Sektioun 108
Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith, zu Kirtland, Ohio, de 26. Dezember 1835. Dës Sektioun gouf op Ufro vum Lyman Sherman kritt, dee virdrun zu engem vun de siwe Presidente vun de Siwwenzeg geweit gi war an dee beim Prophet eng Offenbarung ugefrot hat, fir seng Flicht bekannt ze maachen.
1–3, Dem Lyman Sherman seng Sënde gi verzien; 4–5, Hie soll zu de féierenden Eelste vun der Kierch gezielt ginn; 6–8, Hie gëtt beruff, d’Evangelium ze priedegen a seng Bridder ze stäerken.
1 Wierklech, sou seet den Här zu dir, mäi Kniecht Lyman: Deng Sënde sinn dir verzien, well s du menger Stëmm gefollegt hues an haut de Mueren heihinner komm bass, fir vun deemjéinege Rotschlag ze empfänken, deen ech bestëmmt hunn.
2 Dofir soll deng Séil roueg sinn, wat däi Stand an de geeschtege Suerge betrëfft, a menger Stëmm net méi laang widderstoen.
3 An hief dech a beuecht vun elo un méi virsiichteg deng Gelübden, déi s du gemaach hues an nach méchs, da wäerts du mat immens grousse Seenunge geséint ginn.
4 Waart gedëlleg, bis meng Kniechten déi feierlech Versammlung aberuffen, da soll denger bei den éischte vu mengen Eelste geduecht ginn, an du wäerts mat den iwwrege vu mengen Eelsten, déi ech ausgewielt hunn, d’Urecht duerch Veruerdnung empfänken.
5 Kuck, dat ass d’Versprieche vum Papp fir dech, wann s du weiderhin trei bass.
6 An un deem Dag wäert et sech fir dech erfëllen, datt s du d’Recht wäerts hunn, mäin Evangelium iwwerall do ze priedegen, wou ech dech vun där Zäit un hi schécke wäert.
7 Dofir stäerk deng Bridder an all dengem Ëmgank, an all denge Gebieder, an all denge Reprimandatiounen an an allem, wat s du méchs.
8 A kuck do, ech si bei dir, fir dech ze séinen an dech fir ëmmer ze befreien. Amen.