Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 25


Sektioun 25

Offenbarung ginn duerch de Prophet Joseph Smith, zu Harmonie, Pennsylvanien, am Juli 1830 (kuckt d’Iwwerschrëft vun der Sektioun 24). Dës Offenbarung manifestéiert de Wëlle vum Här der Emma Smith, der Fra vum Prophet.

1–6, D’Emma Smith, eng auserwielte Fra, gëtt beruff, hirem Mann ze hëllefen an ze tréischten; 7–11, Si gëtt och beruff, ze schreiwen, Schrëften ze erklären an Hymnen auszewielen; 12–14, D’Lidd vun de Gerechten ass e Gebiet un den Här; 15–16, D’Prinzippie vum Follegen an dëser Offenbarung si fir all applikabel.

1 Lauschter op d’Stëmm vum Här, dengem Gott, wärend ech zu dir, meng Duechter Emma Smith, schwätzen; well wierklech, ech soen dir: Alleguerten, déi mäin Evangelium unhuelen, si Jongen an Duechteren a mengem Räich.

2 Ech ginn dir eng Offenbarung a Bezuch op mäi Wëllen, a wann s du trei bass an op de Weeër vun der Dugend viru mir wandels, wäert ech däi Liewe preservéieren, an du solls eng Ierfschaft an Zion empfänken.

3 Kuck, deng Sënde sinn dir verzien, an du bass eng auserwielte Fra, déi ech beruff hunn.

4 Grommel net iwwer eppes, wat s du net gesinn hues, well et ass dir an och der Welt virenthalen—an dat ass no menger Weisheet—fir eng zukünfteg Zäit.

5 An d’Amt vun denger Beruffung besteet doranner, datt s du mengem Kniecht Joseph Smith Jr., dengem Mann, een Trouscht a senger Nout solls sinn, mat berouegende Wierder, mat Duussheet.

6 An du solls mat him goen, wann hie geet, an him als Schreiwerin déngen, wa kee Schreiwer fir hien do ass, sou datt ech mäi Kniecht Oliver Cowdery schécke kann, wou och ëmmer ech wëll.

7 An du solls vu mir ordinéiert ginn, d’helleg Schrëft ze erklären an d’Kierch ze ermanen, wéi et dir duerch mäi Geescht agi wäert ginn.

8 Well hie wäert dir d’Hänn opleeën, an du wäerts den Hellege Geescht empfänken, an deng Zäit soll dorobber verwennt ginn, ze schreiwen a vill ze léieren.

9 An du brauchs net ze fäerten, well däi Mann wäert an der Kierch fir dech suergen; well seng Beruffung ass d’Kierch, fir datt hinnen alles, wat ech wëll, no hirer Glawenstrei reveléiert ka ginn.

10 A wierklech, ech soen dir: Du solls d’Saache vun dëser Welt opginn an no de Saache vun enger bessere Welt striewen.

11 An et wäert dir och gi ginn, eng Auswiel vun hellege Lidder ze treffen, wéi et dir agi wäert ginn a wéi et mir gefält, datt se a menger Kierch verwennt ginn.

12 Well meng Séil freet sech um Lidd vum Häerzen; jo, d’Lidd vun de Gerechten ass ee Gebiet zu mir, an et wäert hinne mat enger Seenung um Kapp beäntwert ginn.

13 Dofir hief däin Häerz héich a free dech, an hal un den Allianze fest, déi s du agaange bass.

14 Verbleif am Geescht vun der Duussheet, a pass op virum Stolz. Looss deng Séil sech un dengem Mann erfreeën an un der Herrlechkeet, déi op hie komme wäert.

15 Hal bestänneg meng Geboter, da wäerts du eng Kroun vun der Gerechtegkeet empfänken. A wann s du dat net méchs, kanns du net dohinner kommen, wou ech sinn.

16 A wierklech, wierklech, ech soen dir: Dat ass meng Stëmm un alleguerten. Amen.