Scriptures
Joseph Smith—Matthäus 1


Joseph Smith—Matthäus

En Auszuch aus der Iwwersetzung vun der Bibel, wéi se dem Prophet Joseph Smith am Joer 1831 opgedeckt gouf: Matthäus 23:39 a Kapitel 24.

Kapitel 1

De Jesus seet déi bevirstoend Zerstéierung vu Jerusalem viraus—Hie schwätzt och iwwer dat zweet Komme vum Jong vum Mënsch an d’Zerstéierung vun de Béisen.

1 Well ech soen iech: Dir wäert mech vun elo un net gesinn a wäert net wëssen, datt ech et sinn, iwwer dee vun de Prophete geschriwwe ginn ass, bis dir sot: Geséint sief, deen do kënnt am Numm vum Här an de Wolleke vum Himmel, an all helleg Engele mat him. Do hunn seng Jünger verstanen, datt hien erëm op d’Äerd komme géif, nodeems hien zur rietsen Hand Gottes verherrlecht a gekréint gi wier.

2 An de Jesus ass erausgaangen, ewech vum Tempel, a seng Jünger koume bei hien, hien ze héieren, an hu gesprach: Meeschter, weis eis, wat s du mengs, wéi s du vun de Gebaier vum Tempel geschwat hues: Ëmgedréint wäert dat ginn, zerstéiert wäert et iech sinn.

3 An de Jesus huet zu hinne gesprach: Gesitt dir net dat alles a verstitt et awer net? Wierklech, ech soen iech: Et wäert hei, an dësem Tempel, net ee Steen um anere bleiwen, deen net ofgebrach wäert ginn.

4 An de Jesus huet si verlooss an ass op den Olivebierg gaangen. A wéi hien um Olivebierg souz, si seng Jünger fir sech eleng virun hie komm an hu gesprach: So eis, wéini wäert dat geschéien, wat s du a Bezuch op d’Zerstéierung vum Tempel an de Judde gesot hues; a wat ass d’Zeeche fir däi Kommen an d’Enn vun der Welt, nämlech d’Vernichtung vun de Béisen, wat jo d’Enn vun der Welt ass?

5 An de Jesus huet geäntwert an zu hinne gesprach: Passt op, datt iech keen täuscht;

6 Well vill wäerten ënnert mengem Numm kommen a soen: Ech sinn de Christus, a si wäerten der vill täuschen.

7 Da wäert een iech der Nout ausliwweren an iech ëmbréngen, an dir wäert vun allen Natioune wéinst mengem Numm gehaasst ginn,

8 an da wäerten der vill zu Fall kommen an een den anere verroden.

9 A vill falsch Prophete wäerten optrieden, a si wäerten der vill täuschen;

10 a well d’Ongerechtegkeet iwwerhand hëlt, wäert d’Léift bei villen erkalen.

11 Wien awer ferm bleift a sech net iwwerwanne léisst, dee wäert gerett ginn.

12 Wann dir also d’Abscheilechkeet vun der Verwüüstung gesitt, wouvun de Prophet Daniel geschwat huet, am Zesummenhang mat der Zerstéierung vu Jerusalem, da sollt dir op der helleger Plaz stoen; wien dat liest, géif hien et verstoen.

13 Da soll an d’Bierger flüchten, wien a Judäa ass;

14 a wien um Dach ass, soll flüchten an net zeréck kéieren, fir eppes aus sengem Haus ze huelen;

15 a wien um Feld ass, soll net zeréck kéieren, fir säi Mantel ze huelen.

16 Wéi awer de Schwangeren an de Mammen, déi stëllen, an dësen Deeg;

17 Dofir biet den Här, är Flucht géif net am Wanter geschéien, an och net um Sabbatdag;

18 well da wäert grouss Tribulatioun sinn iwwert de Judden an op den Awunner vu Jerusalem, wéi se nach ni virdru vu Gott iwwer Israel geschéckt gouf—vum Ufank vun hirem Räich bis elo, neen, an och ni erëm iwwer Israel geschéckt wäert ginn.

19 Alles, wat iwwert si komm ass—dat ass eréischt den Ufank vun de Schwieregkeeten, déi iwwert si komme wäerten.

20 A wann dës Deeg net verkierzt géifen, da kéint näischt vun hirem Fleesch gerett ginn; awer wéinst deenen, déi no der Allianz ausgewielt sinn, sollen dës Deeg verkierzt ginn.

21 Kuckt, dëst hunn ech iech a Bezuch op d’Judde gesot. A weider, wann een no der Tribulatioun vun dësen Deeg, dat iwwer Jerusalem komme wäert, zu iech soe wäert: Kuckt, hei ass de Christus, oder hei, sou gleeft him net;

22 Well munch falsche Christus a munch falsche Prophet wäert an dësen Deeg optrieden, a si wäerte grouss Zeechen a Wonner maachen, fir, wa méiglech, souguer déi Ausgewielten ze täuschen, nämlech déi, déi no der Allianz ausgewielt sinn.

23 Kuckt, ech soen iech dëst wéinst den Ausgewielten; an dir wäert och vu Kricher a Rumeure vum Krich héieren; passt op, datt dir iech net beonrouegt; well alles, wat ech iech gesot hunn, muss sech erginn; awer et ass net d’Enn.

24 Kuckt, ech hunn et iech virausgesot.

25 Dofir, wann si zu iech soe wäerten: Kuckt, hien ass an der Wüüst!, sou gitt net hin; Kuckt, hien ass an de geheime Kummeren!, sou gleeft et net;

26 well wéi d’Luucht vum Mueren opgeet am Osten a bis zum Weste liicht an déi ganz Äerd erfëllt, sou wäert et och sinn, wann de Jong vum Mënsch kënnt.

27 An elo weisen ech iech ee Gläichnes. Kuckt, wou och ëmmer d’Läich ass, do wäerten d’Adler zesummegesammelt ginn; sou wäerten och meng Erwielten aus de véier Ecker vun der Äerd gesammelt ginn.

28 A si wäerte vu Kricher a Rumeure vum Krich héieren.

29 Kuckt, ech schwätze wéinst mengen Ausgewielten, well et wäert sech Natioun géint Natioun erhiewen a Räich géint Räich; an et wäerten Hongersnéit a Pandemië sinn, an Äerdbiewen u verschidden Uerten.

30 An nach eng Kéier: Well d’Ongerechtegkeet iwwerhand hëlt, wäert d’Léift bei villen erkalen; awer wien sech net iwwerwanne léisst, dee wäert gerett ginn.

31 A weider: Dëst Evangelium vum Räich wäert an der ganzer Welt gepriedegt ginn als Temoignage fir all Natiounen, an da wäert d’Enn kommen, nämlech d’Vernichtung vun de Béisen;

32 an nach eng Kéier: D’Abscheilechkeet vun der Verwüüstung, wouvunner de Prophet Daniel geschwat huet, wäert sech erfëllen.

33 An direkt no der Tribulatioun vun dësen Deeg wäert sech d’Sonn verdäischteren, an de Mound wäert säi Liicht net ginn, an d’Stäre wäerte vum Himmel falen, an d’Kräfte vum Himmel wäerten an d’Tierkele geroden.

34 Wierklech, ech soen iech: Déi Generatioun, an där dëst geschéie wäert, soll net vergoen, bis alles, wat ech iech gesot hunn, sech erfëllt.

35 Obschonn déi Deeg komme wäerten, wou den Himmel an d’Äerd vergoen, wäerten awer meng Wierder net vergoen, mee wäerten sech all erfëllen.

36 An, wéi ech virdru gesot hunn, no der Tribulatioun vun dësen Deeg an nodeems d’Kräfte vum Himmel an d’Tierkele gerode wäerte sinn, wäert d’Zeeche vum Jong vum Mënsch um Himmel erschéngen, an da wäerten all Stämm op der Äerd jéimeren; a si wäerten de Jong vum Mënsch an de Wolleke vum Himmel komme gesinn, mat Muecht a grousser Herrlechkeet.

37 A wie mäi Wuert wéi ee Schatz bewaacht, wäert sech net täusche loossen, well dem Mënsch säi Jong wäert kommen, an hie wäert seng Engele virun sech hir schécke mat haardem Posauneschall, an si wäerten déi Ausgewielten, déi iwwreg bliwwe sinn, sammele vun de véier Wandrichtungen, vun engem Enn vum Himmel bis zum aneren.

38 Vum Figebam awer léiert dëst Gläichnis: Wann zwou Branche schonn dreiwen a Blieder spréisse loossen, sou wësst dir, datt de Summer no ass;

39 sou ass et och mat mengen Ausgewielten: Wann si dëst alles gesinn, wäerten si wëssen, datt hien no ass, jo, virun der Dir steet;

40 awer den Dag an d’Stonn weess keen; neen, och net d’Engele Gottes am Himmel, mee eleng mäi Papp.

41 Awer wéi et an den Deeg vum Noah war, sou wäert et och sinn, wann de Jong vum Mënsch kënnt;

42 well mat hinne wäert et si wéi an den Deeg virun der Flut—well bis zu deem Dag, wou den Noah an d’Arch gaangen ass, hunn si giess a gedronk, sech bestuet a goufe bestuet

43 an hunn näischt gemierkt, bis d’Flut komm ass an alleguerten ewech geholl huet; sou wäert et och sinn, wann de Jong vum Mënsch kënnt.

44 Da wäert sech erfëllen, wat geschriwwe steet, nämlech datt an de leschten Deeg zwee um Feld sinn, an ee gëtt geholl, den anere gelooss,

45 zwee wäerten op der Mille muelen, an ee gëtt geholl, den anere gelooss.

46 A wat ech zu engem schwätzen, dat schwätzen ech zu alle Mënschen: Dofir passt op, well dir wësst net, zu wéi enger Stonn ären Här kënnt.

47 Dat awer wësst: Wann den Hauspapp wéisst, zu wéi enger Stonn an der Nuecht den Déif kënnt, sou géif hie jo waakreg bleiwen an net zouloossen, datt een a säin Haus abrécht, mee hie wär prett.

48 Dofir sidd och dir prett, well de Jong vum Mënsch kënnt zu enger Stonn, wou dir et net denkt.

49 Wien ass elo een treien a weise Kniecht, deen säin Här iwwert säi Stot verwalte gelooss huet, fir datt hien hinnen zur bestëmmten Zäit hiert Iesse gëtt?

50 Geséint ass dee Kniecht, dee säin Här, wann hie kënnt, dat maache gesäit; a wierklech, ech soen iech: Hie wäert hien iwwert all seng Wuere verwalte loossen.

51 Awer wann een als ee béise Kniecht a sengem Häerz seet: Mäin Här kënnt soubal net,

52 an ufänkt, seng Matbierger ze schloen a mat Bedronkenen ze iessen an ze drénken,

53 da wäert den Här vun dësem Kniecht un engem Dag kommen, wou hien et net erwaart, an zu enger Stonn, wou hien et net fir wouer hält,

54 a wäert hien zerschloe loossen an him säin Deel bei den Hypokritte bestëmmen: do wäert et Kräischen an Zänn bäisse ginn.

55 An sou kënnt d’Enn vun de Béisen no der Prophezeiung vum Moses, nämlech: Si sollen aus dem Vollek geläscht ginn. Nach ass d’Enn vun der Äerd net, awer gläich.