Sektioun 113
Äntwerten op verschidde Froen iwwer d’Schrëfte vum Jesaja, gi vum Joseph Smith, dem Prophet, zu oder bei Wäite Westen, Missouri, Mäerz 1838.
1–6, De Stamm vum Jesse, de Staf, deen dovunner kënnt, an d’Wuerzel vum Jesse ginn identifizéiert; 7–10, Déi verstreet Iwwerreschter vun Zion hunn e Recht op d’Priistertum a gi beruff, zum Här zeréckzekommen.
1 Wien ass de Stamm vum Jesse, vun deem am 1ten, 2ten, 3ten, 4ten a 5te Vers vum 11te Kapitel vum Jesaja geschwat gëtt?
2 Wierklech, sou seet den Här: Et ass de Christus.
3 Wat ass de Staaf, vun deem am éischte Vers vum 11te Kapitel vum Jesaja geschwat gëtt, deen aus dem Stamm vum Jesse kënnt?
4 Kuckt, sou seet den Här: Dat ass ee Kniecht an den Hänn vum Christus, dee souwuel een Nokomm vum Jesse wéi och vum Efraim ass, also aus dem Haus vum Joseph, an op deem vill Muecht geluecht ginn ass.
5 Wat ass déi Wuerzel Jesse, vun där am 10te Vers vum 11te Kapitel d’Ried ass?
6 Kuckt, sou seet den Här: Dat ass een Nokomm souwuel vum Jesse wéi och vum Joseph, deem de Priistertum an d’Schlëssele vum Räich zu Recht gehéieren—als Banner an zur Sammlung vu mengem Vollek an de leschten Deeg.
7 Froe vum Elias Higbee: Wat bedeit de Befeel am 52te Kapitel vum Jesaja, 1te Vers, wou et heescht: Zion, zéi un deng Stäerkt, an op wellecht Vollek huet de Jesaja Bezuch geholl?
8 Hien huet Bezuch op déijéineg geholl, déi Gott an de leschten Deeg berifft an déi d’Muecht vum Priistertum halen, fir Zion an d’Erléisung vun Israel erëmzebréngen; seng Stäerkt unzéien heescht, d’Autoritéit vum Priistertum unzeleeën, wouropper et, Zion, opgrond direkter Ofstamung ee Recht huet, an och erëm zu där Muecht ze kommen, déi him verluer gaange war.
9 Wat solle mir dorënner verstoen, datt Zion sech vun de Fessele vu sengem Hals lassmaache soll; 2te Vers?
10 Mir sollen dorënner verstoen, datt déi zerstreeten Iwwerreschter ugedriwwe ginn, zum Här zeréck ze kéieren, vun deem si of gefall sinn; wann si dat maachen, sou versprécht hinnen den Här, datt hien zu hinne schwätze wäert, hinnen also Offenbarung wäert ginn. Kuckt de 6ten, 7ten an 8te Vers. D’Fessele vu sengem Hals sinn d’Flich Gottes op him oder d’Iwwerreschter vun Israel an hirem zerstreeten Zoustand ënnert den Aneren.