Scriptures
Moses 8


Kapitel 8

(Februar 1831)

De Methusalem prophezeit—Den Noah a seng Jonge priedegen d’Evangelium—Grouss Béist herrscht—De Ruff zur Ëmkéiert gëtt net befollegt—Gott dekretéiert d’Zerstéierung vun all Fleesch duerch d’Iwwerschwemmung.

1 An all Deeg vum Henoch ware véierhonnertdrësseg Joren.

2 An et huet sech erginn: De Metuschelach, de Jong vum Henoch, gouf net ewechgeholl—jo, fir datt sech d’Allianze vum Här erfëlle konnten, déi hie fir den Henoch gemaach hat; well hien hat wierklech mam Henoch déi Allianz gemaach, datt den Noah vun der Fruucht vu senger Hëft stame géif.

3 An et huet sech erginn: De Metuschelach huet prophezeit, datt all Räicher vun der Äerd aus senger Hëft ervirgoe géifen (duerch den Noah), an hien huet sech selwer verherrlecht.

4 An et ass eng grouss Hongersnout an d’Land komm, an den Här huet d’Äerd mat engem schwéiere Fluch verflucht, a vill vun hire Bewunner si gestuerwen.

5 An et huet sech erginn: De Metuschelach huet honnertsiwenanachzeg Jore gelieft an huet de Lamech prokreéiert;

6 an de Metuschelach huet, nodeems hien de Lamech prokreéiert hat, siwenhonnertzweeanachzeg Jore gelieft, an huet Jongen an Duechtere prokreéiert;

7 an all Deeg vum Metuschelach waren nénghonnertnéngasiechzeg Joren, an hien ass gestuerwen.

8 An de Lamech huet honnertzweeanachzeg Jore gelieft an huet ee Jong prokreéiert,

9 an hien huet en Noah genannt a gesprach: Dëse Jong wäert eis tréischten an eiser Aarbecht an an der Méi vun eisen Hänn um Buedem, deen den Här verflucht huet.

10 An de Lamech huet, nodeems hien den Noah prokreéiert huet, fënnefhonnertfënnefannonzeg Jore gelieft, an huet Jongen an Duechtere prokreéiert;

11 an all Deeg vum Lamech ware siwenhonnertsiwenasiwwenzeg Joren, an hien ass gestuerwen.

12 An den Noah war véierhonnertfofzeg Joren al an huet de Jafet prokreéiert; an zweeavéierzeg Joren duerno huet hien de Sem mat där Fra, déi d’Mamm vum Jafet war, prokreéiert, a wéi hie fënnefhonnert Joren al war, huet hien den Ham prokreéiert.

13 An den Noah a seng Jongen hunn op den Här héieren a waren opmierksam; a si sinn d’Jonge Gottes genannt ginn.

14 A wéi dës Männer ugefaangen hunn, sech op der Äerd ze multiplizéiere, an hinnen Duechtere gebuer goufen, do hunn d’Jonge vun de Mënsche gesinn, datt dës Duechtere schéi waren, an hunn sech zur Fra geholl wéi eng si wollten.

15 An den Här huet zum Noah gesprach: D’Duechtere vun denge Jongen hunn sech verkaaft: well kuck, meng Roserei ass géint d’Jonge vun de Mënschen entflaamt, well si wëllen net op meng Stëmm lauschteren.

16 An et huet sech erginn: Den Noah huet prophezeit an dat enseignéiert, wat vu Gott ass, jo, wéi et um Ufank war.

17 An den Här huet zum Noah gesprach: Mäi Geescht wäert sech net ëmmer mat de Mëschen ofméien, well si solle wëssen, datt all Fleesch stierwe wäert; awer sollen hir Deeg honnertzwanzeg Jore sinn; a wann d’Mënschen net ëmkéieren, wäert ech d’Iwwerschwemmungen iwwert si schécken.

18 An un deenen Deeg goufen et Risen op der Äerd, a si hunn dem Noah nogestallt, fir him d’Liewen ze huelen; awer den Här war mam Noah, an d’Muecht vum Här war op him.

19 An den Här huet den Noah no senger eegenen Uerdnung veruerdent an huet him gebueden, hie sollt higoen an de Mënschen säin Evangelium verkënnegen, jo, wéi et dem Henoch gi gi war.

20 An et huet sech erginn: Den Noah huet d’Mënschen opgeruff ëmzekéieren; awer si hunn net op seng Wierder gelauschtert;

21 an nodeems si him nogelauschtert haten, sinn si no vir komm an hu gesprach: Kuck, mir sinn d’Jonge Gottes; hu mir eis net d’Duechtere vun de Mënsche geholl? Ass et net esou, datt mir iessen an drénken an eis bestueden a bestuet ginn? An eis Frae gi Gebuert eise Kanner, an dat si mächteg Männer, deene gläich, déi an aler Zäit waren, Männer mat groussem Afloss. A si hunn net op dem Noah seng Wierder gelauschtert.

22 A Gott huet gesinn, datt d’Béist vun de Mënsche grouss gi war op der Äerd; a jiddwer Mënsch war am Truechte vun de Gedanke vu sengem Häerz iwwerhieflech, well dës ware bestänneg nëmme béis.

23 An et huet sech erginn: Den Noah huet weider gemaach, dem Vollek ze priedegen, nämlech: Lauschtert, a schenkt menge Wierder Gehéier;

24 Sidd gleeweg, a kéiert ëm vun äre Sënden, a loosst iech deefen am Numm vum Jesus Christus, dem Jong Gottes, jo, wéi eis Pappen, da wäert dir den Hellege Geescht empfänken, fir datt iech alles gewise ka ginn; a wann dir dëst net maacht, wäerten d’Iwwerschwemmungen iwwert iech kommen. Mee si hunn net dorobber gelauschtert.

25 An et huet dem Noah Leed gedoen, an d’Häerz huet him Wéi gedoen, datt den Här Mënschen op der Äerd erschaf hat, an et huet him am Häerz Péng hannerlooss.

26 An den Här huet gesprach: Ech wëll de Mënsch, deen ech erschaf hunn, verschwanne loosse vun der Äerd, souwuel de Mënsch wéi och d’Déieren, dat, wat um Buedem kraucht an d’Villercher an der Loft; well et deet dem Noah Leed, datt ech se erschaf hunn an datt ech se kreéiert hunn; an hien huet mech ugeruff, well si hunn him nom Liewe gesicht.

27 An sou huet den Noah Gonscht an den Ae vum Här fonnt, well den Noah war ee gerechte Mann an a senger Generatioun vollkommen; an hien ass mat Gott gewandelt, wéi et och seng dräi Jonge gemaach hunn, de Sem, den Ham an de Jafet.

28 An d’Äerd war verduerwe viru Gott, a se war vu Gewalttätegkeet erfëllt.

29 A Gott huet d’Äerd ugekuckt, a kuckt, se war verduerwen, well all Fleesch hat säi Wee verduerwen op der Äerd.

30 A Gott huet zum Noah gesprach: D’Enn vun all Fleesch ass viru mech komm, well d’Äerd ass vu Gewalttätegkeet erfëllt, a kuck, ech wäert all Fleesch vun der Äerd verschwanne loossen.