Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 11


Sektioun 11

Offenbarung, déi duerch de Prophet Joseph Smith u säi Brudder Hyrum Smith zu Harmonie, Pennsylvanien, am Mee 1829 gi gouf. Dës Offenbarung gouf kritt duerch den Urim an den Thummim als Äntwert op dem Joseph säi Bieden a säi Froen. D’Geschicht vum Joseph Smith seet, datt dës Offenbarung no der Restauratioun vum Aaronesche Priistertum komm ass.

1–6, D’Aarbechter am Wéngert wäerten d’Erléisung empfänken; 7–14, Sicht Weisheet, rufft no Ëmkéiert, vertraut op de Geescht; 15–22, Haalt d’Geboter a studéiert d’Wuert vum Här; 23–27, Verleegent de Geescht vun der Offenbarung an der Prophezeiung net; 28–30, Déi, déi de Christus empfänken, ginn d’Kanner vu Gott.

1 Ee grousst a wonnerbaart Wierk ass am Begrëff, ënnert de Mënschekanner ervirzekommen.

2 Kuck, ech si Gott; schenk mengem Wuert Beuechtung, well et ass lieweg a kräfteg, méi schaarf ewéi een zweeschneidegt Schwäert, sou datt et Gelenker a Muerch zerschneit; dofir schenk mengem Wuert Beuechtung.

3 Kuck, d’Feld ass scho wäiss, zur Recolte bereet; dofir, wien ze recoltéiere wënscht, dee soll seng Séchel mat aller Muecht aschloen a recoltéieren, soulaang et nach Dag ass, fir datt hien am Kinnekräich Gottes éiweg Erléisung opstapelt wéi ee Schatz.

4 Jo, wien och ëmmer seng Séchel aschléit a recoltéiert, deen ass vu Gott beruff.

5 Dofir, wann s du mech biets, wäerts du empfänken; wann s du uklapps, wäert dir opgemaach ginn.

6 Wou s du elo gebiet hues, kuck, sou soen ech dir: Hal meng Geboter, a sich duerno, d’Saach vun Zion ervirzebréngen an opzeriichten.

7 Sich net no Räichtum, mee no Weisheet, a kuck, d’Geheimnisser Gottes wäerten sech dir weisen an da wäerts du räich gemaach ginn. Kuck, wien éiwegt Liewen huet, ass räich.

8 Wierklech, wierklech, ech soen dir: Wéi s du et vu mir wënschs, sou soll et mat dir sinn; wann s du et wënschs, wäerts du den Outil sinn, an dëser Generatioun vill Guddes ze maachen.

9 Schwätz zu dëser Generatioun näischt ewéi nëmmen Ëmkéiert; Hal meng Geboter, a sief hëllefsbereet, mäi Wierk no menge Geboter ervirzebréngen, da wäerts du geséint sinn.

10 Kuck, du hues eng Gab, oder du wäerts eng Gab hunn, wann s du et vu mir am Glawe wënschs, mat opriichtegem Häerzen, an un d’Muecht vum Jesus Christus gleefs, nämlech u meng Muecht, déi zu dir sprécht;

11 well kuck, ech sinn et, dee sprécht; kuck, ech sinn d’Liicht, dat an der Däischtert liicht, an duerch meng Muecht ginn ech dir dës Wierder.

12 An elo, wierklech, wierklech, ech soen dir: Setz däi Vertrauen an dee Geescht, deen dozou beweegt, Guddes ze maachen—jo, rechtschafen ze handelen, bescheiden ze wandelen, gerecht ze riichten, well dat ass mäi Geescht.

13 Wierklech, wierklech, ech soen dir: Ech wëll dir vu mengem Geescht matdeelen, an e wäert dir de Verstand erliichten, an e wäert dir d’Séil mat Freed erfëllen.

14 An dann—oder follglech—wäerts du alles wëssen, wat s du vu mir wënschs a wat mat Gerechtegkeet ze dinn huet, souwäit s du a mir fest dorunner gleefs, datt s du et empfänke wäerts.

15 Kuck, ech kommandéieren dir, net vläicht ze mengen, du wiers beruff ze priedegen, bevir s du beruff bass.

16 Waart nach e bëssen, bis du mäi Wuert hues, mäi Fiels, meng Kierch a mäin Evangelium, fir datt s du meng Doktrinn mat Bestëmmtheet kenns.

17 An dann, kuck, wäert dir no denge Wënsch, jo, no dengem Glawe geschéien.

18 Hal meng Geboter; sief roueg; ruff mäi Geescht un;

19 jo, hal mat ganzem Häerzen u mir fest, fir datt s du mathëllefe kanns, dat un d’Liicht ze bréngen, wouvunner d’Ried war—jo, d’Iwwersetzung vu mengem Wierk; sief gedëlleg, bis du et vollbrénge wäerts.

20 Kuck, dëst ass mäi Wierk: meng Geboter ze halen, jo, mat aller Muecht, ganzem Sënn an aller Kraaft.

21 Sich net duerno, mäi Wuert ze verkënnegen, mee sich fir d’éischt duerno, mäi Wuert ze kréien, an da wäert deng Zong sech léisen; an dann, wann s du et wënschs, wäerts du mäi Geescht a mäi Wuert hunn, jo, an d’Muecht Gottes, fir Mënschen ze iwwerzeegen.

22 Mee elo sief roueg; befaass dech grëndlech mat mengem Wuert, dat ënnert d’Mënschekanner erausgaangen ass, a befaass dech och grëndlech mat mengem Wuert, dat ënnert de Mënschekanner ervirkomme wäert, nämlech dat, wat elo an der Iwwersetzung ass, jo, bis du alles kritt hues, wat ech de Mënschekanner an dëser Generatioun wëll ginn, an da wäert alles dobäigefüügt ginn.

23 Kuck, du bass den Hyrum, mäi Jong; sich nom Kinnekräich Gottes, da wäert alles dobäigefüügt ginn—no deem, wat gerecht ass.

24 Bau op mengem Fiels, dee mäin Evangelium ass;

25 leegen net de Geescht vun der Offenbarung, och net de Geescht vun der Prophezeiung, well Wéi deem, deen dëst leegent.

26 Dofir stapel an dengem Häerz op ewéi ee Schatz, bis déi Zäit kënnt, wou s du—no menger Weisheet—ausgoe solls.

27 Kuck, ech schwätzen zu allen, déi gutt Wënsch hunn an déi hir Séchel ageschloen hunn, fir ze recoltéieren.

28 Kuck, ech sinn de Jesus Christus, de Jong vu Gott. Ech sinn d’Liewen an d’Liicht vun der Welt.

29 Ech sinn et, deen an dat Mäint komm ass, a Meng hu mech net empfaangen.

30 Mee wierklech, wierklech, ech soen dir: Allen, déi mech empfänken, wëll ech d’Muecht ginn, Kanner vu Gott ze ginn, jo, deenen, déi u mäin Numm gleewen. Amen.