Sektioun 26
Offenbarung, déi dem Joseph Smith, dem Prophet, dem Oliver Cowdery an dem John Whitmer zu Harmonie, Pennsylvanien, am Juli 1830 ginn ass (kuckt d’Iwwerschrëft vun der Sektioun 24).
1, Si kréien d’Instruktioun, d’Schrëften ze studéieren an ze priedegen; 2, D’Gesetz vun der gemeinsamer Zoustëmmung gëtt bestätegt.
1 Kuckt, ech soen iech: Verwennt är Zäit dorobber, d’helleg Schrëft ze studéieren, ze priedegen an d’Gemeinschaft zu Colesville ze stäerken an är Aarbecht um Land ze verriichten, wéi et erfuerderlech ass, bis dir nom Weste gitt, fir déi nächst Konferenz ofzehalen; an da wäert et gewise ginn, wat dir maache sollt.
2 An an der Kierch soll alles mat allgemenger Zoustëmmung gemaach ginn, duerch vill Bieden a feste Glawen, well dir sollt alles duerch feste Glawen empfänken. Amen.