Scriptures
Joseph Smith—Geschicht 1


Joseph Smith—Geschicht

Auszich aus der Geschicht vum Prophet Joseph Smith

Kapitel 1

De Joseph Smith erzielt vu senger Ofstamung, senge Familljememberen an hire fréiere Wunnsëtz—Eng ongewéinlech Opreegung iwwert Relioun herrscht am Weste vun New York—Hie beschléisst, Weisheet ze sichen, wéi vum Jakobus uginn—De Papp an de Jong erschéngen, an de Joseph gëtt zu sengem prophetesche Ministère beruff. (Versen 1–20.)

1 Wéinst de ville Berichter, déi vu béisaartege Leit an Intrigante gemaach gi sinn, am Zesummenhang mat der Entwécklung an dem Fortschrëtt vun der Kierch vum Jesus Christus vun den Hellege vun de Leschten Deeg, déi all vun den Auteuren als Absicht haten, géint d’Charakteristik vun der Kierch an hiren opsteigende Ruff an der Welt ze schaffen—sinn ech dozou bruecht ginn, dës Geschicht ze schreiwen, fir de Sënn vun der Ëffentlechkeet fräi ze maachen, an allen, déi no der Wourecht sichen, déi Fakten zur Verfügung ze stellen, sou wéi se sech ofgespillt hunn, wat a Relatioun mat mir an der Kierch ass, sou wäit ech dës Fakte besëtzen.

2 An dëser Geschicht wäert ech déi verschidden Eventer a Bezuch op dës Kierch presentéieren, an der Wourecht an an der Gerechtegkeet, sou wéi se geschitt sinn, oder sou wéi se de Moment existéieren, well et elo [1838] dat aacht Joer ass, zënter der Grënnung vun der genannter Kierch.

3 Ech sinn am Joer vun eisem Här dausend aachthonnertfënnef, den dräianzwanzegsten Dag vum Dezember, an der Stad Sharon, Windsor Grofschaft, Staat Vermont gebuer. … Mäi Papp, de Joseph Smith, Sr., huet de Staat Vermont verlooss an ass op Palmyra, Ontario (haut Wayne) Grofschaft, am Staat New York, geplënnert, wéi ech ongeféier zéng Joer al war. Ongeféier véier Joren nodeems mäi Papp zu Palmyra ukomm ass, ass hie mat senger Famill op Manchester an der selwechte Grofschaft Ontario geplënnert—

4 Seng Famill bestoung aus eelef Séilen, nämlech mäi Papp, de Joseph Smith; meng Mamm, d’Lucy Smith (deem hiren Numm virun hirer Hochzäit Mack war, Duechter vum Solomon Mack); meng Bridder, den Alvin (deen den 19ten November 1823 am Alter vu 26 Joer gestuerwen ass), den Hyrum, ech selwer, de Samuel Harrison, de William, den Don Carlos; a meng Schwësteren, d’Sophronia, d’Catherine an d’Lucy.

5 Iergendwann am zweete Joer no eisem Ëmzuch op Manchester gouf et op der Plaz, wou mir gewunnt hunn, eng ongewéinlech Opreegung ronderëm d’Thema Relioun. Et huet mat de Methodisten ugefaangen, awer gouf séier allgemeng, ënnert all de Sekten an där Regioun vum Land. Tatsächlech schéngt de ganzen Distrikt vum Land dovu betraff ze sinn, a grouss Massen hunn sech zu de verschiddene reliéise Parteien ugeschloss, wat net kleng Opreegung an Trennung ënnert de Leit ausgeléist huet, e puer hu geruff: „Kuckt, hei!“ an anerer: „Kuckt, do!“ E puer hu fir de methodistesche Glawe gekämpft, e puer fir dee vun de Presbyterianer, an e puer fir dee vun de Baptisten.

6 Well, trotz der grousser Léift, déi déi Konvertéiert zu dësen ënnerschiddleche Glawen zum Zäitpunkt vun hirer Konversioun ausgedréckt hunn, an dem groussen Äifer, deen de jeeweilege Klerus gewisen huet, deen aktiv war, fir dës aussergewéinlech Zen vu reliéise Gefiller opzebauen an ze fërderen, fir datt jidderee konvertéiert, wéi si et gär genannt hunn, sollen si sech där Sekt uschléissen, déi si wollten; Wéi awer déi Konvertéiert ugefaangen hu fortzelafen, e puer zu enger Partei an e puer zu enger anerer, huet ee gesinn, datt déi scheinbar gutt Gefiller vun de Priister an de Konvertéierten éischter virgespillt wéi real waren; well eng Zen vu groussem Duercherneen a schlechtem Gefill ass entstanen—Priister, déi géint Priister gestridden hunn, a Konvertéierter géint Konvertéierter; sou datt all hir gutt Gefiller fir en aneren, wann si jee iwwerhaapt eppes haten, komplett an engem Wierdersträit an engem Meenungssträit verluer gaange sinn.

7 Ech war zu dëser Zäit a mengem fofzéngte Joer. Mengem Papp seng Famill huet sech fir de Glawe vun de Presbyterianer gewanne gelooss, an hirer véier hunn sech dëser Kierch ugeschloss; meng Mamm Lucy; meng Bridder Hyrum a Samuel Harrison; a meng Schwëster Sophronia.

8 Wärend dëser Zäit vu grousser Opreegung gouf mäi Geescht zu eeschte Reflexiounen a grousser Onrou opgeruff; awer obwuel meng Gefiller déif an dacks traureg waren, hunn ech mech trotzdeem vun all dëse Parteien distanzéiert gehalen, obwuel ech hir verschidde Versammlungen sou dacks besicht hunn, wéi d’Geleeënheet et erlaabt huet. Mat der Zäit ass mäi Geescht e bëssen un d’methodistesch Sekt gewinnt, an ech hat e Wonsch, mat hinne vereenegt ze ginn; awer d’Duercherneen an de Sträit tëscht de verschiddene Konfessioune waren esou grouss, datt et onméiglech war fir eng Persoun, déi sou jonk war wéi ech, an déi sou onbekannt vu Mënschen a Saache war, zu enger sécherer Conclusioun ze kommen, wie Recht hat a wien Onrecht hat.

9 Heiansdo hunn ech mech an hefteger Opreegung befonnt, sou grouss war dat Gejäiz, sou onendlech den Tumult. D’Presbyterianer ware ganz entschloss géint d’Baptisten an d’Methodisten, an hunn all d’Kraaft vun der Vernonft an der Sophismus benotzt, fir hir Feeler ze beweisen, oder op d’mannst d’Leit denken ze loossen, datt si falsch leien. Op der anerer Säit waren d’Baptisten an d’Methodisten op hirer Säit gläich begeeschtert, hir eege Prinzippien ze etabléieren an all aner ze widderleeën.

10 Matzen an dësem Wierderkrich an dësem Meenungstumult hunn ech mir dacks gesot: Wat soll ee maachen? Wien vun all dëse Parteien huet Recht; oder, hunn se all zesumme falsch? Wann eng vun hinne Recht huet, wéi eng ass et, a wéi soll ech dat wëssen?

11 Wärend ech mat den extreme Schwieregkeeten ze kämpfen hat, déi duerch d’Konkurrenz vun dëse Parteie vu reliéise Leit verursaacht goufen, hunn ech enges Daags den Epistel vum Jakobus gelies, éischt Kapitel a fënnefte Vers, dee seet: Wann iergendengem vun iech u Weisheet feelt, da soll hie Gott froen, deen alle Mënsche generéis gëtt an net virwerft; an et wäert him gi ginn.

12 Ni ass engem Mënsch eng Schrëftstell mat méi Gewalt an d’Häerz gedronge wéi deemools mir. Et schéngt mat grousser Kraaft an all Gefill vu mengem Häerz anzedréngen. Ech hunn ëmmer erëm driwwer nogeduecht, well ech wousst, datt wann iergendee Weisheet vu Gott brauch, da war ech dat; well, wéi ech mech verhale soll, wousst ech net, an ausser ech kéint méi Weisheet kréien, wéi ech deemools hat, géif ech et ni wëssen; well d’Reliounslehrer vun de verschiddene Sekten hunn déi selwecht Passagen aus der Schrëft sou ënnerschiddlech verstanen, datt all Vertrauen, d’Fro duerch en Appell un d’Bibel ze léisen, zerstéiert gouf.

13 Endlech koum ech zu deem Schluss, datt ech entweder an Däischtert an Duerchernee bleiwen oder dat maache misst, wat de Jakobus seet, nämlech Gott froen. Ech hunn also endlech d’Entscheedung geholl, „Gott ze froen“, well ech hu mir gesot: Wann hien deene Weisheet gëtt, deenen et dorunner feelt, a wann hie gäre gëtt a keng Virwërf mécht, dann däerf ech mech wuel trauen.

14 Also sinn ech no dëser menger Entscheedung, Gott ze froen, an de Bësch gaangen, fir de Versuch ze maachen. Et war un engem stralend schéine Mueren an den éischte Fréijoersdeeg vum Joer uechtzénghonnert an zwanzeg. Fir d’éischte Kéier a mengem Liewen hunn ech sou ee Versuch ënnerholl, well bei all menger Onrou hat ech awer nach ni versicht, haart ze bieden.

15 Nodeems ech mech op déi Plaz zeréckgezunn hat, wou ech virdrun designéiert hat hinzegoen, nodeems ech mech ëmkuckt hat a mech eleng fonnt hat, sinn ech op d’Knéie gefall an hunn ugefaangen, d’Wënsch vu mengem Häerz Gott duerzebréngen. Ech hat et kaum gemaach, wéi ech direkt vun enger Kraaft gegraff gouf, déi mech komplett iwwerwältegt huet an esou en erstaunlechen Afloss op mech hat, datt se meng Zong sou gebonnen huet, datt ech net méi schwätze konnt. Eng déck Däischtert huet sech ëm mech zesummegezunn, an et huet mir eng Zäit laang geschéngt, wéi wann ech zu enger plëtzlecher Zerstéierung verurteelt wier.

16 Ech hunn awer all Kraaft zesummegeholl a Gott ugeruff, hie géif mech aus der Gewalt vun dësem Feind befreien, dee mech gepaakt hat; a grad an deem Moment, wou ech verzweiwelen a mech der Vernichtung iwwerloosse wollt—an net iergendengem agebilte Verdierwen, mee der Gewalt vun engem wierkleche Wiesen aus der Welt vum Onsiichtbaren, dat eng sou onheemlech Muecht hat, wéi ech se nach ni bei engem Wiese gefillt hat—eben an deem Moment vun héchster Angscht hunn ech just iwwert mengem Kapp eng Sail aus Liicht gesinn, méi hell wéi d’Sonn, dat lues a lues erofkomm ass, bis et op mech gefall ass.

17 Kaum war et opgedaucht, do hunn ech mech och scho vum Feind, dee mech gebonne gehalen hat, befreit gefillt. Wéi d’Liicht op mir gerout hat, hunn ech zwou Personnage vun onbeschreiflecher Hellegkeet an Herrlechkeet iwwer mir an der Loft stoe gesinn. Eng vun hinnen huet mech ugeschwat, mech beim Numm genannt a gesot, an dobäi op déi aner gewisen: Dësen ass mäi léiwe Jong. Lauschter Hien!

18 De Grond, firwat ech den Här befroe wollt, war deen, datt ech wësse wollt, wéi eng vun alle Glawensgemeinschafte Recht hätt a wéi enger ech mech uschléisse sollt. Kaum hat ech mech selwer ënner Kontroll kritt, fir ze schwätzen, wéi ech déi Persounen, déi iwwer mir am Liicht stoungen, gefrot hunn, wéi eng vun all de Sekte Recht hätt (well zu där Zäit war et mir ni an d’Häerz komm, datt all falsch wieren)—a wéi enger ech mech uschléisse sollt.

19 Ech hunn als Äntwert kritt, ech dierft mech kenger vun hinnen uschléissen, well se wieren alleguerten am Iertum; an deejéinegen, deen zu mir gesprach huet, huet gesot, all hir Glawensbekenntnisser wieren a sengen Aen eng Abscheilechkeet; déi Glawensbekenner wieren alleguerte verduerwen; well: „si komme mir no mat de Lëpsen, awer hiert Häerz ass wäit ewech vu mir; si enseignéiere Mënschegeboter als Doktrinnen, si hunn zwar déi baussent Form vu Frëmmegkeet, awer si verleegnen hir Muecht“.

20 Nach emol huet hie mir verbueden, enger vun hinne bäizetrieden; an hien huet mir nach villes aneres gesot, wat ech zu dëser Zäit net nidderschreiwe kann. Wéi ech erëm zou mir koum, hunn ech mech fonnt, wéi ech um Réck louch, de Bléck zum Himmel geriicht. Wéi d’Liicht verschwonne war, hat ech keng Kraaft; ech hu mech awer séier sou wäit erholl, datt ech Heem goe konnt. Wéi ech mech géint den oppene Kamäi gestäipt hunn, huet mech d’Mamm gefrot, wat lass wier. Ech hu geäntwert: „Scho gutt, alles ass an der Rei—mir geet et ganz gutt.“ Dann hunn ech zu menger Mamm gesot: „Ech hunn erausfonnt, datt de Glawe vun de Prebyterianer net richteg ass.“ De Géigner muss wuel schonn a menge fréie Liewensjore gewosst hunn, datt ech dozou bestëmmt war, säi Räich ze stéieren an ze beonrouegen—firwat hätten sech soss d’Muechte vun der Däischtert géint mech verbanne sollen? Firwat soss déi Oppositioun a Verfollgung, déi sech géint mech erhuewen huet, bal nach a menger Kandheet?

E puer Priedeger an aner Reliounsprofesser verwerfen de Bericht vun der Éischter Visioun—De Joseph Smith gëtt verfollegt—Hien temoignéiert vun der Realitéit vun der Visioun. (Versen 21–26.)

21 E puer Deeg nodeems ech dës Visioun gehat hat, war ech zoufälleg mat engem Priedeger vun de Methodisten zesummen, dee wärend der reliéisen Opreegung, déi ech virdrun erkläert hat, ganz aktiv war. Wéi ech mech mat him iwwer d’Thema Relioun ënnerhalen hunn, hunn ech d’Geleeënheet wouer geholl an him vun der Visioun erzielt, déi ech gehat hat. Ech war vu sengem Behuelen héich iwwerrascht, well hien huet meng Matdeelung net nëmmen als Quatsch opgeholl, mee souguer mat grousser Veruechtung: hien huet gesot, dat wier alles vum Däiwel, sou eppes wéi Visiounen oder Offenbarunge géifen et an eisen Deeg net méi ginn, dat hätt alles mat den Apostelen opgehalen, an et géif esou eppes ni méi erëm ginn.

22 Ech hu séier feststelle missen, datt ech duerch d’Erziele vu menger Geschicht bei de Glawensbekenner ganz vill Virurteeler géint mech erwächt a vill Verfollgung verursaacht hunn, déi stänneg zougeholl huet. An obwuel ech nëmmen een onbekannte Jong vu véierzéng, fofzéng Jore war a meng Liewensëmstänn esou waren, datt se sou engem Bouf guer keng Bedeitung an der Welt verschaf hunn, hunn awer héich Männer vu mir souvill Notiz geholl, datt si déi ëffentlech Meenung géint mech opgestëppelt an eng hefteg Verfollgung initiéiert hunn; an dat haten all Glawensgemeinschafte gemeinsam: Se hunn sech all vereenegt, fir mech ze verfollegen.

23 Dacks hunn ech deemools an och zënter doriwwer nodenke missen, wéi komesch et awer war: Et huet een en onbedeitenden, wéineg méi wéi véierzéng Joren ale Jong, deen sech nach dobäi säi knappe Liewensënnerhalt vun Dag zu Dag duerch schwéier Aarbecht huet verdénge missen, fir sou eng wichteg Perséinlechkeet gehalen, datt him déi féierend Männer vun den deemools am wäitste verbreete Konfessiounen Opmierksamkeet geschenkt hunn, an zwar op eng Weis, datt sech an hinnen eng Dispositioun vun heftegster Verfollgung a Beleidegung entwéckelt huet. Awer komesch oder net—sou war et, an dësen Ëmstand huet mir dacks grouss Trauer verursaacht.

24 Allerdéngs war et trotzdeem eng Tatsaach, datt ech eng Visioun gesinn hat. Ech hunn zënterhier geduecht, datt ech mech ganz änlech gefillt hu wéi de Paulus, wéi hien sech virum Kinnek Agrippa verdeedegt huet an de Bericht vun der Visioun erzielt huet, déi hien hat, wéi hien e Liicht gesinn an eng Stëmm héieren huet; awer et waren nëmmen e puer, déi him gegleeft hunn; e puer hu gesot, hie wier onéierlech, anerer hu gesot, hie wier verréckt; an hie gouf verspott a verurteelt. Awer all dat huet d’Realitéit vu senger Visioun net zerstéiert. Hien hat eng Visioun gesinn, hie wousst, datt hien et hat, an all d’Verfollgungen ënnert dem Himmel konnten et net anescht maachen; an och wann si hie bis zum Doud verfollegen, wousst hien awer, a wollt bis zu sengem leschten Otemzuch wëssen, datt hie souwuel e Liicht gesinn hat wéi och eng Stëmm héieren hat, déi mat him geschwat huet, an déi ganz Welt konnt hien net anescht denken oder gleewe loossen.

25 Sou war et och mat mir. Ech hat tatsächlech ee Liicht gesinn, a matzen an deem Liicht hunn ech zwou Figure gesinn, a se hate wierklech mat mir geschwat. A wann ee mech och gehaasst oder verfollegt huet, well ech gesot hunn, ech hätt eng Visioun gehat, sou war et awer wouer. A wärend ee mech verfollegt a beleidegt huet a mech op all méiglech Weis béis diffaméiert huet, well ech dat gesot hunn, hunn ech mech froe missen: Wisou verfollegen si mech, wou ech dach d’Wourecht soen? Ech hunn tatsächlech eng Visioun gehat; a wie sinn ech, datt ech Gott widderstoe kéint? Oder gleeft d’Welt vläicht, se kéint mech dozou bréngen, datt ech verleegnen, wat ech tatsächlech gesinn hunn? Well ech hat eng Visioun gesinn, dat wousst ech; ech konnt et net verleegnen an hu mech och guer net getraut, well op mannst wousst ech, datt ech Gott beleidegen a Scholdsproch iwwer mech brénge géif.

26 Wat d’Glawensgemeinschafte betraff huet, sou hat ech elo genuch Äntwert: Ech war net verflicht, mech iergendenger vun hinnen unzeschléissen, mee sollt sou verbleiwen, wéi ech war, bis mir weider Uweisung accordéiert wäert ginn. Ech hat erausfonnt, datt den Temoignage vum Jakobus stëmmt: Feelt et engem vun iech u Weisheet, sou kann hie Gott dorëm froen, an hie wäert se kréien, ouni datt him Virwërf gemaach ginn.

De Moroni erschéngt dem Joseph Smith—Den Numm vum Joseph soll fir Gutt a Béis ënnert allen Natioune bekannt sinn—De Moroni erzielt him vum Buch vum Mormon a vun den zukünftege Geriichter vum Här an zitéiert vill Schrëften—D’Verstopp vun de Goldplacke gëtt opgedeckt—De Moroni instruéiert de Prophet weider. (Verse 27–54.)

27 Ech hu weider gemaach, mengen deeglechen Aufgaben am Liewen nozegoen, an zwar bis zum eenanzwanzegste September uechtzénghonnert dräianzwanzeg; wärend dëser Zäit hat ech vu Leit aus alle Klassen, reliéise genausou wéi net reliéisen, schwéier Verfollgung ze leiden, well ech och weiderhin dorobber bestanen hunn, eng Visioun gehat ze hunn.

28 An der Zäit tëschent deem Dag, wou ech meng Visioun hat an dem Joer uechtzénghonnert dräianzwanzeg—mir gouf verbueden, mech enger vun de bestoende Glawensgemeinschaften unzeschléissen, an ech war jo nach sou jonk a gouf vun deene verfollegt, déi eigentlech meng Frënn sollte sinn a mech gutt behandelen hätte sollen; a wann si schonn der Meenung waren, ech wär enger Täuschung ënnerleeën, sou hätten si sech beméie sollen, mech a passender a léiwer Weis erëm op de richtege Wee ze bréngen—deemools also war ech alle méigleche Versuchungen ausgesat: ech hunn an alle méigleche Kreesser verkéiert, sinn dacks verschiddenen dommen Iertemer verfall an hunn d’Schwaachheet vun der Jugend a mënschlech Schwächten erkenne gelooss, déi, ech muss et leider soen, mech an all Zort Versuchung gefouert hunn, eng Nout an den Ae Gottes. Wann ech dëst Geständnis ofleeën, sou däerf kee gleewen, ech hätt mech iergendwelleche groussen a béisaartege Sënde schëlleg gemaach. Sou eppes ze maache louch guer net a menger Natur. Awer ech war der Liichtfankegkeet schëlleg, hu mech heiansdo a lëschteger Gesellschaft opgehalen asw., wat alles net zum Charakter vun engem Mënsch passt, deen—wéi ech—vu Gott beruff war. Awer dat wäert keen an Erstaune setzen, deen u meng Jugend denkt an dee meng vun Natur aus frout Gemitt kennt.

29 Als Resultat dovunner hat ech dacks dat Gefill, ech wier wéinst menge Feeler a Mängel schëlleg; sou war et um Owend vum den eenanzwanzegste September, deen ech virdrun erwäänt hunn, nodeems ech mech fir d’Nuecht an d’Bett geluecht hat, hunn ech mech dem Gebiet and der Ufro un den Allmächtege Gott, gewannt, hie géif mir all meng Sënden an Topegkeete verzeien, hie géif mir awer och ee Message zoukomme loossen, sou datt ech wësse géif, wéi ech virun him dostoe géif; well ech hu fest dorobber vertraut, ee gëttleche Message ze kréien, sou wéi ech schonn ee kritt hat.

30 Wärend ech esou am Gaang war, Gott unzeruffen, hunn ech bemierkt, wéi a mengem Zëmmer ee Liicht geschéngt huet, dat ëmmer méi staark ginn ass, bis de Raum schliisslech méi hell war wéi mëttes, wéi gläich drop u mengem Bett eng Gestalt siichtbar gouf, an de Betreffende stoung an der Loft, well seng Féiss hunn de Buedem net beréiert.

31 Hien hatt ee Kleed un, dat lass an aussergewéinlech wäiss war. Et war méi wäiss ewéi alles, wat ech jeemools op der Äerd gesinn hat; Ech gleewen net, datt eppes Ierdesches esou immens wäiss an hell liichtend gemaach ka ginn. Seng Hänn waren opgedeckt, och seng Äerm och bis knapp iwwer dem Handgelenk; genausou waren seng Féiss plakeg an och d’Been bis knapp iwwer dem Knéchel. Säi Kapp a säin Hals waren och net bedeckt. Ech konnt erkennen, dat hien ausser dësem Kleed keng aner Kleedung gedroen huet, well et war op, an ech hunn seng Broscht gesinn.

32 Net nëmme säi Kleed war immens wäiss, mee déi ganz Gestalt war onbeschreiflech herrlech, d’Gesiicht huet geliicht wéi ee Blëtz. Am Zëmmer war et immens hell, mee awer net esou hell ewéi ganz no bei him. Wéi ech hien erbléckt hunn, hunn ech als éischt gefaart; mee séier huet mech d’Angscht verlooss.

33 Hien huet mech beim Numm genannt an zu mir gesot, hie wier geschéckt ginn, aus der Géigewaart Gottes, an heescht Moroni; Gott hätt eng Aarbecht fir mech; mäin Numm wäert bei allen Natiounen, Geschlechter a Sprooche fir gutt oder béis gëllen, jo, et wäert een ënnert allem Vollek souwuel gutt ewéi och béis vu mir schwätzen.

34 Hien huet gesot, et wier ee Buch sécher versuergt, op gëlle Placke geschriwwen, an doranner wier ee Bericht iwwer déi fréier Bewunner vun dësem Äerddeel an hir Hierkonft ze fannen. Hien huet weider gesot, an deem Buch wier d’Fëllt vum éiwegen Evangelium enthalen, wéi et den Erléiser deene Bewunner deemools bruecht hat.

35 Och, datt et zwee Steng a sëlwer Béi gouf—an dës Steng, déi un engem Broschtschëld befestegt waren, hunn dat, wat Urim an Thummim genannt gëtt, ausgemaach—zesumme mat de Placken; an de Besëtz an d’Benotzung vun dëse Steng waren dat, wat „Seher“ an der anticker oder fréierer Zäit ausgemaach hunn an datt Gott se fir den Zweck vun der Iwwersetzung vum Buch virbereet hat.

36 Nodeems hie mir dat gesot hat, huet hien ugefaangen, Prophezeiungen aus dem Alen Testament ze zitéieren. Fir d’éischt huet hien een Deel vum drëtte Kapitel vum Malachi zitéiert, an hien huet och déi sechs lescht Versen aus der selwechte Prophezeiung zitéiert, allerdéngs mat enger klengen Ofwäichung vum Wuertlaut vun eise Bibelen. Amplaz den éischte Vers sou ze zitéieren, wéi en an eise Bicher steet, huet hien en esou zitéiert:

37 Well kuckt, den Dag kënnt, dee wéi en Uewe brennt, an all déi Stolz, jo, an all déi, déi Béises maachen, wäerte wéi Stoppele brennen; well déi, déi kommen, wäerten si verbrennen, seet den Här vun den Arméien, sou datt et hinne weder Wuerzel nach Branche léisst.

38 A weider huet hien de fënnefte Vers sou zitéiert: Kuckt, ech wäert iech duerch de Prophet Elija de Priistertum reveléieren, bevir de groussen a schrecklechen Dag vum Här kënnt.

39 Och den nächste Vers huet hien aneschters zitéiert: An hie wäert de Kanner déi Verspriechungen, déi de Pappe gi sinn, an d’Häerz planzen, an d’Häerz vun de Kanner wäert sech hire Pappen zouwennen. Wann et net sou wär, géif déi ganz Äerd bei sengem Komme vëlleg zerstéiert ginn.

40 Ausserdeem huet hien dat eeleft Kapitel vum Jesaja zitéiert a gesot, seng Erfëllung stéing just bevir. Hien huet och dat drëtt Kapitel vun den Akten zitéiert, d’Versen zweeanzwanzeg an dräianzwanzeg, an zwar genausou, wéi se an eisem Neien Testament stinn. Hien huet gesot, de betraffene Prophet wier de Christus, awer den Dag wier nach net komm, wou „jiddwereen, deen dëse Prophet net héiere wëll, aus dem Vollek geläscht soll ginn“, wäert awer gläich kommen.

41 Och den zweete Kapitel vum Joel huet hien zitéiert, vum aachtanzwanzegste Vers bis zum Schluss. Hien huet och gesot, dëst wier nach net erfëllt, wäert et awer gläich sinn. A weider huet hie bemierkt, d’Zäit vun der Fëllt vun den Anere wäert gläich ubriechen. Hien huet nach vill aner Schrëftstellen zitéiert an huet vill Erklärunge ginn, déi hei net erwäänt kënne ginn.

42 Weider huet hien zu mir gesot, wann ech d’Placken, vun deenen hie gesprach huet, kréie wäert—well déi Zäit wier nach net komm, wou een se sollt kréien—dann dierft ech se kengem Mënsch weisen, och net de Broscht-Schëld mam Urim an Thummim. Nëmmen deenen dierft ech se weisen, déi mir genannt wäerte géifen; soss sollt ech vernicht ginn. Wärend hie mat mir iwwert d’Placke geschwat huet, huet sech mir eng Visioun opgemaach, an ech konnt déi Plaz gesinn, wou d’Placke verstoppt waren, an zwar sou kloer an däitlech, datt ech den Uert spéider erëm erkannt hunn, wéi ech dohinner koum.

43 No dëser Matdeelung hunn ech gesinn, wéi sech d’Luucht am Zëmmer ëm hien, deen zu mir gesprach hat, direkt zesumme gezunn huet, bis et am Raum erëm däischter war, ausser ganz no bei him ronderëm. An dësem Moment hunn ech souzesoen ee Schacht sech bis an den Himmel opmaache gesinn, an de Visiteur ass an d’Héicht opgefuer, bis hie ganz verschwonne war; am Zëmmer war et elo erëm esou ewéi fréier, bevir déi himmlesch Luucht sech gewisen hat.

44 Ech hunn do geleeën an iwwer dëst eenzegaartegt Evenement nogeduecht a mech vill iwwer dat gewonnert, wat mir dësen ongewéinlechen Engel gesot hat; do, matzen a mengem Nodenken, hunn ech plëtzlech bemierkt, datt et am Zëmmer erëm ugefaangen huet hell ze ginn; a souzesoen am nächste Moment stoung deselwechten Engel erëm u mengem Bett.

45 Hien huet ugefaangen a mir dat selwecht gesot, wat hie mir bei sengem éischte Besuch gesot hat, ouni déi geréngsten Ofwäichung. Duerno huet hie mech iwwer d’Strofgeriicht Gottes ënnerriicht, dat mat grousser Vernichtung duerch Hongersnout, Schwäert an Epidemie iwwer d’Äerd komme wäert, an dëst schmäerzlecht Strofgeriicht wäert an dëser Generatioun iwwer d’Äerd kommen. Nodeems hie mir dëst matgedeelt hat, ass hien, wéi virdrun, an d’Héicht opgefuer.

46 Zu dësem Zäitpunkt waren d’Andréck a mengem Geescht sou déif, datt de Schlof mir aus den Ae fort war, an ech louch iwwerwältegt vun Erstaunen iwwer dat, wat ech gesinn an héieren hat. Awer wat war meng Iwwerraschung, wéi ech erëm dee selwechte Botschafter u mengem Bett gesinn hunn, an hien héieren hunn, wéi hie mir déi selwecht Saachen ewéi virdru widderholl huet; an huet mir eng Warnung bäigefüügt, andeems hie mir gesot huet, datt de Satan géif probéieren, mech (wéinst den aarmen Ëmstänn vun der Famill vu mengem Papp) ze verféieren, fir d’Placken ze kréien, fir räich ze ginn. Dëst huet hie mir verbueden a gesot, datt ech keen anert Zil beim Kréie vun de Placken däerf hunn, wéi Gott ze verherrlechen, an ech däerf mech net vun engem anere Motiv wéi dem Opbau vu sengem Räich beaflosse loossen; soss kéint ech se net kréien.

47 No dësem drëtte Besuch ass hien an den Himmel opgefuer wéi virdrun, an ech war erëm eleng a konnt iwwer dat Komescht nodenken, wat ech elo grad erlieft hat; mee kaum war den Engel fir d’drëtt vu mir opgefuer, do huet den Hunn gekréit, a mir ass bewosst ginn, datt et Dag gouf, sou datt dës Besich also missen déi ganz Nuecht gedauert hunn.

48 Kuerz drop hunn ech mech erhuewen a si wéi gewéinlech un déi noutwenneg Dagesaarbecht gaangen; wéi ech awer mat schaffen ugefaangen hunn ewéi soss, war ech därmoosse midd, datt ech zu näischt fäeg war. Mäi Papp, dee mat mir zesumme geschafft huet, huet bemierkt, datt eppes mat mir net an der Rei war, an huet mech heem geschéckt. Ech hu mech op de Wee gemaach a wollt zum Haus higoen; wéi ech awer um Rand vum Terrain, op deem mir geschafft hunn, iwwer d’Clôture klamme wollt, hu mech d’Kräfte verlooss, an ech sinn zu Buedem gefall; eng Zäit laang war ech einfach bewosstlos.

49 Dat éischt, wourunner ech mech erënnere kann, war eng Stëmm, déi zu mir gesprach huet a mech beim Numm geruff huet. Ech hunn opgekuckt an deselwechten Engel iwwer mir stoe gesinn, vu Liicht ëmginn ewéi virdrun. Nach eemol huet hie mir alles widderholl, wat hie mir an der vergaangener Nuecht gesot hat, hien huet mir gebueden, bei mäi Papp ze goen an him vun der Visioun an den Uweisungen, déi ech empfaangen hat, ze erzielen.

50 Ech hu gefollegt, si bei mäi Papp op d’Feld zeréckgaangen an hunn him alles erzielt. Seng Äntwert war, et wier vu Gott an ech soll higoen a maachen, wat den Engel mir gebueden huet. Ech si vum Feld fortgaangen an un deen Uert, wou no de Wierder vum Engel d’Placke verstoppt waren; dank der Däitlechkeet vun der Visioun, déi ech dovunner kritt hat, hunn ech déi Plaz direkt erkannt, wéi ech do ukomm sinn.

51 Praktesch beim Duerf Manchester, Ontario Grofschaft, New York, steet en Hiwwel vu beträchtlecher Gréisst, an den héchste vun all deenen an der Noperschaft. Op der Westsäit vun dësem Hiwwel, net wäit vun der Spëtzt ewech, ënnert engem Stee vu beträchtlecher Gréisst, louchen d’Placken, déi an enger Këscht aus Steen ofgelagert waren. Dëse Stee war déck an an der Mëtt op der ieweschter Säit ofgeronnt, a méi dënn un de Kanten, sou datt de mëttleren Deel dovun iwwer dem Buedem ze gesi war, awer de Rand ronderëm war mat Äerd bedeckt.

52 Nodeems ech d’Äerd ewech geholl hat, hunn ech mir een Hiewel gesicht, hunn en ënnert de Rand vum Steen ugesat an ouni vill Ustrengung héich gehuewen. Ech hunn era gekuckt, an do hunn ech tatsächlech d’Placken, den Urim an Thummim souwéi de Broschtschëld gesinn, genausou, wéi den Engel et gesot hat. De Behälter, wouranner dëst geleeën huet, war mat Steng gemaach, dee mat enger Aart Zement unenee gemaach gi waren. Um Buedem vum Behälter waren zwee Steng queesch geluecht, an op dëse Steng louchen d’Placken an déi aner Géigestänn.

53 Ech hu mech ugestallt, fir se eraus ze huelen, mee den Engel huet et mir verbueden; erëm hunn ech ze héiere kritt, datt d’Zäit, fir se un d’Luucht ze bréngen, nach net komm wier—eréischt véier Joer drop wäert et esou wäit sinn; hien huet mir awer gesot, ech soll a genau engem Joer erëm un déi selwecht Plaz kommen an hie wäert mech dann do treffen. Ech soll dëst esou laang fortsetzen, bis d’Zäit komm wier, wou ech d’Placke kréie wäert.

54 Ech sinn dowéinst, wéi mir gebuede gi war, ëmmer no Oflaf vun engem Joer dohinner gaangen, an all Kéiers hunn ech deselwechten Engel do virfonnt a vun him bei jiddwer Bespriechung Uweisungen an Informatiounen doriwwer empfaangen, wat den Här virhuet a wéi an op wéi eng Weis säi Räich an de leschten Deeg ze leede wier.

De Joseph Smith bestuet d’Emma Hale—Hie kritt d’Goldplacke vum Moroni an iwwersetzt e puer vun de Schrëftzeechen—De Martin Harris weist dem Professer Anthon d’Schrëftzeechen an d’Iwwersetzung, dee seet: „Ech ka kee versigelt Buch liesen.“ (Verse 55–65.)

55 Mäi Papp huet a ganz bescheidene Verhältnisser gelieft, an sou ware mir genéidegt, mat eisen Hänn ze schaffen: mir hunn eis am deegleche Loun oder op aner Weis, wéi sech eis d’Geleeënheet gebueden huet, verdéngt. Heiansdo ware mir doheem, heiansdo auswäerts, an duerch stänneg Aarbecht konnte mir eis genuch Liewensënnerhalt beschafen.

56 Am Joer 1823 huet d’Famill vu mengem Papp e grousse Leed erlieft duerch den Doud vu mengem eelste Brudder, dem Alvin. Am Mount Oktober 1825 war ech vun engem ale Mann mam Numm Josiah Stoal engagéiert, deen an der Chenango Grofschaft, am Bundesstaat New York, gewunnt huet. Hien hat eppes héieren, datt eng Sëlwerminn vun de Spuenier zu Harmony, an der Susquehanna Grofschaft, am Bundesstaat Pennsylvanien, opgemaach gi wier; an ier hie mech engagéiert huet, hat hien ugefaange mat gruewen, fir, wa méiglech, d’Minn ze entdecken. Nodeems ech bei him gewunnt hunn, huet hie mech mam Rescht vu sengen Hänn geholl, fir d’Sëlwerminn ze gruewen, wou ech bal ee Mount laang geschafft hunn, ouni Erfolleg mat eisem Projet, an ech hunn den ale Mann schliisslech iwwerzeegt, opzehalen, duerno ze gruewen. Doduerch ass déi ganz verbreet Geschicht entstanen, datt ech e Schatz-Griewer war.

57 Wärend ech op dës Weis geschafft hunn, hat ech eng Plaz bei engem Här Isaac Hale, um selwechten Uert; do hunn ech meng Fra (seng Duechter), d’Emma Hales, fir d’éischter Kéier gesinn. Den 18te Januar 1827 goufe mir bestuet; ech war zu dëser Zäit nach am Déngscht vum Här Stoal.

58 Well ech weider behaapt hunn, datt ech eng Visioun gesinn hätt, ass mir d’Verfollgung weiderhin nogaangen, an d’Famill vum Papp vu menger Fra war ganz géint eis Bestietnes. Dofir war ech gezwongen, si iergendwou anescht ze bréngen; dofir si mir am Haus vum Squire Tarbill zu South Bainbridge, Chenango Grofschaft, New York, bestuet ginn. Direkt no mengem Bestietnes hunn ech den Här Stoal verlooss a si bei mäi Papp gaangen, an hunn déi Saison mat him geschafft.

59 Endlech koum den Dag, wou ech d’Placken, den Urim an Thummim souwéi de Broschtschëld kréie sollt. Den zweeanzwanzegste September uechtzénghonnert siwenanzwanzeg, wéi gewinnt sinn ech no Oflaf vun engem Joer erëm un deen Uert gaangen, wou sech d’Placke befonnt hunn—huet deselwechten Engel se mir mat folgender Warnung iwwerginn: wann se mir aus Onbeduecht oder duerch iergendeng Noléissegkeet vu menger Säit verluere sollt kommen, géif ech vernicht ginn; wann ech awer all meng Kräften dofir asetze wéilt, se ze beschützen, bis hien, den Engel, se erëm ofhuele kéim, géifen se geschützt sinn.

60 Séier hunn ech eraus fonnt, firwat ech dës esou streng Instruktioun kritt hat, se sécher ze versuergen, a firwat den Engel gesot hat, hie wäert d’Placken erëm siche kommen, soubal ech vollbruecht hunn, wat vu mir gefuerdert gi wier. Kaum war bekannt ginn, datt se sech a mengem Besëtz befonnt hunn, do si schonn déi heftegst Ustrengungen ënnerholl ginn, fir se mir ewech ze huelen. Zu dësem Zweck gouf jiddwer erdenklech Rüs ugewannt. Ech gouf méi gehässeg a méi hefteg verfollegt ewéi virdrun, a vill Leit ware stänneg dorobber aus, mir wa méiglech d’Placken ewech ze huelen. Mee dank der Weisheet Gottes sinn se sécher a menger Hand bliwwen, bis ech mat hinne vollbruecht hat, wat vu mir gefuerdert war. Wéi den Engel, wéi ausgemaach, se siche komm ass, hunn ech him se iwwerginn, an hien huet se bis haut, den zweete Mee uechtzénghonnert aachtandrësseg, a senger Ophutt.

61 D’Opreegung huet ugehalen, an de Rumeur mat sengen dausend Zonge war déi ganzen Zäit fläisseg amgaang, Onwouregkeeten iwwert mengem Papp seng Famill a mech an Ëmlaf ze setzen. Wann ech och nëmmen den dausendsten Deel dovunner erziele wéilt, géif et Bicher fëllen. D’Verfollgung gouf sou onhaltbar, datt ech genéidegt war, aus Manchester ewechzegoen a mat menger Fra an de Krees Susquehanna am Staat Pennsylvanien ze goen. Wärend de Virbereedungen zum Opbroch—mir ware ganz aarm an d’Verfollgung huet eis schwéier ze schafe gemaach, sou huet wéineg Aussiicht bestanen, datt sech eis Verhältnisser jee bessere géifen—hu mir matzen an eise Problemer ee Frënd an engem Här mam Numm Martin Harris fonnt, dee bei eis komm ass, a mir als Hëllef fir d’Rees fofzeg Dollar geschenkt huet. Den Här Harris huet an der Uertschaft Palmyra, Wayne Grofschaft, am Staat New York gewunnt; hie war ee respektéierte Bauer.

62 Dank dëser Hëllef zur richtegen Zäit war ech amstand, mäi Bestëmmungsuert zu Pennsylvanien ze erreechen; an direkt no menger Arrivée hunn ech ugefaangen, d’Schrëftzeeche vun de Placken ofzeschreiwen. Ech hunn eng bedeitend Zuel dovunner kopéiert, a mat Hëllef vum Urim an Thummim hunn ech der e puer iwwersat, wat ech an där Zäit tëschent menger Arrivée am Haus vu mengem Schwéierpapp, dat war am Dezember, an dem Februar duerno gemaach hunn.

63 An dësem Februar koum eng Kéier den Här Martin Harris, vun deem ech erzielt hunn, bei eis, huet déi Schrëftzeechen, déi ech vun de Placken ofgezeechent hat, u sech geholl an huet sech domadder an d’Stad New York opgemaach. Wat sech do a Bezuch op hien an déi Schrëftzeechen ofgespillt huet, wëll ech sengem eegene Bericht enthuelen, deen hie mir, wéi hien zeréck komm ass, ginn huet a wéi follegt laut:

64 „Ech sinn an d’Stad New York gaangen an hunn déi Schrëftzeechen, déi iwwersat gi waren, zesumme mat hirer Iwwersetzung dem Professer Charles Anthon virgeluecht, engem wéinst senger literarescher Bildung héich berüümte Mann. De Professer Anthon huet erkläert, d’Iwwersetzung wier richteg, an zwar méi richteg wéi alles, wat hie bis elo un Iwwersetzungen aus dem Ägyptesche gesinn huet. Dann hunn ech him déi nach net iwwersate Schrëftzeeche gewisen, an hien huet gesot, et wieren ägyptescher, kaldäescher, assyrescher an arabescher; hien huet gesot, et wieren echt Schrëftzeechen. Hien huet mir een Zertifikat ginn, wouranner hien de Leit zu Palmyra bestätegt huet, datt et echt Schrëftzeeche wieren an datt och déi Iwwersetzung vun deenen, déi schonn iwwersat gi waren, richteg wier. Ech hunn den Zertifikat geholl an et a meng Täsch gestach a wollt grad d’Haus verloossen, wéi den Här Anthon mech zeréckgeruff a mech gefrot huet, op wéi eng Weis dann de jonke Mann erausfonnt hätt, datt un där Plaz, wou hien se da fonnt huet, gëlle Placke waren. Ech hunn him geäntwert, datt een Engel vu Gott et him reveléiert huet.

65 „Dunn huet hien zu mir gesot: ‚Looss mech dat Zertifikat gesinn.‘ Dofir hunn ech et aus menger Täsch geholl an him ginn, wéi hien et geholl an a Stécker gerappt huet, a gesot huet, datt et elo keen Déngscht vun Engele méi géif ginn, an datt hien se iwwersetze géif, wann ech him d’Placke géif bréngen. Ech hunn him matgedeelt, datt en Deel vun de Placke versigelt wier, an datt et mir verbuede wier, se ze bréngen. Hien huet geäntwert: ‚Ech ka kee versigelt Buch liesen.‘ Ech hunn hie verlooss a sinn zum Dr. Mitchell gaangen, deen dat bestätegt huet, wat de Professer Anthon souwuel iwwer d’Schrëftzeeche wéi och iwwer d’Iwwersetzung gesot hat.“

· · · · · · ·

Den Oliver Cowdery ass Schrëftsteller bei der Iwwersetzung vum Buch vum Mormon—De Joseph an den Oliver kréien d’Aaronescht Priistertum vum Johannes dem Deefer—Si gi gedeeft, veruerdent a kréien de Geescht vun der Prophezeiung. (Verse 66–75.)

66 De 5ten Dag am Abrëll 1829 koum den Oliver Cowdery a mäin Haus; ech hat hien ni virdru gesinn. Hien huet mir gesot, hie wier an där Géigend, wou mäi Papp gewunnt huet, als Schoulmeeschter täteg gewiescht, a wou mäi Papp zu deene gehéiert huet déi hir Kanner an déi Schoul geschéckt huet, wier hien eng Zäitlaang bei him am Kascht gewiescht; bei dëser Geleeënheet hätt him d’Famill erzielt, op wéi eng Weis ech déi Placken empfaangen hätt, an sou wier hien elo komm, fir sech bei mir doriwwer ze renseignéieren.

67 Zwee Deeg no der Arrivée vum Här Cowdery (dat war de 7ten Abrëll) hunn ech mat der Iwwersetzung vum Buch vum Mormon ugefaangen, an hien huet ugefaangen, fir mech ze schreiwen.

· · · · · · ·

68 Mir waren nach ëmmer mat der Iwwersetzungsaarbecht befaasst, wéi mir de Mount drop (Mee 1829) enges Daags an de Bësch gaange sinn, fir ze bieden an den Här wéinst der Daf zum Verzeie vun de Sënden ze befroen, déi mir bei der Iwwersetzung vun de Placken erwäänt fonnt haten. Wärend mir domadder beschäftegt waren, ze bieden an den Här unzeruffen, koum ee Botschafter vum Himmel an enger Wollek aus Liicht erof, huet eis d’Hänn opgeluecht an eis mat follgende Wierder veruerdent:

69 Iech, meng Matkniechten, iwwerdroen ech am Numm vum Messias d’Priistertum vum Aaron, dat d’Schlëssele vum Déngscht vun Engelen an déi vun der Daf duerch Ënnerdauchen zum Verzeie vun de Sënden hält; an et wäert net méi vun der Äerd ewechgeholl ginn, bis d’Jonge vum Levi dem Här erëm Affer duerbréngen a Gerechtegkeet.

70 Hien huet gesot, dëst Aaronescht Priistertum hätt net déi Muecht, fir d’Gab vum Hellege Geescht d’Hänn opzeleeën, awer dës Muecht wäert eis spéider nach iwwerdroe ginn. Hien huet eis ugewisen, eis direkt deefen ze loossen, an huet eis den Optrag ginn, ech sollt den Oliver Cowdery deefen, an duerno sollt hie mech deefen.

71 Also hu mir eis direkt der Daf ënnerworf. Fir d’éischt hunn ech hie gedeeft, dann huet hie mech gedeeft, an duerno hunn ech him meng Hänn op de Kapp geluecht an hien zum Aaronesche Priistertum veruerdent—well sou war et eis kommandéiert ginn*.

72 Dee Botschafter, deen eis deemools besicht hat an eis dëst Priistertum iwwerdroen huet, huet gesot, hien heescht Johannes, den nämmlechten, deen am Neien Testament Johannes den Deefer genannt gëtt, an hie géif op Uweisung vum Péitruss, vum Jakobus a vum Johannes wierken; dës géifen d’Schlëssele vum Priistertum vum Melchisedek halen, an dëst Priistertum, sou huet hie gesot, géif eis zur bestëmmten Zäit iwwerdroe ginn; ech sollt dann den Éischten Eelste vun der Kierch genannt ginn an hien (den Oliver Cowdery) den Zweeten. Et war de fofzéngten Dag vum Mee 1829, datt mir ënnert der Hand vun dësem Botschafter veruerdent goufen, an datt mir gedeeft goufen.

73 Wéi mir, nodeems mir gedeeft waren, erëm aus dem Waasser koumen, hu mir direkt grouss an herrlech Seenunge vun eisem Himmlesche Papp erlieft. Kaum hat ech den Oliver Cowdery gedeeft, wéi den Hellege Geescht iwwert hie komm ass an hien ass opgestanen an huet villes prophezeit, wat an nächster Zäit geschéie géif. Genausou, kaum war ech vun him gedeeft ginn, hat och ech de Geescht vun der Prophezeiung; ech sinn opgestanen an hunn d’Opgoe vun dëser Kierch a vill aneres, wat mat der Kierch an dëser Generatioun vun de Mënschen zesummegehaangen huet, prophezeit. Mir ware voll vum Hellege Geescht an hunn eis iwwert de Gott vun eiser Rettung gefreet.

74 Wou eise Verstand elo erliicht war, hu mir ugefaangen, déi helleg Schrëften ëmmer besser ze verstoen, an déi richteg Bedeitung an Absicht vu munch soss verwonnerlecher Plaz gouf eis op eng Weis gewisen, déi mir virdrun ni hätten erreeche kënnen, jo, un déi mir bis elo iwwerhaapt net geduecht haten. An der Tëschenzäit ware mir gezwongen, déi Tatsaach, datt mir d’Priistertum empfaangen haten a gedeeft gi waren, geheim ze halen, well sech an der Noperschaft schonn erëm ee Geescht vu Verfollgung bemierkbar gemaach hat.

75 Mir goufe vun Zäit zu Zäit mat Onroue vum Mobb menacéiert, an dës souguer vu Perséinlechkeeten, déi sech zur Relioun bekannt hunn. An hir Absicht, eis ze mobben, gouf nëmme vum Afloss vun der Famill vum Papp vu menger Fra (ënnert der gëttlecher Virsuerg) entgéintgewierkt, déi ganz frëndlech zu mir gi war, an déi géint Mobbe waren, a bereet waren, datt ech d’Iwwersetzungsaarbecht ouni Ënnerbriechung weiderféiere sollt; an dofir hunn si eis Schutz virun all illegalen Aktiounen ugebueden a versprach, souwäit si dozou bäidroe konnten.

  • Den Oliver Cowdery beschreift dës Evenementer sou: „Dëst waren Deeg, déi ni vergiess solle ginn—ënnert dem Klang vun enger Stëmm ze sëtzen, déi vun der Inspiratioun vum Himmel diktéiert gouf, huet déi gréisst Dankbarkeet an dësem Schouss erwächt! Dag fir Dag hunn ech weider, ouni Ënnerbriechung, aus sengem Mond geschriwwen, wéi hie mat dem Urim an dem Thummim iwwersat huet, oder, wéi d’Nephite gesot hätten, ‚Interpreten’, d’Geschicht oder d’Opzeechnung, déi ‚D’Buch vum Mormon’ genannt gëtt.

    „Fir mat nach wéinege Wierder ze bemierken iwwert den interessante Bericht, dee vum Mormon a sengem treie Jong Moroni gemaach gouf, iwwert e Vollek, dat eemol beléift a vum Himmel favoriséiert war, géif meng aktuell Absicht iwwerschneiden; ech wäert dëst dofir op eng zukünfteg Period verleeën, an, wéi ech an der Aféierung gesot hunn, méi direkt op e puer Evenementer iwwergoen, déi direkt mam Opstig vun dëser Kierch verbonne sinn, déi fir e puer Dausenden ënnerhalend kënne sinn, déi no vir getruede sinn, ënnert de Stierronzele vun de Fanatiker an der Verleumdung vun den Heuchler, an d’Evangelium vum Christus ugeholl hunn.

    „Kee Mënsch, a sengem klore Verstand, kéint déi Instruktiounen iwwersetzen an opschreiwen, déi den Nephite vum Mond vum Retter gi goufen, iwwert déi genau Manéier, wéi Mënsche Seng Kierch opbaue sollen, an nach manner, wa Korruptioun Onsécherheet iwwert all Formen a Systemer verbreet hat, déi ënnert de Mënsche praktizéiert goufen, ouni de Wonsch ze hunn, d’Bereetschaft vum Häerz ze weisen, andeems een an dat flëssegt Graf begruewe gëtt, fir mat engem ‚gudde Gewëssen duerch d’Opersteeung vum Jesus Christus‘ ze äntwerten.

    „Nodeems de Bericht iwwert de Ministère vum Retter un de Rescht vun den Nokomme vum Jakob op dësem Kontinent geschriwwen hat, war et einfach ze gesinn, wéi de Prophet gesot huet, datt d’Däischtert d’Äerd bedeckt huet an déck Däischtert d’Geeschter vun de Leit. Beim weideren Nodenke war et genee sou einfach ze gesinn, datt an der Mëtt vum grousse Sträit a Kaméidi iwwer d’Relioun keen d’Autoritéit vu Gott hat, fir d’Veruerdnunge vum Evangelium ze verwalten.“ Well d’Fro kéint gestallt ginn; Hunn déi Männer d’Autoritéit am Numm vum Christus ze handelen, déi Offenbarungen ofleenen, wa Säin Temoignage net manner ass wéi de Geescht vun der Prophezeiung, a Seng Relioun op direkten Offenbarunge baséiert, an drop opgebaut an ënnerstëtzt gëtt, an allen Epoche vun der Welt, wou hien e Vollek op der Äerd hat? Wann dës Fakte begruewen a virsiichteg verstoppt gi wiere vu Männer, deenen hiert Handwierk a Gefor gewiescht wier, wann et eemol erlaabt wier, an de Gesiichter vun de Mënschen ze blénken, da wieren se dat net méi fir eis; a mir hunn nëmmen drop gewaart, op d’Gebot „Stitt op a loosst iech deefen.”

    „Dëst, wat laang erhofft gi war, ass net laang ausbliwwen, ier et realiséiert gouf. Den Här, dee räich u Barmhäerzegkeet ass, an ëmmer bereet ass, dat konsequent Gebiet vun de Bescheidenen ze beäntwerten, nodeems mir Hien op eng fervent Manéier ugeruff haten, ausserhalb vun de Wunnplaze vun de Mënschen, huet sech erofgelooss, fir eis Säi Wëllen ze manifestéieren. Op eemol, wéi aus der Mëtt vun der Éiwegkeet, huet d’Stëmm vum Erléiser eis Fridden zougeschwat, wärend de Schleier opgemaach gouf an den Engel vu Gott erofkoum, bekleet mat Herrlechkeet, an déi mat Spannung erwaarte Botschaft bruecht an d’Schlëssele vum Evangelium vun der Ëmkéiert geliwwert huet. Wat fir eng Freed! Wat e Wonner! Wat een Erstaunen! Wärend d’Welt geplot an ofgelenkt war—wärend Millioune Leit no Liicht getaascht hunn, a wärend all Mënschen op Onsécherheet ausgerout hunn, hunn eis Aen als eng allgemeng Mass gekuckt, eis Oueren héieren, wéi am ‚Dagesblëtz’; jo, nach méi hell wéi de Mee-Sonnestral, deen seng Schéinheet iwwer d’Natur verbreet huet! Dann huet d’Stëmm vum Engel, duuss awer duerchdréngend, all Angscht verjot mat de Wierder: ‚Ech sinn däi Mat-Dénger’. Mir hunn nogelauschtert, mir hu gekuckt, mir hu bewonnert! Et war d’Stëmm vun engem Engel aus der Herrlechkeet, et war eng Botschaft vum Allerhéchsten! An wéi mir et héieren hunn, hu mir eis gefreet, wärend Seng Léift an eise Séilen entflaamt ass, a mir an der Visioun vum Allmächtegen agewéckelt waren! Wou war Plaz fir Zweiwel? Néierens; d’Onsécherheet war verflunn, den Zweiwel war ënnergaange fir net méi opzestoen, wärend Fiktioun an Täuschung fir ëmmer verflu waren!

    „Awer, léiwe Brudder, denk no, denk nach e Moment no, wat fir eng Freed eis Häerzer gefëllt huet, a mat wat fir enger Iwwerraschung mir eis hu misse vernäipen, (well wien hätt sech net fir sou e Seege vernäipt?), wéi mir ënnert senger Hand dat Hellegt Priistertum kritt hunn, wéi hie gesot huet: ‚Iech, meng Mat-Dénger, am Numm vum Messias, iwwerreechen ech dëst Priistertum an dës Autoritéit, déi op der Äerd bleiwe soll, fir datt d’Jonge vum Levi dem Här nach ëmmer en Affer a Gerechtegkeet brénge kënnen!’

    „Ech kann net mat Wierder ausdrécken, wat mäin Häerz deemools gefillt huet, nach déi Herrlechkeet a Pracht beschreiwen, déi eis ëmginn huet; awer dir wäert mir gleewen, wann ech soen, datt d’Äerd, nach d’Mënschen, mat der Eloquenz vun der Zäit, net ufänke kënnen, d’Sprooch op eng sou interessant an erhaben Aart a Weis anzekleede wéi dës helleg Persoun. Nee; an dës Äerd huet och keng Muecht, d’Freed ze ginn, de Fridden ze schenken oder d’Weisheet ze verstoen, déi an all Saz enthale war, wéi se duerch d’Muecht vum Hellege Geescht gesot gouf! De Mënsch kann seng Matmënschen täuschen, Täuschung kann op Täuschung follegen, an d’Kanner vum Béise kënnen d’Muecht hunn, déi Domm an déi, déi net geléiert sinn, ze verféieren, bis näischt anescht wéi Fiktioun déi Vill ernäert, an d’Fruucht vun der Falschheet a sengem Stroum de Schwindel an d’Graf dréit; awer eng Beréierung mam Fanger vu senger Léift, jo, ee Stral vun der Herrlechkeet aus der ieweschter Welt, oder ee Wuert aus dem Mond vum Retter, aus dem Schouss vun der Éiwegkeet, mécht et alles an d’Onbedeitend a läscht et fir ëmmer aus dem Geescht. D’Gewëssheet, datt mir a Presenz vun engem Engel waren, d’Sécherheet, datt mir d’Stëmm vum Jesus héieren hunn, an d’Rengheet vun där Wourecht, wéi se aus enger renger Persoun gefloss ass, déi vum Wëlle vu Gott diktéiert gouf, ass fir mech onbeschreiflech, an ech wäert ëmmer drop kucken... dësen Ausdrock vun der Guttheet vum Retter mat Bewonnerung an Dankbarkeet, wärend et mir erlaabt ass, hei ze bleiwen; an an deene Wunnengen, wou Perfektioun wunnt an d’Sënd ni hikënnt, hoffen ech, un deem Dag, deen ni ophale wäert, ze veréieren.“—Messenger and Advocate, Bd. 1 (Oktober 1834), S. 14–16.