Sektioun 115
Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith, zu Wäite Westen, Missouri, de 26. Abrëll 1838, déi den Numm vun der Kierch als Kierch vum Jesus Christus vun den Hellege vun de Leschten Deeg identifizéiert. D’Offenbarung huet och Wäite Westen als nei Versammlungsplaz am Land Zion guttgeheescht.
1–4, Den Här nennt Seng Kierch D’Kierch vum Jesus Christus vun den Hellege vun de Leschten Deeg; 5–6, Zion an hir Péil si Plaze vun der Verdeedegung an der Refuge fir d’Helleger; 7–16, D’Helleger kréien den Uerder, en Haus vum Här zu Wäite Westen ze bauen; 17–19, De Joseph Smith hält d’Schlëssele vum Räich vu Gott op der Äerd.
1 Wierklech, sou seet den Här zu iech, mäi Kniecht Joseph Smith Jr. an och mäi Kniecht Sidney Rigdon an och mäi Kniecht Hyrum Smith, an zu äre Conseilleren, déi scho bestëmmt sinn oder spéider nach bestëmmt solle ginn,
2 an och zu dir, mäi Kniecht Edward Partridge, an zu denge Conseilleren;
3 an och zu mengen treie Kniechten, déi den Héije Conseil vu menger Kierch an Zion bilden, well sou soll e genannt ginn, an zu allen Eelsten an allem Vollek vu menger Kierch vum Jesus Christus vun den Hellege vun de Leschten Deeg, dat iwwer déi ganz Welt zerstreet ass,
4 well sou soll meng Kierch an de leschten Deeg genannt ginn, nämlech: D’Kierch vum Jesus Christus vun den Hellege vun de Leschten Deeg.
5 Wierklech, ech soen iech alleguerten: Erhieft iech a loosst äert Liicht liichten, fir datt et den Natiounen ee Banner wier;
6 a fir datt d’Sammlung am Land Zion an a senge Péil Schutz bewierkt an ee Refuge virum Stuerm a virun der Roserei, wann dësen onvermëscht iwwer déi ganz Äerd ausgeschott wäert ginn.
7 D’Stad Wäite Weste soll mir een hellegt a geweitent Land sinn; a se soll héchst helleg genannt ginn, well de Buedem, wouropper s du stees, ass helleg.
8 Dofir kommandéieren ech iech, mir een Haus ze bauen, zur Sammlung vu mengen Helleger, op datt si mech veréiere kënnen.
9 An et soll an dësem Summer, dee kënnt, een Ufank ginn, d’Grondleeung an déi virbereedend Aarbechten,
10 an den Ufank soll um véierten Dag vum nächste Mount Juli gemaach ginn; a vun deem Dag un soll mäi Vollek äifreg schaffen, fir mengem Numm een Haus ze bauen;
11 a vun deem Dag un an engem Joer sollen si nach eng Kéier ufänken an de Fundament vu mengem Haus opriichten.
12 Sou loosst si also vun där Zäit un äifreg schaffen, bis et fäerdeg ass, vum Eckstee bis zur Spëtzt, bis näischt méi do ass, wat net fäerdeg ass.
13 Wierklech, ech soen iech: Loosst weder mäi Kniecht Joseph nach mäi Kniecht Sidney, nach mäi Kniecht Hyrum weiderhin dowéinst a Scholde geroden, well mengem Numm een Haus gebaut soll ginn;
14 mee loosst mengem Numm een Haus baue nom Muster, dat ech hinne weise wäert.
15 A wa mäi Vollek et net nom Muster baut, dat ech senger Presidentschaft weise wëll, sou wäert ech et net aus sengen Hänn unhuelen.
16 Wa mäi Vollek et awer nom Muster baut, dat ech senger Presidentschaft weise wëll, nämlech mengem Kniecht Joseph a senge Conseilleren, sou wäert ech et aus den Hänn vu mengem Vollek unhuelen.
17 A weider, wierklech, ech soen iech: Et ass mäi Wëllen, datt d’Stad Wäite Weste schnell opgebaut gëtt, an zwar duerch d’Sammlung vu mengen Helleger,
18 weider, datt aner Uerten am Gebitt ronderëm als Péil bestëmmt ginn, wéi et mengem Kniecht Joseph vun Zäit zu Zäit gewise wäert ginn.
19 Well kuckt, ech wäert mat him sinn, an ech wäert hie virum Vollek hellegen; well him hunn ech d’Schlëssele vun dësem Räich a vum geeschtlechen Déngscht ginn. Jo. Amen.