Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 133


Sektioun 133

Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith zu Hiram, Ohio, den 3. November 1831. Virun dëser Offenbarung seet d’Geschicht vum Joseph Smith: „Zu dëser Zäit goufen et vill Saachen, déi d’Eelste wësse wollten, wat d’Priedegt vum Evangelium un d’Awunner vun der Äerd ugeet, an iwwer d’Versammlung; a fir am richtege Liicht ze wandelen, a vun uewen instruéiert ze ginn, hunn ech den 3ten November 1831 den Här gefrot an déi follgend wichteg Offenbarung kritt.“ Dës Sektioun gouf fir d’éischt als Uschloss an d’Buch vun der Doktrinn an den Allianze bäigefüügt a krut duerno eng Sektiounsnummer zougewisen.

1–6, D’Helleger kréien den Uerder, sech op dat Zweet Komme virzebereeden; 7–16, All Mënsche kréien den Uerder, aus Babylon ze flüchten, op Zion ze kommen, an sech op de groussen Dag vum Här virzebereeden; 17–35, Hie wäert um Bierg Zion stoen, d’Kontinenter ginn zu engem Land, an déi verluer Stämm vun Israel wäerten zeréckkommen; 36–40, D’Evangelium gouf duerch de Joseph Smith restauréiert fir op der ganzer Welt gepriedegt ze ginn; 41–51, Den Här wäert erofkomme fir sech un de Béisen ze rächen; 52–56, Et wäert d’Joer vu Senger Erléisung sinn; 57–74, D’Evangelium soll erausgeschéckt gi fir d’Helleger ze retten an déi Béis ze zerstéieren.

1 Lauschtert, o dir Vollek vu menger Kierch, sprécht den Här, äre Gott, an héiert d’Wuert vum Här a Bezuch op iech—

2 dem Här, dee plëtzlech a säin Tempel komme wäert; dem Här, dee mat engem Fluch zum Geriicht iwwer d’Welt erofkomme wäert, jo, iwwert all Natiounen, déi Gott vergiessen, an iwwert all ënnert iech, déi ouni Gott sinn.

3 Well hie wäert säin hellegen Aarm virun den Ae vun allen Natioune weisen, an all Enne vun der Äerd wäerten d’Erléisung duerch hire Gott erblécken.

4 Dofir maacht iech prett, maacht iech prett, o dir, mäi Vollek; hellegt iech, sammelt iech, o dir Vollek vu menger Kierch, am Land Zion, dir alleguerten, deenen net kommandéiert ginn ass ze bleiwen.

5 Gitt eraus aus Babylon. Sidd reng, déi dir d’Behälter vum Här drot.

6 Berufft eng feierlech Versammlung an, a schwätzt dacks mateneen. A jiddweree soll den Numm vum Här uruffen.

7 Jo, wierklech, ech soen iech nach eng Kéier: D’Zäit ass komm, wou d’Stëmm vum Här un iech geet: Gitt eraus aus Babylon; sammelt iech aus den Natiounen, vun de véier Wandrichtungen, vun engem Enn vum Himmel zum aneren.

8 Schéckt d’Eelste vu menger Kierch eraus zu den Natiounen, déi wäit ewech sinn, zu den Insele vum Mier; schéckt hin zu friem Länner; rufft allen Natiounen zou, fir d’éischt den Aneren, dann de Judden.

9 A kuckt, jo, kuckt, dëst soll hire Ruff sinn an d’Stëmm vum Här un all Vëlker: Gitt hin an d’Land Zion, fir datt d’Grenze vu mengem Vollek sech erweideren, fir datt seng Péil gestäerkt ginn a fir datt Zion sech an dat Gebitt ronderëm erstreckt.

10 Jo, loosst de Ruff ënnert allem Vollek kléngen: Erwächt, an hieft iech a gitt hin, dem frësch Bestueten entgéint; kuckt do, de Bräitchemann kënnt; gitt hin, him entgéint. Maacht iech prett fir de groussen Dag vum Här.

11 Dofir passt op, well dir wësst weder den Dag nach d’Stonn.

12 Dofir loosst déi, déi sech bei den Anere befannen, no Zion flüchten.

13 A loosst déi, déi vu Juda sinn, no Jerusalem flüchten, zu de Bierger, wou dem Här säin Haus ass.

14 Gitt eraus vun den Natiounen, nämlech vu Babylon, matzen aus der Béist, déi dat geeschtegt Babylon ass.

15 Awer wierklech, sou scheet den Här: Är Flucht soll net séier geschéien, mee dir sollt alles prett maachen; a wie geet, dee soll net zeréckkucken, fir datt net plëtzlech Vernichtung iwwert hie kéim.

16 Lauschtert an héiert, o dir Bewunner vun der Äerd Lauschtert, dir Eelster vu menger Kierch alleguerten, an héiert d’Stëmm vum Här; well hie rifft alle Mënschen zou, an hie kommandéiert alle Mënschen iwwerall, ëmzekéieren.

17 Well kuckt, den Här Gott huet den Engel erausgeschéckt, matzen duerch den Himmel, datt hie rifft, nämlech: Maacht de Wee virum Här prett, a maacht seng Weeër riicht, well d’Stonn vu sengem Kommen ass no—

18 wou d’Lämmchen um Bierg Zion stoe wäert, a mat him honnertvéieravéierzegdausend, déi den Numm vu sengem Papp op der Stier geschriwwen droen.

19 Dofir maacht iech prett fir d’Komme vum Bräitchemann; gitt eraus, gitt eraus, him entgéint.

20 Well kuckt, um Bierg vun den Olive wäert hie stoen an um mächtegen Ozean, jo, iwwert der groussen Déift, an op den Insele vum Mier an um Land Zion.

21 An hie wäert seng Stëmm aus Zion klénge loossen, a vu Jerusalem aus wäert hie schwätzen, a seng Stëmm wäert ënnert alle Vëlker ze héiere sinn;

22 an et wäert eng Stëmm si wéi d’Stëmm vu ville Waasser a wéi d’Stëmm vu groussem Donner, deen d’Bierger zerbrieche wäert, an d’Däller wäerten net méi ze fanne sinn.

23 Hie wäert der groussen Déift kommandéieren, a se wäert an déi nërdlech Länner gedriwwe ginn, an d’Insele wäerten zu engem eenzege Land ginn.

24 An d’Land vu Jerusalem an d’Land vun Zion wäerten un hir eege Plaz zeréck kéieren, an d’Äerd wäert erëm sou sinn, wéi se an den Deeg war, bevir se gedeelt gouf.

25 An den Här, jo, de Retter, wäert matzen a sengem Vollek stoen an iwwert alles Fleesch regéieren.

26 An déi, déi an de Länner am Norde sinn, wäerten erëm virun den Här kommen; an hir Prophete wäerten seng Stëmm héieren an sech net méi zeréckhalen; a si wäerten op d’Fielse schloen, an d’Äis wäert virun hinnen eroflafen.

27 An an der Mëtt vun der groussen Déift wäert eng Strooss opgeworf ginn.

28 Hir Feinde wäerten hinnen zur Beut ginn.

29 An an den onfruchtbare Wüüste wäerten sech Weiere mat liewegem Waasser bilden, an den ausgedréchente Buedem wäert net méi laang een duuschteregt Land sinn.

30 An hir räich Schätz wäerten si de Kanner vum Efraim, menge Kniechten, bréngen.

31 An déi éiweg Hiwwele wäerten déi ganzen Zäit virun hirer Géigewaart zidderen.

32 An do wäerten si nidder falen a mat Herrlechkeet gekréint ginn, nämlech an Zion, an zwar vun de Kniechte vum Här, nämlech de Kanner vum Efraim.

33 A si wäerte vu Lidder vun éiweger Freed erfëllt sinn.

34 Kuckt, dëst ass de Seege vum éiwege Gott op d’Stämm vun Israel an dee méi räiche Seegen um Kapp vum Efraim a senger Famill.

35 An och déi vum Stamm Juda wäerten no hire Leide virum Här an Hellegkeet gehellegt ginn, datt si Dag an Nuecht a senger Géigewaart wunnen, fir ëmmer an ëmmer.

36 An elo, wierklech, den Här sprécht: Fir datt dëst ënnert iech bekannt wier, o dir Bewunner vun der Äerd, hunn ech mäin Engel geschéckt, dee matzen duerch den Himmel mam éiwegen Evangelium geflunn ass, an hien huet sech e puer gewisen an huet et de Mënschen iwwerbruecht, an hie wäert sech ville weisen, déi op der Äerd wunnen.

37 An dëst Evangelium wäert jiddwer Natioun, jiddwer Geschlecht, jiddwer Sprooch a jiddwer Vollek gepriedegt ginn.

38 An d’Kniechte Gottes wäerten erausgoen a mat haarder Stëmm ruffen: Fäert Gott a gitt him d’Éier, well d’Stonn vu sengem Geriicht ass do;

39 a biet hien un, deen den Himmel an d’Äerd erschaf huet, d’Mier an d’Pëtzen mat Waasser—

40 rufft den Numm vum Här un bei Dag a bei Nuecht, nämlech: O datt s du dach d’Himmelen zerräisse géifs an erof kéims an datt d’Bierger virun denger Géigewaart schmëlze géifen.

41 An d’Äntwert wäert op si nidder kommen, well d’Géigewaart vum Här ass wéi d’Feier, wat schmëlzt, dat brennt, a wéi d’Feier, dat d’Waasser zum Kache bréngt.

42 O Här, komm erof a weis däin Numm denge Géigner, an all Natioune wäerte virun denger Géigewaart zidderen,

43 wann s du Fuerchtbares méchs, dat, wat si net erwaart hunn,

44 jo, wann s du erof kënns an d’Bierger virun denger Géigewaart schmëlzen, wäerts du deem begéinen, deen sech freet an dee Gerechtegkeet bewierkt an sech denger op denge Weeër erënnert.

45 Well zënter dem Ufank vun der Welt hunn d’Mënschen net matkritt, weder mam Ouer héieren, nach huet een A gesinn—ausser du, o Gott, wat s du Grousses deene prett gemaach hues, déi op dech waarden.

46 An et wäert ee soen: Wien ass dat, dee vum Gott am Himmel erofkënnt mat faarweger Kleedung, jo, aus onbekannte Regiounen, gekleet mat senger herrleche Kleedung, deen do geet a senger ganzen a grousse Stäerkt?

47 An hie wäert soen: Ech sinn deen, deen a Gerechtegkeet gesprach huet an d’Muecht huet ze retten.

48 An den Här wäert rout Kleedung droen, a säi Kleedungsstéck wäert si wéi dat vun deem, deen am Wäibottech trëppelt.

49 An d’Herrlechkeet vu senger Géigewaart wäert sou grouss sinn, datt d’Sonn sech schummt an hiert Gesiicht verstoppt, an de Mound wäert säi Liicht net ginn, an d’Stäre wäerte vun hire Plaze geschleidert ginn.

50 An et wäert een seng Stëmm héieren: Ech hunn d’Wäipress eleng getrëppelt an hu Geriicht iwwert alles Vollek bruecht; a kee war bei mir.

51 An ech hunn si wéi wëll getrëppelt, an a menger Roserei hunn ech si zertrëppelt, a mat hirem Blutt hunn ech mir d’Kleedungsstéck besprëtzt a meng Kleedung ganz befleckt; well dëst war den Dag vu der Vergeltung, déi mir um Häerz louch.

52 An elo ass d’Joer vu mengen Erléiste komm; a si wäerten dat léift Wuelwëlle vun hirem Här an alles, wat hien hinnen no senger Guttheet an a sengem léiwe Wuelwëlle ginn huet, luewe fir ëmmer an ëmmer.

53 An an all hirer Nout war hien ënner Drock. An den Engel vu senger Géigewaart huet si gerett; an a senger Léift, a sengem Erbaarmen huet hien si erléist a gedroen a gestëtzt all Deeg an der alen Zäit:

54 jo, an och den Henoch an déi, déi mat him waren; d’Propheten, déi virun him waren; an och den Noah an déi virun him waren; an och de Moses an déi virun him waren;

55 a vum Moses bis den Elijah, a vum Elijah bis de Johannes, déi bei der Opersteeung Christi bei him waren, an déi helleg Apostele mam Abraham, Isaak a Jakob wäerten an der Géigewaart vum Lämmche sinn.

56 An d’Griewer vun den Hellege wäerten sech opmaachen, a si wäerten ervirkommen an zur rietsen Hand vum Lämmche stoen, wann dëst um Bierg Zion stoe wäert an an der hellege Stad, dem Neie Jerusalem; a si wäerten d’Lidd vum Lämmche sangen, bei Dag a bei Nuecht, fir ëmmer an ëmmer.

57 An aus deem Grond, fir datt d’Mënschen un den Herrlechkeeten deelhuele kënnen, déi reveléiert sollte ginn, huet den Här d’Fëllt vu sengem Evangelium, senger éiwegen Allianz, rausgeschéckt a kloer an einfach duergeluecht,

58 fir déi Schwaach virzebereeden op dat, wat op d’Äerd komme wäert, virzebereede fir den Optrag vum Här un deem Dag, wou déi Schwaach déi Weis duerchernee maache wäerten an aus dem Klengsten eng mächteg Natioun wäert ginn an hirer zwee souguer Zéngdausender an d’Flucht schloe wäerten.

59 An duerch dat, wat schwaach ass op der Äerd, wäert den Här d’Natioune mat der Muecht vu sengem Geescht reprimandéieren.

60 An aus deem Grond sinn dës Geboter gi ginn; wéi se gi goufen, do gouf gebueden, se der Welt virzëenthalen, awer elo sollen se un all Fleesch ergoen—

61 an zwar no der Absicht an dem Wëlle vum Här, deen iwwert allem Fleesch herrscht.

62 An deen, deen ëmkéiert a sech virum Här hellegt, kritt éiwegt Liewen.

63 An un deenen, déi net op d’Stëmm vum Här lauschteren, wäert sech erfëllen, wat de Prophet Moses geschriwwen huet, nämlech datt si vum Vollek ofgeschnidde solle ginn,

64 genausou dat, wat de Prophet Malachi geschriwwen huet: Well kuckt, deen Dag kënnt, dee brenne wäert wéi een Uewen; an all déi Stolz, jo, an alleguerten, déi Schlechtes maachen, wäerte wéi Stoppele sinn; an deen Dag, dee kënnt, wäert si verbrennen, sprécht den Här vun den Arméien, sou datt hien hinne keng Wuerzel nach Branche loosse wäert.

65 Dofir soll dëst d’Äntwert vum Här un si sinn:

66 Un deem Dag, wou ech a mäin Eegentum koum, huet keen ënnert iech mech empfaangen, an dir gouft verjot.

67 Wéi ech nach eng Kéier geruff hunn, war kee vun iech do, ze äntweren; an awer huet sech mäin Aarm net sou verkierzt, datt ech net méi hätt erléise kënnen, genausou wéineg meng Muecht, ze befreien.

68 Kuckt, mat mengem Muechtwuert dréchnen ech d’Mier aus. Ech maachen d’Flëss zur Wüüst; hir Fësch sténken a stierwe vun Duuscht.

69 D’Himmele kleeden ech an Däischtert a maachen hir Linne vun de Säck zur Schuel.

70 An dat geschitt iech vu menger Hand; Péng sollt dir hunn.

71 Kuckt do, et gëtt keen, deen iech befreit; well dir hutt menger Stëmm net gefollegt, wéi ech iech aus dem Himmel geruff hunn; dir hutt menge Kniechten net gegleeft, a wéi si zu iech geschéckt goufen, hutt dir se net empfaangen.

72 Dofir hunn si den Temoignage versigelt an d’Gesetz verschloss, an dir sidd der Däischtert ausgeliwwert ginn.

73 Dës wäerten ewech goen an déi baussent Däischtert, wou et Kräischen a Jäizen a Knirsche vun den Zänn gëtt.

74 Kuckt, den Här, äre Gott, huet et gesprach. Amen.