Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 138


Sektioun 138

Eng Visioun, déi dem President Joseph F. Smith zu Salt Lake City, Utah, den 3. Oktober 1918 ginn ass. An senger Erëffnungsried op der 89ter hallef-järlecher Generalkonferenz vun der Kierch, de 4. Oktober 1918, huet de President Smith erkläert, datt hien an de leschte Méint e puer gëttlech Kommunikatioune kritt huet. Eng dovun, iwwert de Besuch vum Retter bei de Geeschter vun den Doudegen, wärend säi Kierper am Graf war, hat de President Smith den Dag virdru kritt. Se gouf direkt nom Enn vun der Konferenz geschriwwen. Den 31. Oktober 1918 gouf se de Conseilleren an der Éischter Presidentschaft, dem Conseil vun den Zwielef an dem Patriarch virgeluecht, an si gouf eestëmmeg vun hinnen ugeholl.

1–10, De President Joseph F. Smith nodenkt iwwer d’Schrëfte vum Péitruss an de Besuch vun eisem Här an der Geeschterwelt no; 11–24, De President Smith gesäit déi gerecht Doudeg am Paradäis versammelt an de Ministère vum Christus ënnert hinnen; 25–37, Hie gesäit, wéi d’Priedegt vum Evangelium ënnert de Geeschter organiséiert war; 38–52, Hie gesäit den Adam, d’Eva a vill vun den hellege Propheten an der Geeschterwelt, déi hire Geescht-Zoustand virun hirer Opersteeung als Sklaverei ugesinn hunn; 53–60, Déi gerecht Doudeg vun dësem Dag féieren hir Aarbecht an der Welt vun de Geeschter weider.

1 Den 3ten Oktober vum Joer nonzénghonnertuechtzéng souz ech a mengem Zëmmer an hunn iwwer d’helleg Schrëft nogeduecht.

2 Ech hunn dat grousst Affer vun der Versönung iwwerduecht, dat de Jong vu Gott fir d’Erléisung vun der Welt vollbruecht hat,

3 souwéi déi grouss a wonnerbar Léift, déi de Papp an de Jong doduerch ausgedréckt haten, datt den Erléiser an d’Welt komm war,

4 fir datt d’Mënschen duerch säi Versönungs-Affer an duerch Follege géigeniwwer de Grondsätz vum Evangelium gerett kéinte ginn.

5 Wärend mech dat beschäftegt huet, sinn ech a Gedanken op de Schreiwes vum Apostel Péitruss zeréckkomm, dat hien un déi Helleg vun der Urkierch geriicht hat, déi zu Pontus, Galatien, Kappadozien an aner Gebidder vu Kléngasië verstreet gelieft hunn, wou no der Kräizegung vum Här d’Evangelium gepriedegt gi war.

6 Ech hunn d’Bibel opgeschloen an hunn am Éischten Epistel vum Péitruss dat drëtt a véiert Kapitel gelies, a méi déif wéi jeemools virdrun hu mech beim Liesen déi folgend Passage beréiert:

7 „Well och de Christus huet déi eng Kéier fir Sënde gelidden, de Gerechte fir déi Ongerecht, fir eis zu Gott ze féieren, an ass ëmbruecht ginn am Fleesch, awer lieweg gemaach am Geescht.

8 An deem selwechten ass hien och higaangen an huet de Geeschter am Prisong gepriedegt,

9 déi fréier net gefollegt haten, wéi dem Gott seng Ausdauer sech gedëllegt huet an den Deeg vum Noah, wou d’Arch preparéiert gouf, an deenen e puer, nämlech aacht Séilen, gerett goufen duerch d’Waasser.” (1 Péitruss 3:18–20.)

10 „Well dowéinst ass och den Doudegen d’Evangelium gepriedegt ginn, datt si genausou wéi d’Mënschen am Fleesch geriicht ginn, awer genausou wéi Gott am Geescht liewe kéinten.” (1 Péitruss 4:6.)

11 Wéi ech iwwer dës Wierder vun der Schrëft nogeduecht hunn, hunn sech mir d’Ae vum Verständnis opgemaach, an de Geescht vum Här huet op mir gerout, an ech hu ganz vill Doudeger gesinn, kleng a grouss.

12 An do war op enger Plaz eng Grupp, déi een net ziele konnt, vu Geeschter vun de Gerechten zesummekomm, déi dem Temoignage un de Jesus trei bliwwe waren, wärend si nach stierflech gelieft hunn;

13 an déi en Affer, änlech dem groussen Affer vum Jong vu Gott bruecht hunn, an déi am Numm vun hirem Erléiser Tribulatioune gelidden hunn.

14 Si alleguerte waren aus dem ierdesche Liewe gescheet mat der festen Hoffnung op eng herrlech Opersteeung duerch d’Gnod Gottes, dem Papp, a sengem Eenzege Gebuerene Jong, dem Jesus Christus.

15 Ech hu gesinn, datt si vu Freed a Gléck erfëllt waren a sech matenee gefreet hunn, well den Dag vun hirer Befreiung no war.

16 Si ware versammelt an hunn dorobber gewaart, datt de Jong vu Gott an d’Geeschterwelt kënnt, fir hinnen d’Erléisung aus de Bänner vum Dout ze verkënnegen.

17 Hir Iwwerreschter, déi schlummeren, géifen erëm zu vollkommener Gestalt zesumme gefüügt ginn, Schanken zu Schanken an dorobber d’Seenen an d’Fleesch, fir datt Geescht a Leif erëm vereent wieren an ni méi getrennt géifen, sou datt si eng Fëllt vu Freed empfaange kéinten.

18 Wärend dës ganz grouss Zomm gewaart huet an si matenee geschwat an sech op d’Stonn vun hirer Befreiung vun de Kette vum Dout gefreet hunn, ass hinnen de Jong vu Gott erschéngt an huet de Gefaangenen, déi trei gewiescht waren, d’Fräiheet verkënnegt.

19 Hien huet hinnen do dat éiwegt Evangelium gepriedegt, d’Doktrinn vun der Opersteeung an d’Erléisung vun de Mënsche vum Fall an—souwäit si Ëmkéiert geüübt hunn—vun hiren eegene Sënden.

20 Awer zu de Béisen ass hien net gaangen, a bei deenen ouni Gott an deenen, déi zur Ëmkéiert net prett waren, déi sech, wéi si am Fleesch waren, veronrengegt haten, huet hien seng Stëmm net gehuewen;

21 an och déi, déi sech opposéiert hunn, déi den Temoignage an d’Warnunge vun de Prophete vu fréier verworf haten, hunn seng Géigewaart net erkannt an hu säi Gesiicht net gesinn.

22 Wou si waren, do huet Däischtert geherrscht; awer ënnert de Gerechte war Fridden,

23 an d’Helleger hunn sech iwwer hir Erléisung gefreet, hunn de Knéi gebéit an hunn sech zum Jong vu Gott als hirem Erléiser a Befreier vum Dout a vun de Kette vun der Hell bekannt.

24 Hiert Gesiicht huet geliicht, an de Glanz vun der Géigewaart vum Här huet op hinne gerout, an si hunn sengem hellegen Numm Luef gesongen.

25 Ech hu mech gewonnert, well ech verstanen hunn, datt de Retter ongeféier dräi Joer vu sengem Ministère ënnert de Judden an deenen aus dem Haus Israel verbruecht huet, fir hinnen dat éiwegt Evangelium ze enseignéieren an si zur Ëmkéiert ze ruffen;

26 an awer gouf et, obwuel senger mächtege Wierker a Wonner a senger mat grousser Muecht a Autoritéit virgedroene Verkënnegung vun der Wourecht, der nëmmen e puer, déi op seng Stëmm héieren hunn, sech iwwert seng Géigewaart gefreet hunn a vun him d’Erléisung ugeholl hunn.

27 Säi Wierken ënnert den Doudegen awer war op déi kuerz Zäitspan tëschent der Kräizegung a senger Opersteeung beschränkt,

28 an ech hu mech verwonnert iwwer d’Wierder vum Péitruss—nämlech datt hie seet, de Jong vu Gott hätt de Geeschter am Prisong gepriedegt, déi fréier net gefollegt haten, wéi Gottes Gedold sech gedëllegt huet an den Deeg vum Noah—a wéi et him méiglech war, an sou kuerzer Zäit dëse Geeschter ze priedegen an ënnert hinnen dat ze vollbréngen, wat ze maachen néideg war.

29 A wärend ech mech gewonnert hunn, si mir d’Aen opgaangen, a mäi Verständnis huet sech belieft, an ech hu wouer geholl, datt den Här net an eegener Persoun bei déi Béis a bei déi, déi net gefollegt hunn, déi d’Wourecht verworf haten, higaangen ass, fir si ze beléieren—

30 mee kuckt, aus de Reie vun de Gerechten huet hien seng Kräften zesummegestallt, an hien huet Leit bestëmmt, equipéiert mat Muecht an Autoritéit, an huet hinnen den Optrag ginn, hinzegoen an d’Liicht vum Evangelium deenen ze bréngen, déi an Däischtert waren, jo, zu alle Mënschegeeschter; an esou gouf den Doudege gepriedegt.

31 An déi ausgewielte Leit sinn higaangen, fir den angeneemen Dag vum Här ze verkënnegen an de Gefaangenen, déi gebonne waren, d’Fräiheet ze verkënnegen, jo, alleguerten, déi ëmkéieren an d’Evangelium empfänke wollten.

32 Sou gouf d’Evangelium deene gepriedegt, déi an hire Sënde gestuerwe waren, ouni vun der Wourecht gewosst ze hunn, oder an Iwwertriedung, wou si d’Prophete verworf haten.

33 Dës goufen de Glawen u Gott enseignéiert, d’Ëmkéiert vun der Sënd, d’stellvertriedend Daf fir d’Verzeiung vun de Sënden, d’Gab vum Hellege Geescht duerch d’Hännopleeën,

34 an all aner Prinzippie vum Evangelium, déi fir si néideg waren ze kennen, fir sech ze qualifizéieren, fir datt si no de Mënschen am Fleesch verurteelt kéinte ginn, awer no Gott am Geescht liewen.

35 An esou gouf et ënnert den Doudegen, souwuel kleng wéi grouss, den Ongerechte wéi och de Gleewegen, bekannt gemaach, datt d’Erléisung duerch d’Affer vum Jong vu Gott um Kräiz bewierkt war.

36 Sou gouf mir gewisen, datt eisen Erléiser wärend sengem Openthalt an der Geeschterwelt seng Zäit domadder verbruecht huet, déi trei Geeschter vun de Propheten, déi am Fleesch vun him Temoignage ginn haten, ze enseignéieren a virzebereeden,

37 sou datt si de Message vun der Erléisung zu all deenen Doudege brénge konnten, zu deenen hie wéinst hirer Rebellioun an hirer Iwwertriedung net an eegener Persoun higoe konnt, fir datt och si duerch d’Wierke vu senge Kniechten seng Wierder héiere kéinten.

38 Ënnert de Groussen a Mächtegen, déi an der riseger Gemeinschaft vun de Gerechte versammelt waren, hunn sech och befonnt eise Papp Adam, den Alen a Papp vu jiddwerengem,

39 an eis herrlech Mamm Eva, mat ville vun hiren treien Duechteren, déi duerch d’Jore gelieft hunn an de richtegen a liewege Gott ugebiet hunn.

40 Den Abel, den éischte Märtyrer, war do, och säi Brudder Set, ee vun de Mächtegen, déi genau Ähnlechkeet vu sengem Papp Adam.

41 Den Noah, dee virun der grousse Flut gewarnt hat, de Sem, de groussen Hohepriister, den Abraham, de Papp vun den Treien, den Isaak, de Jakob an de Moses, de grousse Gesetzgeber vun Israel,

42 an de Jesaja, deen duerch Prophezeiung verkënnegt hat, den Erléiser wier gesalleft ginn, déi gebrachen Häerzer ze verbannen, de Gefaangenen d’Fräiheet an de Gebonnenen d’Ëffnung vum Prisong ze verkënnegen—och si waren do.

43 Ausserdeem den Ezechiel, deem an enger Visioun dat wäit Feld vu verdréchente Schanke gewise gi war, déi awer da mat Fleesch ëmgi goufen, sou datt an der Opersteeung vun den Doudegen erëm lieweg Séilen ervirkommen,

44 den Daniel, deen d’Erriichtung vum Räich Gottes an de leschten Deeg viraus gesinn a viraus gesot huet—datt et ni méi zerstéiert géif an och kengem anere Vollek gi géif,

45 den Elias, dee mam Moses um Bierg vun der Transfiguratioun war,

46 an de Prophet Malachi, deen d’Komme vum Elijah temoignéiert hat—vun deem och de Moroni zum Prophet Joseph Smith geschwat huet, andeems hie verkënnegt huet, hie géif kommen, bevir de groussen a schrecklechen Dag vum Här ubrécht—och si waren do.

47 De Prophet Elijah sollt de Kanner dat Verspriechen, dat hire Pappe gemaach ginn ass, an d’Häerz planzen:

48 virausgesat dat grousst Wierk, dat an den Tempele vum Här an der Dispensatioun vun der Fëllt vun den Zäite gemaach gëtt, fir d’Erléisung vun den Doudegen an d’Versigelung vun de Kanner un hir Elteren, fir datt déi ganz Äerd net mat engem Fluch geschloen a bei sengem Komme komplett zerstéiert gëtt.

49 All dës a vill anerer, och déi Propheten, déi ënnert den Nephitë gelieft an d’Komme vum Jong vu Gott temoignéiert haten, waren an dëser riseger Versammlung present an hunn op hir Befreiung gewaart,

50 well déi Doudeg haten déi laang Trennung vum Geescht a Kierper als Sklaverei betruecht.

51 Den Här huet si enseignéiert an huet hinnen d’Muecht ginn ervirzekommen, an zwar no senger Opersteeung vun den Doudegen, an d’Räich vu sengem Papp eranzegoen an do mat Onstierflechkeet an éiwegem Liewe gekréint ze ginn;

52 da sollten si mat hirer Aarbecht weidermaachen, wéi den Här et versprach hat, an sech all de Seenunge freeën, déi deene virbehale sinn, déi hie gären hunn.

53 De Prophet Joseph Smith a mäi Papp Hyrum Smith, de Brigham Young, de John Taylor, de Wilford Woodruff an aner gewielte Geeschter—deenen et virbehale war, an der Fëllt vun den Zäiten ervirzekommen, fir sech un der Grondleeung vum grousse Wierk an de Leschten Deeg ze bedeelegen,

54 wouzou och d’Erriichtung vun Tempelen an doranner d’Ausféierung vun hellegen Handlungen zur Erléisung vun den Doudege gehéiert—waren och an der Geeschterwelt.

55 Ech hu gemierkt, datt si sech och ënnert den Nobelen a Grousse befonnt haten, déi um Ufank ausgewielt gi waren, Herrscher an der Kierch vu Gott ze sinn.

56 Scho bevir si gebuer goufen, hunn si mat villen anerer an der Geeschterwelt hir éischt Uweisung kritt a goufen dorobber virbereet, zu där vum Här bestëmmten Zäit ervirzekommen an a sengem Wéngert fir d’Erléisung vun de Mënscheséilen ze schaffen.

57 Ech hu gesinn, datt déi trei Eelste vun eiser Evangeliumszäit no hirem Stierwen aus dem ierdesche Liewe mat hirer Aarbecht weidermaachen, andeems si d’Evangelium vun der Ëmkéiert vu Sënd an der Erléisung duerch d’Affer vum Eenzege Gebuerene Jong vu Gott verkënnegen—ënnert deenen, déi an der Däischtert sinn an ënnert der Sklaverei vun der Sënd an der grousser Welt vun de Geeschter vun den Doudegen.

58 Déi Doudeg, déi ëmkéieren, wäerten erléist ginn, souwäit si de Veruerdnunge vum Haus vu Gott follegen.

59 An soubal si hir Iwwertriedungen of gebéisst hunn a reng gewäsch sinn, wäerten si no hire Wierker hire Loun empfänken; well si sinn Ierwe vun der Erléisung.

60 Sou gouf mir d’Visioun vun der Erléisung vun den Doudege offenbaart, an ech ginn Temoignage a weess, datt dëse Bericht wouer ass—duerch d’Seenung vun eisem Här a Retter, Jesus Christus. Jo. Amen.