Sektioun 14
Offenbarung, déi duerch de Prophet Joseph Smith dem David Whitmer zu Fayette, New York, am Juni 1829 gi gouf. D’Famill Whitmer hat sech staark fir d’Iwwersetzung vum Buch vum Mormon interesséiert. De Prophet huet sech am Haus vum Peter Whitmer Sr. niddergelooss, wou hie gewunnt huet, bis d’Aarbecht vun der Iwwersetzung fäerdeg war an de Copyright vum neie Buch geséchert war. Dräi vun de Whitmer-Jongen, déi all en Temoignage iwwer d’Echtheet vum Wierk kritt haten, ware staark engagéiert an hirer individueller Flicht. Dës Offenbarung an déi zwou follgend (Sektioune 15 a 16) goufen als Äntwert op eng Ufro duerch den Urim an den Thummim ginn. Den David Whitmer gouf spéider ee vun den Dräi Zeie vum Buch vum Mormon.
1–6, D’Aarbechter am Wéngert kréien d’Erléisung; 7–8, Dat éiwegt Liewen ass déi gréisst Gab vu Gott; 9–11, De Christus huet den Himmel an d’Äerd erschaf.
1 Ee grousst a wonnerbaart Wierk ass am Begrëff, ënnert de Mënschekanner ervirzekommen.
2 Kuck, ech si Gott; schenk mengem Wuert Beuechtung, well et ass lieweg a kräfteg, méi schaarf ewéi een zweeschneidegt Schwäert, sou datt et Gelenker a Muerch zerschneit; dofir schenk mengem Wuert Beuechtung.
3 Kuck, d’Feld ass scho wäiss, zur Recolte bereet; dofir, wien ze recoltéiere wënscht, dee soll seng Séchel mat aller Muecht aschloen a recoltéieren, soulaang et nach Dag ass, fir datt hien am Kinnekräich Gottes éiweg Erléisung opstapelt wéi ee Schatz.
4 Jo, wien och ëmmer seng Séchel aschléit a recoltéiert, deen ass vu Gott beruff.
5 Dofir, wann s du mech biets, wäerts du empfänken; wann s du uklapps, wäert dir opgemaach ginn.
6 Sich duerno, mäin Zion ervirzebréngen an opzeriichten. Hal an allem meng Geboter.
7 A wann s du meng Geboter häls a bis un d’Enn aushäls, solls du éiwegt Liewen hunn, an dës Gab ass déi gréisst vun alle Gabe Gottes.
8 An et wäert sech erginn: Wann s du de Papp a mengem Numm biets, gleeweg a voll Hoffnung, da wäerts du den Hellege Geescht empfänken, deen ze schwätzen agëtt, fir datt s du dostoe kanns als Zeien dovunner, wat s du héieren a kucke wäerts, a fir datt s du dëser Generatioun Ëmkéiert verkënnege kanns.
9 Kuck, ech sinn de Jesus Christus, de Jong vum liewege Gott, deen den Himmel an d’Äerd erschafen huet—ee Liicht, dat net an der Däischtert verstoppt ka ginn;
10 dofir muss ech d’Fëllt vu mengem Evangelium vun den Aneren hir zum Haus vum Israel ervirbréngen.
11 A kuck, du bass den David, an du bass beruff matzehëllefen; a wann s du dat méchs an trei bass, wäerts du souwuel geeschteg ewéi och zäitlech geséint sinn, an däi Loun wäert grouss sinn. Amen.