Sektioun 19
Offenbarung ginn duerch de Joseph Smith, zu Manchester, New York, warscheinlech am Summer 1829. An senger Geschicht stellt de Prophet et als „e Gebot vu Gott a net vum Mënsch, dem Martin Harris vir, gi vun him, deen Éiweg ass.“
1–3, Christus huet all Muecht; 4–5, All Mënsche mussen ëmkéieren oder leiden; 6–12, Éiweg Strof ass Gottes Strof; 13–20, De Christus huet fir all gelidden, fir datt si net leiden, wann si ëmkéiere wéilten; 21–28, D’Evangelium vun der Ëmkéiert priedegen; 29–41, Déi frou Noriicht verkënnegen.
1 Ech sinn den Alpha an den Omega, Christus, den Här; jo, ech sinn et selwer, den Ufank an d’Enn, den Erléiser vun der Welt.
2 Ech hunn dat ausgefouert an erfëllt, wat deen, vun deem ech sinn, nämlech de Papp, vu mir gewollt huet—ech hunn et gemaach, fir mech iwwert alles ze erhiewen;
3 ech hunn all Muecht; jo, och fir d’Vernichtung vum Satan a senge Wierker um Enn vun der Welt an um leschte groussen Dag vum Geriicht, dat ech iwwer hir Bewunner hale wäert, andeems ech jiddwer Mënsch riichte wäert no senge Wierker an den Doten, déi hie gemaach huet.
4 A gewëss muss jiddwer Mënsch Ëmkéiert üben oder leiden, well ech, Gott, sinn onendlech.
5 Dofir huelen ech déi Urteeler, déi ech schwätze wäert, net zeréck, mee Leed, Kräischen, Lamentéieren an Zänn Knirsche wäert kommen, nämlech iwwer déijéineg, déi dann zu menger Lénke sinn.
6 Awer steet net geschriwwen, datt dës Qual keen Enn wäert hunn, mee et steet geschriwwen: onendlech Qual.
7 Weider steet geschriwwen: éiweg Verdaamt; dofir ass dës Schrëftstell méi däitlech wéi anerer, sou datt se komplett zur Herrlechkeet vu mengem Numm ob d’Häerz vun de Mënschekanner awierke kann.
8 Dofir wëll ech dëst Geheimnis erklären, well et ass gutt, wann s du et weess, genausou wéi meng Apostelen.
9 Ech schwätzen zu dir, dee s du an dëser Saach wéi sou ee gewielt bass, fir datt s du a meng Rou agoe kanns.
10 Well kuck, d’Geheimnis vun der Gottes-Frëmmegkeet—wéi grouss ass se dach! Well kuck, ech sinn onendlech, an d’Strof, déi aus menger Hand kënnt, ass onendlech Strof, well Onendlech ass mäin Numm. Also:
11 éiweg Strof ass Gottes Strof;
12 onendlech Strof ass Gottes Strof.
13 Dofir kommandéieren ech dir, ëmzekéieren an d’Geboter ze halen, déi s du vu mengem Kniecht Joseph Smith Jr. a mengem Numm empfaangen hues;
14 an du hues se duerch meng allmächteg Muecht empfaangen;
15 dofir kommandéieren ech dir ëmzekéieren—kéier ëm, soss schloen ech dech mat der Rutt vu mengem Mond a mat menger Roserei, an deng Leide wäerte schwéier sinn: wéi penibel, dat weess du net, wéi gewaltsam, dat weess du net, jo, wéi schwéier ze erdroen, dat weess du net.
16 Well kuck, ech, Gott, hunn dat fir alleguerte gelidden, fir datt si net leide mussen, souwäit si ëmkéieren;
17 awer wann si net ëmkéieren, mussen si leide wéi ech,
18 an dëst Leiden huet souguer mech, Gott, de Gréisste vun alleguerten, vu Péng zidderen, aus jiddwer Por bludden an u Leif a Geescht leide gelooss—an ech wollt de battere Kellech net drénke mussen, mee wollt zeréckschrecken—
19 mee Herrlechkeet sief dem Papp: ech hunn dovunner gedronk an dat ausgefouert, wat ech fir d’Mënschekanner virhat, bis zum Enn.
20 Dofir kommandéieren ech dir erëm: Kéier ëm, soss humiliéieren ech dech mat menger allmächteger Muecht, a bekenn deng Sënden, soss erleits du déi Strofen, wouvunner ech gesprach hunn, an dovunner has du ee ganz klengen, jo, ee ganz gerénge Virgeschmaach deemools, wéi ech dir mäi Geescht entzunn hunn.
21 An ech kommandéieren dir, näischt aneschtes ewéi nëmmen Ëmkéiert ze priedegen; a weis dëst net der Welt, bis et no menger Weisheet richteg ass.
22 Well si kënnen elo nach kee Fleesch verdroen, mee musse fir d’éischt Mëllech kréien; dofir dierfen si heivunner näischt wëssen, fir datt si net ëmkommen.
23 Léier vu mir, a lauschter op meng Wierder; wandel an der Duussheet vu mengem Geescht, da wäerts du Fridden hunn a mir.
24 Ech sinn de Jesus Christus, ech sinn nom Wëlle vum Papp komm, an ech maache säi Wëllen.
25 A weider kommandéieren ech dir: Glëscht net no der Fra vun dengem Nächsten, an truecht dengem Nächsten net nom Liewen.
26 A weider kommandéieren ech dir: Glëscht net no denger eegener Proprietéit, mee gëff dovunner gär fir den Drock vum Buch vum Mormon, wouranner d’Wourecht an d’Wuert vu Gott enthalen ass—
27 an dat ass mäi Wuert un déi Aner, fir datt et gläich un d’Judde komme géif, vun deenen d’Lamaniten een Iwwerrescht sinn, sou datt si d’Evangelium gleewen an net no engem Messias auskucken, dee komme soll, wann hie jo scho komm ass.
28 A weider kommandéieren ech dir: Biet souwuel haart ewéi och am Häerzen, jo, souwuel virun der Welt ewéi och heemlech, souwuel an der Ëffentlechkeet ewéi och wann s du eleng bass.
29 An du solls frou Noriicht verkënnegen, jo, verkënneg se op de Bierger an op jiddwer héijem Uert an ënner jiddwer Vollek, dat ze besichen dir erlaabt wäert sinn.
30 An du solls et an aller Humilitéit maachen, am Vertrauen op mech, an déi, déi dech beleidegen, net och beleidegen.
31 Vu Léiersäz solls du net schwätzen, mee du solls Ëmkéiert verkënnegen an de Glawen un de Retter an d’Verzeiung vu de Sënden duerch d’Daf an duerch Feier, jo, nämlech den Hellege Geescht.
32 Kuck, dëst ass e grousst Gebot, dat lescht, dat ech dir an dëser Ugeleeënheet ginn; well dëst soll dir fir däin deegleche Wandel duer goen, jo, bis un d’Enn vun dengem Liewen.
33 A Misär wäerts du empfänken, wann s du dës Rotschléi ignoréiers, jo, souguer däin eegenen Ënnergang an dee vun denger Proprietéit.
34 Gëff een Deel vun denger Proprietéit hin, jo, nämlech een Deel vun dengem Land, ausser wat s du zum Erhale vun denger Famill brauchs.
35 Bezuel deng Scholden, déi s du beim Drucker gemaach hues. Befrei dech aus der Kniechtschaft.
36 Verlooss däin Haus an Heem, ausser wann s du de Wonsch hues, deng Famill ze gesinn,
37 a schwätz fräi zu jiddwerengem, jo, priedeg, erman, verkënneg d’Wourecht, nämlech mat haarder Stëmm, mam Toun vun der Freed, a ruff: Hosanna, hosanna, geséint sief den Numm Gottes vum Här!
38 Biet ëmmer, da wäert ech mäi Geescht iwwer dech ausschëdden, a grouss wäert deng Seenung sinn—jo, méi grouss, wéi wann s du d’Schätz vun der Äerd an d’Verfault am selwechten Ausmooss kréie géifs.
39 Kuck, kanns du dëst liesen, ouni dech ze freeën an ouni datt s du däin Häerz vu Freed héich hiefs?
40 Oder kanns du nach méi laang als blanne Führer dorëmmer lafen?
41 Oder kanns du bescheiden an duuss sinn an dech viru mir weis verhalen? Jo, komm bei mech, dengem Retter. Amen.