Sektioun 18
Offenbarung un de Prophet Joseph Smith, den Oliver Cowdery an den David Whitmer, ginn zu Fayette, New York, am Juni 1829. Laut dem Prophet huet dës Offenbarung „d’Beruffung vun zwielef Apostelen an dëse leschten Deeg bekannt gemaach, an och Instruktiounen iwwert den Opbau vun der Kierch.“
1–5, D’Schrëfte weisen, wéi een d’Kierch opbaut; 6–8, D’Welt räift un Ongerechtegkeet; 9–16, De Wäert vun de Séilen ass grouss; 17–25, Fir d’Erléisung ze kréien, mussen d’Mënschen den Numm vum Christus op sech huelen; 26–36, D’Beruffung an d’Missioun vun den Zwielef ginn opgedeckt; 37–39, Den Oliver Cowdery an den David Whitmer sollen déi Zwielef sichen; 40–47, Fir d’Erléisung ze kréien, mussen d’Mënschen ëmkéieren, gedeeft ginn an d’Geboter halen.
1 Elo kuck, wéinst deem, wat s du, mäi Kniecht Oliver Cowdery, vu mir wësse wëlls, ginn ech dir dës Wierder:
2 Kuck, ech hunn dir duerch mäi Geescht a ville Fäll gewisen, datt dat, wat s du geschriwwen hues, wouer ass; dofir weess du, datt et wouer ass.
3 A wann s du elo weess, datt et wouer ass, kuck, sou ginn ech dir dat Gebot, dech op dat ze verloossen, wat geschriwwen ass;
4 well doranner ass alles niddergeschriwwen, wat d’Grondlag vu menger Kierch, mengem Evangelium a mengem Fielse betrëfft.
5 Dofir, wann s du meng Kierch op der Grondlag vu mengem Evangelium a mengem Fielsen opriichts, wäerten d’Paarte vun der Hell net gewanne géint dech.
6 Kuck, d’Welt gëtt räif an Ongerechtegkeeten; an et muss noutwennegerweis sinn, datt d’Mënschekanner zur Ëmkéiert opgestëppelt ginn, déi Aner genausou ewéi d’Haus vum Israel.
7 Elo also, wou s du dech vu mengem Kniecht Joseph Smith Jr., no mengem Gebot un hien, deefe gelooss hues, huet hie vollbruecht, wat ech him gebueden hunn.
8 An elo, wonner dech net, datt ech hien zu mengem eegenen Zweck beruff hunn, engem Zweck, deen ech kennen; wann hien dofir am Hale vu menge Geboter äifreg ass, sou wäert hien zu éiwegem Liewe geséint sinn; a säin Numm ass Joseph.
9 An elo, Oliver Cowdery, schwätzen ech zu dir an och zum David Whitmer, an zwar als Gebot. Well kuckt, ech kommandéieren alle Mënschen iwwerall, ëmzekéieren, an ech schwätzen zu iech wéi zu mengem Apostel Paulus; well dir sidd mat derselwechter Beruffung beruff, wéi hien et war.
10 Denkt dorunner: D’Séilen hu grousse Wäert an den Ae Gottes;
11 well kuckt, den Här, ären Erléiser, huet den Doud am Fleesch gelidden; dofir huet hien d’Péng vun all Mënsch gelidden, fir datt all Mënsch ëmkéieren an zu him komme kann.
12 An hien ass vun den Doudegen erëm operstanen, fir all Mënschen zu sech, dem Erléiser, ze féieren—ënnert der Bedingung, datt si Ëmkéiert üben.
13 A wéi grouss ass seng Freed iwwert déi Séil, déi ëmkéiert!
14 Dofir sidd dir beruff, dësem Vollek Ëmkéiert ze priedegen.
15 A wann dir all är Deeg domadder verbréngt, dësem Vollek Ëmkéiert ze priedegen, an och nëmmen eng eenzeg Séil zu mir féiert—wéi grouss wäert awer är Freed si mat hir am Räich vu mengem Papp!
16 An elo, wann är Freed scho grouss wäert sinn iwwert déi eng Séil, déi dir zu mir an d’Räich vu mengem Papp gefouert hutt—wéi grouss wäert är Freed eréischt sinn, wann dir vill Séilen zu mir féiert!
17 Kuckt, dir hutt virun iech mäin Evangelium a mäi Fiels a meng Erléisung.
18 Biet de Papp a mengem Numm, voller Glawen, datt dir empfänke wäert, da wäert dir den Hellege Geescht hunn, deen alles weist, wat fir d’Mënschekanner gutt ass.
19 A wann dir net Glawen, Hoffnung an Nächsteléift hutt, kënnt dir näischt maachen.
20 Streit géint keng Kierch, ausser et wier d’Kierch vum Däiwel.
21 Huelt den Numm Christi op iech, a sot d’Wourecht mat Eescht.
22 An alleguerten, déi ëmkéieren a sech a mengem Numm, nämlech Jesus Christus, deefe loossen a bis un d’Enn aushalen, wäerte gerett ginn.
23 Kuckt, Jesus Christus ass den Numm, dee vum Papp ginn ass, an et ass keen aneren Numm ginn, wouduerch de Mënsch gerett ka ginn.
24 Dofir mussen d’Mënschen alleguerten den Numm op sech huelen, deen de Papp ginn huet, well mat dësem Numm wäerten si um leschten Dag opgeruff ginn;
25 wann si also den Numm net kennen, woumat si opgeruff ginn, kënnen si am Räich vu mengem Papp keng Plaz hunn.
26 An elo kuckt, et ginn nach anerer, déi beruff ginn, mäin Evangelium ze verkënnegen, den Aneren genausou wéi de Judden;
27 jo, nämlech zwielef; an déi Zwielef solle meng Jünger sinn, an si solle mäin Numm op sech huelen; an déi Zwielef sinn déi, déi mäin Numm mat ganzem Häerz op sech huele wëllen.
28 A wann si mäin Numm mat ganzem Häerz op sech huele wëllen, sinn si beruff, an d’Welt hinzegoen a mäin Evangelium jiddwer Kreatur ze priedegen.
29 A si sinn et, déi vu mir ordinéiert sinn, a mengem Numm ze deefen, nämlech no deem, wat geschriwwe steet.
30 An dir hutt dat, wat geschriwwe steet, virun iech; dofir musst dir et ausféieren no de Wierder, déi geschriwwe stinn.
31 An elo schwätzen ech zu iech, den Zwielef: Kuckt, meng Gnod ass genuch fir iech; dir musst éierbar viru mir goen—a sëndegt net.
32 A kuckt, dir sidd et, déi dir vu mir ordinéiert sidd, Priister a Lehrer ze ordinéieren, mäin Evangelium ze verkënnegen no der Muecht vum Hellege Geescht an iech an no den Erfarungen an de Gaben, déi Gott de Mënsche gëtt;
33 an ech, Jesus Christus, ären Här an äre Gott, hunn et gesot.
34 Dës Wierder sinn net vun de Mënschen, och net vun engem Mënsch, mee vu mir; dofir sollt dir temoignéieren, datt se vu mir sinn an net vu Mënschen.
35 Well et ass meng Stëmm, déi se zu iech schwätzt; well se ginn iech vu mengem Geescht geschenkt, an duerch meng Muecht kënnt dir se een dem anere virliesen, an ausser duerch meng Muecht kënnt dir se net hunn;
36 dofir kënnt dir temoignéieren, datt dir meng Stëmm héieren hutt a meng Wierder kennt.
37 An elo kuckt, ech ginn et dir, Oliver Cowdery, an och David Whitmer, déi Zwielef auszesichen, déi de Wonsch wäerten hunn, wouvunner ech gesprach hunn,
38 an un hire Wënsch an hire Wierker wäert dir si erkennen.
39 A wann dir si fonnt hutt, sollt dir hinnen dëst hei weisen.
40 An dir sollt nidder falen an de Papp a mengem Numm veréieren.
41 An dir musst der Welt priedegen, nämlech: Dir musst ëmkéieren an iech deefe loossen—am Numm vum Jesus Christus;
42 well all Mënsche mussen ëmkéieren a sech deefe loossen, net nëmmen d’Männer, mee och d’Fraen an déi Kanner, déi den Alter vun der Verantwortlechkeet erreecht hunn.
43 An elo, nodeems dir dëst empfaangen hutt, musst dir an allem meng Geboter halen,
44 an duerch är Hand wëll ech ee wonnerbaart Wierk ënnert de Mënschekanner bewierken, sou datt sech der vill hirer Sënde bewosst ginn, fir datt si zur Ëmkéiert géife kommen a fir datt si an d’Räich vu mengem Papp géife kommen.
45 Dofir stinn déi Seenungen, déi ech iech ginn, méi héich ewéi alles.
46 A wann dir, nodeems dir dëst empfaangen hutt, meng Geboter net haalt, kënnt dir net am Räich vu mengem Papp gerett ginn.
47 Kuckt, ech, de Jesus Christus, ären Här an äre Gott an ären Erléiser, hunn et duerch d’Muecht vu mengem Geescht gesprach. Amen.