestëmmt ginn;
35 a si sollen no den Aarmen an deene Leit, déi Hëllef brauchen, kucken an hinnen Erliichterung verschafen, sou datt si net leiden, an si no deem Uert schécken, deen ech hinne gebueden hunn.
36 An hir Aarbecht ass et, datt si dat reegelen, wat mam Eegentum vun dëser Kierch ze dinn huet.
37 A wann een ee Bauerenhaff huet, deen net verkaaft ka ginn, da soll hien en zeréckloossen oder verlounen, wéi et him gutt schéngt.
38 Kuckt, datt alles erhale gëtt; a wa Männer mat Muecht aus der Héicht—mat enger Dotatioun—ausgerëscht sinn a rausgeschéckt ginn, da soll dëst alles am Schouss vun der Kierch gesammelt ginn.
39 A wann dir no de Räichtemer sicht, déi de Papp gewëllt ass, iech ze ginn, wäert dir dat räichst vun alle Vëlker sinn, well dir wäert d’Räichtemer vun der Éiwegkeet hunn; an et muss noutwennegerweis esou sinn, datt et u mir ass, d’Räichtemer vun der Äerd ze ginn; mee passt op virum Stolz, fir datt dir net esou gitt wéi a fréieren Zäiten d’Nephiten.
40 A weider, ech soen iech: Ech ginn iech d’Gebot, datt jiddwer Mann, ob Eelsten, Priister, Instructeur oder och Member, mat aller Muecht dorunner geet, duerch d’Aarbecht vu sengen Hänn dat virzebereeden an auszeféieren, wat ech gebueden hunn.
41 A loosst äert Priedegen déi Stëmm sinn, déi warnt—jiddweree fir säin Noper—voll Versteesdemech an Doucet.
42 A gitt eraus ënnert déi Béis. Rett iech selwer. Sidd reng, déi dir d’Behälter vum Här drot. Jo. Amen.