Sektioun 22
Offenbarung ginn duerch de Prophet Joseph Smith, zu Manchester, New York, de 16. Abrëll 1830. Dës Offenbarung gouf der Kierch ginn, well e puer, déi virdru gedeeft gi waren, sech mat der Kierch vereenege wollten, ouni nei Daf.
1, D’Daf ass eng nei an éiweg Allianz; 2–4, Eng Daf duerch Autoritéit ass erfuerderlech.
1 Kuckt, ech soen iech: Ech hunn all al Allianzen an dëser Hisiicht vergoe gelooss; an dëst ass eng nei an éiweg Allianz, nämlech deen, dee vun Ufank un bestanen huet.
2 Dowéinst, wann een och honnert Mol gedeeft sollt sinn, sou notzt et him näischt, well dir kënnt weder duerch d’Gesetz vum Moses nach duerch är doudeg Wierker bei der enker Paart antrieden.
3 Well wéinst ären doudege Wierker hunn ech dës lescht Allianz an dës Kierch fir mech opriichte gelooss, jo, wéi an den alen Deeg.
4 Dofir gitt bei der Paart eran, wéi ech et iech kommandéiert hunn, a sicht net duerno, ärem Gott Rotschléi ze ginn. Amen.