Sektioun 10
Offenbarung, déi dem Joseph Smith dem Prophet zu Harmonie, Pennsylvanien, warscheinlech ëm Abrëll 1829 gi gouf, obwuel Deeler eventuell schonn am Summer 1828 kritt goufen. Hei informéiert den Här de Joseph iwwer Ännerungen, déi béis Männer an den 116 Manuskript-Säiten aus der Iwwersetzung vum Buch vum Lehi am Buch vum Mormon gemaach hunn. Dës Manuskript-Säite waren dem Martin Harris verluer gaangen, deem d’Blieder temporär uvertraut gi waren. (Kuckt d’Iwwerschrëft zu Sektioun 3.) De béise Plang war, op déi erwaart Nei-Iwwersetzung vun der Matière ze waarden, déi vun de geklaute Säiten ofgedeckt ass, an dann den Iwwersetzer ze diskreditéieren, andeems hien Diskrepanze weist, déi duerch d’Ännerungen entstane sinn. Datt dëse béise Plang vum Béisen ausgeduecht gi war an dem Här bekannt war, souguer wärend de Mormon, den anticken nephiteschen Historiker, seng Zesummefaassung vun de gesammelten Tafele gemaach huet, gëtt am Buch vum Mormon gewisen (kuckt Wierder vum Mormon 1:3–7).
1–26, De Satan stëppelt béis Männer op, fir sech géint d’Wierk vum Här ze stellen; 27–33, Hie probéiert d’Séile vun de Mënschen ze zerstéieren; 34–52, D’Evangelium soll un d’Lamaniten an un all Natiounen, duerch d’Buch vum Mormon, goen; 53–63, Den Här wäert Seng Kierch a Säin Evangelium ënnert de Mënschen opriichten; 64–70, Hie wäert déi, déi ëmkéieren, a Senger Kierch sammelen an déi, déi follegen, retten.
1 Elo, kuck, ech soen dir, well s du déi Schrëften, déi s du mat Hëllef vum Urim an Thummim iwwersetze konnts, an d’Hänn vun engem béise Mann iwwerginn hues, hues du se verluer.
2 An zur selwechten Zäit hues du och deng Gab verluer, an däi Verstand huet sech verdäischtert.
3 Mee ass se dir elo erëm restauréiert ginn; dofir kuck, datt s du trei bass a weiderméchs, fir de Rescht Iwwersetzungsaarbecht op en Enn ze bréngen, sou wéi s du ugefaangen hues.
4 Laf net méi schnell a verriicht net méi Aarbecht, wéi s du Kraaft hues a Mëttel virgesi sinn, déi dir d’Iwwersetzen erméiglechen; mee sief äifreg bis un d’Enn.
5 Biet ëmmer, fir datt s du als Gewënner ervirkënns, jo, fir datt s du iwwert de Satan gewënns an den Hänn vum Satan senge Kniechten entkënns, déi säi Wierk ënnerstëtzen.
6 Kuck, si hunn duerno gesicht, dech ze vernichten; jo, souguer de Mann, deem s du vertraut hues, huet duerno gesicht, dech ze vernichten.
7 An aus dësem Grond hunn ech gesot, hie wier ee béise Mënsch, well hien huet duerno gesicht, dat ewechzehuelen, wat dir uvertraut ginn ass, an hien och duerno gesicht, deng Gab ze vernichten.
8 A well s du him d’Schrëften an d’Hänn ginn hues, kuck, dofir hu béis Mënschen se dir ewechgeholl.
9 Dofir hues du se, jo, dat, wat helleg ass, der Béist ausgeliwwert.
10 A kuck, de Satan huet et hinnen an d’Häerz ginn, d’Wierder ze änneren, déi s du schreiwe gelooss hues—nämlech déi s du iwwersat hues—an déi dir verluer gaange sinn.
11 A kuck, ech soen dir: Well si d’Wierder geännert hunn, widderspriechen dës elo deem, wat s du iwwersat hues a schreiwe gelooss hues.
12 An op dës Weis huet den Däiwel duerno gesicht, ee schlaue Plang auszeschaffen, fir dëst Wierk ze zerstéieren.
13 Well hien huet et hinnen an d’Häerz ginn, dëst ze maachen, fir datt si mat hire Lige soe kënnen, si hätten dech an deene Wierder gefaangen, déi s du angeblech iwwersat hues.
14 Wierklech, wierklech, ech soen dir: Ech wäert net zouloossen, datt de Satan seng béis Absicht an dëser Hisiicht ausféiert.
15 Well kuck, hien huet et hinnen an d’Häerz ginn, dech dohinner ze bréngen, datt s du den Här, däi Gott, versichs, andeems du biets, et nach eng Kéier iwwersetzen ze dierfen.
16 An dann, kuck, da soen an denken si am Häerzen: Mir wëlle kucken, ob Gott him d’Muecht ginn huet ze iwwersetzen; wa jo, da wäert hien him d’Muecht och nach eng Kéier ginn;
17 a wa Gott him d’Muecht nach eng Kéier gëtt oder wann hien nach eng Kéier iwwersetzt oder mat anere Wierder, wann hien déi selwecht Wierder ervirbréngt, kuckt, sou hu mir déi selwecht Wierder bei eis, a mir hunn se geännert;
18 dofir wäerten si net iwwereneestëmmen, a mir wäerte soen, hien hätt a senge Wierder gelunn an hien hätt guer keng Gab an hien hätt guer keng Muecht.
19 Dofir wäerte mir hie vernichten, an och dat Wierk; a mir wëllen dëst maachen, fir datt mir um Enn net beschummt ginn a fir datt mir vun der Welt gesi ginn.
20 Wierklech, wierklech, ech soen dir: De Satan huet grouss Gewalt iwwert hiert Häerz; hie stëppelt si zu Ongerechtegkeeten op géint dat, wat gutt ass.
21 An hier Häerzer si korrupt a voller Béist a Grujelen; a si hunn d’Däischtert gär, net awer d’Liicht, well hir Dote béis sinn; dofir wëllen si mech net bieden.
22 De Satan stëppelt si op, fir datt hien hir Séil zur Vernichtung féiere kann.
23 An esou huet hien ee schlaue Plang gemaach; hien huet gesicht, d’Wierk Gottes ze zerstéieren; mee ech wëll et vun hinne fuerderen, an et wäert sech um Dag vum Geriicht als hir Schan a Verurteelung erausstellen.
24 Jo, hie stëppelt hinnen d’Häerz zur Roserei géint dëst Wierk op.
25 Jo, hie schwätzt zu hinnen: Täuscht a leet iech op d’Lauer, fir ze fänken, fir datt dir zerstéiere kënnt; kuckt, dat ass keen Onrecht. An esou schmeechelt hien hinnen a seet hinnen, et wier keng Sënd, wann si léien, fir een an enger Ligen ze fänken, sou datt si hie vernichte kënnen.
26 An esou schmeechelt hien hinnen a féiert si dohinner, bis hien hir Séil erof zur Hell schleeft; an esou léisst hien si sech an hirer eegener Schléngt fänken.
27 An esou geet hien op der Äerd op an of, hin an hir, a sicht duerno, d’Mënscheséilen ze vernichten.
28 Wierklech, wierklech, ech soen dir: Wéi deem, dee litt, fir ze täuschen, well hie mengt, den anere litt och, fir ze täuschen; well esou ee gëtt vun der Rechtsspriechung Gottes net ausgeholl.
29 An elo, si hunn dës Wierder geännert, well de Satan zu hinne gesot huet: Hien huet iech getäuscht. An esou schmeechelt hien hinnen, fir datt si Ongerechtegkeete maachen an dech dozou bréngen, datt s du den Här, däi Gott, versichs.
30 Kuck, ech soen dir: Du solls déi Wierder, déi dir verluer gaange sinn, net nach eng Kéier iwwersetzen;
31 well kuck, si sollen hir béis Absichten net ausféieren, andeems si géint dës Wierder léien. Well kuck, wann s du déi selwecht Wierder ervirbréngs, wäerten si soen, du häss gelunn an häss virginn ze iwwersetzen, häss dir awer selwer widdersprach.
32 A kuck, si wäerten dëst verëffentlechen, an de Satan wäert de Mënschen d’Häerz verhäerten, fir si zur Roserei géint dech opzestëppelen, sou datt si menge Wierder net gleewe wäerten.
33 Sou gedenkt de Satan däin Temoignage an dëser Generatioun ze iwwerwältegen, fir datt d’Wierk an dëser Generatioun net ervirkomme kann.
34 Mee kuck, hei ass Weisheet, a well ech dir Weisheet weisen an dir an dëser Hisiicht Geboter ginn, nämlech wat s du maache solls—weis et der Welt net, bis du d’Wierk vun der Iwwersetzung vollbruecht hues.
35 Wonner dech net, datt ech dir gesot hunn: Hei ass Weisheet, weis et der Welt net—well ech hu gesot, weis et der Welt net, fir datt s du beschützt bleifs.
36 Kuck, ech soen net, datt s du et net de Gerechte weise solls;
37 mee wou s du net beurteele kanns, wie gerecht ass, oder wou s du déi Béis vun de Gerechten net ëmmer ënnerscheede kanns, dofir soen ech dir: Sief roueg, bis ech et fir richteg halen, der Welt alles iwwer dës Ugeleeënheet ze weisen.
38 An elo, wierklech, ech soen dir: Ee Bericht vun deem, wat s du geschriwwen hues a wat dir verluer gaangen ass, ass op de Placke vum Nephi agravéiert;
39 jo, an du erënners dech, et heescht an dëse Schrëften, datt ee méi ausféierleche Bericht op de Placke vum Nephi gi wier.
40 An elo, well deen op de Placke vum Nephi agravéierte Bericht iwwer dat, wat ech no menger Weisheet de Mënsche mat dësem Bericht zum Wësse brénge wollt, méi ausféierlech ass—
41 dofir solls du déi Gravéierungen, déi op de Placke vum Nephi sinn, iwwersetzen, bis du zur Herrschaft vum Kinnek Benjamin kënns oder bis du zu deem Deel kënns, deen s du iwwersat an an Hänn behalen hues;
42 a kuck, du solls en als de Bericht vum Nephi verëffentlechen; an esou wëll ech déijéineg beschummen, déi meng Wierder geännert hunn.
43 Ech wäert net zouloossen, dat si mäi Wierk zerstéieren; jo, ech wäert hinne weisen, datt meng Weisheet méi grouss ass wéi d’Schlauheet vum Däiwel.
44 Kuck, si hunn nëmmen een Deel oder een Auszuch aus dem Bericht vum Nephi.
45 Kuck, op de Placke vum Nephi ass villes agravéiert, wat ee besseren Abléck a mäin Evangelium erlaabt; dofir ass et no menger Weisheet, datt s du den éischten Deel vum Nephi senge Gravéierungen iwwersetz an an dësem Wierk erausbréngs.
46 A kuck, dat ganzt iwwregt Wierk enthält all déi Deeler vu mengem Evangelium, vun deene meng helleg Propheten, jo, an och meng Jünger an hire Gebieder gewënscht hunn, se géifen un dëst Vollek kommen.
47 An ech hunn zu hinne gesprach, datt et hinnen no hirem Glawen, deen an hire Gebieder war, geschéie géif;
48 jo, an dëst war hire Glawen: Mäin Evangelium, dat ech hinne ginn hat, fir datt si et an hiren Deeg priedegen, géif zu hire Bridder, de Lamaniten, kommen, an och zu all déi aner, déi als Resultat vun hire Rebellioun Lamanite gi waren.
49 Dëst ass awer net alles: Hire Glawen, deen an hire Gebieder war, war och, datt dëst Evangelium gewise sollt ginn, wann et méiglech wär, datt aner Natiounen dëst Land besëtze géifen.
50 An esou hunn si an hire Gebieder ee Seegen op dësem Land hannerlooss, nämlech datt jiddwereen, deen an dësem Land un d’Evangelium gleeft, éiwegt Liewe kéint hunn;
51 jo, datt et fräi fir alleguerte wier, vu wéi enger Natioun, wéi engem Geschlecht, wéi enger Sprooch a wéi engem Vollek si och wieren.
52 An elo, kuck, no hirem Glawen, deen an hire Gebieder war, wäert ech dësen Deel vu mengem Evangelium mengem Vollek zum Wësse bréngen. Kuck, ech bréngen et net, fir dat ze zerstéieren, wat si empfaangen hunn, mee fir et opzebauen.
53 An aus dësem Grond hunn ech gesot: Wann dës Generatioun hiert Häerz net verhäert, wäert ech meng Kierch ënnert hinnen opriichten.
54 Ech soen dat elo net, fir meng Kierch ze zerstéieren, mee ech soen et, fir meng Kierch opzebauen;
55 dofir, wien och ëmmer menger Kierch ugehéiert, brauch net ze fäerten, well esou ee wäert d’Himmelräich ierwen.
56 Mee et sinn déijéineg, déi mech net fäerten, déi och meng Geboter net halen, mee Kierche fir sech selwer opriichten, fir Gewënn ze kréien, jo, an alleguerten, déi Schlechtes maachen an d’Räich vum Däiwel opbauen—jo, wierklech, wierklech, ech soen dir: Erféiere wäert ech si, bis an dat Bannescht wëll ech si zidderen a biewe maachen.
57 Kuck, ech sinn de Jesus Christus, de Jong vu Gott. Ech sinn an dat Mäint komm, an déi, déi Mäint sinn, hu mech net empfaangen.
58 Ech sinn d’Liicht, dat an der Däischtert liicht, an d’Däischtert erfaasst et net.
59 Ech sinn et, dee gesprach huet: Ech hunn nach aner Schof, déi sinn net aus dësem Stall; an ech hunn et zu menge Jünger gesot, an et goufen der vill, déi mech net verstanen hunn.
60 An ech wäert dësem Vollek weisen, datt ech nach aner Schof hat an datt si eng Branche vum Haus vum Jakob waren;
61 an ech wëll hir wonnerbar Wierker un d’Liicht bréngen, dat, wat si a mengem Numm gemaach hunn;
62 jo, an ech wëll och mäin Evangelium, mat deem hinne gedéngt gouf, un d’Liicht bréngen, a kuck, béides wäert dat, wat s du empfaangen hues, net leegnen, mee et opbauen, an et wäert déi wouer Punkte vu menger Léier un d’Liicht bréngen, jo, nämlech déi eenzeg Doktrinn, déi a mir ass.
63 An dëst maachen ech, fir mäin Evangelium opzeriichten, fir datt et net esou vill Sträit gëtt; jo, de Satan stëppelt de Mënschen d’Häerz zum Sträit iwwer d’Punkte vu menger Doktrinn op, an doranner ieren si, well si verdréinen d’Schrëft a verstinn se net.
64 Dofir wëll ech hinnen dëst grousst Geheimnis verroden;
65 well kuck, ech wëll si sammelen, wéi een Hong hir Jippelcher ënnert hir Flilleke sammelt, wann si hiert Häerz net verhäerten;
66 jo, wann si komme wëllen, sou géifen si kommen, a si dierfe gäre vum Waasser vum Liewen drénken.
67 Kuck, dëst ass meng Doktrinn: Wien ëmkéiert a bei mech kënnt, deen ass meng Kierch.
68 Wien och ëmmer méi oder manner ewéi dat verkënnegt, deen ass net vu mir, mee ass géint mech; dofir ass hien net vu menger Kierch.
69 An elo kuck, wie vu menger Kierch ass an a menger Kierch bis un d’Enn aushält, dee wëll ech op mengem Fielsen opriichten, an d’Paarte vun der Hell wäerten net géint hie gewannen.
70 An elo, denk un d’Wierder vun deem, deen d’Liewen an d’Liicht vun der Welt ass, däin Erléiser, däin Här an däi Gott. Amen.