Sektioun 128
Eng Epistel vum Joseph Smith, dem Prophet, un d’Kierch vum Jesus Christus vun den Hellege vun de leschten Deeg, mat weideren Uweisungen iwwer d’Daf fir déi Doudeg, datéiert zu Nauvoo, Illinois, de 7. September 1842.
1–5, Lokal an allgemeng Opzeechnunge mussen d’Fakte vun den Dafe fir déi Doudeg bestätegen; 6–9, Hir Opzeechnungen si bannent an op der Äerd an am Himmel opgeholl; 10–14, D’Dafbecken ass e Sënnbild vum Graf; 15–17, Den Elijah huet d’Muecht betreffend der Daf fir déi Doudeg restauréiert; 18–21, All d’Schlësselen, d’Muechten an d’Autoritéite vu vergaangenen Dispensatioune goufe restauréiert; 22–25, Eng glécklech an herrlech Noriicht gëtt fir déi Lieweg an déi Doudeg ugekënnegt.
1 An deem Bréif, deen ech iech viru mengem Depart geschriwwen hunn, hunn ech erwäänt, datt ech vun Zäit zu Zäit schreiwen an iech Matdeelungen iwwer vill Theme maache géif; ech huelen also elo den Thema vun der Daf fir déi Doudeg erëm op, well dëst schéngt meng Gedanken am stäerksten ze fuerderen a meng Gefiller am meeschten ze beandrocken, zënter ech vu menge Feinde verfollegt ginn.
2 Ech hunn iech e puer Wierder vun Offenbarung geschriwwen, nämlech a Bezuch op ee Greffier. Hisiichtlech dëser Saach hunn ech nach e puer weider Abléck gehat, déi ech elo schrëftlech nidderleeë wëll. Ech hunn nämlech a mengem Bréif virdru gesot, et misst ee Greffier do sinn, deen een Aenzeie soll sinn a mat eegenen Oueren héiere soll, fir datt hie virum Här ee Bericht kéint ginn.
3 Hisiichtlech dëser Saach wär et fir een eenzele Greffier wuel ganz schwiereg, zu allen Zäiten do ze sinn a all Aarbechte selwer ze erleedegen. Fir dës Schwieregkeet aus dem Wee ze raumen, kann a jiddwer Gemeinschaft vun der Stad een eegene Greffier bestëmmt ginn, dee gutt gëeegent ass, eng genau Transkriptioun unzefäerdegen; an hie soll beim Festhale vum ganze Virgang ganz detailléiert a genau verfueren an a sengem Bericht bestätegen, datt hie mat eegenen Ae gesinn an eegenen Oueren héieren huet; hie soll den Datum, d’Nimm asw. souwéi de Verlaf vun der ganzen Handlung weiderginn; och soll hien dräi vun deenen, déi do waren, souwäit et der e puer ginn huet, mam Numm benennen, déi op Verlaangen zu jiddwer Zäit säi Bericht bestätege kënnen, fir datt duerch de Mond vun zwee oder dräi Zeie jiddwer Wuert festgehale gëtt.
4 Da soll et och een Allgemenge Greffier ginn, deem dës aner Berichter iwwerreecht kënne ginn, begleet vun engem perséinlech ënnerschriwwenen Zertifikat, datt déi ugefäerdegt Berichter richteg sinn. Da kann den Allgemenge Greffier de Bericht an d’Allgemengt Buch vun der Kierch androen, dozou och d’Zertifikater souwéi sämtlech Zeien, déi do waren, an hie kann seng eegen Erklärung dobäi fügen, datt hie selwer wierklech gleeft, datt déi Erklärung virdrun an d’Berichter der Wourecht entspriechen; hie soll dëst no senger Kenntnis maachen, déi hie vum Charakter vun de betreffende Männer a vun hirer Beruffung an der Kierch huet. An wann dat am Allgemenge Buch vun der Kierch gemaach ass, da wäert dëse Register genau sou helleg sinn a wäert d’Veruerdnung op déi selwecht Aart erfëllen, wéi wann hien et mat sengen eegenen Ae gesinn a mat sengen Oueren héieren hätt, a selwer dovunner e Bericht am Allgemenge Buch vun der Kierch gemaach hätt.
5 Dir mengt vläicht, dës Reiefolleg vun de Saachen ass ganz speziell; awer loosst mech iech soen, datt et nëmme fir dem Wëlle vu Gott ze äntwerten ass, andeems een sech un d’Veruerdnung an d’Virbereedung hält, déi den Här virun der Grënnung vun der Welt veruerdent a virbereet huet, fir d’Erléisung vun den Doudegen, déi ouni Kenntnis vum Evangelium stierwe sollten.
6 A weider wëll ech iech dorunner erënneren, datt de Johannes den Offenbarer eben dëst Thema hisiichtlech den Doudegen am Sënn hat, wéi hie gesot huet—an dir fannt et an der Offenbarung 20:12—An ech hunn déi Doudeg gesinn, grouss a kleng, viru Gott stoen, an d’Bicher goufen opgeschloen. An nach ee Buch ass opgeschloe ginn, dat ass d’Buch vum Liewen. An déi Doudeg goufen no hire Wierker geriicht, no deem, wat an de Bicher opgeschriwwe war.
7 Aus dësem Zitat gesitt dir, datt d’Bicher opgeschloe goufen an datt nach ee Buch opgeschloe ginn ass—d’Buch vum Liewen; awer déi Doudeg sinn no deem geriicht ginn, wat an de Bicher geschriwwe steet, no hire Wierker; deemno mussen déi genannte Bicher eng Opzeechnung iwwer hir Wierker enthalen a sech dobäi op déi Opzeechnunge bezéien, déi op der Äerd gefouert gi sinn. An d’Buch vum Liewen ass déi Opzeechnung, déi am Himmel gefouert gëtt; dëse Grondsaz stëmmt genau mat där Doktrinn iwwereneen, déi iech an der Offenbarung verkënnegt ginn ass, wouvun ech iech viru mengem Depart geschriwwen hunn, nämlech datt dat, wat dir opzeechent, och am Himmel opgezeechent gëtt.
8 D’Wiese vun dëser Veruerdnung besteet an der Muecht vum Priistertum, duerch de Jesus Christus offenbaart, wouno iech accordéiert ass, datt dat, wat dir op der Äerd bannt, och am Himmel gebonne wäert sinn, an dat, wat dir op der Äerd léist, och am Himmel geléist wäert sinn. Mat anere Wierder, wann een d’Iwwersetzung vun enger anerer Säit betruecht: Wat dir op der Äerd opzeechent, wäert och am Himmel opgezeechent sinn, a wat dir op der Äerd net opzeechent, wäert och am Himmel net opgezeechent sinn; well är Doudeger wäerten aus deene Bicher geriicht ginn, no hiren eegene Wierker, sief et, datt si d’Veruerdnunge selwer, an eegener Persoun propria persona, vollzunn hunn oder mat Hëllef vun hirem Beoptraagte vollzéie gelooss hunn—nämlech no der Veruerdnung, déi Gott scho virun der Grënnung vun der Welt zu hirer Erléisung prett gemaach huet—an zwar no den Opzeechnungen, déi si a Bezuch op hir Doudeger gefouert hunn.
9 Et kéint fir verschidde Leit eng ganz fett Doktrinn schéngen, vun där mir schwätzen—eng Muecht, déi op der Äerd opzeechent oder bënnt an am Himmel bënnt. Mee ass dës Muecht an allen Zäitaltere vun der Welt gi ginn, ëmmer wann den Här engem Mann oder enger Grupp vu Männer duerch tatsächlech Offenbarung d’Priistertum zouerkannt huet. Wat och ëmmer sou Männer mat Autoritéit an am Numm vum Här voll Wourecht an Trei gemaach hunn a wouriwwer si ee richtegen an treie Bericht gefouert hunn, dat ass deemno zu engem Gesetz op der Äerd an am Himmel ginn a kann no der Decisioun vum grousse Jehova net fir ongëlteg erkläert ginn. Dëst ass e glafwierdegt Wuert. Wie kann et héieren?
10 An als weidert Beispill Matthäus 16:18, 19: An ech soen dir och: Du bass de Péitruss, an op dësem Fiels wëll ech meng Kierch bauen; an d’Paarte vun der Hell sollen net gewanne géint se. Ech wëll dir d’Schlëssele vum Kinnekräich ginn, an alles, wat s du op der Äerd banne wäerts, dat wäert och am Himmel gebonne sinn, an alles, wat s du op der Äerd léise wäerts, dat wäert och am Himmel geléist sinn.
11 Elo besteet dat schéint a grousst Geheimnis vun der ganzer Saach, an de Summum Bonum vum ganze Sujet, dat virun eis läit, doranner, d’Muecht vum Hellege Priistertum ze kréien. Wiem dës Schlëssele gi sinn, fir deen ass et net schwiereg, eng Kenntnis vun den Tatsaachen hisiichtlech der Erléisung vun de Mënschekanner ze kréien, an zwar souwuel fir déi Doudeg wéi och fir déi Lieweg.
12 Hei dra läit Herrlechkeet an Éier, an Onstierflechkeet an Éiwegt Liewen—D’Veruerdnung vun der Daf mam Waasser, wou een dran ënnergedaucht gëtt, fir der Gestalt vun den Doudegen ze entspriechen, sou datt ee Prinzip mam aneren an Aklang ass; ënner d’Waasser ënnerzetauchen an aus dem Waasser erëm erauszekommen, entsprécht der Opersteeung vun den Doudegen, déi aus hire Griewer ervirkommen; dofir ass dës Veruerdnung agesat ginn, fir eng Bezéiung mat der Veruerdnung vun der Daf fir déi Doudeg ze bilden, andeems si d’Gestalt vun den Doudegen duerstellt.
13 Dofir gouf d’Dafbecken als Bild vum Graf agefouert, an et gouf uginn, datt en op enger Plaz drënner soll sinn, wou sech déi Lieweg versammelen, fir déi Lieweg an déi Doudeg ze weisen, an datt all Saachen hir Änlechkeet hunn, an datt se mateneen iwwereneestëmmen—dat wat ierdesch ass, entsprécht deem wat himmlesch ass, wéi de Paulus erkläert huet, 1 Korinther 15:46, 47 an 48:
14 Awer net dat Geeschtegt war als éischt, mee dat Natierlecht, an duerno dat Geeschtegt. Den éischte Mënsch ass vun der Äerd, ierdesch; den zweete Mënsch ass den Här vum Himmel. Wéi den ierdeschen ass, sou sinn och déi Ierdesch; a wéi den himmleschen ass, sou sinn och déi Himmlesch. A wéi d’Opzeechnungen hisiichtlech vun ären Doudegen op der Äerd sinn, déi éierlech ausgeschafft sinn, sou sinn och d’Opzeechnungen am Himmel. Dëst ass dofir déi versigelent a verbannent Muecht, an, an engem Sënn vum Wuert, d’Schlëssele vum Kinnekräich, déi am Schlëssel vum Wësse bestinn.
15 An elo, meng ganz léif Bridder a Schwësteren, loosst mech iech versécheren, datt et sech hei ëm d’Grondsätz hisiichtlech den Doudegen an de Liewegen handelt, déi een net liicht iwwergoe kann, wou se jo eis eegen Erléisung betreffen. Well deenen hir Erléisung ass fir eis eegen Erléisung noutwendeg a wesentlech, wéi de Paulus a Bezuch op d’Pappe gesot huet—datt si net ouni eis vollkomme gemaach géifen, an och mir kënnen ouni eis Doudeger net vollkomme gemaach ginn.
16 An elo, a Bezuch op d’Daf fir déi Doudeg, ginn ech iech en anert Zitat vum Paulus, 1 Korinther 15:29: Soss, wat sollen déi maachen, déi fir déi Doudeg gedeeft ginn, wann déi Doudeg guer net operstoen? Firwat ginn si da fir déi Doudeg gedeeft?
17 An nach eng Kéier, a Verbindung mat dësem Zitat ginn ech iech en Zitat vun engem vun de Propheten, deem säin A op d’Restauratioun vum Priistertum geriicht war, d’Herrlechkeeten, déi an de leschten Deeg opgedeckt solle ginn, an op eng besonnesch Manéier dëst herrlechst vun all de Sujeten, déi zum éiwegen Evangelium gehéieren, nämlech d’Daf fir déi Doudeg; well de Malachi seet, lescht Kapitel, 5ten a 6te Vers: Kuckt, ech schécken iech den Elijah, de Prophet, ier de groussen a schrecklechen Dag vum Här kënnt: An hie wäert d’Häerz vun de Pappen zu de Kanner an d’Häerz vun de Kanner zu hire Pappen ëmkéieren, fir datt ech net kommen an d’Äerd mat engem Fluch schloen.
18 Ech hätt dofir eng méi kloer Iwwersetzung kënne ginn, mee ass se an der aktueller Form fir mäin Zweck kloer genuch. An dësem Fall geet et duer ze wëssen, datt d’Äerd mat engem Fluch geschloe wäert ginn, wann et net iergendeng Aart vu Glidd, dat bënnt, tëschent de Pappen an de Kanner gëtt, nämlech am Kader vun iergendengem Sujet—a kuckt, wat ass dëse Sujet? Et ass d’Daf fir déi Doudeg. Well ouni si kënne mir net vollkomme gemaach ginn, an och si kënnen net ouni eis vollkomme gemaach ginn. A weder si nach mir kënnen ouni déijéineg vollkomme gemaach ginn, déi och am Evangelium gestuerwe sinn; well mam Ufank vun der Ausschëddung an der Fëllt vun den Zäiten—an dës Ausschëddung fänkt elo réischt un—ass et noutwendeg, datt eng ganz a vollstänneg a vollkomme Vereenegung a Verschmëlzung vun den Ausschëddungen a Schlësselen a Muechten an Herrlechkeete vum Adam sengen Deeg bis an d’Géigewaart stattfënnt a reveléiert gëtt. An net nëmmen dëst, mee och dat, wat vun der Grënnung vun der Welt un nimools reveléiert ginn ass, mee virun de Weisen a Schlaue verstoppt gehale ginn ass, wäert an dëser Ausschëddung an der Fëllt vun den Zäiten deenen, déi net räif sinn, an de Puppelcher offenbaart ginn.
19 An elo, wat héiere mir an deem Evangelium, dat mir empfaangen hunn? Eng Stëmm vun der Freed! Eng Stëmm vun der Baarmhäerzegkeet vum Himmel an eng Stëmm vun der Wourecht aus dem Buedem; frou Noriicht fir déi Doudeg; eng Stëmm vun der Freed fir déi Lieweg an déi Doudeg; frou Noriicht vu grousser Freed. Wéi schéi sinn op de Bierger d’Féiss vun deenen, déi frou Noriicht vu Guddem bréngen, déi zu Zion schwätzen: Kuck, däi Gott regéiert! Wéi den Tau vum Karmel, sou wäert Gotteserkenntnis op si nidder falen!
20 A weider, wat héiere mir? Frou Noriicht vu Cumorah! De Moroni, een Engel aus dem Himmel, verkënnegt d’Erfëllung vun de Propheten—dat Buch, dat reveléiert sollt ginn. Eng Stëmm vum Här an der Wüüst bei Fayette an der Seneca Grofschaft, déi den dräi Zeie seet, si sollte vum Buch Temoignage ginn! D’Stëmm vum Michael um Ufer vum Susquehanna, déi den Däiwel demaskéiert, deen als Engel vum Liicht opgetaucht war! D’Stëmm vum Péitruss, Jakobus a Johannes an der Wüüst tëschent Harmonie, an der Susquehanna Grofschaft a Colesville, an der Broome Grofschaft, um Floss Susquehanna, déi verkënnegen, datt si d’Schlëssele vum Kinnekräich souwéi vun der Ausschëddung an der Fëllt vun den Zäite besëtzen!
21 A weider d’Stëmm Gottes an der Kummer vum ale Papp Whitmer zu Fayette aan der Seneca Grofschaft an zu verschiddenen Zäiten an u méi Uerte wärend all de Schwieregkeeten an Tribulatioune vun der Kierch vum Jesus Christus vun den Hellege vun de Leschten Deeg! An d’Stëmm vum Michael, dem Äerzengel; d’Stëmm vum Gabriel a vum Raphael a méi Engelen, vum Michael oder Adam erof bis zur Géigewaart, déi hir Ausschëddunge verkënnegen, hir Rechter, hir Schlësselen, hir Éieren, hir Majestéit an Herrlechkeet an d’Muecht vum Priistertum; se ginn Zeil op Zeil, Uweisung op Uweisung, hei e wéineg an do e wéineg; se spenden eis Trouscht, andeems se eis dat weisen, wat komme wäert, an eis Hoffnung festegt!
22 Bridder, solle mir an enger sou groussaartege Saach net virugoen? Gidd no vir, net hannerzeg! Mutt, Bridder, stitt op, op zur Victoire! Loosst äert Häerz sech freeën, a sidd immens frou! Loosst d’Äerd a Gesang ausbriechen! Loosst déi Doudeg éiweg Luefhymnen op de Kinnek Immanuel ustëmmen, deen, nach bevir d’Welt war, dat veruerdent huet, wat eis befäegt, si aus hirem Prisong ze erléisen: well déi Gefaange solle fräi gelooss ginn.
23 Loosst d’Bierger vu Freed jubelen, an all dir Däller haart jäizen; an all dir Mierer an dréche Lännereien d’Wonner vun ärem éiwege Kinnek erzielen! An dir Flëss, a Baachen, a Quellen, fléisst mat Freed erof. Loosst d’Bëscher an all d’Beem vum Feld den Här luewen; an dir fest Fielse kräische vu Freed! An d’Sonn, de Mound an d’Moies-Stäre sollen zesumme sangen, an all d’Jonge vu Gott solle vu Freed jubelen! An déi éiweg Kreatioune sollen säin Numm fir ëmmer an ëmmer verkënnegen! An nach eng Kéier soen ech, wéi herrlech ass d’Stëmm, déi mir vum Himmel héieren, déi an eisen Oueren Herrlechkeet, Erléisung, Éier, Onstierflechkeet an éiwegt Liewe verkënnegt; Kinnekräicher, Fürstentum a Muechten!
24 Kuckt, de groussen Dag vum Här steet kuerz bevir, a wie kann den Dag vu sengem Kommen aushalen, a wie ka bestoen, wann hien erschéngt? Well hien ass wéi d’Feier vun engem Schmelzer a wéi d’Seef vun enger Wäschfra; an hie wäert sëtzen als Schmelzer a Rengeger vu Sëlwer, an hie wäert d’Jonge vum Levi rengegen an si wéi Gold a Sëlwer botzen, fir datt si dem Här een Affer duerch Gerechtegkeet ubidde kënnen. Loosst eis dofir, als Kierch an als Vollek, an als Hellege vun de Leschten Deeg, dem Här een Affer vu Gerechtegkeet duerbréngen; a loosst eis a sengem hellegen Tempel, wann e fäerdeg ass, e Buch presentéieren, dat d’Opzeechnunge vun eisen Doudegen enthält, dat all Akzeptanz wierdeg ass.
25 Bridder, ech hunn iech zu dësem Thema nach villes ze soen; awer fir haut wëll ech ophalen an dat Thema eng aner Kéier erëm ophuelen. Ech sinn, wéi ëmmer, äre bescheidene Kniecht a stännege Frënd,
Joseph Smith.