Sektioun 134
Eng Glaawenserklärung iwwer Regierungen a Gesetzer am Allgemengen, déi eestëmmeg op enger Generalversammlung vun der Kierch zu Kirtland, Ohio, de 17. August 1835 ugeholl gouf. Vill Hellegen hunn sech versammelt, fir de proposéierten Inhalt vun der éischter Editioun vun der Doktrinn an den Allianzen ze berécksiichtegen. Deemools krut dës Erklärung déi follgend Preambel: „Fir datt eise Glawen iwwer ierdesch Regierungen a Gesetzer am Allgemengen net falsch interpretéiert oder falsch verstane ka ginn, hu mir et fir richteg gehalen, um Enn vun dësem Band eis Meenung doriwwer ze presentéieren.“
1–4, Regierunge sollten d’Fräiheet vum Gewëssen a vun der Veréierung preservéieren; 5–8, All Mënsche sollten hir Regierungen oprechterhalen a schëllegen hinne Respekt a sollen d’Gesetz befollegen; 9–10, Reliéis Gesellschafte sollte keng zivil Muecht ausüben; 11–12, D’Mënsche si berechtegt, sech selwer an hire Besëtz ze verdeedegen.
1 Mir gleewen, datt Regierunge vu Gott zum Wuel vum Mënsch agefouert goufen; an datt hien d’Mënsche fir hir Handlungen a Bezuch op se verantwortlech hält, souwuel beim Maache vu Gesetzer wéi och beim Ëmsetze vun hire Gesetzer, fir d’Wuel an d’Sécherheet vun der Gesellschaft.
2 Mir gleewen, datt keng Regierung friddlech bestoe kann, ouni datt Gesetzer erlooss ginn an als onverletzlech gëllen, déi all eenzele Mënsch Gewëssensfräiheet, Recht op Eegentum a fräi Verfügung doriwwer a Schutz vum Liewe garantéieren.
3 Mir gleewen, datt all Regierung onbedéngt zivil Beamten a Magistrate brauch, fir hir Gesetzer duerchzesetzen; an datt déi, déi d’Gesetz onparteiesch an no Gerechtegkeet ausféieren, solle gesicht an ënnerstëtzt ginn, duerch d’Stëmm vum Vollek, wann et eng Republik ass, oder duerch de Wëlle vum Souverän.
4 Mir gleewen, datt d’Relioun vu Gott ageriicht ginn ass an d’Mënschen him an nëmmen him, fir d’Ausübe vun derselwechter verantwortlech sinn, souwäit hir reliéis Usiichten si net dozou bréngen, d’Rechter an d’Fräiheete vun anerer ze verletzen. Awer mir gleewen net, datt mënschlecht Gesetz d’Recht huet, sech anzemëschen a Reegele fir d’Veréierung Gottes virzeschreiwen, fir Gewëssenszwang auszeüben oder d’Form vun ëffentlecher oder privater Veréierung Gottes ze diktéieren. Mir gleewen, datt d’Autoritéit d’Verbriechen ënnerbanne soll, awer net d’Gewëssen iwwerwaachen däerf; se soll de Mëssbrauch bestrofen, awer ni d’Fräiheet vun der Séil ënnerdrécken.
5 Mir gleewen, datt all Mënsche verflicht sinn, d’Regierung, ënnert där si liewen, an hirem Amt ze stëtzen an ze droen, soulaang si duerch d’Gesetzer vun dëser Regierung an hire gebiertegen an onverzichtbare Rechter geschützt ginn, an datt den sou beschützte Bierger Opstand a Rebellioun net zoustoen an entspriechend bestrooft solle ginn; weider, datt all Regierung d’Recht huet, d’Gesetzer unzewennen, déi no hirem Urteel am beschte gëeegent sinn, d’ëffentlecht Wuel ze sécheren, gläichzäiteg awer d’Gewëssensfräiheet helleg ze halen.
6 Mir gleewen, datt all Mënsch a sengem Amt geéiert soll ginn, Herrscher a Magistraten als souer, a déi fir de Schutz vun den Onschëllegen an d’Strofe vun de Schëllegen agestallt sinn; an datt all Mënsche Respekt a Éier erweise géintiwwer de Gesetzer schëlleg sinn, well ouni si Fridden an Harmonie duerch Anarchie an Terror ersat géife ginn; mënschlech Gesetzer, déi ausdrécklech fir den Zweck agefouert goufen, eis Interessen als Eenzelpersounen an Natiounen, vu Mënsch zu Mënsch, ze reegelen; a gëttlech Gesetzer, déi vum Himmel gi sinn, déi Reegelen iwwer spirituell Ugeleeënheeten, fir Glawen a Gottesdéngscht virzeschreiwen, béides, fir vum Mënsch sengem Schëpfer ze äntwerten.
7 Mir gleewen, datt Herrscher, Staaten a Regierungen e Recht hunn, a verflicht sinn, Gesetzer zum Schutz vun alle Bierger an der fräier Ausübung vun hirem reliéise Glawen ze maachen; awer mir gleewen net, datt si e Recht hunn, de Bierger dëse Privileeg ze entzéien oder hir Meenungen ze verbidden, soulaang d’Gesetzer respektéiert an an Éiere gehale ginn an esou reliéis Meenunge keen Opstand oder Verschwierung rechtfertegen.
8 Mir gleewen, datt d’Realiséiere vun engem Verbrieche no der Schwéiert vum Verstouss bestrooft soll ginn, datt Mord, Héichverrot, Iwwerfall, Déifstall a Friddensverletzung no hirer Schold an dem Virsaz, ënnert de Mënsche Béises ze stëften, bestrooft soll ginn, an zwar no de Gesetzer vun der Regierung, an deem Beräich wou de Verstouss begaange ginn ass; an all Mënsche solle fir den ëffentleche Fridden a fir Rou antrieden an no Kräften dozou bäidroen, datt déijéineg, déi géint gutt Gesetzer verstoussen, der Bestrofung zougefouert ginn.
9 Mir gleewen net, datt et gerecht ass, reliéisen Afloss mat der ziviller Regierung ze vermëschen, wouduerch eng reliéis Gesellschaft gefërdert an eng aner a senge spirituelle Privileegie verbueden an déi individuell Rechter vun hire Memberen als Bierger verweigert ginn.
10 Mir gleewen, datt all reliéis Gesellschaften d’Recht hunn, hir Membere fir Mëssbrauch am Sënn vun de Reegelen a Statute vun der betreffende Gesellschaft zur Verantwortung ze zéien, virausgesat, dës riicht sech nëmmen op d’Memberschaft vun där Gesellschaft an de Stand an derselwechter; awer mir gleewen net, datt eng reliéis Gesellschaft d’Autoritéit huet, mir gleewen awer net, datt eng reliéis Gemeinschaft d’Vollmuecht huet, géint een ze verhandelen, wann et ëm d’Recht op Eegentum oder Liewe geet, oder hinnen d’Wuere vun dëser Welt ewechzehuelen oder iwwer Leif a Liewen zu Geriicht ze sëtzen oder iergendeng kierperlech Strof iwwert si ze verhänken. Si kënnen si nëmmen aus hirer Gesellschaft ausschléissen an hinnen d’Gemeinschaft entzéien.
11 Mir gleewen, datt een sech, fir all Onrecht a Behiewung vun all Mëssstänn erëm gutt ze maachen, op dat staatlecht Gesetz beruffe soll, wann et sech ëm perséinlech Iwwergrëff handelt oder d’Recht op Eegentum a Perséinlechkeet bedreet ass, souwäit Gesetzer do sinn, déi dëse Schutz bidden. Mir gleewen awer och, datt all Mënsche berechtegt sinn, sech selwer, hir Frënn, hiert Eegentum an d’Regierung géint ongesetzlech Attacken an Iwwergrëff vun egal wéi enger Säit ze verdeedegen, wann een zwéngenden Noutfall virläit, sou datt d’Gesetzer net direkt applizéiert kënne ginn a Recours net méiglech ass.
12 Mir gleewen, datt et richteg ass, den Natioune vun der Äerd d’Evangelium ze priedegen an déi Gerecht ze warnen, fir datt si sech vun der Korruptioun vun der Welt rette kënnen; awer mir gleewen net, datt et richteg ass, sech mat Sklaven ofzeginn, hinnen d’Evangelium ze priedegen oder si ze deefen, wann dëst dem Wëllen a Wonsch vun hiren Häre widdersprécht; mir halen et och net fir richteg, eis mat hinnen anzeloossen oder si och nëmmen am gréngsten doranner ze beaflossen, datt si mat hirem Lous an dësem Liewen onzefridde sinn; well doduerch géif d’Liewe vu Mënschen a Gefor kommen. Esou eng Amëschung hale mir fir ongesetzlech an ongerecht a betruechten se als Gefor fir de Fridde vu jiddwer Regierung, déi zouléisst, datt mënschlech Wiesen a Sklaverei gehale ginn.